Den Aarbechtsmaart un d'Besoine vu Leit mat enger Beanträchtegung unzepassen ass net ëmmer einfach. Dat, ënnert anerem, well net all Beanträchtegung siichtbar ass. An dat ass guer net esou rar: Et gëtt geschat, datt 70 bis 80 Prozent vun de Beanträchtegungen net kierperlech siichtbar sinn. Mënschen, déi vun enger sougenannter Hidden Disability betraff sinn, sinn oft déi, déi am meeschte benodeelegt sinn, esou d'Christine Zimmer an den Andrea Di Ronco, béid vun Info-Handicap. Dofir hu mir an dëser Episod mam Sonja Feil geschwat. Spéit an hirer berufflecher Karriär huet si hir Passioun fir Blummen entdeckt an hätt nach gäre vill Joren als Fleuristin geschafft. Leider erlaabt hir Beanträchtegung dat net. Doriwwer raus gëtt et och eng Iwwerraschung: Eis Animatrice vum Podcast, d'Joanne Theisen, ass autistesch an erzielt eis vun hirer Erfarung um éischten Aarbechtsmaart. An d'Jana Degrott schwätzt iwwer d'Hidden Disability Sunflower a wéi dëse Projet Lëtzebuerg zu enger besserer Plaz fir Leit mat enger onsiichtbarer Beanträchtegung wëll maachen. D'Episod elo an einfacher Sprooch: https://journal.lu/de/1-cm-ep-3-inklusions-ateliers-einfacher-sprache Zesummendigital vum Digitaliséierungsministère: https://zesummendigital.public.lu/fr.html Chambre des Métiers, de Partner vum Handwierk: https://cdm.lu Hidden Disabilities Sunflower: https://hdsunflower.com/lu Info-Handicap: https://info-handicap.lu
D'Aarbechtslosegkeet bei Leit mat enger Beanträchtegung läit bei 30 Prozent. Dat ass héich am Verglach zur allgemenger Aarbechtslosegkeet, déi bei 6,1 Prozent läit. Gläichzäiteg feelt et un Aarbechtskräften, wärend Kompetenzen vu Leit mat enger Beanträchtegung oft ongenotzt bleiwen. Dowéinst si mir fir dës Episod ee Schratt méi wäit gaangen an hu bei den héchsten Instanzen nogefrot, wat geplangt ass, fir d'Situatioun ze verbesseren. Den Aarbechtsminister Georges Mischo (CSV) a Familljeminister Max Hahn (DP) schwätzen iwwert den neien Aktiounsplang, dee vun der Regierung aktuell ausgeschafft gëtt, a ganz besonnesch iwwert d’Quoten an d'Inklusiounsassistenz - eng Prioritéit vum Christine Zimmer, Direktesch vun Info-Handicap. Donieft kënnt och de Sam Houblie zu Wuert, Hien ass Personaldirekter bei Hornbach, ee vun de seelenen Betriber zu Lëtzebuerg, deen eegenen Aussoen no di gesetzlech Quote iwwertrëfft. Mir kucken, wat dat fir de Betrib, seng Mataarbechter*innen ma och seng Cliente*ë bedeit. Donieft kënnt och de Sam Houblie zu Wuert, Hien ass Personaldirekter bei Hornbach, ee vun de seelene Betriber zu Lëtzebuerg, deen eegenen Aussoen no di gesetzlech Quoten iwwertrëfft. Mir kucken, wat dat fir de Betrib, seng Mataarbechter*innen ma och seng Cliente*ë bedeit. D'Episod elo an einfacher Sprooch: https://journal.lu/de/1-cm-ep-5-was-die-politik-machen-muss-einfacher-sprache Zesummendigital vum Digitaliséierungsministère: https://zesummendigital.public.lu/fr.html Chambre des Métiers, de Partner vum Handwierk: https://cdm.lu Hidden Disabilities Sunflower: https://hdsunflower.com/lu Info-Handicap: https://info-handicap.lu
Eis éischt dräi Episoden hu gewisen: Den éischten Aarbechtsmaart ass oft net un d'Besoine vu Leit mat enger Beanträchtegung ugepasst. Trotzdeem ginn et Beispiller, déi weisen, dass et geet. Genee no sou Beispiller hunn d’Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal gesicht. A gelant sinn si beim Jessica Decker, Aide-Soignante bei Servior, a beim Tamara Schuster, wat bei der Gemeng Niederaanwen schafft. Zesumme mat hire Patronen, dem Buergermeeschter vun Niederaanwen Fred Ternes an dem Steve Infalt vu Servior, erzielen si hir Good Practices. Zousätzlech erkläert Info-Handicap, wat eng Good Practice ausmécht. D'Episod elo an einfacher Sprooch: https://journal.lu/de/1-cm-ep-4-best-practices-einfacher-sprache Zesummendigital vum Digitaliséierungsministère: https://zesummendigital.public.lu/fr.html Chambre des Métiers, de Partner vum Handwierk: https://cdm.lu Hidden Disabilities Sunflower: https://hdsunflower.com/lu Info-Handicap: https://info-handicap.lu
All Mënsch huet seng Schwieregkeeten am Beruffsalldag. Ma Mënsche mat Beanträchtegung hunn heiansdo e puer weider Erausfuerderungen. A fir si sinn d’Bedéngungen um Aarbechtsmaart heiansdo einfach net passend. Dat, wéinst dem Stress, dem Kaméidi oder nach dem héije Leeschtungsdrock. Feelend Upassungen um Aarbechtsmaart sinn e puer vun de Grënn, firwat et d’Inklusiounsateliere ginn. Dëst ass awer keng Beschäftegungstherapie – et sinn Entreprisen, déi héichwäerteg Produkter hierstellen, esou d’Christine Zimmer, Directrice vun Info-Handicap, an der Episod. Och sollen déi duerch hire soziale Volet d'Passerellen zum éischten Aarbechtsmaart erméiglechen, wei de Max Hahn, Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil, ënnersträicht. Um Terrain huet de Lëtzebuerger Journal mam Claudine Nosbusch, mam Anne Maass a mam Tamara Franck vun der Ligue HMC geschwat, a mam Laura Letsch vun der APEMH. Ma net nëmmen si: Mir sinn duerch hir Atelieren gaangen, hunn do den David Mira, Kach bei der APEMH, kennegeléiert, an d’Erfarunge vun enger Partie Mataarbechter*innen vun der Ligue HMC gesammelt. D'Episod elo an einfacher Sprooch: https://journal.lu/de/1-cm-ep-3-inklusions-ateliers-einfacher-sprache Zesummendigital vum Digitaliséierungsministère: https://zesummendigital.public.lu/fr.html Chambre des Métiers, de Partner vum Handwierk: https://cdm.lu Hidden Disabilities Sunflower: https://hdsunflower.com/lu Info-Handicap: https://info-handicap.lu
Et ass net einfach, sech an d'Käpp vu senge Matmënschen ze versetzen. Dat ass wouer, wann et ëm Emotioune geet, an nach méi, wa mir vu Beanträchtegunge schwätzen. Dofir ass Sensibiliséierung och sou wichteg, genau sou wéi Leit, déi aktiv dru schaffen. Independanten, déi eng Beanträchtegung hunn, kënnen e Vecteur vu genee dëser Sensibiliséierung sinn - well si d’Erausfuerderunge vum Alldag kennen. Genau dat trëfft op d'Michèle Vallenthini, Conseilsmember vum Lëtzebuerger Journal a Grënnerin vun der Digital-Marketingagence Wild Solutions, an de Joël Schmit zou, deen d'App AutiHD entwéckelt huet. Ma net nëmmen si: Och d'Christine Zimmer an den Andrea Di Ronco vun Info-Handicap souwéi de Max Hahn, Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil, soen eis, wat hei am Land ënnerholl gëtt, fir beschtméiglechst ze sensibiliséieren. D'Episod elo an einfacher Sprooch: https://journal.lu/de/1-cm-ep-2-selbststaendig-sein-einfacher-sprache Zur AutiHD App: https://apps.apple.com/lu/app/mindory-ai-planner/id6503987647 Zesummendigital vum Digitaliséierungsministère: https://zesummendigital.public.lu/fr.html Chambre des Métiers, de Partner vum Handwierk: https://cdm.lu Hidden Disabilities Sunflower: https://hdsunflower.com/lu Info-Handicap: https://info-handicap.lu
Um Aarbechtsmaart feelt et nach vill u Bewosstsi géigeniwwer Mënsche mat enger Beanträchtegung. Obwuel mir alleguer enges Daags an deem Fall kéinte sinn. Déi meescht Leit sinn nämlech net mat hirer Beanträchtegung gebuer. Och de Julien Gouttin, haut Kach an engem Atelier d'inclusion professionnelle, an d'Martina, fréier Iwwersetzerin an haut an der Pensioun, stounge fest am Liewen, ier si erausgerappt goufen. Fir de Start vun dësem Podcast hu mir si begleet. Och d'Hëllefsstellunge gi beliicht: D'Christine Zimmer, Präsidentin vun Info-Handicap an den Andrea Di Ronco, Beroder bei Info-Handicap, soen eis, wat zum Sujet zu wëssen ass. An de Max Hahn, Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil, kënnt och zu Wuert. D'Episod elo an einfacher Sprooch: https://journal.lu/de/1-cm-ep-1-liewensaccidenter-einfacher-sprache Zesummendigital vum Digitaliséierungsministère: https://zesummendigital.public.lu/fr.html Chambre des Métiers, de Partner vum Handwierk: https://cdm.lu Hidden Disabilities Sunflower: https://hdsunflower.com/lu Info-Handicap: https://info-handicap.lu
De Lëtzebuerger Aarbechtsmarché sicht no Leit, d'Kompetenze vu Mënschen mat enger Beanträchtegung ginn dobäi nach ze dacks vergies. De Podcast weist, mat wéi enge Barrièren si konfrontéiert sinn a wéi vill ongenotzt Potenzial et nach gëtt, fir d'Gesellschaft a fir d'Wirtschaft.