DiscoverInvité:e vum Dag
Claim Ownership
1643 Episodes
Reverse
De Maurice Molitor schwätzt mat der DP-Ministesch fir Digitalisatioun, Héichschoul a Fuerschung, déi eng vun de grousse personellen Iwwerraschunge bei der Virstellung vun der schwaarz-bloer Regierungsekipp war.
No der Reunioun vun der Ukrain-Kontaktgrupp gëschter zu Ramstein: Froe vum Maurice Molitor un d’Lëtzebuerger Verdeedegungsministerin.
Manner Riedezäit (am Plenum), méi Ëffentlechkeet (vun de Kommissiounen): de Maurice Molitor schwätzt mam Chamberpresident iwwer zwou vu sengem Iddien, déi haut ëmgesat ginn.
Mam politeschen Direkter vun der ASTI schwätzt d'Christiane Kleer iwwer d'Aktualitéit an der Lëtzebuerger Migratiounspolitik a rietspopulistesch Tendenzen am Virfeld vun den Europawalen.
Mam Buergermeeschter aus dem saarlännesche Pierel schwätzt d'Christiane Kleer iwwer déi rasant Entwécklung vun der Grenzgemeng, an där haut eng 2.800 Lëtzebuerger liewen.
Mat der Presidentin vum OGBL an dem Generalsekretär adjoint vum LCGB kuckt d'Christiane Kleer op d'Resultater vun de Wale fir d'Personaldelegatiounen an de Betriber.
Kuerzfristeg méi bauen a méi kafen, fir esou méi Leit den Zougank zu erschwénglechem Logement op ze maachen a gläichzäiteg d'Baukris ze léisen - dat ass dat erkläerten Zil vun der neier Regierung. Wéi dat soll ëmgesat gi freet d'Christiane Kleer de Logementsminister.
Um Stéchdag vun de Sozialwalen schwätzt d'Christiane Kleer mam CSV-Aarbechtsminister iwwer d'Bedeitung vun dësem Rendez-vous fir d'Aarbechtswelt a fir d'Politik.
Déi jonk Affekotin presidéiert zanter leschter Woch déi consultativ Mënscherechtskommissioun. D'Christiane Kleer freet si, wéi si un dës nei Erausfuerderung erugeet, a wat d'CCDH an den nächste Méint vun der Regierung erwaart.
Haut um Weltfraendag schwätzt de Maurice Molitor mat der OGBL-Gewerkschaftssekretärin, déi den 1. Mee Generaldirectrice vum Grupp Editpress gëtt.
Den Dag no der Virstellung vum Budgetsprojet 2024: Froe vum Maurice Molitor un de Finanzminister
Virun de Sozialwalen: Froe vum Maurice Molitor un de President vun der Gewerkschaft vum Gemengepersonal FGFC, déi am zweeten Ulaf e Sëtz an der CSL upeilt.
Nom Landwirtschaftsdësch vu gëschtER: Froe vum Maurice Molitor un d’CSV-Agrarministesch.
Mam Direkter vun der SNHBM schwätzt d'Christiane Kleer iwwer déi aktuell Kris am Secteur a freet hien, firwat déi ëffentlech Promoteuren net beim Logementsdësch dobäi waren.
D'Monica Semedo gouf wéinst Mobbing zweemol vum Europaparlament sanktionéiert. Firwat stellt Fokus si elo trotzdeem fir d'Europawalen op? Dat freet de Rick Mertens de Parteispriecher Frank Engel an d'Monica Semedo selwer.
Wéi eng Schwéierpunkte wëllt d'CSV am Walkampf fir d'Europawale setzen? De Rick Mertens freet der CSV hir déngschteelsten Europadéputéiert, déi och nach eng Kéier mat an d'Course geet.
De franséische President schléisst westlech Truppen an d’Ukrain net aus. Musse mir eis also drop astellen, datt och Lëtzebuerger Zaldote kéinten an de Krich zéien? De Rick Mertens freet den Arméi-Chef.
ArcelorMittal huet an de leschte Joren Aarbechtsplazen hei am Land ofgebaut. Wéi gesäit Zukunft vum Stolris zu Lëtzebuerg aus? De Rick Mertens freet den Direkter vun ArcelorMittal Lëtzebuerg.
D'Chirurgin gëtt dëse Freideg nei Generaldirektesch vum Stater CHL. Hire gréisste Chantier gëtt fir unzefänken deen op der Areler Strooss. Wat ännert sech fir d'Personal a fir d'Patienten?
D'Froe vum Maurice Molitor dréinen ëm seng Kandidatur op der grénger Europalëscht, säi Bilan no 100 Deeg schwaarz-blo a seng Aschätzung no 2 Joer Ukrainkrich.