Discover
Méi wéi Sex
192 Episodes
Reverse
Schwangerschaft ass eng aschnéidend Zäit am Liewe vu ville Leit, déi sech fir Eltreschaft a Kanner décidéieren. Gläichzäiteg ranke sech vill Mythen ëm Schwangerschaft an ëm d Kierperen vu Mënsche mat Uterus. An dëser Episod erzielt d Paule dem Robin iwwer seng zwou Schwangerschaften, seng Gefiller rondrëm a wéi säi Kierper sech verännert huet. Och schwätzt hat un wéi seng Schwangerschaft seng Perceptioun vu sech selwer an der Welt an wéi seng Bezéiungen mat de Leit a sengem Liewen sech verännert hunn.
An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer de Mythos vum vaginalen Orgamus.
Vun alle sexuellen Orientéirungen ass Bisexualitéit wahrscheinlech déi, déi am heefegste vergiess oder mëssverstane gëtt. D'Tessie huet mat sengem Gaascht, dem Joël, iwwer Virurdeeler an de Mangel u bisxueller Personnagen geschwat.
An der Rubrik dréit sech alles ëm sexuell iwwerdrobar Krankheeten a wéi een et vermeide kann, sech oder anerer unzestiechen.
Mat wiem an wéi schwätze mir iwwer Sex (oder och net)? A firwat? Mat wiem hu mer ugefaangen iwwer Sex ze schwätzen? Wéi ass et mat Famill, Frënn oder Persoune, mat deene mer Sex hunn? Doriwwer schwätzen den Momo an d’Kelly.
Wat ass den Ënnerscheed tëscht enger Frëndschaft an enger romantescher Bezéiung? Gemeinsam Aktivitéiten, Gefiller, Dauer, Intimitéit!? D'Kelly an Tessie schwätzen driwwer. An der Rubrik geet et ëm Oralsex an doriwwer, wann ee sech weder als Jong nach als Meedchen définéiert.
Binden, Tampon'en, Menstruationsënnerwäsch an -tasen... Wann et drëm geet, d'Reegelblutt ofzefënke stinn engem eng ganz Rei Produkter zur Verfügung. Mir hun der e puer getest a schwätzen driwwer. Duerno erwaard ich eng praktesch Uleedung zu Analsex.
Ëmmer wann et drëms geet, eng aner Persoun fir d'éischt ze këssen, stellen sech déi selwecht Froen: Wourun erkennen ech, ob déi aner Persoun dat och wëll? Wéi ginn ech hier ze verstoen, dass ech si kësse wëll? Wéi soll de Kuss selwer idealerweis sinn? Nodeems d'Anne an d'Tessie iwwer hier Erfahrunge geschwat hunn, erkläert d'Kelly an der Rubrik, wat Sex-Shaming ass.
Wat ass den Ënnerscheed tëscht Net-Monogamie an Polyamorie? Wei kënnen net-monogam Bezéiungen ausgesinn? D'Kelly schwätz mam Lucie driwwer, wéi se dozou komm sinn, net-monogam ze liewen an wat dat alles sou mat sech bréngt. An der Rubrik schwätzt d'Tessie- passend zur Saison - iwwert Chrëschtdagsiessen!
Vun alle Methode fir sech Kierperhoe wechzemaachen ass raséiere wahrscheinlech déi heefegst. Mee firwat eigentlech? A wat huet dat Thema an engem Sexpodcast verluer?
Wee masturbéiert a firwat a wéi? D’Anne an d’Tessie hu sech dozou hier Gedanke gemaach. D’Kelly huet sech iwwerdeems fir d’Rubrik “Eng gutt Fro” mat der Klitoris befaasst.
Wat vermëttelen eis d’Medien an eist Ëmfeld doriwwer, wat Schéinheet ass? A wéieen Afloss huet dat op eist Selbstwäertgefill? Doriwwer huet sech d’Tessie mat eisem Gaascht dem Lara ënnerhalen. An der uschléissender Rubrik geet et em de Coming-out.
Vun engem Friemen op der Strooss oder am ëffentlechen Transport ugepakt oder op opdrägelech Aart a Weis ugeschwat ze ginn, hannendrugeruff oder –gepaff ze kréien – eng Erfahrung, déi vill Leit ëmmer nees an hierem Alldag maachen. D’Anne an d’Tessie schwätzen doriwwer wéi si an hiert Emfeld domat ëmgin. Passend dozou erkläert d’Kelly duerno an der Rubrik wéi ee ka Sex hunn, deen op Einvernehmlechkeet a Respekt baséiert.
Huet d’Thema vun dëser Woch bei dir en “hehe😏” oder eng änlech Reaktioun ausgeléist? Da bass du net eleng. Fir di meescht si Brëscht keen neutrale Kierperdeel an tatsächlech ginn se och gesellschaftlech net esou ugesinn. Firwat? Brëscht kënne leider eng éischter ongemittlech Affär sinn. Nieft Réckwéi suergen och erdréckend Schéinheetsidealer, ongewollte Sexualiséierung oder Geschlechternorme fir onschéi Gefiller. Wisou däerft Robin als Kand zum Beispill op emol net méi ouni T-shirt dobausse spillen? A wouhier koum dem Ella seng Iddi am 6. Schouljoer dass seng Broscht sech ab elo net méi fräi beweegen däerf? Dës a nach vill weider Froen diskutéiere Robin an Ella an dëser Episode.
An der Rubrik erkläert Elie wéi gutt Bezéiungen eis op laang Dauer frou a gesond halen.
Einfach Kanner kënnen ze kréien – oder eben och net – ass fir vill Leit ee wichtegt Thema. Mä „Sinn ech fruchtbar?“ ass keng Fro, déi sech einfach beäntwerte léisst, well vill Faktore mat era spillen. Am Podcast schwätzen d*e Robin an den Elie iwwert hir Erfarungen a Gedanken zum Thema. Zum Beispill doriwwer, datt Onfruchtbarkeet als „Schold“ vun der Fra ugesi gëtt,, obwuel sech dat an de Statistiken net néierschléit. Wien wéi fruchtbar ass, huet awer och gesellschaftlech a sozioekonomesch Grënn. Een Thema, dat enk domadder verbonnen ass, si medezinesch Methoden, déi een*t an Usproch kann huelen, wann et op natierlechem Wee net klappt – an dem Kader gi mir dann och doriwwer opgekläert, wéi sënnvoll et ass, an den Tifküler ze jitzen.
An der Rubrik erkläert d'Ella, wat den LEQGF ass a wat fir eng Etüd deen iwwert queer Mënschen zu Lëtzebuerg gemaach huet.
D'Ella huet zu quasi all Dages- a Nuetszäit e Rank un, wéi dann dat? D'Ella gebraucht de Nuvaréng fir ze verhüten! Vaginalrénger sinn en hormonellt Verhütungsmëttel an der Form vun engem Réng deen an d Vagina agefouert gëtt an dann do verbleift. Obwuel de Nuvaréng, als eischten Vaginalréng um Marché, säit 25 Joer zougelooss ass, si Vaginalrénger manner bekannt wéi aner Verhütungsmëttelen. An dëser Episod erzielt d'Ella vu sengen Erfarungen mamm Nuvaréng, firwat hatt sech fir dat Verhütungsmëttel entscheed huet a wat him heinsdo op de Nerv geet.
Dës Episod ass dann och Deel vun eiser Serie iwwer Erfarungsberichter mat verschiddene Verhütungsmëttelen. Wann s du deng Erfarungen mat eis op der Antenn deele wëlls, da schréif eis op sex@ara.lu oder kontaktéier eis iwwer social media. :)
An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Hormoner a Psychedelica.
Shownotes:
Addendum zum Thema "Nuvaréng wärend dem Sex raushuelen": D'Ella sot an der Episod, dass een*t de Nuvaréng während dem Sex fir 3 Stonnen ka raushuelen, an dass all Keiers 24h tëscht dem Raushuele leie sollten. Et sollt een*t dat allerdéngs net all Dag maachen, oder et zur Sëcherheet mat sengem Doktor ofklären.
Fachinformation Nuvaring Bundesamt für Sicherheit im Gesundheitswesen (DE)
mengverhuetung.lu: Vaginalring
Zesumme mat anere Persoune wunnen ass fir vill vun eis kee Choix, mä eng Noutwendegkeet. Vill Leit wunne ganz selbstverständlech mat hirer Partner*innenpersoun zesummen. Dat ka schéi sinn, mä bréngt awer vläicht och seng ganz eege Problemer mat sech. Den Elie an d*e Robin erzielen an dëser Episod vun hiren Erfarunge mat funktionalem Wunnen, onsexy Dreckskëschten a méi oder manner fräiwëllegem Zesummenplënneren. Si schwätzen natierlech awer och iwwert déi grouss Fro: Schléift een*t zesummen an engem Bett oder dach léiwer getrennt?
An der Rubrik erkläert d'Ella alles, wat dir iwwert Diskussioun ëm genderneutral Toilettë wësse musst.
Mir benotzen se all Dag, dee ganzen Dag, méi oder manner bewosst andauernd: digital Kommunikatioun. Mir telefonéieren, videocallen, chatten, a memen mat anere Leit als e wichtegen Deel vun eise Konnektiounen. Mee wat mëcht et amfong mat eis, fir andauernd a Kontakt mat aneren an der ganzer Welt ze stinn, a fir ouni Paus online erreechbar ze sinn? Robin a Lynn diskutéieren an dëser Episod hir Erfarungen mat digitaler Kommunikatioun a wéi déi sech op hir Relatiounen zu aneren a sech selwer auswierkt.
An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer dee grouss diskutéierte Lien tëscht Testosteron an Aggressivitéit.
Dark Romance ass e Genre, deen Diskussiounen ausléist. Mee wat versteet een eigentlech ënner dub-con? Firwat liesen sou vill Mënschen trotz – oder vläicht grad wéinst – de kontroversen Themen Dark Romance? A wéi hunn dem Joël a Kelly hier däischter Lektüre gefall? Dat héiers du an dëser Episode.
An der Rubrik schwätzt d'Ella iwwer Heterofatalismus!
Inhalt vun der Episode:
Minutt 0-12: Intro, Definitioun & Tropes Dark Romance
Minutt 12-34: Bicher déi mir gelies hunn, hir Sexszeenen & wat mir denken
Minutt 34-42: Grënn fir Dark Romance ze liesen
Minutt 44-45:30: Ëmgang mat potenziell negativen Auswierkunge vum Dark Romance Trend
Minutt 45:30-51:45: Ass Dark Romance eise Genre - an törnt eis dat un?
Minutt 51:45-54: Wei geet et mat de Smutty Book Podcast-Episode weider?
ab Minutt 54: Rubrik zu Heterofatalismus
Bicher, déi mer erwähnen:
- “The Serpent and the Nings of Night” (Crowns of Nyaxia #1) vum Carissa Broadbent
- “Six Scorched Roses” (Crowns of Nyaxia #1,5) vum Carissa Broadbent
- “The Ashes and the Star-Cursed King” (Crowns of Nyaxia #2) vum Carissa Broadbent
- “Kiss of Seduction” (Court of Chains #1) vum Rawnie Sabor
- “A Little Sin” (Court of Chains #2) vum Rawnie Sabor
- "Haunting Adeline" vum H.D. Carlton
- "Very Bad Kings" Serie vum Jane S. Wonda
- „Lights out“ vum Navessa Allen
- “The Princess’s Pet” (Soul Match Series #1) vum J.K. Jeffrey
Quellen:
- Döring, Nicola. (2025). Groschenromane mit Porno-Inhalten? Warum Dark Romance fasziniert und polarisiert. In: Mediendiskurs, 1(2025), S. 64–72, online: https://mediendiskurs.online/beitrag/groschenromane-mit-porno-inhalten-beitrag-1193
- Döring, Nicola. (2025). Dark-Romance-Bücher zwischen Leselust und Moralpanik: Eine Orientierungshilfe für die pädagogische Praxis. In: merz | medien + erziehung, 69(3), online: https://doi.org/10.21240/merz/2025.03.29
- Interview mit Prof. Dr. Nicola Döring. (2025). Dark Romance: Schulen müssen Medien- und Sexualkompetenz fördern: https://www.campus-schulmanagement.de/magazin/dark-romance-schulen-muessen-medien-und-sexualkompetenz-foerdern-nicola-doering
- Weis, Diana. (2025). Smut: Zur Popularität von New Adult- und Dark Romance-Literatur. In: POP – Kultur und Kritik, 26, S. 116–122, online: https://doi.org/10.14361/pop-2025-140118.
- Artikel iwwer Twilight gender-swap: Brown, Heather. (2018). Fictional power and control and the reality of abusive behaviour. In: Journal of Gender Studies, 27:4, S. 401-410, DOI: 10.1080/09589236.2016.1223611.
„Wenn Jugendliche Dark Romance als erste Quelle für Beziehungsgestaltung und Sexualität nutzen und daraus problematische Vorstellungen ableiten, verweist dies auf Defizite in der elterlichen und schulischen sexuellen Bildung.“ — Prof. Dr. Nicola Döring
Myth of Consensual Sex Meme:
https://knowyourmeme.com/memes/the-myth-of-consensual-sex
Iergendwann kënnt den Alter, wou een*t ëmmer méi dacks op Hochzäiten danzt – ob als „plus one“ oder mat eegener Aluedung. Dat ass vir vill vun eis mat gemëschte Gefiller verbonnen: Wat soll ech undoen, wéi wäert d‘Iesse sinn a wat soll ech da mat all deene Leit, déi ech vläicht guer net kennen, schwätzen? Zum Gléck hunn d‘Ella an de Joël an deene leschte Joren déi eng oder aner Hochzäit matgemaach an deelen elo hir Erfarunge mat iech. Si erziele vu last-minute-Outfits, vu Kommunikatiounsschwieregkeeten a vun der Angscht, ob ze ville Fotoen ze sinn.
An der Rubrik erkläert Kelly, wat den Dual-Control System ass.
D’Recht op sécher an einfach zougänglesch Schwangerschaftsofbrech ass essenziell fir eng gläichberechtegt Gesellschaft wou jiddereen*t iwwert den eege Kierper entscheede kann. Déi Lëtzebuerger Gesetzeslag am dem Beräich gëllt als relativ liberal. Bis zur 12. Schwangerschaftswoch (oder och bis zur 14. Woch seit d’Regelbluddung ausgefall ass) kënne schwanger Leit aus egal wéiengem Grond eng Ofdreiwung duechféiere lossen. Allerdéngs hu mir um Beispill vun den USA gesinn, wéi séier sech dat ännere kann. Aus dësem politesche Klima eraus huet déi lëtzebuerger Partei, déi Lénk, de Prozess an d’Weër geleet fir d’Recht op Schwangerschaftsofbroch ofzesécheren, an an der Verfaassung zu verankeren. Dozou haten zu Lëtzebuerg vill Leit vill verschidde Meenungen. An dëser Episode tauschen Ella an d*e Robin sech aus iwwer den Diskurs de Lëtzebuerg säit leschtem Joer bewegt.
An der Rubrik erklärt d*e Robin wat eng Window of Tolerance ass.
Quellen:
Un droit à l’avortement dans la Constitution ? Les travaux parlementaires avancent - Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg
Abtreibung in der Verfassung: Die Abgeordneten entscheiden sich für den Begriff „Freiheit“ - Luxemburger Wort
Debatte um Abtreibung: Gérard Schockmel zieht Kritik auf sich - Reporter.lu
La liberté de recourir à l'avortement sera inscrite dans la Constitution - Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg
Geschichte - fraendag.lu
Brochure d'Information: Interruption Volontaire de Grossesse (IVG) - sante.lu
ABTREIBUNG: Von lebenslänglich zur Fristenregelung - woxx.lu
Schwangerschaftabbruch in Luxemburg - CID Fraen an Gender
Die Gesetzgebung in Luxemburg - CID Fraen an Gender
Why Luxemburg wants to write the freedom to have an abortion into the constitution - Lëtzebuerger Journal
Erwäänten Erfahrungsbericht aus dem Lëtzebuerger Journal:
Wat mengs du? Iwwert d'Pësperen a volle Räim, een Temoignage - Lëtzebuerger Journal
Stell dir vir, du hues Ausfloss, an du mengs, du miss stierwen: Doduerch, datt et vill Schummt an Tabue ronderëm d'Vulva gëtt, geschitt dat net wéinege Leit. Den Terme Vulva ass mëttlerweil deene meeschte Leit bekannt, mä iwwert d'Organ selwer ginn et nach ëmmer vill Mëssverständnisser. An dëser Episode schwätzen d'Ella an d*e Robin iwwert hir Bezéiung zu hirer Vulva. Si erziele vun der éischter Kéier, wou si hier Vulva am Spigel gesinn hunn, iwwert komesche Bezeechnungen an der Kandheet an iwwert Menstruatioun. Natierlech geet et awer och dorëms, wéi Masturbatioun a Sex sech op hir Bezéiung zu hirer Vulva ausgewierkt hunn.
Opgepasst: An dëser Episod gëtt iwwer Erfarunge mat sexueller Gewalt an Trauma geschwat. Wann dës Themen dech belaaschten, iwwerlee dir, ob s du déi Episod vläicht mat enger Persoun zesumme lauschtere wëlls, dir eng Zesummefaassung gi wëlls loossen oder se einfach ganz skipps.
An der Rubrik schwätzt d'Ella iwwert de nationalen Aktiounsplang (PAN) „LGBTIQ+“.




















