Paus.
Claim Ownership

Paus.

Author: Jill & Yannick

Subscribed: 6Played: 298
Share

Description

Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :)

Nach méi Paus. fannt dir op:

- Instagram: https://bit.ly/3RVs4np

- Facebook: https://bit.ly/3RVshab

Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner paus.podcast@gmail.com erreechbar.

Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... https://spoti.fi/3vyjrpt
(Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)
178 Episodes
Reverse
#127 Dee mam Loïc

#127 Dee mam Loïc

2024-04-2101:29:38

We put the tea in charity, well haut liwwere mir iech e Bléck hannert d'Kulisse vum "Télévie"! Nieft geairbrushte Gesiichter an dem nationalen "Who is who" geet et nach ëm Männerdokteren, de Blummejesus (mat Fleur de Sel) an e Liewen ouni Pool-Leeder. Mat dobäi sinn o nach skandinavesch Pappen a Festival-Jalousie. Et gi nees Froen iwwer Froen gestallt, wéi zum Beispill: Wéini sponsert d'Spuerkeess eis? Si mir de reporter.lu vun de Podcasts? A weieng RTL-Ikon verdéngt hier eege Sendung?
Wéi laang ware mir eigentlëch fort? Eng vu fille Froen, déi beschwat (mee zum Groussdeel net beäntwert) ginn: Wisou si Mammen elo beige? Ween huet nach Nerve fir d'J.Lo? A lauschtere mir eis iergendwann géigesäiteg no? Mat dobäi sinn haut Blogger-OGs, Real Life Paus-Konfrontatiounen, schéi Supermarché-Stories an eng lëtzebuergesch (Grammaire-)Affaire. Et geet em e verschassene Reebou, Grillzwang, dat deierst Brout vun der Welt (Dat ass d'Staat!) an d'Buchrecommendatioun vum Joerdausend (inklusive TED-Talk). Fir d'Extraportioun Musik gëtt et Country mat Metaebene, franséischsproocheg Artiste-Verwirrung an eng Emaarmung als Lidd. Mir schécken e Stéck Taart iwwer Facebook a gruschelen iech ganz häerzlech!
Tëscht enger gefillvoller Versioun vum "Bratmaxe"-Song, Pushnoriichten an der "Marche des femmes" huet de Podcast äres Vertrauens nees vill ze beschwätzen: 2010er Core, e neie Lëtzebuerger Superheld, Creep-Updates a villes méi! Mam Feierstëppler kämpfe mir eis duerch de nationale Skandal vum Mount, al Leit an Talkshows (BRAVO, Uschi!! Tolle Frau!) an d'"Oscars". De Viggo an d'Vicky, d'Bëtschel Caroline an de Lieblingsbob stinn och um Ordre du jour. Wéi penibel behuelen sech RTL-Leit am Theater? Wéieng Frae leien der ADR um Häerz? A wéi wäit kann d'Laun nach an de Keller goen? Diana has left the chat!
Mein Gott, Leute! Et ass nees Sonnden an de Podcast eures Vertrauens schlittert mat iech queesch duerch den Themegaart: Et geet em d'glamouréist Liewen zu Bréissel a Köln, unskippable Serienintros an ënnerschaten däitsch Witzbolder. Mat dobäi sinn och de Maz mat der Pandamask, eng Lueweshymn op "Hunnegstrëpp" a grouss "Paus. and friends"-Dreem. D' (onfräiwëlleg) witzëgt J.Lo, Iwwersetzungs- a Schreiffeeler an de Strugglebus "Drag Race Belgique" gi gewinnt sachlech a professionell diskutéiert. Dir braucht nach méi Grënn, fir eranzelauschteren? D'"Alpe d'Huez", d'Skandal-Marie, d'Olivia Colman an de schéinste Film vun der leschter Zäit. Yippie!
#123 Dee mam Veltinsdag

#123 Dee mam Veltinsdag

2024-02-1801:21:33

Hey oh! Halt op mat Schifueren a schwätzt mat eis iwwer Kamelott an der Ladies Night, den Zupperbowl mat engem echte Country Girl an dem Xav säi granzege Kolleeg. Mat dobäi sinn haut o nach Rugby-Kannibalen, de Merv the perv, Marvel-Dreem an d'Hüller. Apropos Hitler: Et geet o nach ëm eng verjuppte Schmis, de Michael Schumacher um Knuedler a Mobbing am Asia-Restaurant. You go, Griselda Coco!
Haut dréit sech natierlech alles em den LSC (oder och nach "Désirée and Friends"). 50 Prozent vun dësem Podcast hunn d'Spektakel virum Fernseh verfollegt an déi aner Hallschent live an der "Rockhal" – freet iech also iwwer eng ëmfaassend Berichterstattung mat One Direction, diva-liken Dänzer an Drama vun der Afterparty. Nieft dégoutéierte Gesiichter, Verschwörungstheorien an online-Haass gëtt et awer och vill Israeelesch, en Touch Medienrummel an e bësse Keelebunn beim "Kueb". Ofgesi vu Musik a Kontroverse geet et o nach em maximal onangeneem Männer a krass Frae mat wichtege Messagen. Ausserdeem mat dobäi: multilingual (mee schei Leit) bei Panels an um Brunch, feelend Aueren um Kierchbierg a Cocktaile mat Pizza-Goût.
#121 Dee mam RTL1

#121 Dee mam RTL1

2024-01-2101:35:24

De Fanger an d'Luucht an d'Aen zougepëtzt, well elo gëtt et wichteg! Ären nischege Podcast ass a senger Kebab-Ära an diskutéiert alles, wat am neie Joer wichteg ass: e Periodendrama (literally), Broadway-Dreem, Basketsmammen op der Musel an After Work am Musée. Mir fueren a Richtung22 a begéinen Doktere mam Sailor Moon Stab, de Gossip Guy vum ESC a popkulturell Ignoranz. Huelt äre siwente Sënn eraus a maacht iech prett fir total verhexte Fernsehsrevolutionärinnen, d'Daisy Jones Universum an emotional Macher. D'Bier ass nach net geschielt, mee den Drops ass gelutscht!
#120 Dee mam ale Joer

#120 Dee mam ale Joer

2023-12-3101:24:27

Och um leschten Dag vun 2023 ass nees Zäit fir eng "Paus.". Mir kucken zeréck op e Joer voll Ups and Downs an deelen Erkenntnisser a Virsätz. Mat dobäi sinn d'Häipie vum Joer, Filmdiskussiounen, "Baccara" 1 an 2 an dem Luc seng Fritten. Ob den George Michael oder den George Fedder, Schnéi an Afrika oder Gucci-Flipflops am Krichsgebitt – et ass nees Spaass fir d'ganz Famill ugesot. Fir net an de sougenanntenen opportunisteschen Teller ze trëppelen, gëtt et o nach Kacka an der Chamber, Panik am Karussell an e bëssen Dschungelcamp. Rutscht gutt, awer net ze wäit – höhö!
Sitting, waiting, wishing... Wärend mir all op d'Chrëschtkëndche waarden, gëtt et eng speziell Folg fir de 4. Advent: Ënnert dem Motto "Podcasttausch – jetzt wird geweihnachtet" huet äre Bildungspodcast eng Episod vun den "Happy Hippos" opgeholl. Tëscht Crossfit, NBA an Eggnog bleift nach genuch Zäit fir News, Snacks a (Fulle-)Facts. Op der Arrière-Scène am Pafendall ginn et zum Scheitern verurteilt Chrëschtkaddoen, de penibele Monni Gégé an d'Préizerdauler Gilmore Girls. Juppelt mat eis an d'Feierdeeg tëscht Trauma a Microaggressiounen, well an der schéinster Zäit vum Joer leie Virstellung a Realitéit oft wäit auseneen. Et gëtt iwwer d'Joer vun der Luucht geschwat, iwwer Intervallfasten fir Pinguinen a falsch Kolleege beim Pudderzocker.  Mir sinn dout vu bannen – dofir gëtt et och nach e Spill, bei deem dir doheem matroode kënnt! Merry Crisis!
Nodeems "the big C" 50% vun ärem Lieblingspodcast niddergerongen huet, ass um 3. Advent nees Zäit fir Luxusprobleemer an Interventiounen! Den Hoer-Bebe an de Wuerm vun "Dune" liwweren onbegrenzt Dommheet, Räps-Inkompetenz a bunnbriechend Froen. Tëscht Disney-Rassismus a Slayer op der Pride gëtt et delulu am "Plaza" an eng (temporär) nei Kategorie bréngt Aggressiounen un d'Dagesliicht.
Sidd dir prett fir "Paus. 2 – Jetzt wird geheiratet!"? Um 1. Advent gëtt et ganz klassesch festlech: E problematesche Moderator, d'Mute-Challenge a brasilianesche Rap si mat virum Chrëschtbeemchen. Nieft engem futtisse Broschtkuerf, Mammen um Drag Bingo a 90's Techno geet et och ëm "Saltburn" mat den Olsen Twins, Prominenz an der Groussgaass a Gratispopcorn am Liewen. Et gëtt en plus en onmoralescht Angebot fir d'"Lotterie Nationale", de sketchy Knuedler a schmalzeg Sängerinnen. Stellt iech net esou!
Haut ass dem Yannick seng Sendung! Ënnert dem Motto "en attendant Madonna" bidde mir Paroli a gehaben eis wohl. Et geet et ëm süß Leit, de "Club Med" an enger klenger Këscht a "We are Sven". Mir si mam Péckvillchen um Fliger a liwweren alles ënnert dem Rimm – vum Filmpräis bis zu rockende Brëscht. D' Viergestirn vun 1958 ass genee esou mat dobäi ewéi e gay feverdream (ouni Stëmmung) an italieenesch Prinzessinnen (mat Steng). Kebab a keng Mamm. Zerrissen, aber doch elegant. Wieso nicht?
Mir stellen eis haut (net) a Fro an zerwéiere kulinaresch Geheimtipps fir Leit mat ze vill Suen! Kommt mat an d'Gay Matrix an op eng Afterparty, déi anescht war, wéi erhofft. D'Marion vun der Croisière ass mat dobäi, genee esou ewéi en trauregen Abschied vun engem Kolleeg, simuléierend Hënn a schottesch Junkien. Et geet ausserdeem em ugepisste Payconiq-Leit (not sponsored), CSI Köln-Ehrenfeld an de Mojo Dojo Casa Justin. En plus fanboyen a kräische mir an der Kichen, well et ass nees Zäit fir e bëssen Eurovisioun!
Happy Mantelsonnden, Lëtzebuerg! Äre Geschwësterduo huet op dësem héije Feierdag eng relativ vulgär a streidereg Episod fir iech. Et geet virun allem em topeg Leit, déi een an de Wansinn dreiwen – ob am Musée oder bei de Walen. Mat dobäi sinn och e Boxemännchen an de Merlin an d'Vivianne. Et geet haut ëm e Concert zu New York um Flughafen, Backstage Vibes vum Nicool sengem Release a Sträit iwwert e Buttek. Wichteg Themen ewéi d'Christina Aguilera-Diagnos, den Adonis a säin iPad an eisen Zapfenstreich si natierlech o nach mat dobäi. Schönen Gruß, auf Wiederseh'n!
Et ass Walsonnden an är favorite Bettwanzen si mat Zäit op, fir iech beim Kräizer-Maachen ze ënnerstëtzen. Haut gëtt et Neies vun den Apenhoer, Leit, déi eis unfollowed hunn a Parteimemberen, déi an hire Videoe räpsen. Den Hades an de Louis XV vun Instagram befaassen sech mat essentielen Themen ewéi Spätmaht, modernem Geméis an zweiwelhaften online-Aussoen. Et geet em "How I met your mother", d'Place(s) to be vum nächste Weekend a Geheimnisser vun der Staat Wien. D'Vir- a Nodeeler vum pittoresk-provënzielle Lëtzebuerg ginn analyséiert, Surfschoulen opgemaach a Mécken aus dem Béier gefëscht. Et gi vill Froe gestallt a souguer e puer dovu beäntwert: Wee verléisst d'Land, wann d'ADR gewielt gëtt? Ween ass de Feierstëppler vum lëtzebuergesche Rap?A wisou synchroniséiert den Howard Carpendale en Horrorfilm? Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :) Nach méi Paus. fannt dir op: - Instagram: bit.ly/3RVs4np - Facebook: bit.ly/3RVshab Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner paus.podcast@gmail.com erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... spoti.fi/3vyjrpt (Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)
Eng Episod mat enger Missioun: Är lieblings Zimtzicken kontrolléieren am "Atelier" op der 2000er Party net nëmmen, ob d'Outfits bei d'Thema passen, mee och, ob d'Party People wierklech Anung vun deem Joerzéngt hunn. D'Jessica Night an de Kölner Indieboy hunn sech dofir an de Camouflage gehäit, d'Creolen ausgepaakt a souguer géint Hannergrondgeräischer a sonsteg Verständnisschwieregkeeten gekämpft. Disclaimer: Fir d'Energie am éischten Deel vun der Folge ass dem Jill säin hausgemaachenen Espresso zoustänneg. Nieft moudeschen Hits wéi Schlaangecostumer, Glitzer-Nippel-Tiger-Tops an Skinny Leggings Jeans ginn et  geféierlech Messerdänz vun haut an déi bescht Filmer vun deemools. Ausserdeem gëtt sech em skandaléis A-Promis am "Action" a Geständnisser aus der Hollerecher Strooss gekëmmert. Ganz sécher NET mat dobäi sinn d' "Google"-Kategorie an "Daylight in your eyes", mee dofir awer Lausbouwen zu New York, eng rout Valiss a Party-Atmosphär fir d'Oueren. Leit mat Froen zu Napster, Fallout Boy an Taille Basse Boxen ze belästegen an den DJs iwwer d'Schëller kucken, stoung och um Programm – dobäi gëtt och endlech gekläert, wouhier déi hiren Numm hunn. Maacht iech prett fir eng Achterbunnfahrt voller Gebläers, Gesang an Emotiounen... inklusive Fritten a Burger!
RIP Summer (a Bialetti)! Mir sinn am Deuil a beriichten iwwer "Pleiten, Pech und Pannen" aus de leschte Wochen. Nieft engem "Begriefnis-Knigge", portugiseschen Déieren an "Atelier"-Announcements ginn et News vum Claudia Obert an dem Walentina, Selbstfindungstrips am Mëllerdall an eis Serien-Alter Egos. Haut gëtt getriwwelt (mee mat "f")​, well d'"Power Gays" si nees do. Mir pilgeren zesumme mat iech op Lourdes (oder an d'Cinemathéik) a mutéieren zum "Automag". Ass dëse Podcast den "Eck plus ultra"? Warscheinlech net. Mee ee vun eis ass den Al Bundy an deen aaneren ass "wäiss mat e bësse Spice". Who's that girl? It's "Paus.". Dofir kläre mir och Froen, déi änlech philosophesch si wéi d'"Hung oder Ee"-Debatt: Wéi ass et, am Téi ze trëppelen? Wou war de Noutausgang am "Wham"? A wien applaudéiert, wann een an der Dusch friemgeet? ech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :) Nach méi Paus. fannt dir op: - Instagram: bit.ly/3RVs4np - Facebook: bit.ly/3RVshab Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner paus.podcast@gmail.com erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... spoti.fi/3vyjrpt (Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)
Psssscht... D'Danzmaus an de Weird Al sinn nees do fir eng spéitsummerlëch Episod tëscht Fräizäitpark a Fouer! Haut geet et ëm Bridgerton mat Nazis, Privatbusser fir Leit mat Standard a Feine Sahne Fischfilet. Niewebäi gi nach Parkhaus-Präisënnerscheeder beliicht an Dermatologie-Diplomer verdeelt. Äre Snob-Podcast beschwätzt Schampes, Villeroy & Boch an Hermès aus dem Zeitungsbuttek. Wou kritt ee Flammkuchen mat Nieren? Wei éng nei Spuerkeess-Interna ginn et ze zielen? A wat der Däiwel ass e Beréng?
Och Bierger an e Séi halen är Charity-Ladies net dovun of, eng Episod opzehuelen. Ee vun eis ass d'Opfer vum Podcast an huet d'Lydie op der Fouer am Stach gelooss fir am "White Lotus" ze leiden. Deen aneren danzt der Spuerkeess säi Misär vir an hält Diddeleng fir d'Schweden vu Lëtzebuerg. Nieft alkoholfräien Hochzäiten mat Burka an enger Kopfhörer-Katastroph ginn et haut och Fraen, déi sech Päerd kafen a Verschwörungstheorien zum Walt Disney. Huet de Mark d'Apenhoenhoer erfonnt? Gehéiere Sardinnen op d'Pizza? A wat huet Lëtzebuerg zum Thema Seezeit-Lodge ze soen? All dat gëtt am groussen Vakanze-Special live vum Gehaansbierg aus dem Piemont gekläert. De gudden an de béise Kéis, Mëller aus Hollywood a Rechtschreiwungsstruggles vun de 90's Kids hunn et och mat an dës Folg gepackt, eben esou wéi d'Sandriné, d'Kunigunde an d'Tamandoline. Arrivederci amici! Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :) Nach méi Paus. fannt dir op: - Instagram: bit.ly/3RVs4np - Facebook: bit.ly/3RVshab Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner paus.podcast@gmail.com erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... spoti.fi/3vyjrpt (Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.) Insta vum Pit Reding: @rp.p._ @klick.creativestudio
Et ass August (och wann d'Wieder dat nach net matkritt huet) an äre Lieblingspodcast bréngt iech Vakanzestëmmung tëscht Piccadilly-Mobber a fragwürdegen Tätegkeeten mat Banannen. Dir sicht eng perfekt Episod fir an d'Vakanz ze fueren? Say no more! Summerlach ass fir déi aner, well hei gi nëmme wichteg Themen beschwat: Ginn et Leit, déi "Twilight" nach net gesinn hunn? Wéini soll ee Moien soen? A wat ass en "Dëppegay"? Maacht iech et bequeem mat falsche Lëtzebuerger Wierder, faszinéierenden Geo-Fakten a royaler Romantik!
loading
Comments 
Download from Google Play
Download from App Store