DiscoverTitan Talk
Titan Talk
Claim Ownership

Titan Talk

Author: Ben Assa and Albert Kern

Subscribed: 7Played: 47
Share

Description

Desen podcast geet un dei leit dei an d vakanz fueren an op eng onerklärlech art an weis den uewen ulossen.
Un dei leit denen am geschäft un der keess den joghurt op d yeezys fällt.
Desen podcast as eppes tescht der am auto vergiessen cola dei schon op an richteg suddeleg as an dem knusperegen verbrannten steck vun der lasagne.
En geet un eis türken, eis deitsch russen, eis spuenier an eis letzeboier.


Zwee hallefmotiveiert ufank zwanzeger dei d hallefzeit vum liewen nach vier sech hun mais awer schon vum Liewen gekennzeechent sinn.
Si hunn lo och een podcast. All Donneschden.

12 Episodes
Reverse
#12 TROPICAL NEISCHT

#12 TROPICAL NEISCHT

2021-06-0959:23

Des Folgenbeschreiwung as Konscht. Der kennt se interpreteiren wei der wellt, mais mer soen folgendes, mer sinn haut artsy ennerwee :
#11 FAUL MECHT SCHLAU

#11 FAUL MECHT SCHLAU

2021-05-2643:51

An dier ? Mer sinn haut am short Format zereck. Dofier awer mat mei Qualiteit. Dier kennt den Drill. Crunchtime an sou. Leiren, leiren, leiren. Als kleng Kompensatioun een Witz:  Wei nennt een Englänner seng kleng Mamm? . . . . . . . . Eng Mini Mum Schein Woch iech all. Oder Week- End.
#10 SCHMARRN

#10 SCHMARRN

2021-05-1959:45

Dier leiw Leit. Salut. Mer sinn et. Earen Podcast deen Iech duerch deck an denn brengt. Haut leider keng Folgenbeschrwiwung. Well SHHT ! Crunchtime! Gleich sinn Examen. Ambiance Examens. Dofier lusst als kleng Entspannung fier teschenduerch einfach mol ran an des Folleg. Klengen Hint: Et geet em Sex. An em Iessen. Eigentlech geet et nemmen em Iessen. Vill Spass an Ouren steif haalen. Gleich as Vakanz. Net vier all mais fier eis. Dann warden vielleicht cool nei Saachen op Iech. Oder och net. Mer warden opallefall ganz secher op Iech. Allez. Kuss fier den Bus. Ear Studenten
#09 KANNERPARTY AM MELU

#09 KANNERPARTY AM MELU

2021-05-1201:13:08

Wellkom zereck Haut sinn mer rem op mei plaatzen ennerwee wei covid19. Mer maachen een Kannergebuertsdaag am Melu, oder wei dei jonk soen : raus goen. Weisou Koifferen besser net widdersprach ginn sollen an waat hiert klengt Geheimnis as. Et geet och em d Volleksgedrenks numero uno, Alkohol. Direkt aus der BlueFire kritt een, duerch Schweierkraaft puer joer gealtertt, eng Fläsch gudden killen Battin an den Grapp. Oder sou ähnlech. Gett viellecht och aaner Freizeitbeschäftegungen fier dei Jonk. Zum Beispill an den Melu. Piloten maachen et do ganz aanescht. Dei fleien vill. Zwinker Zwinker. Ob dei sech nom Akt och selwer klappen an feliciteiren.  Wei an ob mer Menschen eis nach eng keier vill mei no kommen werten. Daat an viles mei an der heideger Folge. Hudd Spass an Kussi Bussi Spacepilot Kern an yours truly, your majesty Assa
#08 APEROL SCHMITZ

#08 APEROL SCHMITZ

2021-05-0501:14:55

Villecher, Stierm an Aperol Spritz. Een richteg komeschen start an den Mee. Weinstens sinn mer rem do. Jubiläumspodcast. Zwee Meint digital Benknooperschaft. Mer sinn, mat enger pries Villechersgetzwitscher dach den perfekten verspeiten Start an deen Mount. Lo sinn och mer am Mee ukomm. Aperol Spritz, ween drenkt deen Blödsinn iwerhaapt wa ? An waat machen mer iwerhaapt am Oberweis ? Waat maachen d Leit iwerhaapt am Oberweis ? Egal weider geet et mat der Police op Perd. D Staatsbeamten schlechthinn, em heichen Ross, mat kuerzer Box. Wei deif sinn mer gefall ? Wou geif eng gudd plage hei am Land hipasse, an waat dreift sou deck Fësch wei den Billy McFarland am Gefängnis. Weisou een Hond d Finanzwelt verreckt mecht an waat daat mat 3000 Euro Puer Schong ze dinn huet. Weisou den Albert d chips op den Teller an den Ben se leiwer an den Kapp well an weisou den Belge seng fritten mat Kachkeis est. Daat an villes mei an enger brandgefeierlecher Ausgab vun earem Lieblingspodcast. Tülülütütü Prof Dr. Assa an PHD Kern
#07 GELLEN MENOPAUS

#07 GELLEN MENOPAUS

2021-04-2901:12:10

Mer sinn et, ear edel Verschwörungstheoretiker. Nee haut gett et natierlech keng Verschwörungstheorien zem beschten. Doweinst sinn mer einfach vill ze onkritesch. Nee haut geet et em eppes vill mei wichteges. Wei kann ech am beschten an engem Test spicken ? Do ginn mer natierlech op vill geheim Geschichten an an presenteiren eis  ever greens  waat d Konscht vum Spicken ubelaangt.  Den Ben muteiert mei schnell zu engem Veganer an zum Fleeschfriesser hin an zereck, wei der P1 soen kennt.  Ween nierwt dem Ben nach Feier ennert dem Henner wert hunn gitt der haut gewuer.  Et geet och em een Thema em daat een soss net laanscht kennt. D spretzegkeet vun den Gemengen Aarbeschter an d Auswierkungen vun hierer schnellegkeet op d' Mental Gesondheet vun den Gemengen-awunner.  Den Instagram post vum Fotograph Sam Tjarks deen  vill Opmierksamkeet kruut fennt natierlech och seng Plaatz. Mer jonker an eiser gellener Menopaus hunn natierlech een Freifahrtsschein an dierfen d Pandemie sou kleng schwetzen wei se nemmen as. Een klengen Fleck op dem weissen Hermes Hiem vun den jonken reichen Kids. Ween kann vun eis och erwarden datt mer d Doudeger eescht huelen. Mer verleiren jo eis gellen Joer, an souweisou, ass een jo Immun. Mer an eisen gellen Joer, mer mat eiser gellener Menopaus. Genuch um Brunnen der ewigen Dummheit gedronk. Schnell een Shot Whiskey an den Macha Tei. Soss kritt een daat net mei erdroen. Weiderhinn bleift secher, passt op iech op an wannechgelifft, care, well wann mer eis net em eis caren, ween dann ? Op aal oder Jonk, mer sinn dach all an der Saach zesummen. Jidereen d Liewen geneissen lossen an net onbekemmert SuperSpreader Events promoten. Vielleicht wier daat jo mol een ufank. Aluhut Assa an Ech- vertrauen-do-mengem-Immunsystem-Kern 
#06 GUCCI BIEREN

#06 GUCCI BIEREN

2021-04-2101:05:24

Wei start een gesond an den Daag ? Genau mat Goji Bieren. Haut treffen zwee Extremer openeen. Een ganz positiven Ben deen den ganzen Daag am Kuer war an een ganz negativen Albert deen keen Bock mei huet an haut frei haat. Waat een Liewen. Gudd bezuelt. Vill Vakanz an dann nach motzen. Fillt een sech jo baal wei een Lycees Proff. Bon et verdengt een gudd mat 5 Zuhörer mais et gett dach och nach aaner Saachen am Liewen wei d Geld. Wei een professionelt vum Podcasterdosin deelt, wei een den Profit vun der Leidenschaft auserneen- hellt an wei een dem Volek sou guer net aus der Seil kann schwetzen, dorem geet et haut. Mer hunn wei emmer vill Themen, eng news vun der Woch, sorry Meedecher et geet bessi em fussball awer net nemmen. Et geet em vill vill mei. Geet et net emmer am Fussball em mei wei nemmen den ronnen Ball ? Mer sinn haut wierklech wei zwee Engelen dei op den Schelleren vun engem setzen. Denn een gudden Engelchen brengt iech haut d Liewenstipps an brengt iech bei wei een reich gett, den aneren wei een jiderengem op den Sack geet mat senger Negativiteit. Waat den Jean Claude Juncker vum G the D Grand- Duc sengen Vakanzen- zieler hällt an weisou Gucci mol un d' Bieren goen soll. Heemelt einfach mol earen Hond. Daat an weider positivity Tipps gett et haut vum Motivatiouns trainer Assa an vum Schüler Albert. Listen and learn
Et as rem souweit. Mer sinn rem do. Brandnew wei een Tesla Cybertruck sinn mer ready fier iech. Ganz ouni futiss Fenster. Mais dofier awer pünktlech wei d' CFL An den Highlight vu der Woch:  eng Koppel neier Rubriken dei mer iech net vier enthalen wellen. Lo souguer mat Jingle. Halleluja. Dodrop mol lo een Gin. Oder 2. Egal haaptsach mer sinn mol rem voll. Iwwert vill Themen gett natierlech och geschwaat. Weisou sech bei California Rolls an der neister Netflixdoku iwwert d Welt Suergen gemaach gett an weisou och mer Fesch am leiwsten Kiloweis geifen roofdonneren. An weisou daat vielleicht keng sou gudd Ideen wieren. Dem ben gett et als eisterreisch Korrespondent richteg objektiv, ouni vierun groussen Gebeier stoen ze mussen. Soss stinn di jo emmer vierun den Parlamenter vun der Welt. Nierwt dem Vodka Ritual beim Yoga kommen och dem Albert seng russesch Wuertzelen net ze kuerz an en leisst sein Kommunist raus. Deen blöden Marx Versteher. Den war zwar net Russ mais daat as den Prince Phillipe och net gewiescht. Dofier huet deen awer em sou mei gedronk. 99 Joer aal, huet jo geklappt. Och wann een leiwer opronnen weillt, wei beim Tanken. Do as 100 schon dei mei geil Zuel. Egal.. Prenz as schon eppes geiles nee ? Fier dei eng as en Maskottchen, dei aaner Prince, an dann gett een Vollekchen op der Tunna Insel, dei et bessien ze weit mat der Vergötterung vum aalen Prince Gin gedriwwen huet. Dozou awer mei. Wei beim drenken vum selwergemaachtenen äppel Schnaps vum Noper heescht et och hei einfach, aan zou an roof domatter. Oder sou ähnlech. Dono geet et engem besser. Garanteiert. Bleiwt Steif an net vergiessen, en Kuss fier den Bus Ben an Albert 
#04 TITANSTREIT

#04 TITANSTREIT

2021-04-0701:09:31

An dier ? Iwerrascht ? As dess vielleicht schon dei lescht Folge ? Streit am Kinnekshaus Assa Kern ? Kukt mol ran vier ze wessen waat Saach as. Fang Fro opgepasst. Waat hunn Englesch Kichen, den Ben an den Bill Gates gemeinsam ? Si kennen net mat eis op d Schnei bedeckten Terassen dei lo jo rem opsinn. Loscht op een Tequila bei der Keelt ? Nee leiwer net. Schnell ran Podcast lauschteren. Den crazy Gates huet schon Alexa ugemaach an waardt op iech  Haut sinn mer rem Pickepackevoll. Nee net waat dier mengt. Mat themen natierlech. Mam Leo DiCaprio  schwetzen mer op senger Yacht iwwert villes an neicht. Et geet nähmlech genau em sou Leit wei den Leo. An sengen Filmer war en an schon an puer Rollen wou heen mei wei puer Leit iwwert den Desch gezunn huet. An daat ganz ouni sech auszedoen. Catch me if you can, dier Pisser. Sou geet et och villen Politiker dei sech duerch Kriesen wieselen wei een sech soss nemmen Moies aus dem Bett vun engem One night Stand wieselt. Et geet em Blender, et geet em Lichtgestalten, et geet em Leit dei eis souguer Astra Zeneca verkaafen keinnten an et geet vierun allem em den Ministere deen an der Gestalt vun 2 Gauneren duerch d Fiels leeft an den Leit Astra Zeneca hannendrunn geheit. Den Bill Gates muss jo op seng Keschten kommen deen aalen Kannerfrupser. Wou geet eis Welt nemmen hinn. Lo honger. Mais wouhinn ? Egal haaptsaach eng gudd Proteiner. MHHH. Francesinha. Dei Portugiesen kennen awer kachen. Mais ongesond. Do luewt een sech d' Englänner. Dei versichen et weinstens net. Oder ?? Wou brengt eis d Welt hinner wann op eng vun den 2 freien Terassenplaatzen am Lieblingscafé. Albea an Beno 
#03 MAMMIIII

#03 MAMMIIII

2021-04-0101:04:10

Fresch vum Wiener Naschmarkt hunn mer eng wonnerbar fresch Folge vier op earen Aperos teller.  Wei een gudd Keisstéck, vum selwer Tablett, zack an den Mond. Oder an d' Ouren. Oder sou ähnlech. Wei eng fresch Uebstzaloot as och dei Folge rem prall gefellt mat den seissesten vun Themen. Et geet och em den Draam vun all Mann, d' Amarettosglace beim Italiener. Nee den Pilotenschein. Nee , sorry, waat huet een als jonken privilegeierten Mann nach net? Jo Karies warscheinlech. Wann mer et wessen geifen geifen mer keen Podcast maachen. Den geilsten Return no Capitani 1: eis Rubrik Fränk Schleckermeulchen fennt seng gerecht Naissance an der form vun enger ganzer Folge. Zu gudder Lescht geet et em d Thema waat eis all beschäftegt an wou mer och an deser Folge net ronderem kommen. Kleng Kanner mat Yeezis. Vierun zwee Joer nach ennert special Interest ze fannen, lo och hei am Podcast, eng Fraa dei keng Mask well undoen. Waat fier Zeiten. Zu gudder lescht wenschen mer, dem Ben nodreiglech eng Fett Rave mat 200 Leit fier den Bday. Well een et jo och net iwerdreiwen, mam Fun. Een Gruss aus der Boma senger Kichen, mer wenschen iech eppes. Bleiwt... hongreg
#02 DICKUS PICUS

#02 DICKUS PICUS

2021-03-2401:08:32

Welcome back zu enger neier Episode vun Titantalk. Eng Folge fresch aus dem Podcast Uewen. Wei bei Deiwer op der Flucht haalen mer em cr130 nierwt iech stall anhuelen iech mat. Et geet deif ran op d Harddriven vun verschiddenen Leierkräft, mais nach mei gett et een Ableck an d Szeen dei sech tescht dem Direkter an an engem nennen mer et "artisteschen" Prof oofgespillt hun. Dicks kann jo och mol net poetesch gemengt sinn. Dann maachen mer een Oofstiecher am Drive in vun enger bekannter Burgerkett. Mais direkt geet et weider. Den nächsten Stop. Menschen kneien op enger Wiss. Hint: et geet net em deen neien Schmierfilm vum Sifredi. Et geet natierlech direkt weider bei eisen groussen Kolleg, d' USA. Et geet em d Thema Rassismus, an nach vill mei em d' Entschellegungs Kultur. Et geet em Hypocrisie. Em aal Männer mat groussen Social Media Teams hannert hinnen an souvill Empathie wei den Dieter Bohlen Sympathie. Et geet och em d Fraen hannert den Männer. Och 2 Wochen no Welt Fraen Daag geet et eisen Damen net gudd. Zu Onrecht fannen mer. Hannert all starkem Mann setzt eng nach mei stark Fraa dei Candycrush spillt. Et geet em Green Washing.  Et geet em richteg Entschellegungen an em falsch Schlangen. Bis nächsten Donneschden. Earen Bert an Asi
#01 FRAAMENSCH

#01 FRAAMENSCH

2021-03-1601:11:47

ZWEE AAL BENKNOOPEREN DEI SECH DOZOU ENTSCHEED HUNN HIER GESPREICHER OPZEHUELEN. LO AS ET SOUWEIT. ET GEET OFFIZIELL LASS, AN DESER EPSIOD GEET ET EM FRAENQUOOT, CAPITANIGATE AN WOU EISEN NUMM HIER KENNT. DEN BEN ERZIELT WEI EEN ZU WIEN ENG GESCHMACKSEXPLOSIOUN BEIM SCHLITTSCHONGFUEREN ERLIEWEN KANN. DEN ALBERT ERKLEART KAMASUTRA. AUSSERDEM GEET ET EM DEN WELTFRAENDAAG AN DISKREMINEIRUNG. ALS KLENG ERFRESCHUNG GETT ET FIER EN EISCHTEN PODCAST KENG ENNERBRIECHUNG. BESTEMMT NET. GANZ SECHER NET: WANN DER IECH JE GEFROOT HUDD WAAT DEM BILLGATES SEIN MIXER MAT 5G ZE DINN HUDD DANN SIDD DER BEI EIS RICHTEG. ZUM SCHLUSS GEET ET ENGEM WEI WANN EEN SENGEM KAND SENG KREDITKAART GINN HUET AN EN OP D BANKKONTO KUKT. D FREED HALT SECH A GRENZEN *ASSA AN ABBES OUT
Comments