DiscoverRTL - Carte Blanche
RTL - Carte Blanche
Claim Ownership

RTL - Carte Blanche

Author: RTL Radio Lëtzebuerg

Subscribed: 32Played: 6,808
Share

Description

Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit
527 Episodes
Reverse
Dee laange Wee vun enger EU-Direktiv zu engem Projet de loi bis hin zu der Transpositioun vun engem Gesetz iwwer d’Sammelkloen ... ... mam laangjärege President an Éierepresident Nico Hoffmann vum Konsumenteschutz.
All dräi Joer publizéiert d’OECD d'PISA-Studie a vergläicht d'Leeschtunge vu 15-Järegen a Liesen, Mathematik an Naturwëssenschaften an erstellt dorobber hin international Ranglëschten.
De Serge Tonnar mécht a senger Carte Blanche Gebrauch vu senger Meenungsfräiheet, fir dem Xavier Bettel seng Demarchë géint jonk Aktivistinnen ze kritiséieren. Hie mengt, dass dat e geféierlecht a radikaliséiert Verhale vun eisem Vizepremier ass.
Eng Carte Blanche vum Richard Graf iwwert d'Klimakonferenz a Brasilien an d'Noutwendegkeet, d'Instrument vun internationalen Accorden net einfach opzeginn.
Et kann ee sech wuel gutt un dës Spréch vun eisen Elteren erënneren, déi hirem Ierger ob déi Aart a Weis Loft gemaach hunn, wann en aneren Automobilist sech net konform am Stroosseverkéier verhalen huet. Leider ass et net besser ginn, an dee Sproch ass haut méi wéi jee zoutreffend. Eng Carte Blanche vum Françoise Hetto.
Mécht den Erzéiungsminister mat sengen neien ëffentlechen Europaschoulen an der Méiglechkeet fir eng Alphabetiséierung op Franséisch ze wielen, onse Bildungssystem futti? De Fernand Fehlen, deen de Bildungsdebat säit véierzeg Joer verfollegt, kann iwwer dëse Virworf nëmmen de Kapp rëselen.
"Fake News!", dat war mäin éischte Gedanken, wéi ech dëser Deeg gelies hunn, datt an den USA solle Sportskompetitioune stattfannen, bei deenen Dopping net nëmmen erlaabt, mee esouguer ënnerstëtzt gëtt. Net ze gleewen, mee dach wouer. D’Organisateure vun de sougenannten "enhanced games" soen, dass d'Athlete kéinte mat hirem Kierper maachen, wat se wëllen.
Wann eng nei Regierung agesat gëtt, dann erwaart sech de Bierger selbstverständlech, dass e Regierungsprogramm erstallt ginn ass, wou Reformen ugekënnegt ginn, déi positiv Effekter fir d'Gesellschaft bréngen. Jo et mussen och mol Korrekture gemaach ginn, déi schmäerzlech kënne sinn. All dat muss awer an enger Walcampagne, engem Parteiprogramm an an engem Regierungsprogramm enthale sinn, an ech schwätze vun däitleche Wierder, wou de Bierger am Viraus weess, wat op een zoukënnt. Verstoppte Klauselen, widderspréchlech Interpretatioune si keng éierlech Politik. Wann de Bierger matschwätze soll, wat ass dann net besser gëeegent wéi e Walkampf? Hei ka kontrovers gestridde ginn, a leschtens weess de Bierger wat e maache soll, wat en ënnerstëtzt, oder ofleent.
An enger Welt, an där alles soll esou séier wéi méiglech digitaliséiert gëtt, gëtt et leider awer och vill Leit déi do net matkommen. Um Beispill vun den digitale Bezuelungsmëttelen gesäit een, datt vill Leit riskéieren ausgeschloss ze ginn an duerfir weist dës Carte blanche, datt d’Boergeld eng Rei Eegenschaften huet, déi een och an den digitale Bezuelungsmëttele muss erëm fannen. D’Inclusioun a besonnesch déi finanziell Inclusioun ass eng absolut Prioritéit.
Behält d'Relioun an Zäite vun enger staarker Sekulariséierung eng Plaz? Dozou eng Carte Blanche vum Georges Hellinghausen.
Eng Carte Blanche vum Pierre Hurt, Direkter vum Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils (OAI).
Wat wa mir eis d'Zukunft positiv ausmole kéinten. Wat wa mer mat enger Carte Blanche net nëmmen Iddie vun enger Persoun héiere géingen, mee vu méi Léit. Wat wa mer eis géingen inspiréiere loossen. D'Magali Paulus konfrontéiert eis haut mat enger Hellewull "wat wann". Si schafft fir CELL an ass engagéiert bei etika, dem Zentrum fir politesch Bildung an dem Collectif Tax Justice Lëtzebuerg.
loading
Comments