DiscoverRTL - Afterwork
RTL - Afterwork
Claim Ownership

RTL - Afterwork

Author: RTL Radio Lëtzebuerg

Subscribed: 381Played: 5,632
Share

Description

Den entspaanten Interview mat Bistrosambiance
206 Episodes
Reverse
De fréieren Fussballspiller, Proff, Ex-Deputéierten, Auteur an Auswanderer iwwer seng rout Kaart, d'Ielebéi an der Chamber, den OM an d'Kockelarena
De laangjäregen Europadeputéierten iwwer den Zölibat fir Politiker, seng Passioun fir de Radio, Radaren am Ausland a seng Laachkris an der Chamber
Den éischten Lëtzebuerger Tennis-Profi iwwer säin éischten Auto dee 4 Deeg gehalen huet, seng Rackett mat där hien 35 Joer gespillt huet a Bayern München
De fréieren Direkter vum ACL iwwer dat abrupt Enn op deem Posten, seng Revolutioun um Taxismarché, d'Zäit a Brasilien, säin Style a seng berüümt Fra
Den Auteur, Philosoph a Gastronom och bekannt als Alain Delon aus der Eifel iwwer d'Bullett zu Iechternach, RTL a firwat hien no 25 Joer keng méi umécht
Den Acteur a Regisseur ass op d'Rollen vun de Béisen an Ellenen abonéiert an zielt iwwer eng ausgerenkte Schëller säin gielen Kalzong an eng russesch Mutz
De geléierten Apdikter, fréiere Minister an aktuelle Buergermeeschter vu Péiteng iwwer säin schwéiert Skiaccident a firwat hien 'klenge Potto' genannt gouf
D'Affekotin war déi lescht 8 Joer Ombudsman. Et geet ëm hiren éischten Mäerder, deen si enttäuscht huet, e Stalker, d'Marseillaise, Tréinen a Kippercher
Den Ex-Proff a President vun den 'AAL' iwwer de grousse Bier dee weiblech ass, firwat hien net un d'Astrologie gleeft an de 'Feierstein-Versuch'
Den Europadeputéierten iwwer säin Coming-Out, seng Schoulzäit mam Luc Frieden, säin Austauschjoer a wéi hien plakeg um Gank vun engem Hotel stoung
De fréiere Procureur vun Dikrech iwwer eng Autopsie just virum Begriefnis, eng witzeg Renconter mam Grand-Duc a seng Relatioun mam Maître Vogel
De fréiere Chef vum Melusina iwwer de Warm-up fir den David Guetta, eng Camionnette Blummen fir d'Monica, d'Gëlle Fra um Stadion an e Bett am Melu
d'Actrice, Sängerin an Dänzerin iwwer penibel Momenter am Danzsport, eng Grande-Duchesse déi zur Kinnigin gëtt, Kazefudder a Kichelcher zu Amsterdam
de musikalesche Poet iwwer 'Sex & Drugs & Rock & Roll', de Kostüm vu 'Masked Singer', Tréine bei 'Sing meinen Song', d'Emma Watson a Banannejus
Een vun de Pappen vum Superjhemp iwwer de Grand-Duc, 13 Nationalhymnen, Techernobyl-Reen, d'Girls vum Lido a Kachkéis an den USA
Zanter 1999 steet hien un der Spëtzt vum Lëtzebuerger Filmfong an zielt iwwer den Oscar, d'Glenn Close, den Al Pacino a seng Roll als Transvestit
De Fils vum Acteur a Sänger Aly Bintz, a fréieren Chef vun Tango, Voxmobile an IP-Lëtzebuerg huet och Musek am Blutt
De Maître iwwer aussergewéinlech Prozesser déi a senger Karriär ervirstiechen, säin Doheem seng Qualitéiten als DJ a vill Boboen
De fréiere grénge Minister a Vizepremier ass een Lakert an zielt iwwer den Tram, ofgeseeten Luuchtepottoen, Radaren a säin Talent fir d'Zéiharmonika
Déi fréier Ministesch iwwer d'Steng beim Pei Musée, hier zwee Fligelen doheem, hier Karriär als Colette vum Radio a wéi se hire Mann kennegeléiert huet
loading
Comments