DiscoverDrëtt Hallschent - De Sport-Talk
Drëtt Hallschent - De Sport-Talk
Claim Ownership

Drëtt Hallschent - De Sport-Talk

Author: RTL Radio Lëtzebuerg

Subscribed: 32Played: 279
Share

Description

De Jeff Kettenmeyer, de Rich Simon an de Franky Hippert invitéieren all Woch Sportler, Trainer, Politiker an soss interessant Gäscht aus der internationaler an Lëtzebuerger Sportswelt.
222 Episodes
Reverse
Zanter gutt 3 Joer ass de Jemyp Drucker elo schonns Vëlosnationaltrainer. Am Podcast gëtt ee gewuer, wéi seng Aarbecht ausgesäit. Nodeems de Jempy Drucker seng aktiv Vëloskarriär un den Nol gehaangen huet, ass hie praktesch direkt bei d'FSCL gewiesselt, fir Nationaltrainer ze ginn. Mat den Espoiren huet hien dëst Joer ënnert anerem Etappen am Tour de l'Avenir an am Tour de Luxembourg gewonnen. Am Podcast erzielt de Jempy Drucker ënnert anerem, wéi seng deeglech Aarbecht ausgesäit. Et gëtt een och gewuer, firwat de Vëlodrome wichteg fir de Vëlossport bei eis am Land ass.
An eisem Podcast "Drëtt Hallschent – De Sport-Talk" sinn dës Woch déi dräi Arbittere beim Sam Rickal op Besuch.
Dës Woch ass d'Basketspillerin Catherine Mreches Invitée vum Jeff Kettenmeyer.
An eisem Podcast "Drëtt Hallschent – De Sport-Talk" ass dës Woch de Jean-Marc Hoffmann op Besuch. Mat ronn 1.700 Lizenzen, ass d‘Keelesport Federatioun eng vun de gréisste Sport Federatioun bei eis am Land. Keng aner Sportaart zu Lëtzebuerg, huet esou vill Medailen op Europa- Weltmeeschterschaften gewonnen wéi de Keelesport. Et ass ee Sport deen dacks an de Bistroe gespillt gëtt. Awer net nëmmen. Wéi et aktuell mam Keelesport zu Lëtzebuerg ausgesäit, doriwwer huet de Rich Simon mam Vice-President vun der Federatioun, Jean-Marc Hoffmann geschwat.
An eisem Podcast "Drëtt Hallschent – De Sport-Talk" ass dës Woch de Massimo Tarantini op Besuch.
An eisem Podcast "Drëtt Hallschent – De Sport-Talk" ass dës Woch e Lëtzebuerger Jugend-Scout vun Ajax Amsterdam, de Maxhime Jeangout, op Besuch.
An eisem Podcast "Drëtt Hallschent - De Sport-Talk" ass e Méindeg de President vun enger internationaler Sportfederatioun beim Franky Hippert op Besuch.
An eisem Podcast "Drëtt Hallschent – De Sport-Talk" ass dës Woch de President vun der Vëlosfederatioun beim Rich Simon op Besuch.
An eisem Podcast "Drëtt Hallschent – De Sport-Talk" ass dës Woch d'Futtballnationalspillerin Marta Estevez Garcia beim Sam Rickal op Besuch.
Um Sonndeg huet d‘Angelique Kerber déi 4. Editioun vun den Luxembourg Ladies Tennis Masters gewonnen. Am Virfeld war si Invitée vum Jeff Kettenmeyer.
An eisem Podcast "Drëtt Hallschent – De Sport-Talk" ass dës Woch den Trainer vun der Escher Jeunesse, de Reinhold Breu, beim Sam Rickal op Besuch.
D'Spillerin vum VC Mamer trëppelt no iwwer 25 Joer op héchstem nationale Niveau elo e bësse méi lues.
De Luca Tomassini huet wärend sengem Studium an der 3. Bundesliga gespillt.
Den éischte Sport Podcast vun der neier Saison steet am Zeechen vum Futtball.
Dës Woch ass de Kevin Geniets Invité am Podcast Drëtt Hallschent, de Sport-Talk. Direkt an enger vun den éischte Courssen, ass hien dës Saison, den 3. bei der Etoile de Bessège ginn. Am Mee ass hien du säin éischte Giro d‘Italia gefuer. Dat hien net an der Ekipp vum Tour de France war, war keng grouss Enttäuschung. Hie krut dat schonns ganz frei an der Saison gesot.
D‘Kapitänin vum Lëtzebuerger Handball-Champion ass zanter Joren d‘Partnerin vum Raphael Duarte, Co-Trainer vu Werder Bremen.
E Samschdeg ass de Grand Départ vum Tour de France. Am Virfeld dovu sinn den Tom Flammang an de Kim Kirchen eis Invitéen am Podcast Drëtt Hallschent.
Dës Woch ass de Futtball-Dammennationaltrainer Dan Santos Invité am Podcast Drëtt Hallschent.
Dës Woch ass de Lars Gerson Invité am Podcast Drëtt Hallschent, de Sport-Talk.
Dës Woch ass d'Claudine Schaul Invitée am Podcast Drëtt Hallschent, de Sport-Talk. Dës Woch ass d‘Claudine Schaul an der „Drëtter Hallschent“. Déi fréier Nummer 4 an der Tennis-Weltranglëscht ass zanter kuerzem d‘Kapitänin vun der Billie-Jean-King-Cup-Ekipp. Fréier war dat de sougenannte Fed Cup. Beim Rich Simon erkläert d‘Claudine Schaul wat d‘Aufgab vun der Kapitänin ass, wéi et mam Nowuess am Lëtzebuerger Tennis ausgesäit a firwat ëmmer méi Leit de Padel als nei Sportaart fir sech entdecken. Ausserdeem erzielt d‘Claudine Schaul och nach wéi wichteg d‘Spiller vun de klenge Länner sinn an datt et als klengt Land praktesch onméiglech ass, fir e puer Spiller gläichzäiteg an den Top 100 vun der Welt ze hunn.
loading
Comments 
loading