DiscoverRTL - Lecture vun heiheem
RTL - Lecture vun heiheem
Claim Ownership

RTL - Lecture vun heiheem

Author: RTL Radio Lëtzebuerg

Subscribed: 4Played: 8
Share

Description

Nei Lëtzebuerger Bicher, am Gespréich mam Auteur virgestallt.
109 Episodes
Reverse
Dräi Frënn op der Sich nom Schatz vum réimesche Keeser Diokletian An "Boy Underground" (2023) hunn den Hugo, den Alex an d'Julie an de Katakombe vu Paräis eng ënnerierdesch Welt entdeckt. Wat si do zesummen erlieft hunn, huet déi dräi Frënn zesummegeschweesst. Wéi elo an dem neie Roman "Boy Overboard" d'Iddi opkënnt, fir an engem Tauchcamp un der Küst vu Kroatien d'Vakanz ze verbréngen, sinn si direkt Feier a Flam! An natierlech dreemen si dovun, d'Schëffswrack ze fannen, an dem der Legend no d'Kroun vum Keeser Diokletian verstoppt ass. Mä wat du geschitt, dat haten si sech net erwaart! Am Interview erzielt d'Isabelle Marinov vun hirer Faszinatioun mat der Ënnerwaasserwelt, vu Muschelen déi bis zu 30 Joer al kënne ginn, vun engem Palais an dem ee spadséiere goe kann, vun engem Tëntefësch deen ëmmer mat dobäi ass a vun zwee Filmer déi an der Maach sinn. "Boy Overboard" vun der Isabelle Marinov ass bei Sweet Cherry Publishing erauskomm
"Weiß die KI, dass sie nichts weiß?" Interview mat der Informatik-Professorin a Bestseller-Autorin Prof.Dr. Katharina Zweig D'Katharina Zweig ass KI-Expertin an Informatik-Professorin un der RTPU Kaiserslautern-Landau wou si och d'Fach "Sozioinformatik" an d'Liewe geruff huet. Fir hir Aarbecht huet si schonn e sëllege Präisser gewonnen, a gouf rezent mam Bundesverdienstkreuz ausgezeechent. Zum Thema kënschtlech Intelligenz huet si dräi Bicher verëffentlecht, déi sech un de grousse Public adresséieren. Dat Neist dovun, mam Titel "Weiß die KI, dass sie nichts weiß?" ass am Hierscht 2025 erauskomm a gouf op der Frankfurter Buchmesse virgestallt. An dësem Interview, deen am Oktober 2025 zu Frankfurt opgeholl gouf, erkläert si wat eng KI alles kann - a wat net. Ausserdeem verréit si, firwat si hir Reese léiwer selwer plangt aplaz sech dofir op KI ze verloossen, a wéi e Séipäerdchen déi kënschtlech Intelligenz zolidd an d'Laberente brénge kann. Déi dräi Bicher "Ein Algorithmus hat kein Taktgefühl" (2019) , "Die KI war's" (2023) an "Weiß die KI, dass sie nichts weiß?" (2025) sinn am Heyne Verlag erauskomm.
Interview mat der prominenter spuenescher Schrëftstellerin Rosa Montero D'Rosa Montero, 1951 zu Madrid gebuer, huet als Journalistin eng 2000 bekannt Perséinlechkeeten interviewt, si ass awer och als Schrëftstellerin bekannt. No engem Studium an de Beräicher Psychologie a Journalismus huet d'Rosa Montero 1976 hir Aarbecht bei der grousser spuenescher Dageszeitung El País opgeholl, wou si eng Zäit laang och Chefredaktesch vun der Sonndesbäilag war. Berümt ginn ass si haaptsächlech duerch hir Interviewen, mat engen 2000 weltbekannte Perséinlechkeeten, dorënner de Yassir Arafat an de Paul McCartney,  huet si sech ënnerhalen. Dernieft schreift si och Bicher: eng 20 Romaner si bis elo erauskomm, awer och Kuerzgeschichten, Biografien a Kannerbicher. Verschiddener vun hiren Texter si fir den Theater oder fir de Kino adaptéiert ginn, sou zum Beispill hire Roman "La bonne chance" (La buena suerte) deen am Juni 2025 a Spuenien op de groussen Ecran komm ass (Dëse Film vun der Realisatrice Gracia Querejeda wäert iwwregens de 17.Januar 2026 am Kader vum spuenesche Filmfestival hei zu Lëtzebuerg gewise ginn) Oder "L'inconnue du port", e Buch dat si zesumme mam Olivier Truc geschriwwen huet, an dat amgaangen ass vun Netflix verfilmt ze ginn. D'Serie soll ënnert dem Titel "La desconocida" (l'inconnue) am Laf vum Joer 2026 erauskommen. D'Lëscht mat de Präisser déi si an hirer Carrière gewonnen huet, ass laang, souwuel als Journalistin wéi och als Autorin.  An hire Bicher léisst si keen Thema aus an et kann een si och net op en eenzege Genre festléën. An "L'idée ridicule de ne plus jamais te revoir" ( "La ridícula idea de no volver a verte" 2013) verschafft si de fréien Doud vun hirem Mann. An "Le roi transparent" ("Historia del rey transparente" 2005) ass d'Haaptfigur dat jonkt Leola, dat sech an der Aquitaine vum 12te Jorhonnert als Ritter verkleede muss, fir z'iwwerliewen. Ganz beléift ass och hire futuristesche Romanzyklus ronderëm d'Replikantin Bruna Husky, deen am 22ste Jorhonnert spillt. Dräi Bänn si bis elo schonn op Franséisch erauskomm, dee véierten a leschte Band soll am Fréijoer 2026 bei hirem franséische Verlag éditions Métailié publizéiert ginn.  Am Mee war si zu Lëtzebuerg op Besuch, wou si bei enger Konferenz an der Abtei Neimënster vun hirer Aarbecht erzielt huet.  Am Interview verréit si wéi eng Interviewpartner si an hirer laanger Karriär besonnesch beandrockt hunn, wéi no hir futuristesch Romaner un eis Realitéit erukommen a firwat et heiansdo gutt deet, e ganz e wéineg "verréckt" ze sinn.
7 Personnagen a 7 Kuerzgeschichten De Charel, d'Bianca, d'Madamm Wilmes, de Wangerts, d'Michèle, d'Madamm Kugeler oder de Jean-Luc: hannert all deenen Nimm verstoppt sech net just eng Persoun, mä och eng Liewes -Realitéit déi heiansdo méi duerch Illusioune verdeckt gëtt wéi et de Protagoniste bewosst ass. D'Geschichte sinn traureg, tragesch, hoffnungsvoll a virun allem: aus dem Liewe gegraff. An iwwerall ass och eng Grëtz Humor dobäi. Ob fräiwëlleg oder onfräiwëlleg, déi 7 Held(inn)e bréngen eis zum Laachen. De Jean-Paul Maes ass haaptsächlech als Acteur an Theater-Auteur bekannt, huet awer mat "Rehaugen" (2021) och e Roman erausbruecht. Ënnert deene sëlleche Rollen déi en a senger laanger Carrière gespillt huet, ass och déi vum Erni Tendo an "De Superjhemp retörns" (2018). Am Interview erzielt de Jean-Paul Maes vu senge siwe Personnagen, an hie verréit wat de Léiw (an och de Renert) mat all dem ze dinn huet. "De Léiw gëtt rout" vum Jean-Paul Maes ass bei Kremart Edition erauskomm.
Ugangs Dezember war den Tom Hillenbrand zu Lëtzebuerg an huet sech och Zäit geholl fir en Interview an der RTLCity Dass den Tom Hillenbrand all neie Xavier-Kieffer-Krimi (an och déi meescht vu sengen anere Bicher) op Lëtzebuerg virstelle kënnt, ass schonn Traditioun. Och aus dem neie Buch "Verhängnisvoller Champagner" huet hien op verschiddene Plazen am Land gelies. Leider sinn déi Liesungen déi am Interview ernimmt ginn, schonn eriwwer. Fir d'Xavier-Kieffer-Trëppeltier déi den LCTO organiséiert, kann een sech awer nach umellen! Ausserdeem däerf een sech elo schonn op de Start vun der Tëleesserie "Droneland" fréeën dee fir den Hierscht 2026 virgesinn ass, a, wie weess, villäicht dauert et jo guer net méi sou laang bis de Xavier Kieffer och op der Tëlee ze gesinn ass...
"Die Dolmetscherin" vum Titus Müller Den Titus Müller schreift historesch Romaner. An "Die Dolmetscherin" geet et ëm d'Nürnberger Prozesser déi virun 80 Joer ugefaangen hunn. Mat senger Berlin-Trilogie ("Die fremde Spionin", "Das zweite Geheimnis" an "Der letzte Auftrag") huet sech den Auteur, deen 1977 zu Leipzig gebuer gouf, en Numm gemaach. An dëse Spionage-Thrilleren kommen och real Figuren, wéi den Erich Honecker, de Willy Brandt oder de Wladimir Putin vir. Grad esou wéi a sengem neitste Roman "Die Dolmetscherin" deen deelweis zu Mondorf spillt. Am Virfeld vun den Nürnberger Prozesser goufen héichrangeg Nazi-Krichsverbriecher wéi zum Beispill den Hermann Göring 1945 am Mondorfer Palace-Hôtel festgehalen a verhéiert. An dësem "Camp Ashcan" (wiertlech iwwersat "Camp Dreckseemer", sou gouf et deemools genannt) kënnt eng jonk Fra un, déi als Dolmetscherin mat den amerikaneschen Ermëttler zesummeschaffe soll. Mä d'Asta huet e Geheimnis... Den 20.November 2025 waren et genee 80 Joer zënter dem Ufank vun den Nürnberger Prozesser. Am Interview erzielt den Titus Müller ënner anerem wat hien dozou bewegt huet, fir dës historesch Evenementer a sengem Roman ze verschaffen.    "Die Dolmetscherin" vum Titus Müller ass am Heyne Verlag erauskomm.
Den Abdulrazak Gurnah krut 2021 de Literatur-Nobelpräis Mat der Swetlana Alexijewitsch war 2016 fir d'lescht eng Literatur-Nobelpräis-Laureatin zu Lëtzebuerg. Bal 10 Joer duerno ass et elo nees esou wäit. D'Nathalie Jacoby, Direktesch vum Nationale Literaturarchiv zu Miersch, wäert sech den 28.November am Institut Pierre Werner beim beléifte Literatur-Format "Das Blaue Sofa" mam Abdulrazak Gurnah iwwer säi Wierk, a ganz besonnesch iwwer säin neiste Roman mam Titel "Diebstahl" ënnerhalen. Am Virfeld war si bei eis am Studio fir iwwer dem Abdulrazak Gurnah säi Wierk ze schwätzen. Dobäi huet si och verrooden, wéi een sech op esou en Evenement virbereed.  Wien den 28.November am Institut Pierre Werner wëll dobäisinn, ka sech um Site www.ipw.lu nach umellen. D'Gespréich (op Englesch) fänkt um 19h00 un.
"Fir Heemecht a Fräiheet" vum Romain Schmit "De Jonktem lieft am Krich an e stierft och am Krich. Wat wär e Krich ouni Jonktem?" (Romain Schmit) Iwwerfäll op Zich, Liewen am Ënnergrond, wëll Verfollgungsjuegten a permanent Liewesgefor: wat sech unhéiert wéi d'Dréibuch vun engem Action-Film, dat sinn d'Memoiren vum Romain Schmit. De gebiertegen Ëlwenter (Joergang 1920) huet nom Krich seng Erënnerungen u seng Zäit an der Resistenz zu Pabeier bruecht. Dobäi hat hien ni geplangt fir seng Opzechnungen als Buch erauszebréngen. Eréischt elo, 80 Joer méi spéit, huet säi Jong Norbert Schmit sengem Papp seng Memoire redigéiert a verëffentlecht, ënnert dem Titel: "Fir Heemecht a Fräiheet". Wéi et dozou komm ass, a wat dee jonke Maquisard deemools erlieft huet, dat erzielt den Norbert Schmit am Interview.
Dem Florent Toniello säi Lyrik-Band ass op der Shortlëscht vum Lëtzebuerger Buchpräis 2025 Wéi géif eng ausserierdesch Liewesform eis Äerd wouerhuelen? Déi Fro huet sech de Florent Toniello gestallt an op enger Rees an Island huet hien sech vun der eenzegaarteger Landschaft vun der "Insel aus Feier an Äis" inspiréiere gelooss. Am Interview erzielt hien wéi hien a senge Texter mat der Sprooch spillt a wéi d'Fotoen vum Thomas Fleckenstein seng Lyrik ergänzen.  "Hraun" vum Florent Toniello ass bei Michikusa Publishing erauskomm
An 13 Kuerzgeschichten erfuerscht d'Nora Wagener wéi Mënschen a Relatiounen sech an der digitaler Welt verännert hunn Vun Online-Shopping iwwer Dating bis bei Gespréicher mat engem Chatbot: déi nei Technologien sinn an all Beräich vun eisem Liewe präsent. Am Interview erzielt d'Nora Wagener wéi dës Technologien net nëmmen den Inhalt, mä och d'Form vun der mënschlecher Kommunikatioun veränneren.  "Die Sperber-Bussard-Frage" vum Nora Wagener ass bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm.
"Yamabushi - La sagesse des montagnes" vum Robert Weis Mat "Retour à Kyoto" (Transboréal, 2023) huet de Robert Weis eis schonn eng Kéier mat a Japan geholl. E Land mat zwee Gesiichter: op der enger Säit déi modern Metropol Tokyo, op der anerer Säit dat Japan dat op eng jorhonnertelaang Geschicht zeréckkuckt. Eng räich Traditioun déi de Robert Weis op senge Reesen an d'Land vun der opgoender Sonn kennegeléiert huet. A sengem neie Buch  "Yamabushi - La sagesse des montagnes" erzielt hien vun de Yamabushi, Mënchen déi an ofgeleeëne Biergregiounen eng déif spirituell Verbindung mat der Natur fleegen.  "Yamabushi - la sagesse des montagnes" vum Robert Weis ass bei Transboréal erauskomm.
D'Duechter vum Rainer Holbe huet hiren neie Roman "Man müsste versuchen, glücklich zu sein" op der Frankfurter Buchmesse 2025 virgestallt. Am Interview erzielt d'Julia Holbe wéi eng Roll hir eege Famill an hirem Buch spillt a si erënnert sech un de leschten Owend mat hirem Papp, deen am August 2025 verstuerwen ass. Ausserdem verréit si firwat hir Lëtzebuerg ëmmer nach wichteg ass, obwuel si haut nees an hirer Gebuertsstad Frankfurt lieft. "Man müsste versuchen, glücklich zu sein" vun der Julia Holbe ass am Penguin Verlag erauskomm.
Gewalt an Drogenhandel um Schoulhaff - a sengem Roman "Quick and Dirty" gräift de fréieren Enseignant a Lycéesdirekter Roger Roth Tabuthemen op D'Schoul ass eng Plaz op der jonk Mënschen léieren, sech weiderbilden, Frëndschafte schléissen a sech entwéckele kënnen. Leider ginn et awer och däischter Säiten, Gewalt, Drogenhandel a Kriminalitéit ginn allze dacks mat op de Schoulhaff geschleeft. An den absoluten Albdram vun alle Schüler, Enseignanten an Elteren: en Amoklaf an der Schoul. D'Biller vu Minneapolis sinn eis alleguer nach frësch an Erënnerung, mä esou genannte "School Shootings" ginn et net just an den USA. A sengem Roman "Quick and Dirty" beschäftegt sech de de fréieren Enseignant a Lycéesdirekter Roger Roth mat dësen Tabuthemen. D'Handlung fänkt op engem ganz gewéinleche Méindegmoien un. Deen Dag steet ënner anerem e Conseil de Discipline um Programm, dräi Schüler riskéieren wéinst onentschëllegten Absencen vun der Schoul ze fléien. Mä kéint do nach méi dohannerstiechen? Sinn déi dräi gemobbt oder souguer intimidéiert ginn? Am Laf vun den nächsten 10 Deeg wäert sech doraus eng Geschicht entwéckelen an der net nëmmen de Bandechef Arnaud sech eppes virzegeheien huet. Méi doriwwer am Interview mam Auteur Roger Roth.  "Quick and Dirty" vum Roger Roth ass am Selbstverlag erauskomm. ISBN 978 9995909932
De Cosimo Suglia kennt een als Poetry Slammer oder Matgrënner vun der Plattform "Aner Welten" Elo ass säin éischte Roman mam Titel "Roserei" erauskomm Dräi jonk 13èmes-Schüler déi hire Wee an d'Zukunft sichen, dräi Afen am Kostüm, e Manifest dat ee kritesch hannerfroe sollt, eng Statu déi en eegene Wëllen huet an e mysteriéise Personnage deen als Lycéesproff optaucht: am Cosimo Suglia sengem éischte Roman gëtt et villes auszepaken. "Roserei" ass e Buch iwwer Jonker, fir Jonker an Erwuessener. Erwuesse Lieser dierften awer mat dem engen oder anere Wuert hir Schwieregkeeten hunn. Zum Beispill: wat ass "moshen"? Am Interview gëtt et d'Äntwert!  "Roserei" Cosimo Suglia Sprooch: Lëtzebuergesch Erauskomm bei Op der Lay ISBN 978-2-87967-281-6 144 Säiten 17,90€
"10 mystères à résoudre" oder "10 Kriminalfälle zum Lösen"" ass e Krimi an dem d'Kanner selwer Detektiv spille kënnen De Pierre Decock ass Historiker, Schrëftsteller an Illustrateur. Ënner aneren huet hien d'Comic-Figuren Tun a Frunnes gezeechent, déi an den 1990er Joren an der Kannerzäitschrëft Zack opgetruede sinn. Seng grouss Passioun sinn awer Krimien an hien ass Matbegrënner vum Verlag crime.lu. A sengem neie Buch "10 mystères à résoudre" oder "10 Kriminalfälle zum Lösen" verbënnt hie seng Léift zum Krimi mat sengem Talent als Illustrateur. An als Bopa vun 10 Enkelkanner weess hie ganz genee wat déi Jonk gäre liesen! Am Interview erzielt hien wéi de Verlag crime.lu sech an de leschte Joren entwéckelt huet, wéi eng Bicher si fir e jonke Public ubidden a wéi hie selwer a senge Bicher nei an onkonventionell Weeër geet.  "10 mystères à résoudre" Texte et illustrations de Pierre Decock 77 pages  8-12 ans 14,50€ "10 Kriminalfälle zum Lösen" Illustrationen: Pierre Decock Deutsche Übersetzung: Gaston Zangerlé 77 Seiten 8-12 Jahre 14,50€ Weider Krimien aus der Fieder vum Pierre Decock a Krimien fir Kanner fënnt een op der Websäit vum Verlag crime.lu
Lëtzebuerg op eng ganz nei Manéier entdecken: "111 Orte in Luxemburg, die man gesehen haben muss" vum Susanne Jaspers Eng Geeschter-Arméi, en Hexentuerm oder eng Schwemm a Form vun engem Kürbis: nee, et ass net Halloween! An dat sinn och just dräi vun am ganzen 111 Plazen, déi een uechter d'Land entdecke kann. Et ass schonn dat zweet Buch iwwer Lëtzebuerg an der Serie "111 Orte..." vum Kölner Emons Verlag, mä dës Kéier geet et net just ëm d'Stad Lëtzebuerg, mä ëm dat ganzt Land. Dat Besonnescht dorun: et sinn net déi bekannten Touristenattraktiounen déi fir d'X-te Kéier beschriwwe ginn, mä déi onbekannten Ecker aus eisem Ländchen, schéin, skurril, interessant, onheemlech an ëmmer onerwaart! Zu Mäerzeg oder Minsbech, zu Walfer oder Wolz, kommt mat a loosst Iech iwwerraschen!   D'Susanne Jaspers, Editrice, Romanautorin a Reesschrëftstellerin, verréit am Interview wéi si alleguer déi Plaze fonnt huet a wat si dorun faszinéiert. "111 Orte in Luxemburg, die man gesehen haben muss" Susanne Jaspers Emons Verlag 240 Säiten 18,95€ N.B.: "111 Orte in Luxemburg die man gesehen haben muss" (Luxemburg-Stadt) vum Joscha Remus ass 2020 erauskomm an och ëmmer nach op Franséisch an Däitsch disponibel
Wie schreift déi beschte Kuerzgeschicht op Englesch? Du hues Spaass um Schreiwen an dreems schonn ëmmer dovun, dass eng vun denge Geschichten an engem Buch verëffentlecht gëtt? Dann ass dat hei fir dech! D'Alannah Meyrath vun RTL Today erkläert am Interview mam Bea Kneip wat et mam Kids and Teens Writing Contest op sech huet.
Déi erotesch Opzeechnungen vum Gaspar W. sinn am portugieseschen Original ënnert dem Titel "Os Cadernos do Gaspar" erauskomm Vun Ana bis Zélia, iwwer Nadia, Sandrine a Valérie: De Gaspar huet e gutt gefëlltent Adressbuch an en ass ëmmer op der Sich no neien Eruewerungen. Dobäi investéiert hie keng Gefiller, Fraebekanntschafte si fir hien just en Zäitverdreif. Dee jonke Portugies mat dem hollännesche Familljennumm léisst keng Geléeënheet aus, scho guer net wann en se um sëlwerne Plateau zervéiert kritt. Zum Beispill wéi en aus der Vakanz erëmkënnt a gewuer gëtt, dass seng Sekretärin duerch e méi jonke Modell ersat ginn ass.  Och wann een op den éischte Säiten en aneren Androck kréie kann, "Les carnets de Gaspar" ass méi wéi just eng Reiefolleg vun eroteschen Aventüren vun engem a sech selwer verléifte Fraenheld. No an no gëtt et dem Gaspar kloer, dass hien sech hannerfroe muss. An dass dat Spillchen dat hie spillt, net ongeféierlech ass.  De José Luís Correia huet de Personnage vum Gaspar Weytjens ugangs an engem Blog optriede gelooss. 2020 koum e Buch op Portugiesesch eraus, elo, 5 Joer méi spéit, déi franséisch Iwwersetzung. Am Interview erzielt den Auteur wéi et dozou koum. D'Gespréich kënnt awer och op säi grousst Virbild, den US-Schrëftsteller Henry Miller, an op déi schwiereg Balance wann een sech zu Lëtzebuerg an a Portugal gläichermoossen doheem fillt.  [attachment id="106981533" __caption="Cover les carnets de Gaspar"] "Les carnets de Gaspar - Journal érotique d'Alexandre Gaspar W." vum José Luís Correia Aus dem Portugieseschen iwwersat vum Carlos de Jesus erauskomm bei: D'Bréck 392 Säiten ISBN 9 789998 799554 25€
"Le Sud n'aime pas les anges" vun der Isabelle Costantini An hirem autofiktionale Roman "Le Sud n'aime pas les anges" erzielt d'Isabelle Costantini wéi aus hirem Liewesdram en Alpdram gouf. 2013 ass d'Isabelle Costantini zesumme mat hierer Duechter vun 10 Joer a Südfrankräich geplënnert. Déi erfollegräich Actrice, Regisseurin a Reitsportlerin wollt do mat hire Päerd trainéieren a sech ëm Déiere bekëmmeren. Si hat och séier hiert Dramhaus fonnt, e bëssen ofgeleeën, op engem groussen Terrain. Do konnt eigentlech näischt méi schifgoen...oder dach? Am Interview erzielt d'Isabelle Costantini wéi vill Steng si an de Wee geluecht krut...ausgerechent vun hiren Noperen.  "Le Sud n'aime pas les anges" vun der Isabelle Costantini ass am Verlag "Les trois colonnes" erauskomm.  Eng offiziell Buchvirstellung ass den 19te Juni am Restaurant Mesa Verde an der Stad
"Das "Wie bitte?"-Leben einer Schwerhörigen" sou den Ënnertitel vun dësem Buch an dem eng jonk Lëtzebuergerin iwwer hir Erfarunge schreift An dëser Episod vum Podcast "Lecture vun heiheem" geet et ëm "net héieren" an "net verstoen". An dat ass net dat selwecht! Dass d'Jillian Petry net gutt héiert, dat gouf duerch en Zoufall entdeckt, wéi si 4 Joer hat. Am Interview erzielt si, wéi et sech ufillt, mat enger onsiichtbarer Behënnerung ze liewen, déi bei hire Matmënschen net ëmmer op Versteesdemech stéisst. Dovun huet si sech awer net dovun ofbrénge gelooss, hiert Liewen  esou ze gestalten wéi si et fir gutt fënnt, sief et als Enseignante oder als Autorin vu Romantasy-Bicher. "Tomaten auf den Ohren" ass hiren Témoignage.
loading
Comments 
loading