Discover
PISA de Wëssensmagazin
194 Episodes
Reverse
Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani a Mister Science.
D’Welt vun der Kanalisatioun.
Spueren aus der Vergaangenheet
Wat 80 Joer nom Enn vum Zweete Weltkrich un déi schrecklech Zäit erënnert a wéi eng aner Spueren aus der Vergaangenheet een haut an eise Bëscher fanne kann.
Mam Buedbidden-U-Boot duerch de Baggerweier.
Den neie Pisa Summerchallenge ass en Experiment mat villen Erausfuerderungen! Eng Geschicht iwwer Courage, net opginn a Sauerstoffmangel.
Wéi ee gesond a sécher duerch de Summer.
Wann eng Persoun erdrénkt, soll een als Laien net direkt dohi schwammen. Am PiSa weise mir wéi ee richteg reagéiert, wéi een sech viru Blëtzer schützt an et geet em d’Gefor vun Donnerwieder beim Open Air. Firwat ee lokal Donnerwieder net ëmmer ganz präzis viraussoe kann a wat de Concertspromoteur alles maache muss, dass d’Leit gesond a sécher duerch de Concert kommen. An um Stauséi erkläert e Fuerscher wéi en ëmmer méi moderne Blo-Alge-Monitoring zu méi Sécherheet beim Schwamme féiere soll.
Dem Land seng Onofhängegkeet, Migratioun a Sprooch.
Geschlechtsspezifesch Ënnerscheeder an der Medezin a Gesellschaft.
Fraen a Männer ticken eben anescht. Och a Saache Gesondheet. Am PiSa haut och zwou Fuerscherinnen an ee Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg déi doru schaffen, dass d’Ongläichgewiicht an der medezinescher Behandlung méi kleng gëtt. An dat bei Demenz, Alzheimer an Autismus. A mam “GG“, dem Gender Game vum LISER wëll een op Geschlechterstereotypen opmierksam maachen. Datt Fraen a Männer, Jongen a Meedercher dat kënne gi wat se wëllen. An net dat wat d’Gesellschaft vun hinne verlaangt.
Dem Olivier Catani säi «Sweet Caroline».
Den Olivier séngt gär, mee falsch. Hien wollt duerfir sange léieren. Ënnerstëtzt gouf hien dobäi vun de Providers an der Gesangsproff Julie Rodesch. Hei de Video vum Olivier sengem Optrëtt op der Nouspelter Eemaischen. No just 7 Gesangsstonnen, zwou Bandprouwen an ee Soundcheck um Dag vum Concert.
Wéi ee sange léieren a seng Stëmm verléiere kann.
Den Olivier Catani däerf op engem Bal vun de Providers ee Lidd sangen. Obwuel hien eigentlech guer net sange kann. Hie muss duerfir a Gesangscoursë goen. Hat awer just 8 Wochen Zäit. Wat kann e bluddegen Ufänger a kuerzer Zäit léieren? En Expert fir Stëmmstéierung erkläert firwat een no enger laanger Partynuecht gär mol hees ass. An d’Laura Thorn weist eis wéi eng Übungen elo kuerz virum ESC wichteg sinn an erzielt vum Albdram fir all Sängerin.
Mir kucken zréck an no vir.
Bal 200 Sendungen an no un 1000 Reportagen. Am Pisa erkläre mir zanter 15 Joer d’Welt. Wat waren d’Highligts aus de leschte Joren. Wéi huet de Fuerschungsstanduert Lëtzebuerg sech entwéckelt. A firwat huet een am Laf vu sengem Liewen ëmmer méi d’Gefill, dass d’Zäit reegelrecht verflitt.
Wéi mir eis erkalen a wat wierklech hëlleft.
En zolitte Schnapp. Hals- a Kappwéi. Domat sinn aktuell vill Leit geplot. Am Pisa wéi eng Medikamenter wierklech hëllefen a wéi eng een sech spuere kann. Wat an eisem Kierper genee geschitt wa mir eis mat engem Erkältungsvirus infizéieren. Firwat mir eis ëmmer rëm erkalen an u wat läit et datt d’Häre besonnesch ënnert der Männergripp leiden.
Wéi ee Fake News kann opdecken a ganz uewen um Fernsehtuerm zu Diddeleng.
D’Fact-Checkers vun AFP weise wéi si Fake News fannen a richteg stellen. Mat engem Experiment am Journal teste mer den Afloss vu KI op Noriichten. Weise wéi d’Leit viru bal 200 Joer fir Meenungs- a Pressefräiheet gekämpft hunn. Firwat zu Diddeleng europäesch Tëleesgeschicht geschriwwe gouf. A klammen op de bal 300 Meter héije Fernseetuerm erop. Et ass eng liicht iwwerschaffte Versioun vum Pisa aus der Saison 16.
Wat een haut maache muss, datt et muer net zum Blackout kënnt.
Zu Lëtzebuerg soll an Zukunft nach méi Wandenergie produzéiert ginn. Wéi vill Anlage mussen duerfir opgeriicht ginn? A wéi kënnen intelligent Kamera dobäi hëllefen, dass duerch Wandrieder keng Déieren zu Schued kommen. Zu Kielen steet den éischten Agri Photovoltaik Park zu Lëtzebuerg. E kombinéiert Solarstroumproduktioun a Landwirtschaft. Ëmmer méi Elektroautoe brauchen ëmmer méi Stroum. Wéi d’Netz dat packe soll an och Privatstéit kënnen dozou bäidroen. An am LIST hirem neie Methavan gëtt ee gewuer firwat och de Biogas an der Energietransitioun eng wichteg Roll spille kéint.
An engem Dag iwwer 50.000 Träppleke goen.
Den neie Pisa Summer-Challenge ass extrem. Eng Aventure an den héchsten Trapenhaiser zu Lëtzebuerg. Héichuewen, Waassertuerm, Funicualaire an Héichhaus. Mat dobäi e Mann, dee scho puer Trapelafcoursse gewonnen huet. An e Sportwëssenschaftler mat enger Trainingstrap an engem speziellen Trainingsraum. Bal wéi um Mount Everest.
Drénkwasser vun der Musel, verstoppte Plazen op de Staustufen a firwat e schéine Waasserfall am Mëllerdall verschwanne soll.
D’Musel ass eng vun de wichtegste Waasserstroossen an Europa. Am Pisa de Réckbléck op déi feierlech Aweiung viru 60 Joer. A mir ginn op eng Plaz an der Staustuf vu Stadbriedemes déi normalerweis mat Waasser gefëllt ass. Sech Meter ënnert der Musel. Da goufen et fréier och Pläng fir e Kanal tëscht der Musel an dem Minett an an Zukunft kéint Muselwaasser zu Drénkwaasser opbereet ginn. Wou dee Projet genee drun ass. A firwat e wonnerschéine Waasser am Mëllerdall ganz geschwë verschwanne soll.
Wéi ee Fake News kann opdecken a ganz uewen um Fernsehtuerm zu Diddeleng.
D’Fact-Checkers vun AFP weise wéi si Fake News fannen a richteg stellen. Mat engem Experiment am Journal teste mer den Afloss vu KI op Noriichten. Weise wéi d’Leit viru bal 200 Joer fir Meenungs- a Pressefräiheet gekämpft hunn. Firwat zu Diddeleng europäesch Tëleesgeschicht geschriwwe gouf. A klammen op de bal 300 Meter héije Fernseetuerm erop.
Komm mir schwätzen driwwer
Eise Kierper, eis Sexualitéit. Eng Sexualpedagogin wëll nieft Kanner och mat Erwuessenen Tabue briechen. D’Linguistin erkläert wou verschidden Ausdréck fir d’Geschlechtsdeeler hierkommen an ob Männer hei wierklech besser ewech kommen. Wat weess d’Wëssenschaft iwwert den Orgasmus. A firwat Pornographie sech net just op Kanner a Jugendlecher negativ auswierke kann.
Puer vun de bis elo beschte Momenter an d’Fuerschung hannendrun.
No 10 Episoden Take Off kucke mir am Pisa zréck op déi bescht Momenter aus der Science Challenge Show. Kniwweleg wëssenschaftlech Challengen. Spannend bis déi lescht Sekonn.
Wéi hunn d’Kandidaten d’Show erlieft? Wéi eng Fuerschung stécht hannert den Challengen? A firwat ass Take Off fir Linguisten esou interessant.
Déi bescht Momenter aus den éischten Episoden an d’Fuerschung hannendrun.
D’Emily, d’Sonia an den Amin un Take Off scho misse verloossen. D’Chiara, den Alex an d’Polina sinn nach ëmmer dobäi. Wéi hunn des sechs Kandidaten d’Science Challenge Show bis elo erlieft? Wat huet si am meeschte begeeschtert? Wat waren déi gréissten Erausfuerderung? A mir gesi wéi eng Fuerschung hannert den Challenge vun der éischter Science Challenge Show stécht.
Wat schwätzt duerfir, wat dogéint?
Zwee identesch Elektro-Autoen. Awer zwee verschidde Chauffeur. Wéi vill Afloss hu Fuerstil an Heizung dorop wéi wäit ee kënnt? A wann den Akku futti ass. Eng Lëtzebuerger Start Up schafft drun, datt een Akkue méi laang benotzen a recycléiere kann. Dräi grouss Vibratiouns-Camione sichen no Energie am Buedem. Firwat ee bei dësem Projet och kéint Lithium fannen. An op Elektroautoe wierklech méi ëmweltfrëndlech si wéi Verbrenner.



