DiscoverFirwaaat? - De Kannerpodcast
Firwaaat? - De Kannerpodcast
Claim Ownership

Firwaaat? - De Kannerpodcast

Author: RTL Radio Lëtzebuerg

Subscribed: 88Played: 832
Share

Description

Den RTL-Podcast fir Kanner. De Loïc beäntwert d'Froe vu Kanner liicht verständlech an informativ. Mat oder ouni Expert, awer all Kéiers mat engem Kand wat seng Froe stellt. D'Aktualitéit einfach erkläert: Well esou mécht Wësse Spaass.
66 Episodes
Reverse
De Loïc schwätzt an dësem Episod iwwert de Feierdag op Päischten a wat mir do iwwerhaapt feieren.
De Eurovision Song Contest zu Malmö ass d'Thema an dësem Episod vum Kannerpodcast.
De Loïc erkläert am Podcast firwat d'Waasser op eisem Planéit sou wichteg ass a firwat mir gutt mussen drop oppassen.
De Konflikt am Noen Osten huet sech weider ausgebreet. An dësem Episod geet et ëm den iraneschen Ugrëff d'leschte Weekend.
Den neie Migratiounspak vun der EU an d'Iwwerschwemmungen a Kasachstan a Russland sinn Thema am Kannerpodcast.
m Kannerpodcast zielt de Loïc de Kanner wisou de Mound elo erëm sou intressant fir d'Astronauten an Astronautinne ginn ass.
De Kannerpodcast vun RTL zum Thema Ouschteren.
De 7. Oktober huet d'Terrorgrupp Hamas Israel ugegraff. Vun dem Ament u reagéiert Israel mat Géigenugrëffer. Dëst ass d'Thema am Kannerpodcast.
Eis RTL-Kannerreporter ënnerhalen sech iwwert d'Schoul an schwätzen iwwert hiren Interview mam Claude Meisch,
Eis RTL-Kannerreporter erklären alles ronderëm d'Walen an informéieren eis driwwer wat op Walsonndeg passéiert ass.
D'Rentereform suergt a Frankräich fir Protester, de Loïc erkläert de Kanner wat et bei eisem Noper lass ass.
Den 8. Mäerz ass Weltfraendag. En Dag fir op d'Rechter vu Fraen a Meedercher opmierksam ze maachen. De Loïc erkläert de Kanner am Podcast wisou sou en Dag och haut nach wichteg ass a wéisst hinnen unhand vun Afghanistan, datt Fraen net iwwerall déi selwecht Rechter hunn wei d'Männer.
De Lee stellt seng Froe ronderëm d'Thema Äerdbiewen a mir ginn op d'Situatioun an der Tierkei an a Syrien an.
De Loïc erkläert de Kanner wisou et Kënschtlech Intelligenz gëtt a wat een domadder alles ka maachen.
Den Alex huet vill Froe ronderëm d'Fréijoersfest a China a kritt am Kannerpodcast och seng Froe beäntwert.
D'Lori an de Loïc schwätzen an dësem Episod iwwer Depressiounen.
An dësem Episod stellt d'Guliana seng Froe ronderëm Dräikinneksdag an den Doud vum Post Benedikt de 16ten.
An dësem Podcast geet et ëm de Schnéistuerm am Dezember 2022 an Amerika.
De Kannerpodcast mam Loïc Juchem beschäftegt sech dës Woch mat Chrëschtdag.
D'Ella stellt seng Froe ronderëm d'Skandaler vum EU-Politiker an och den Avatar 2 ass e Sujet.
loading
Comments