DiscoverMinett Mash-Up: De Podcast
Minett Mash-Up: De Podcast
Claim Ownership

Minett Mash-Up: De Podcast

Author: Minett UNESCO Biosphere, IK-CNCI & MUAR

Subscribed: 5Played: 33
Share

Description

Minett Mash-up – de Podcast, deen iech mat op d’Rees hëlt! 
All Mount invitéiere mir interessant Gäscht aus ganz ënnerschiddleche Beräicher an entdecke mat hinne spannend Plazen am Süde vum Land. 
Léiert mat eis déi eenzegaarteg Natur, historesch Sitten a kreativ Initiativen aus der Regioun kennen. 
Är Hosts: Yann Logelin vun der Minett UNESCO Biosphere, Anna Monaco / Maria Spada / Loréna Jarosz vum IK-CNCI (Industriekultur – Centre national de la culture industrielle), Marieke Jarvis vum MUAR (Musée vun der Aarbecht). 
Musek: Ragner (https://linktr.ee/ragnerdub).

23 Episodes
Reverse
Vu Sammler, Schmuggler a StongenThematesche Schwéierpunkt an dësem Joer ass d’Industriekultur an duerfir reese mir net just duerch de Minett, mä och duerch déi no Grenzregioun. Dëse Mount si mir an d’Belsch gefuer a mam éischte Minett Mash-Up Episod op Franséisch feiere mer an dësem Mount eng wieder Première.Ee klengen Hiwwel, direkt un der franséischer Grenz, hannert Mont St. Martin a Gorcy, gehéiert nämlech zum grousse Minettsbaseng an deem virun iwwer 150 Milliounen Eisenäerz ofgelagert gouf an dee sech jo an de Süde vu Lëtzebuerg erstreckt a vun deem eist Land no 1870 profitéiert hat fir sech z’industrialiséieren. Dat ass awer och am Süde vun der Province de Luxembourg geschitt.An der Gemeng Musson gouf et, bis an d‘1970er Joren, zwou Minnen an deene Minett ofgebaut ginn ass. Un dësen Deel vun der belscher Industriegesicht erënnert haut e Musée, deen am Abrëll 2023 seng Diren opgemaach huet.Eis Minett-Location vum Mount : Musée Minier et Métallurgique de Musson/HalazanyDëse Musée, mat enger Surface vu ronn 1000 Quadratmeter presentéiert eng grouss Sammlung vu Géigestänn, déi fréier vun de Mineuren an de ronn 60 Kilometer Galerien un der belsch-franséischer Grenz benotzt goufen.D’Kollektioun vum Musée ass komplett a bitt dem Visiteur en detailléierten Abléck an d’Liewe vun de Mineuren. Eise Gaascht: Rudolf NobenDe Rudolf Noben ass de Präsident vun der Asbl hannert dem 4MH. Et war, wéi hien eis am Gespréich verréit, d'Sammelleidenschaft vu sengem Papp a seng eegen, déi ugefaangen huet, wou hie selwer nach e Bouf war, déi et erméiglecht hunn de Musée opzebauen.An dësem Episod vum Podcast geet et ëm de Rudolf, deen u sech Kach ass, seng Kandheet an direkter Noperschaft vun de Minnen un der belsch-franséischer Grenz an ëm d'Schwieregkeeten, déi eng Asbl wéi de Minnemusée vu Musson am deegleche Fonctionnement huet.Hei fannt Dir all d'Links bei d’Sujete vun dësem Episod.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://bit.ly/mmu_season2Followed eis op Instagram
Sprooch vun der Episod: Däitsch / Deutschsprachige EpisodeDëst Joer steet fir eis ganz am Zeeche vun der Industriekultur an dem industriellen Ierwe vun eiser Regioun. D’Minett, als Eisenäerz, war awer net just am Süde vu Lëtzebuerg ze fannen, mä verbënnt eis Géigend bis haut mat e puer Dierfer an der Belsch, mat der Lorraine an och mam Saarland. Op der Sich no der Äntwert op d’Fro, wat d’Saarland da mat der Minett um Hutt huet, ass den aktuellen Episod vum Minett Mash-Up zu Völklingen opgeholl ginn.Eis „Minett-Location“ vum Mount: UNESCO Weltkulturerbe Völklinger Hütte1986 huet d’Schmelz zu Völklingen, no iwwer 100 Joer Betrib, d’Héichiewen ausgeblosen. De Betrib, mat senge 6 éischter klengen Héichiewen, war einfach net méi rentabel. Vun Ufank u sollt dëse Site awer als Denkmal fir déi industriell Entwécklung vum Saarland erhale ginn.Nëmmen 8 Joer huet et gedauert fir och d’UNESCO vun der Iddi z’iwwerzeegen dës Schmelz, déi bis haut komplett, also mat all hire Bestanddeeler, erhalen ass, op d’Lëscht vum Weltkulturierwen ze setzen. D’Völklinger Hütte war virun 30 Joer déi éischt Industrieanlag, déi vun der UNESCO ënner Schutz gestallt gouf. Zënter hir ass vill zu Völklingen geschitt an déi fréier Schmelz ass zu enger renomméierter Plaz fir grouss Ausstellunge ginn, mä och d’Schmelz selwer, mat hiren diverse Produktiounsschrëtt ass fir de Public zougänglech an der Wäert eng Kéier besicht ze ginn. Eis Gäscht: Peter Backes & Jörg PützDe Peter Backes begleet de Site vun der Völklinger Hütte zënter 1986, wou hien nach am Kulturministère vum Saarland geschafft huet. Relativ séier ass hien an d’Bedreiwergesellschaft vum Weltkulturerbe gewiesselt, wou hie fir de Besuchermanagement zoustänneg war.Zënter 2019 ass de Peter Backes an der Pensioun. Hien ass awer nach ëmmer Guide op der Völklinger Hütte an engagéierte Member am Netzwierk ERIH 'European Route of Industrial Heritage', iwwert dat an dësem Episod vum Podcast och riets geet.De Jörg Pütz ass e gebiertege Völklinger a mat senger „Schmelz“ opgewuess. Zënter iwwer 30 Joer ass hien als Fotograf ënnerwee. De Jörg verzielt an dësem Episod vum Podcast iwwert seng Kandheet a Jugend mat der Schmelz, iwwert säi Beruff als Fotograf a verréit eis seng Connectioun zum Bauhaus.Nach méi Informatiounen a méi Links sinn hei disponibel. De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://bit.ly/mmu_season2Followed eis op Instagram
Lieweg Industriegeschicht matten an der NaturD’Joer 2024 wäert bei eisem Podcast ganz am Zeeche vun der Industriekultur an dem industriellen Ierwe vun eiser (Grouss-)Regioun stoen. Mir ginn op d’Sich no Sitten a Gebaier, déi direkt mat der Eisenäerz- a Stolindustrie zesummenhänken, probéiere Gäscht ze fannen, déi aktiv an dëser Industrie geschafft hunn oder sech mat Häerz a Séil an hirem Alldag fir den Erhalt vun deem Patrimoine asetzen, dee charakteristesch fir eis Regioun ass.Dir sidd natierlech och an dësem Joer nees op dat häerzlechst invitéiert eis Rees duerch de Süde vu Lëtzebuerg ze begleeden. Op déi Manéier kënnt Dir eventuell nei Plazen entdecken oder Detailer iwwert dës Plaze gewuer ginn, déi Dir esou nach net kannt hutt.Mam Choix vun eise Gäscht hoffe mir Iech, doriwwer eraus, och e puer eenzegaarteg Perséinlechkeeten aus dem Lëtzebuerger Süden an der Grenzregioun méi no ze bréngen, déi sech all op hir Manéier fir d’Industriekultur, mä och fir d’Zesummeliewen an den Erhalt vun eisen aussergewéinleche Landschaften asetzen. Eis Minett Location vum Mount: De Minett Park Fond-de-GrasFir de Januar-Episod vum “Minett Mash-Up” huele mer Iech mat an e klengt Dall, wat net wäit vum Dräilännereck Lëtzebuerg-Frankräich-Belsch un der Grenz tëscht de Gemengen Déifferdeng a Péiteng läit. Et geet an de Fond-de-Gras.Bal honnert Joer laang war dës Plaz am Südweste vu Lëtzebuerg ee vun den Zentre vum Minett-Ofbau mat enger ganzer Rei verschiddene Societéiten, déi hei Konzessiounen haten an d’Eisenäerz aus dem Bierg geholl hunn. 1955 mécht déi lescht Galerie am Fond-de-Gras zou.Haut ass de Fond-de-Gras, zesumme mam Dierfche Lasauvage, de Minett Park, en Open-Air-Musée an deem méi ewéi d’Erënnerung un eis Mineuren a Galerien um Liewe gehale gëtt. Mam Train1900 an der Minièresbunn Doihl sinn direkt zwee Eisebunnsveräiner am Dall doheem, déi historescht Material restauréieren an engem breede Publikum zougänglech maachen.Donieft gehéieren awer och den Tëtelbierg, eng vun de wichtegste keltesche Stied a pre-réimescher Zäit an de Giele Botter, e fréiert Dagebaugebitt, wat haut zu de Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere gehéiert zum Minett Park.Eise Gaascht: Robyn WehlesZënter engem gudde Joer ass d‘Robyn Wehles, wat 2014 am Kader vu sengem Studium en éischte Stage am Fond-de-Gras gemaach hat an zënter 2016 zur Ekipp vum Minett Park gehéiert huet, elo Directrice vun dëser aussergewéinlecher Plaz.Mam Robyn beliichte mer, an der Wanterpaus vum Minett Park, dee seng Aktivitéite fir de Public vum 1. Mee bis Enn September organiséiert, d’Vergaangenheet, d’Géigewaart an d’Zukunft vum Minett Park. Mir gi gewuer firwat d’Robyn am déiwe Minett gelant ass. Mir kréien éischt Detailer an de Programm vun der Saison 2024 an dir gitt gewuer, wéi d’Robyn et fäerdeg bréngt seng Aarbecht a säi Privatliewe mateneen ze kombinéieren.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://bit.ly/mmu_season2Followed eis op Instagram
Fir den Ofschloss vum Joer kucke mer zeréck op eis Highlighte vum Joer a proposéieren Iech e puer kuerz Extraiten aus där enger oder anerer Episod vum Minetter Wanderpodcast. Mär kucken awer och no vir op 2024, wou déi nei Ekipp vum IK-CNCI, déi Där an dësem Episod vum Minett Mash-Up komplett kenneléiert, eis am Roulement duerch dat industriellt Ierwe vum Minett an der Groussregioun wäert féieren.Eis Gäscht: D’Ekipp vum Ik-CNCINodeems d’Laurie am Fréijoer op London geplënnert ass an d’Jenny am Summer en neie beruffleche Challenge ugefaangen huet, huet d’Ekipp vum IK-CNCI am Laf vun dësem Joer komplett changéiert. Se ass och gewuess. Ewell schaffe 5 Persoune fir de Centre National de la Culture Industrielle.An der zweeter Hallschent vum Episod kënnt Dir d’Anna, d’Delphine, d’Loréna, d’Maria an de Pascal kenneléieren an nieft den neie Mataarbechter/inne vum IK-CNCI war awer och d’Jenny op Besuch. Mam Jenny hu mer virun allem op 2023 zeréck gekuckt. D'Laurie konnt leider net vu London erofkommen, fir bei eisem Réckbléck op d'Joer 2023 dobäi ze sinn.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://bit.ly/mmu_season2Followed eis op Instagram
Legenden, Theater, Pedagogik a MermaidsDës Kéier wollte mer eisen Episod eigentlech an der Kabaischen „Pump It Up“, déi um Territoire vun der Stad Esch fir de Minett Trail opgeriicht gouf, ophuelen. Well d’Kabaischen am Moment awer Ament net zougänglech ass, hu mer eis Opnam kuerzfristeg misse réckelen. Dofir hu mir eise Gaascht einfach an der permanenter Ausstellung "Transition Now" am Naturschutzzenter Ellergronn begréisst. D’Expo ass just e puer Meter ewech vun der Kabaischen an de Raimlechkeete vun der fréierer Minn Cockerill ënnerbruecht.An dësem Episod vun eisem Wanderpodcast léiere mir d'Mirka Costanzi kennen. D'Mirka war de kreative Kapp hannert dem Esch2022-Projet "De roude Fuedem duerch de roude Buedem", deen a 6 vun den 11 Gemengen aus der Minett UNESCO Biosphere organiséiert gouf an och nom Enn vum Kulturjoer weider Bestand huet.Eise Gaascht: Mirka CostanziD'Mirka Costanzi ass studéiert Theaterpedagogin a schafft am Centre culturel "Rotondes". Si ass och am Kënschtlerkollektiv "Maskénada" engagéiert, mat deem si regelméisseg kulturell Evenementer op aussergewéinleche Plazen organiséiert. Maskénada war och un der Ëmsetzung vum Mirka senger Iddi fir de Projet "De roude Fuedem duerch de roude Buedem" bedeelegt, an deem d'Mirka ale Seechen a Legende vu staarke Fraen aus eiser Regioun en neit a digitaalt Liewe geschenkt huet.Dës Legende waren natierlech en Thema an eisem Gespréich. Mir hunn awer och mam Mirka iwwer seng italienesch Wuerzele geschwat. Boulderen, Yoga a Mermaiding waren aner Gespréichsthemen, sou wéi Zolwer, d'Uertschaft an där d'Mirka doheem ass.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://bit.ly/mmu_season2Followed eis op Instagram
Dëse Mount si mer op Besuch am Käldall. Dee schmuelen Dall, deen am Laf vun de Joerdausende vun der Kälbaach, engem Niewefloss vun der Uelzecht, an d'Landschaft geschnidde gouf, ass eng Plaz voller Geschicht a Geschichten, déi an dësem Episod am Mëttelpunkt vun eisem Podcast stinn.Mir huelen Iech mat op eng Rees duerch d’Geschicht vun der Gemeng Käl-Téiteng, schwätzen awer och mat eisem Gaascht iwwer seng Aarbecht als Doudegriewer a seng Iddi, wéi een d’Erënnerung u berüümt Käldaller, déi vun eis gaange sinn, um Liewen hale kéint.Eise Gaascht, de Carlo Hamling, ass déif mat senger Heemechtsgemeng verwuerzelt. Hien interesséiert sech zënter senger Jugend fir d'Geschicht vu sengem Dall a kennt dës wéi kaum een Aneren. Seng Leidenschaft ass ustiechend an hien deelt säi Wëssen och gäre mat aneren, ënnert anerem bei Ateliere fir Schoulkanner aus der ganzer Regioun.De Carlo ass och begeeschterte Sammler vun historeschen Objeten, déi hien deels och dem neie Musée Ferrum zu Téiteng, enger Annex vun der Schungfabrik, zur Verfügung gestallt huet, fir datt se engem breede Public zougänglech sinn.Kommt mat op eng Rees duerch iwwer 5500 Joer Gesicht vun enger vun de méi klenge Gemengen aus der Minett UNESCO Biosphere.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://bit.ly/mmu_season2Followed eis op Instagram
Op eiser Rees iwwert de Minett Trail maache mir dës Kéier Statioun zu Diddeleng. D'Kabaische Floater um Waasserbaseng vun der fréierer Diddelenger Schmelz war déi éischt Kabaischen, déi ageweit gouf an ass eleng vun hirer Location hier eng vun de spektakuläersten. Spektakulär gëtt och de Chantier, deen an den nächste Joren um Site vun der fréierer Schmelz wäert sinn. De Fonds de Logement amenagéiert hei mam Projet "Nei Schmelz" op ronn 33 Hektar 1600 Logementer fir iwwer 3000 nei Awunner.Diddeleng kritt e komplett neie Quartier an d'Sanéierungsaarbechten um Site wäerten elo am Oktober no an no ulafen. Bis 2028 sollen éischt Wunnengen am neie Quartier fäerdeg sinn an de südleche Wupp vun Diddeleng en neit Gesiicht kritt hunn. Eise Gaascht: Michel Gira Eisen Invité dëse Mount ass zoustänneg fir d'Koordinatioun vun de grousse Projeten, déi de Fonds du Logement an den nächste Jore realiséiert. Dat ass engersäits de Projet „Nei Schmelz“ an anerersäits de Projet "Wunne mat der Wolz" am Norde vu Lëtzebuerg.De Michel Gira verréit eis am Gespréich méi iwwert seng deeglech Aarbecht, stellt eis den ambitiéisen Developpementsprojet zu Diddeleng vir a gëtt eis e klengen Abléck an déi ökologesch Aspekter, déi beim Baue vun dësem neie Quartier berücksichtegt ginn. Donieft hu mer mam Michel Gira awer och iwwert seng Passioun Handball geschwat an eng al Diddelenger Legend ass och thematiséiert ginn. De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://bit.ly/mmu_season2Followed eis op Instagram
No eiser „Summerpaus“ um Jugendforum vun der Minett UNESCO Biosphere si mer dëse Mount nees zeréck um Minett Trail a maache Statioun an enger vun den eelef Kabaisercher. Kuerz virun Enn vum meteorologesche Summer, a ronn ee Mount virum Enn vun der Tourismussaison 2023, si mer op Visitt am Minett Park Fond-de-Gras. Dat ass eng vun de wichtegsten Touristenattraktiounen aus dem Minett a mam Train1900 an der Minièresbunn Doihl eng Plaz, wou d’Häerzer vun Eisebunnsromantiker méi séier schloen.Al Lokomotiven an d’Passioun vun engem jonke Minetter, dee sech fir den Erhalt vun dësen historesche Maschinnen asetzt sinn eise Sujet vum Mount August.Eise Gaascht: Charel KugelerEisen Invité vun dësem Mount ass nach Schüler am Lycée Nic Biever zu Diddeleng an zënter e puer Joer passionéierte Member vun der Train1900-Ekipp. Eise Gespréichspartner koum duerch e Bekannten, deen hien eng Kéier mat an de Fond-de-Gras geholl hat, bei d’Dampmaschinnen, déi hei restauréiert a gefuer ginn.Obwuel de Charel bis dohinner wéineg Kontakt mat Hydraulik, Dampkesselen oder Kuelen hat, sinn déi al Maschinne séier zu senger Leidenschaft ginn. Haut ass de Charel mat Häerz a Séil fir als Benevole beim Train1900 engagéiert a verbréngt, net seelen, de gréissten Deel vu senge Weekender am enken Dall tëscht Rodange an Nidderkuer. Wéi seng Klassekomeroden säin Engagement gesinn, wéi eng Verantwortung een als Maschinist oder Zuchbegleeder beim Train1900 huet a wat nach bis zum Enn vun der Saison am Fond-de-Gras gebuede gëtt, dat si Sujeten an eisem Gespréich vun dësem Episode vum Minett Mash-Up.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://bit.ly/mmu_season2Followed eis op Instagram
Dësen Episod vum Minett Mash-Up danzt e bëssen aus der Rei. Mer sinn ausnamsweis net um Minett Trail ënnerwee, mä maache Statioun um Minett Biosphere Youth Forum, dee vum 12. bis de 16. Juli am Naturschutzzentrum Ellergronn organiséiert gouf. Bei dësem Jugendforum ass et drëms gaangen, datt déi knapp 20 Participanten aus 5 europäesche Länner gemeinsam eng Sensibiliséierungscampagne fir de Schutz vun de Kärzone vun eisem Biosphärenreservat auszeschaffen.Eise Gaascht: Mahmoud HashoushAls Gespréichspartner hu mir fir dësen Episod de Mahmoud Hashoush ausgewielt. De Mahmoud kënnt aus dem Libanon a war 2022 bei der éischter Editioun vum Minett Biosphere Youth Forum als Participant dobäi. Nëmmen e puer Méint drop ass hie fir e Stage vu 6 Méint an eist Biosphärereservat komm an dëst Joer war hien an enger hybrider Roll bei der zweeter Editioun vum Jugendforum dobäi. Engersäits huet hien aktiv um Design vun der Sensibiliséierungscampagne matgeschafft, mä hien hat awer och en Atelier iwwer „Ecosystem services“ gehalen.D’Konzept vun den Déngschtleeschtungen, déi Ökosystemer eis bidde kënnen ass den Haaptsujet vun eisem Gespréich mam Mahmoud, mä och seng Liewensrees duerch ewell 5 Länner op 3 Kontinenter sinn e Sujet vum 15. Episod vun eisem Podcast.Nom Gespréich mam Mahmoud léiert dir awer och nach zwou wieder Participanteë vum Jugendforum, déi mer no hiren Impressioune vun der Minett UNESCO Biosphere gefrot hunn.De Minett Biosphere Youth Forum gouf ënnerstëtzt vun der André Losch Fondation, Erasmus+, der UNESCO Kommissioun Lëtzebuerg, der ANF an dem Ministère de l'Énergie et de l'Aménagement du Territoire.Méi Detailler a Biller: https://bit.ly/mmu_season2De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://bit.ly/mmu_season2Followed eis op Instagram
 Den aktuellen Episod vun eiser Rees duerch de Minett huet eis op Schëffleng gefouert. Bis 2013 ass zu Schëffleng an der Schmelz Stol produzéiert ginn an och wann d’Metzeschmelz haut net méi a Betrib ass, war Schëffleng eng Plaz, déi sech ugebueden huet fir eng Kéier am Detail iwwert d’Liewen an d’Schaffen op der Schmelz ze schwätzen. Eise Gaascht: Michel DadarioDe Michel Dadario huet an de spéiden 1960er op der HADIR zu Déifferdeng ugefaange mat schaffen. Am Laf vu senger berufflecher Karriär Carrière ass d’HADIR vun der ARBED iwwerholl ginn. Aus der ARBED ass dunn d’Arcelor ginn, déi schliisslech 2002 duerch eng Fusioun zu Arcelor-Mittal ginn ass.De Choix vum Michel Dadario fir op d’Schmelz ze goen ass thematiséiert ginn. Sujet ware säi beruffleche Parcours duerch verschidde Betriber vun der Déifferdenger Schmelz an d’Stolkris vun den 1970er. Am Laf vu senge Joren op der Schmelz hat eise Gaascht sech och gewerkschaftlech engagéiert, wat eis natierlech och interesséiert huet. Am Episod huet de Michel Dadario eis awer och déi eng oder aner Anekdot vu senger Zäit op der Schmelz verzielt. De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://bit.ly/mmu_season2Followed eis op Instagram
Nodeems mer fir de véierten Episod vun dësem Joer Statioun am Dall vun der wëller Fra gemaach hunn, si mer fir de fënneften Episod an engem weideren exzeptionellen Dall vum Minett. Dës Kéier si mer an der "belle vallée", dem schéinen Dall, wat och nach Bel-Val genannt gëtt, gelant, duerch deen de Minett Trail natierlech och geet. Net wäit ewech vun der Gare Belval-Rédange steet d’Kabaische vun der Gemeng Suessem.Dës nei Konstruktioun zu Bieles ass déi gréisst vun all de Kabaisercher um Minett Trail a war, eventuell dee falsche Choix fir en Episod mam Sujet „Tiny Houses“ opzehuelen, well eleng an den Openthaltsraum vun dëser Kabaische géif e ganzt Tiny House passen.Zënter enger Rei Jore gëtt et hei zu Lëtzebuerg eng Associatioun (Tiny House Community Luxembourg), déi sech duerfir asetzt, der Wunnform vum Tiny House eng legal Basis ze ginn. Eng Fuerderung där se virun e puer Wochen däitlech méi no komm sinn, wéi den Inneministère e „Guide de mise en oeuvre“ fir Tiny Houses publizéiert huet, deen de Gemenge Richtlinne gëtt, wa se dës Form vu Wunnen op hirem Territoire wëllen erlaben.  De Guide fir d‘Gemengen, d’Iddi hannert dem Liewen an engem Tiny House an d’Schwieregkeeten, déi et zu Lëtzebuerg nach gëtt an d’Konzept vun engem Tiny Houses Village sinn eis Sujeten am Gespréich mam Nickie Lippert, der Presidentin vun der Tiny House Community Luxembourg, déi hiert butzegt Doheem am Gaart vun hiren Eltere stoen huet, an dem Laura Hurst, enger Amerikanerin zu Lëtzebuerg, déi sech zum Zil gesat huet nach virun Enn vum Joer an engem Tiny House ze wunnen. De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://bit.ly/mmu_season2Followed eis op Instagram
Déi grouss Gemeinsamkeet vun all eise Podcasten an dësem Joer ass, datt mer um Minett Trail ënnerwee sinn. Zwou Woche virun der offizieller Aweiung vum 90 Kilometer laange Wanderwee duerch déi 11 Gemenge vun der Minett UNESCO Biosphere, interesséiere mir eis an dëser Episod vum Podcast ganz speziell fir de Minett Trail an nach méi am Detail fir d’Kabaisercher, déi op 11 verschiddene Plazen um Minett Trail stinn a geschwënn alleguer fir eng oder méi Iwwernuechtunge kënne gebucht ginn. Fir eis méi iwwert d’Kabaisercher ze verroden ass den Direkter vu Simpleviu, Philippe Morgado, eise Gaascht. Seng Start-up krut Uganks 2022 den Zouschlag fir d’Kabaisercher um Minett Trail z’exploitéieren. Dat maachen de Philippe a seng Mataarbechter an enker Koordinatioun mat den 11 Gemengen an deenen d’Kabaisercher leien, dem regionalen Tourismusbüro VisitMinett an anere Partner aus der Minett UNESCO Biosphere. Mam Philippe Morgado, dee Maschinnebau an Entreprenariat studéiert huet, schwätze mer iwwert säi Wee an d’Tourismusindustrie. Mir kucke mam Philippe zeréck op seng éischt Méint als Bedreiwer vun de Kabaisercher, no vir op d’Zukunft vum „slow tourism“ och zu Lëtzebuerg a potere mat him iwwert d’Konschtwierker an de Kabaisercher, Legenden an d’Industriekultur vum Lëtzebuerger Süden. De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://bit.ly/mmu_season2Followed eis op Instagram
"Et war esou ëm d’Päischten, ‘t stoung alles an der Bléi, an d’Villercher di songen hir Lidder spéit a fréi.", esou geet dem Michel Rodange säi "Renert" un, deen hien 1872 publizéiert huet. Dësen ass e wichtegt Element am neien Episod vun eisem Minett Mash-Up, mä bis Päischte wollte mer awer net waarden, fir mat eisem Gaascht Statioun zu Beetebuerg ze maachen.  De Renert war ee vun de Sujete bei eiser drëtter Statioun fir d’Joer 2023, mä et goung méi riets iwwer eisem Gaascht säi Buch "Das Gangrän", aktuell Tendenzen an der Literatur, ëm Zillen, déi féier zu Beetebuerg produzéiert goufen an och ëm Kannerbicher, Natur a Legenden. De Maxime Weber ass als Useldenger sécher kee Minettsdapp an awer huet hien sech als Auteur an der Gemeng un der Uelzecht lancéiert. Nodeems hien et 2015, bei der alleréischter Editioun vum Prix Laurence, dem Literaturpräis fir Nowuesschrëftsteller zu Beetebuerg, an d’Final gepackt hat, konnt hien de Prix Laurence dat Joer duerno gewannen. Doropshin huet de Maxime säin Debut-Roman „Das Gangrän“ geschriwwen, deen 2021 erauskomm ass. Iwwert de Roman geet natierlech riets. Mam Maxime, deen zu München a Berlin studéiert huet, hu mer iwwert seng Walheemecht Berlin geschwat, iwwer aktuell Tendenzen an der Literatur a virun allem bei Reeditioune vun eelere Bicher an och iwwert d'Kabaische vum Beetebuerger Park, déi enk mam "Renert" verbonnen ass. Schlussendlech waren och "speculative fiction" a "science fiction" e Sujet an eisem Gespréich an do kënnt Dir ënnert anerem gewuer ginn, datt e Lëtzebuerger als "Papp" vun der "science fiction" kann ugesi ginn.   De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://bit.ly/mmu_season2Followed eis op Instagram
An der Februar-Episod vun eisem „Minett Mash-Up“-Podcast geet eis Entdeckungsrees duerch d’Minett UNESCO Biosphere virun. Mir maache nees Statioun um Minett Trail an hunn eis Invitée vun dëser Kéier an enger vun den 3 Kabaisercher vun der Gemeng Monnerech emfaangenempfaangen. Dës Kabaisercher sinn direkt hannert dem Centre Culturel „Beim Nëssert“ zu Biergem ze fannen an dat speziellt Konzept hannert dëse Konstruktioune ass ee vun de Sujeten an dëser Episod. Konscht an d’Engagement fir eise Planéit sinn awer de Fokus vun dësem Podcast fir dee mir d’Julia Ruhmann invitéiert hunn. D’Julia ass vun Diddeleng an ewell zu Esch doheem, also richteg verbonne mam Minett. Nieft hirer Konscht schafft d'Julia awer fir "Youth4Planet" Lëtzebuerg wou si Jonker bäibréngt hire Smartphone als Kommunikatiounsmëttel anzesetzen, fir esou op hir Probleemer opmierksam ze maachen.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://bit.ly/mmu_season2Followed eis op Instagram
Dëst Joer geet de „Minett Mash-Up“-Podcast nees op Entdeckungsrees duerch d'Minett UNESCO Biosphere. Bis Enn des Joers besiche mir déi 11 Gemengen aus dem Biosphärenreservat a schwätze mat eise Gäscht iwwer hir Aarbecht an hir Projeten, de Minett, déi eenzegaarteg Natur vum Süde vu Lëtzebuerg an iwwer den industrielle Patrimoine vun der fréierer Biergbau- a Stolregioun.Fir eise Podcast dëst Joer unzefänken, starte mir an der südlechster Stad vum Land, zu Rëmeleng, a begréissen d'Directrice artistique vum Projet Spektrum Teena Lange als Gaascht.D'Teena ass eréischt zanter dem leschte Joer zu Lëtzebuerg. Déi däitsch Performancekënschtlerin, déi Theater a Performance zu Leipzig, Paräis a Berlin studéiert huet, huet zu Berlin gewunnt an huet nach laang net all d’Brécken an hir al Heemecht ofgerappt. Fir ronn 10 Joer war si am Projet "Grüntaler 9" engagéiert, dat ass eng Plaz zu Berlin fir d'Performance Konscht ze promoten.Nieft hirer Aarbecht als Curatrice zu Berlin huet d'Teena och als Kënschtlerin oder Curatrice zu Istanbul, New York, London, Jerusalem a Bréissel geschafft, fir just e puer Beispiller ze nennen. Zënter dem leschte Fréijoer dirigéiert hatt, zesumme mam Sebastian Häger, de Projet Spektrum zu Rëmeleng.Spektrum, ass e Projet am Haus vum berüümte Rëmelenger Sculpteur Albert Hames. Et ass en Treffpunkt, deen als Esch2022 Projet entstanen ass, deen sech op immersiv, experimentell a prozessbaséiert kulturell a artistesch Praktike konzentréiert, souwéi kreativen Tourismus. Seng immersiv, strukturell a programmatesch Approche verbënnt interdisziplinär Perspektiven op d'Zukunft, d‘Géigewaart an d‘Vergaangenheet, souwéi Leit, Konscht an de kulturelle Patrimoine.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen,  esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: www.minett-biosphere.com/projects/mmu/De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://bit.ly/mmu_season2Followed eis op Instagram
Fir dësen Episod vum Podcast, deen éischte vun 3 spezielle Summer-Podcasten, si mer an der direkter Noperschaft vum Sëtz vun der Minett UNESCO Biosphere bliwwen. Den Ellergronn ass net just eent vun den eelsten Naturschutzgebitter am Land, et ass och en Deel vun Esch2022, europäesch Kulturhaaptstad.Um Site vum Naturschutzzentrum Ellergronn steet d’Installatioun vun der Heure Bleue, déi vum Kënschtler Dimitri Mallet an dem Architekt Sergio Carvalho gemeinsam realiséiert ginn ass.De Sergio Carvalho war dann och ee vun eisen zwee Gäscht an dësem Episod. De Preposé vum Naturschutzzentrum Ellergronn, Pol Zimmermann, deen d’Minett Mash-Up Equipe an d’Gäscht, déi beim Enregistrement vun dësem Podcast dobäi waren, duerno och nach mat op en Trëppeltour vum Ellergronn op Rëmeleng geholl hat, war den zweete Gaascht.D’Sujeten, iwwert déi geschwat goufen, ware villfälteg. Et goung riets iwwert d’Beruffer vum Architekt a vum Fierschter, et ass iwwert d‘“Heure Bleue“ als Projet an als spezielle Moment tëscht Dag an Nuecht geschwat ginn an och d’Spezifizitéite vum Site Ellergronn waren e Sujet am Gespréich, wat um Sonndeg, 17. Juli, am fréie Moien op der Bün vun der „Heure Bleue“ opgeholl ginn ass.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://bit.ly/mmu_season2Followed eis op Instagram
Matten am Bësch, op den Hiwwel vum pittoreske Käldall, hu mer dësen Episod vun eisem Podcast opgeholl. Op Besuch hate mir dës Kéier déi jonk Fotografin Lynn Theisen, déi no hirem Studium zu Berlin, dee Wee zeréck an de Minett fonnt huet a sech elo mat hirem Atelier am 1535° Creative Hub zu Déifferdeng installéiert huet. Hire Wee an d’Fotografie an hire spezielle Konschtprojet fir Esch2022 si just zwee vun de Sujeten iwwert déi mir geschwat hunn.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://bit.ly/mmu_season2Followed eis op Instagram
Hannert héije Gras a Beem verstoppt sech eng kleng Oasis an der Schëfflenger Stadlandschaft. Den natur&ëmwelt Ornitholog, Sören Salvatore, hëlt eis op dës geheim Plaz, déi mir zesumme mat all deene flotten Projeten diskutéieren, an deem hien involvéiert ass! Maacht mat eis mat als mir e puer nei lëtzebuergesch Wierder léieren, eis Stiwwelen schlamméieren a vill um Wee laachen! De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://bit.ly/mmu_season2Followed eis op Instagram
 Den Minett ass 2020 eng UNESCO Biosphere ginn. Wat iwwerhaapt eng Biosphere ass an wat dat fir den Minett bedeit, kritt är an dëser Folg gewuer! Dozou kënnt och nach den Freestyle Footballer a Filmaker, Sven Fielitz, bei eis laanscht. Mir diskutéieren fléiend Kleeder, Schof a Goldfësch a mir probéieren e puer Freestyle Tricken selwer aus! De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://bit.ly/mmu_season2Followed eis op Instagram
Léiert am éischten Mount vum Joer d’mega cool a sportlech Freerunnerinn, Lynn Jung kennen. Mir virbréngen mat him eng kuscheleg Zäit am Café Dolmat a diskutéieren seng kandheet zu Belval a wéi d‘Lynn seng Passiounen an hir Aarbecht ëmgewandelt huet. An wann dir nach net Parkour oder Freerunning kënnt, keng suerg! Och dat kritt är am Podcast gewuer!De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://bit.ly/mmu_season2Followed eis op Instagram
loading
Comments 
Download from Google Play
Download from App Store