DiscoverAusgeschwat
Ausgeschwat
Claim Ownership

Ausgeschwat

Author: RTL Tëlee Lëtzebuerg

Subscribed: 16Played: 40
Share

Description

Ausgeschwat ass de Podcast hannert der Tëlees-Emissioun Ausgesat. All Freide gëtt hei mat de Kandidaten op déi aktuell Episoden aus der Woch zréckgekuckt.
7 Episodes
Reverse
Déi grouss Finall ass eriwwer. Mëttlerweil gouf se verdaut a mir kucke mat alle 4 Kandidaten nach emol op d’Rees ouni Plang mat allen Héichten an Déiften.
De Mann mat den 101 Bandanae verréit eis, wat hien an den Episoden 9 an 10 gebrach huet a wisou hien engem Tausch-Rausch verfall ass.
De Maurizio polariséiert. Et ass ee Fan oder net. Am 4. Episod léiere mir den Escher besser kennen an huele mat him d’Episode 7 an 8 vun Ausgesat auserneen
De Loïc hëlt d’Episode 5 a 6 ausernee mat Selbstreflexioun, e wéineg Kritik, an och dem engen oder aneren Aha-Effekt géintiwwer Team-Partner a Géigener.
D’Jackie huet sech mat eis d’Episoden 3 a 4 ugekuckt. Wéi loosse sech Harmonie a Kampfgeescht ënnert een Hutt bréngen, a wéini ass et ok, ze bluffen?
De Raoul a Loïc kucke mat eis op d’Episoden 1 an 2 zréck. Erënnere sech un d’ Opreegung virun der Rees an den éischte Kulturschock sur Place.
Am Nullepisod ginn d’Anouk an d’Rosa e Virgeschmaach dorop, wat iech hei an den nächste Woche bei der Tëlees-Emissioun AUSGESAT an hei am Podcast erwaart.
Comments