Discover
Poterkëscht vum INLL
174 Episodes
Reverse
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir vun zwou Persounen, déi iwwer vegan a vegetaresch Ernärung schwätzen.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Den Transkript fir dësen Dialog fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ,,access as guest''.
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer verschidde Beruffsweeër zu Lëtzebuerg.Vill Spaass!-Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ,,access as guest''.
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persounen e Filmowend plangen.Vill Spaass!-Transkript:E FilmowendBob: O mei, et leeft näischt Guddes am Kino. Nëmme Schrott! Babsi: Da bleifs de bal léiwer doheem. Wéi gesäit et da mat der Cinemathéik aus? Weisen déi näischt Interessantes? Bob: Déi renovéiere grad, dat ass leider keng Optioun. Mir kéinten natierlech och eppes streamen. Babsi: Ech weess net, dat ass esou oniwwersiichtlech ginn. Bis de iwwerall gekuckt hues, wat et gëtt, ass den Owend schonn erëm an du hues nach näischt fonnt. Bob: Jo, an europäesch Filmer sinn do rar. Ech fannen et jo ganz schlëmm, datt et struppevoll mat amerikanesche Filmer ass. Dat ass dach ëmmer dat selwecht! Babsi: Villäicht bei den neie Filmer. Wa se da méi Pärelen aus de 70er oder 80er Joren hätten, dat wier et der Wäert. Bob: A wa mer an d’Bibliothéik oder an d’Mediathéik vun der Stad ginn? Do kriss de dach vill! Babsi: Elo, de Sonndeg? Do huet dach alles zou, dat kanns de vergiessen. Bob: A meng DVD-Sammlung hu mer och schonn dräi Mol duerch, do gi mer net glécklech. Babsi: Gëtt et do net Streaming-Déngschter vun der Nationalbibliothéik? Ech mengen, do eppes héieren ze hunn. Bob: Ajo, effektiv, lo wou s de et sees. Do kann ee mol e Bléck drop geheien. Et héiert een de Bob eppes um Laptop tippen. Bob: Hm, wat solle mer dann... o kuck mol hei: si hunn eng Fantasy-Februar-Sammlung! Babsi: Effektiv... O, wéi wier et mam Film “The Beastmaster”? Bob: Boah nee, deen ass mir ze laang. Babsi: Dat si jo mol keng zwou Stonnen! Kuck hei, Hellboy! Deen ass zwar méi rezent, mä ech hunn deen ëmmer nach net gesinn. Bob: Wat heescht hei rezent, deen ass jo scho groussjäreg. Babsi: Egal wat... Bob: Ok ok, wéi wier et da mat engem richteg ale Film? The Bishop’s Wife, deen ass vu 1947. Babsi: E Film iwwert e Paf, dee sech an en Engel verléift? Nee Merci! Bob: Dat kléngt dach ganz léif! Du hues et dach mat romantesche Geschichten. Babsi: Naja, mä dat kléngt mir e bëssen ze dréchen a steif. Du hues dach europäesch Filmer léiwer, solle mer dann no esou engem kucken? Bob: Zwar, ech gesinn hei e puer gutt italieenesch Klassiker! Suspiria a Phenomena zum Beispill. Babsi: Ëm wat geet et dann? Bob: Ma kuck, hei ass eng kuerz Beschreiwung... Babsi: Eng jonk Fra, déi mat Insekte schwätze kann an e Mord probéiert opzeklären? Do sinn ech dobäi. Bob: Da lass... ech maachen alt de Popcorn prett. Eis cinephil Koppel kuckt sech de Film un a verdréckt dobäi eng grouss Portioun Popcorn. Den Ofspann leeft grad. Bob: Also mir huet dat richteg gutt gefall. D’Mise en scène war nees ganz typesch fir dee Regisseur. Hie spillt ëmmer richteg flott mat de Kamerastellungen a Perspektive. Babsi: Jo, mä ech muss awer soen, datt dee Soundtrack e bësse komesch war. Scho bal ze rockeg fir dee Film, oder? Bob: Ech fannen, dat hieft dat ganzt nach op e ganz aneren Niveau. E bëssen trasheg eben. An d’schauspilleresch Leeschtung war e bëssen duerchwuess. Babsi: Dat läit villäicht och um Dréibuch an un den Dialoger. Ech froe mech, ob de Film sech am italieeneschen Original net anescht ufillt. Well den Haaptpersonnage wierkt ëmmer esou distanzéiert. Bob: Hatt ass iwwerhaapt e Komescht... an ech soen dat net nëmme, well et mat Insekte schwätze kann... Babsi: Ech mengen, dee Film wäert eis nach eng ganz Zäitchen am Gediechtnes bleiwen... Bob: Jo... a wat kucke mer muer?
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi eng Persoun vun engem Tennismatch erzielt. En interessanten Episod, wann dir iech fir de Sport interesséiert!-Transkript:Vun engem Tennismatch erzielen (B1) Nadine: Hallo Vanessa! An, wéi war däin Tennismatch gëschter? Vanessa: Vergiess et, komm mir schwätzen net dovun. Nadine: Ok ok, ech verstinn. Ech wollt dech kucke kommen, mee ech hunn d’Terrainen net fonnt. Sinn déi net an der Rue du Près? Vanessa: Dach, vis-à-vis vum Fussballsterrain. Nadine: Mee do ass dach déi grouss Sportshal. Vanessa: Jo, do hues Recht. D’Terraine sinn hannert der Sportshal. Du muss lénks laanscht d’Sportshal goen an da gesäis du d’Terraine riets. Nadine: A sou! Da weess ech et fir d’nächst Kéier. Vanessa: Wann et eng nächst Kéier gëtt! Ech hunn am Moment esou d’Flemm mam Tennis, ech weess net, ob ech nach eng Kéier spillen. Nadine: Dat sees du ëmmer, wann s du e Match verluer hues. An ausserdeem wollte mir dach e Freideg zesumme spille goen! Vanessa: A jo, dat wollt ech der nach soen. Do kann ech awer net, well ech mat mengem Meedchen dréngend bei d‘Hautdoktesch muss. Hatt huet en Ausschlag um Aarm an ech wëll awer léiwer, dass d’Doktesch sech dat emol ukuckt. Nadine: An der Rei, hues du dann e Samschdeg de Moien Zäit? Vanessa: Jo, wéi wier et um 10 Auer? Nadine: Jo, dat geet. Da kënne mer bis hallwer 12 spillen. Vanessa: Tipptopp, ech reservéieren den Terrain. Nadine: Gesäis de, elo hues de awer erëm Loscht, spillen ze goen. Dann erziel emol, wat war dann de Problem bei dengem Match? War deng Géignerin esou staark? Vanessa: Ma eeben net. Ech hätt misse gewannen. Mee ech hat erëm dermoosse Problemer mat mengem Service. Ech hunn elauter Double-fautë gemaach. Nadine: Ech weess, dass du domadder Problemer hues. Du gehäis de Ball ze vill hannert dech. Du muss en e bësse riets virun dech geheien an en héich siche goen. Vanessa: Ech kréien et einfach net hin, de Ball anstänneg ze geheien. Nadine: Du kanns dat doheem um Kannapee üben, zum Beispill, wann s de owes bei der Tëlee sëtz. Vanessa: Wa just dat de Problem gewiescht wier… Wann ech attackéiert hunn, ass meng Virhand och ëmmer an d’Netz gaangen. Nadine: Du leefs ze no un de Ball erun. Du muss méi Plaz tëscht dir an dem Ball loossen an dech méi säitlech zum Ball stellen. Vanessa: An da sinn ech bei engem Match och ëmmer esou opgereegt. Nadine: Jo, doduerch bass de blockéiert an deng Beenaarbecht ass net gutt. Du solls dech op deng Bee konzentréieren, fir dass de dech gutt beweegs a gutt an d’Knéie gees. Vanessa: Du hues Recht. Mir kënnen e Samschdeg jo dann dorunner schaffen. An och un denge Voléeën. Nadine: Wat ass da mat menge Voléeën? Vanessa: Du brauchs keen esou e grousse Gest ze maachen. Nadine: Ech wëll de Ball awer séier zeréckschéissen. Vanessa: Du muss méi roueg bleiwen. Du kanns vun der Vitess vum Ball profitéieren an einfach d’Rackett dohinner halen. Dat geet schonn duer. Net all Ball muss e Winner sinn. Et ass besser, du méchs kee Feeler. Nadine: Jo, dat mécht Sënn. Da looss eis dat och e Samschdeg üben. Sproochnoriicht: Vanessa: Hallo Rafael, ech muss dir elo awer fir muer ofsoen. Ech komme grad mat mengem Meedche vun der Hautdoktesch. Si huet eis e Rendez-vous fir muer de Moien an der Kannerklinick ginn. Si wëll, dass sech en Expert deen Ausschlag eng Kéier ukuckt. Et deet mer immens leed. So mer, wéini s du den nächste Weekend Zäit hues, da reservéieren ech en Terrain fir eis. So, ech kucke grad d’Finall vun den Australian Open. Den Djokovic huet grad den éischte Saz gewonnen. Ech gleewen awer trotzdeem drun, dass den Alcaraz nach gewënnt. Dréck d’Daumen! Bis geschwënn!
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer hir Hobbye schwätzen.Dir fannt hei och méi Informatiounen iwwer den Institut Européen de Chant Chorale: www.inecc.lu-Transkript:Sangen a bakenM: houscht C: O mei, wat hues du da gestiicht, datt s du keng Stëmm méi hues? M: A, ma mäi leschte Weekend war super flott! Ech war zu Ettelbréck op engem A capella Festival. Do ware ganz vill Chorallen an Ensemblen aus ganz ville verschiddene Länner, an natierlech och vu Lëtzebuerg. Si hunn all esou schéi gesongen an do konnt ech et mir net huele loosse fir e bësse matzesangen. Du weess jo, ech sange selwer och immens gär. C: Bass du dann an enger Chorall? M: Nee, leider net méi. Mee ech sangen an enger Museksschoul an huelen och eemol d’Woch eenzel Gesangscoursen. Dodernieft hunn ech och ugefaange Gittar ze léieren an ech sangen dobäi. An elo war ech de ganze Weekend zu Ettelbréck Concerte lauschteren. C: O wow, du has awer eng décke Programm dëse Weekend! Hätt ech dat gewosst, dann hätt ech mäi Brout eréischt e Méindeg gebak a wier bis op Ettelbréck komm. Mee erziel: Kann een dann do och eemol kucke kommen, wat s du proufs? M: Nee, dat geet leider net, well et guer net dofir geduecht ass. Et mécht mir Spaass a bréngt Freed, wann ech sangen. C: Vläit soll ech dat dann och eng Kéier probéieren, mee ech wëll mech net laangfristeg engangéieren. M: Ma kenns du dann net d’INECC? C: D’INECC? Nee. Wat ass dat? M: Dat ass den “Institut Européen de Chant Chorale”. Si organiséiere ganz flott Atelieren a Workshops. Du muss net reegelméisseg dohinner goen, mee just esou wéi s de Zäit a Loscht hues. C: A wat fir Atelieren oder Workshops sinn dat? M: O do gëtt et vu bis. Zum Beispill Jazz, Circle Songs oder Wellness Sangen. Wann s de wëlls, kuck einfach op hirem Site. Dat ass einfach inecc.lu. Déi meescht Coursë sinn an der Stad, no bei der Gare. An dat Flottst ass, datt dat Ganzt relativ flexibel ass. Du kanns owes, de Weekend oder esouguer heiansdo an der Mëttegpaus dohi goen. ... Mee elo zu dir! Du hues erzielt, datt s du de Weekend gebak hues? C: Jo, mäi Weekend war am Verglach zu dengem e bësse méi roueg. Ech hu virun 2 Joer ugefaangen, mäi Brout selwer ze baken, a maachen dat mëttlerweil 1 bis 2 Mol d’Woch. An de Weekend war et dann nees esouwäit. M: Wéi bass du dann dozou komm? C: O dat ass leider aus engem net esou schéine Grond geschitt. Ech hunn nämlech virun e puer Joer ugefaangen Intoleranzen op verschidde Liewensmëttel z’entwéckelen. A säitdeem ech ënnert anerem mäi Brout a villes Aneres selwer baken, hunn ech dat besser an de Grëff kritt. M: ... An ech ka mir virstellen, datt s de doduerch och e bessert Gefill fir d’Liewensmëttel kritt hues? C: Jo, genee. Säit ech weess, wéi vill Zäit een investéiere muss, fir e fäerdegt Brout um Teller ze hunn, wäertschätzen ech dat Ganzt vill méi. A gläichzäiteg kann ech och op den Zocker an d’Zutaten oppassen... M: Wéi gesäit et mat leckere Kuchen aus? Oder Taarten? C: Joooooo, och do toben ech mech gär aus! Leider bleift bei eis doheem awer ëmmer esou vill iwwreg, well mäi Mann a meng Kanner ëmmer just ee Stéckche schmaachen an op hir Linn oppasse wëllen. Du weess jo, d’Virsätz am Neie Joer sinn ëmmer déi selwecht... An e ganze Kuch packen ech och net eleng. M: Jo, du sees et! Bei eis doheem gesäit et d’selwecht aus. Ech baken och gär. Dat heescht: Ech hu fréier gär gebak. C: A firwat dann elo net méi? M: Majo, d’selwecht ewéi bei dir. Wie soll de Kuch dann iessen? Meng Frëndinne passen op d’Kalorien op, mäi Meedchen ësst nëmme vegan... C: Jo... Wéi et ausgesäit muss ech mir en neit Hobby sichen...
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persoune sech kenneléieren. Dëst ass eng gutt Widderhuelung vum Niveau A1.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Widderhuelung A1 : Kenneléiergespréich A: Moien! B: Moien! Wéi geet et dir ? A : Mir geet et gutt, mee ech sinn e bësse erkaalt! B: O! Gutt Besserung! A: Merci! Wéi geet et dir ? B: Mir geet et ganz gutt! A: Super! Wéi heeschs du? B: Ech heesche Raïda. An du? A: Ech heesche Fabio. B: Et freet mech! A: Mech och! Vu wou kënns du? B: Ech kommen aus dem Libanon vu Beirut. Vu wou kënns du? A: Ech kommen aus Italien vun Turin. Ech sinn Italieener. B: Ech sinn hallef Libaneesin an hallef Spuenierin. A: Interessant. Wunns du scho laang zu Lëtzebuerg? B: Ech wunnen zënter dräi Joer zu Lëtzebuerg. Ech wunnen zu Luerenzweiler. An du? A: Ech wunnen zanter annerhallwem Joer zu Lëtzebuerg, op der Gare. B: Wéi al bass du? A: Ech sinn 42 Joer al. Ech sinn den 12. Januar 1984 gebuer. B: Ech si 27 Joer al. Ech sinn de 5. Oktober 1998 gebuer. A: Wat fir Sprooche schwätz du? B: Ech schwätzen Arabesch, Spuenesch, Franséisch, Englesch an e bësse Lëtzebuergesch. Wat fir Sprooche schwätz du? A: Ech schwätzen Italieenesch, Franséisch, e bëssen Englesch, e bësse Spuenesch an elo léieren ech Lëtzebuergesch. B: Flott! Wat bass du vu Beruff? A: Ech schaffen am Finanzsecteur. A wat schaffs du? B: Ech sinn Informatikerin. A: Wou schaffs du? B: Ech schaffe bei ZYX um Kierchbierg. A: Ech schaffen och um Kierchbierg. B: Dat ass praktesch! Mir kënne mam Tram an den INLL fueren. Bass du bestuet? A: Nee, ech sinn net bestuet. B: Hues du Kanner? A: Nee, ech hu keng Kanner. An du? B: Jo, ech si bestuet. Ech hunn ee Kand, ee Jong. Hien ass fënnef Joer al. A: Wat sinn deng Hobbyen? B: Meng Hobbye si molen, schwamme goen, Waassergymnastik maachen, d’Tëlee kucken, Pësele maachen, ... Ech ginn och gär op Concerten. Ech lauschtere gär klassesch Musek, mee och Rock, Pop, asw. Ech spillen natierlech och vill mat mengem Jong. Mir gi gär op d’Spillplaz a mir molen oft zesummen. A: Wéi oft gees du schwammen? B: Ech ginn zwee Mol d’Woch schwammen. Mäi Waassergymnastikcours ass ee Mol d’Woch, méindes um 16.30 Auer. A: Méchs du gär Sport? B: Et hänkt dervun of. Ech maache gär Sport am Waasser. Am Fréijoer an am Summer fueren ech gär mam Vëlo. Wat méchs du gär an denger Fräizäit? A: Ech fueren och immens gär mam Vëlo. Ech fuere bal all Weekend. Ech si gär dobaussen an der Natur. Ech ginn och gär spadséieren a wanderen. Zwee Mol de Mount maachen ech eng Aktivitéit mat menge Frënn. Mir ginn an de Restaurant, mir ginn eppes drénken, mir ginn an de Kino, mir ginn an d’Disco, heiansdo gi mir an d’Sauna oder mir maachen eng sportlech Aktivitéit zesummen. Doheem kucken ech gär Serien an ech liesen immens gär. B: Wéini lies du? A: Ech liesen all Owend op d’mannst eng Stonn am Bett an de Weekend ginn ech heiansdo an e Café a liesen do wärend e puer Stonnen. B: Ech liesen och all Owend am Bett! A: Flott!
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persounen eng Rees an eng Stad plangen.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Eng Rees an eng Stad plangen A: Dëst Joer fält däi Gebuertsdag op e Sonndeg, wat géings de gär maachen? B: Ech weess et net… ech sinn net immens motivéiert. A: Firwat? B: Keng Anung... ech ginn net gär méi al! A: Allez! Dach! Sief frou, dass du kanns méi al ginn. Dat muss ee feieren! Soll ech e puer Proposë maachen? Mir kënnen eis méindes fräihuelen a vu freides bis méindes anzwousch fueren. Wat gefält dir besser? Eng Rees an eng Stad, eng Rees an de Süden oder e Wellnessweekend, hei an der Géigend oder méi wäit fort? B: Ech wëll net fléien. Fir esou eng kuerz Zäit wëll ech net de Fliger huelen. A: Ok! Kee Problem! Mir kënne mam Auto, mam Bus oder mam Zuch fueren. B: Gutt! Eng Stad wier flott... A: Topp! Nenn mer dräi Stied, déi s de gär besiche géings. B: Basel, Maastricht, Lille. A: Flott! Firwat déi dräi? B: Ech war nach ni zu Basel an zu Lille, an ech war réischt eng Kéier zu Maastricht, virun ... 10 oder 12 Joer. A: Wat géings de da gär do maachen? B: Basel huet emol e wonnerbare Konschtmusée mat Wierker vum Rembrandt, Cézanne, van Gogh, Monet, an an an ... waart, ech googelen ... D’Alstad ass immens schéin, d’Iessen ass och super, d’Bierger, an der Géigend sinn och nach flott Stied an Uertschaften am Elsass, wéi zum Beispill Colmar a Freiburg am Breisgau an Däitschland. A: An zu Lille an zu Maastricht? B: Ech mengen, ech géing gär op Basel goen. D’Fotoe si sou schéin! A vläicht schneit et, wa mir do sinn! A: Gutt Iddi! Ech kucken emol, wéini d’Zich fueren. Hei ass en Trajet mat zwee Mol ëmklammen, eng Kéier zu Metz an eng Kéier zu Stroossbuerg. Den Zuch fiert um 13.39 Auer zu Lëtzebuerg fort a mir kommen um 17.38 Auer zu Basel un. B: Hm... dat ass spéit. Da verléiere mir e ganzen Dag. A: A waart... Dësen Zuch ass praktesch! Mir fueren um 07.13 Auer hei op der Gare fort, da klamme mir zu Mulhouse ëm a mir kommen um 10.26 Auer zu Basel un. B: Hm... dat ass fréi. Da si mir freides de ganzen Dag midd. A: Hei ass een um 9 Auer, mee mat dräi Mol ëmklammen. B: O Nee, dat ass iwwerdriwwen. Gesäis de! Lo hunn ech scho guer keng Loscht méi. Komm, mir bleiwen heiheem! A: Lee däi Kapp a Rou! Solle mir mam Auto fueren? D’Faart dauert ongeféier véier Stonnen an da si mir do ënne méi flexibel, fir nach aner Uertschafte kucken ze goen. B: Dajee alt. A: Wat fir en Hotel solle mir buchen? Wat gefält dir besser? En Hotel am Zentrum oder e Wellnesshotel? B: Gëtt et eng Kombinatioun? E Wellnesshotel am Zentrum? A: Jo, den Hotel Basler. E kascht awer méi deier wéi en Hotel ouni Wellnessberäich. B: Egal! Et ass mäi Gebuertsdag! Ech bezuelen dat gär. Am Dag kënne mir Tourismus maachen an nomëttes oder owes gi mir an d’Sauna. Huet den Hotel eng Schwämm? A: Jo. Déi gesäit souguer ganz flott aus. Mee weess de wat? B: Nee... Wat? A: Et ass jo däi Gebuertsdag! Ech invitéieren dech! Dat ass mäi Kaddo, fir dech! B: Wow! Dat ass awer léif! Villmools Merci! Solle mer net awer mam Fliger op Barcelona fléien? A: Haha. Mee, ech si frou, dass du elo mol besser gelaunt bass.
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi eng Persoun mat hirem Chef e Kënnegungsgespréich féiert. Duerno erzielt si enger Frëndin an engem Voicemessage, wéi d'Gespréich gelaf ass.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:E Kënnegungsgespréich (B1) A: Gudde Moien, Madamm Da Costa. Dir wollt mat mir schwätzen? B: Gudde Moien, Här Braun. Jo, Merci, datt Dir Iech Zäit geholl hutt. Et fält mir net einfach, mee ech hunn haut e wichtegt Theema mat Iech ze beschwätzen. A: Natierlech. Ëm wat geet et? B: Ech hu mech déi lescht Wochen intensiv mat menger berufflecher Situatioun beschäftegt an ech hu mech och extern op e puer aner Plaze gemellt. Elo hunn ech eng Offer kritt, déi interessant fir mech ass. A: Ech verstinn. Heescht dat, Dir wëllt eis Firma verloossen? B: Jo. Ech hu mech entscheed, d’Offer unzehuelen a géif dofir gär der Kënnegungsfrist geneem meng Aarbecht hei an der Firma kënnegen. A: Dat iwwerrascht mech, éierlech gesot. Däerf ech froen, wat Äre Grond fir dës Entscheedung ass? B: Jo, natierlech. Ech krut eng Plaz ugebueden, op där ech méi Verantwortung kann hunn an déi mir besser Entwécklungsméiglechkeeten ubitt. Ausserdeem passt se och besser bei meng laangfristeg Ziler. A: Gëtt et eppes, wat Iech hei gestéiert huet? B: Nee, net wierklech. Ech hu mech hei ëmmer wuelgefillt. D’Ekipp an d’Zesummenaarbecht hunn ech immens geschat. Meng Entscheedung huet näischt mat der Firma u sech ze dinn, mee éischter mat menger perséinlecher Weiderbildung. A: Ech verstinn. Natierlech bedaueren ech Är Decisioun. Wéini wier dann Äre leschte Schaffdag? B: Laut Kontrakt hunn ech eng Kënnegungsfrist vun dräi Méint, also wier mäi leschten Dag hei an der Firma den 31. Mee. A: An der Rei. Wiert Dir bereet, an där Zäit Är Tâchen un eng aner Kolleegin ofzeginn, respektiv en neie Mataarbechter oder eng nei Mataarbechterin unzeléieren? B: Jo, selbstverständlech. A: Däerf ech och froen, ob mir eppes hätten anescht maache kënnen, fir Iech ze halen? B: Ech hunn doriwwer nogeduecht, mee de Moment ass eng aner Plaz fir mech déi nächst logesch Etapp. A: Da respektéieren ech Är Decisioun. Ech soen Iech Merci fir Är Éierlechkeet an Är Aarbecht déi lescht Joren. B: Merci. Ech soen Iech och Merci fir Är Ënnerstëtzung an Äert Vertrauen. Ech hunn hei vill geléiert. A: Da wënschen ech Iech vill Erfolleg op Ärer neier Plaz. B: Merci, Här Braun. Voicemessage: A: Hallo, sou, ech wollt dir just kuerz erziele wéi et haut mat mengem Chef gelaf ass. Ech war wierklech mega nervös, et ass mir schwéiergefall, d’Theema unzeschwätzen. Mee schlussendlech ass et besser gelaf wéi erwaart. Ech hunn him direkt gesot, datt ech eng Offer krut, an datt ech mech entscheed hunn, se unzehuelen. Hie war fir d’éischt zimmlech iwwerrascht, an ech mengen och e bëssen enttäuscht. Hien huet gefrot, firwat ech ginn, an ob et eppes gouf, wat mech gestéiert huet. Ech hu probéiert, ganz éierlech ze sinn an ze erklären datt et näischt mat der Firma ze dinn huet, mee datt ech d’Gefill hat, mech do berufflech net esou gutt wieder ze entwéckele kënnen wéi op enger anerer Plaz. Zum Gléck huet hien dat awer verstan. Hien huet meng Decisioun respektéiert an esouguer gesot, datt hien et schued fënnt, datt ech ginn, mee mir awer vill Erfolleg wënscht. Mir huet et gutt gedoen, dat ze héieren. Jo, elo sinn ech total erliichtert. Et ass nach ëmmer e komescht Gefill, mee ech sinn awer stolz, dee Schrëtt gemaach ze hunn. Mir héieren herno nach vun eneen, ok? Ciao!
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir fir d'éischt, wéi zwou Persounen eng Kichen nei ariichten. Duerno heiere mir, wéi zwou Persounen iwwer eng Renovatioun vun engem Buedzëmmer schwätzen.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ,,access as guest''.
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Dës Woch presentéiere mir iech déi verschidde Formater vu Coursen am INLL. Haut héiere mir den zweeten Deel. Den éischten Deel kënnt dir am leschten Episod lauschteren.-Dir fannt de kompletten Transkript fir dësen Deel an den éischten Deel hei (klick). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ''access as guest''.
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Dës Woch presentéiere mir iech déi verschidde Formater vu Coursen am INLL. Haut héiere mir en éischten Deel. Den zweeten Deel héiert dir am nächsten Episod.-Dir fannt de kompletten Transkript fir dësen Deel an den zweeten Deel hei (klick). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ''access as guest''.
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun eis iwwer hire Beruff als Aide-soignante erzielt an d'Ënnerscheeder tëscht den Tâchen am Altersheem an am Spidol erkläert.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Persoun A: So, du schaffs jo als Aide-soignante, richteg? Persoun B: Jo, dat ass richteg. Persoun A: Wou schaffs du am Moment? Persoun B: Ech schaffen an engem Fleegeheem. Persoun A: A wat méchs du do am Alldag? Persoun B: Ech hëllefen den eelere Leit opzestoen, sech ze wäschen an unzedoen. Ech hëllefen hinnen deelweis och beim Iessen a beim Drénken. Persoun A: Schwätz du och vill mat de Leit? Persoun B: Jo, natierlech, ganz vill. Ech fannen et wichteg, sech Zäit fir d’Leit ze huelen. Persoun A: Selbstverständlech. Hues du da virdrun eppes Aneres geschafft? Persoun B: Jo, virdrun hunn ech an engem Spidol geschafft. Persoun A: A! Wat war dann do anescht? Persoun B: Do ass alles vill méi séier gaangen. Et goufe vill Patienten an et hat een net ëmmer vill Zäit fir déi. Persoun A: Hues du do och d’Leit gewäsch an hinne gehollef? Persoun B: Jo, mee ech hat manner Zäit fir all Patient. Ech hu vill technesch Saache gemaach. Persoun A: Wat heescht dat? Persoun B: Zum Beispill d’Better nei opgezunn, Patienten transportéiert an no den Operatioune gehollef. Persoun A: A wéi ass et am Fleegeheem am Verglach? Persoun B: Do ass et méi roueg. Déi Persoune wunne jo do eng länger Zäit an dofir kennen ech se och besser. Persoun A: Also hues du méi Kontakt mat de Leit? Persoun B: Jo, vill méi. Ech schwätze mat hinnen, lauschteren hinnen no a kennen hir Geschicht. Persoun A: Dat kléngt ganz interessant. Persoun B: Jo, d’Aarbecht an engem Fleegeheem ass méi perséinlech, mee och emotional. Persoun A: Ech verstinn. Wat hues du da léiwer: Spidol oder Fleegeheem? Persoun B: Ech hu béides gär, mee do wou ech elo schaffen, hunn ech méi Zäit fir d’Mënschen, dofir gefält mir dat besser. Persoun A: Bass du och nach an der Schoul? Persoun B: Jo, ech ginn nach an d’ENSA. Dat ass d’Ecole nationale de la santé. Persoun A: Wat léiers du do? Persoun B: Vill Basis-Saache wat d’Fleeg ugeet. Persoun A: Kanns du e puer Beispiller ginn? Persoun B: Ma mir léiere vill iwwer d’Hygiène, zum Beispill Hänn richteg wäschen, Händchen undoen a Material propper halen. Dat ass alles wichteg an der Praxis. Mir léieren awer och wéi de mënschleche Kierper funktionéiert, z.B. d’Muskelen, d’Schanken an d’Organer. Persoun A: Léiert dir och, wéi een de Leit hëlleft sech ze beweegen? Persoun B: Jo, mir léieren, wéi een eng Persoun richteg hieft fir eng Positioun am Bett ze wiesselen, opzestoen oder sech an de Rollstull ze setzen, ouni sech oder de Patient ze verletzen. Persoun A: Interessant. Persoun B: Mir léieren och wéi ee mat eeleren oder kranke Leit schwätzt. An nach eppes, wat mir manner Spaass mécht, dat ass Rapporte schreiwen. Persoun A: Jo, dat ass sécher net ëmmer esou interessant, mee bestëmmt wichteg. Persoun B: Jo, effektiv! Persoun A: Ech gesinn, datt s du dech wierklech net op der Aarbecht langweils. Persoun B: Jo, definitiv an ech sinn zum Schluss vum Dag oder no enger Schicht och immens midd, mee ech ginn awer zefridde schlofen, wann ech weess datt ech de Leit hëllefe konnt.
Wëllkomm an der Poterkëscht!Haut héiere mir fir d'éischt, wéi eng Persoun e Rendez-vous beim Zänndokter hëlt. Duerno héiere mir, wéi si mam Zänndokter schwätzt.-Transkript:Beim Zänndokter Um Telefon A: Gudde Moien, Praxis Dr. Fernandes, wéi kann ech Iech hëllefen ? B : Gudde Moien. Mäin Numm ass Leni Wagener. Ech hu meng Zänn immens wéi an ech brauch dringend e Rendez-vous. A: Ee Moment, ech kucken. Sidd dir scho Patient bei eis? B: Nee, nach net. Ech hu bei mengem Zänndokter ugeruff, mee do ass de Repondeur gelaf. Deen ass dës Woch am Congé. Ech hunn dunn online no engem aneren Zänndokter a menger Géigend gesicht an Dir krut gutt Kriticken. Hutt Dir haut vläicht nach eppes fräi wgl.? Ech hu wierklech vill Péng. A: Dir hutt Chance. Virun enger hallwer Stonn, huet een anere Patient säi Rendez-vous vun de Mëtteg annuléiert. Hutt Dir haut um 15:00 Auer Zäit, fir ze kommen? B: Jo. Dat geet! Villmools Merci. Ech sinn Iech wierklech dankbar! A: Kee Problem. Mir hëllefe gär, wa mir kënnen. Da bräicht ech elo nach Är Donnéeë wgl. Wéi ass Ären Numm an Är Adress wgl.? B: Leni Wagener. Leni mat i, a Wagener – W-A-G-E-N-E-R. Meng Adress ass 27, rue Laurel Hardy zu Rolleng. A: Merci. Dat ass notéiert! Kënnt Dir mir och nach Är Matricule soe wgl.? B: Jo, natierlech: 1995 02 30 67 800. A: Merci. An Är Telefonsnummer? Ech gesi se hei op mengem Telefon: Ass dat d’Nummer 681 27 48 92? B: Jo, genee. Dat ass richteg. A: An der Rei, Äre Rendez-vous ass notéiert. Dir kritt och nach eng Confirmatioun per E-Mail geschéckt. An elo fält mir op, dass ech Iech nach net no Ärer E-Mail Adress gefrot hunn. B: Meng E-Mailadress ass: leni.wagener@ptt.lu B: Ok, villmools merci. A: Merci och, äddi. An der Praxis C: Gudde Mëtteg Madamm Wagener, entschëllegt fir de Retard. Mee haut ass eng méi lass. Wéi geet et Iech? B: Gudde Mëtteg. Dat ass kee Problem. Ech si frou, dass ech haut nach e Rendez-vous bei iech krut. Mir geet et net immens. Ech hu meng Zänn immens wéi. Ech mengen, ech hunn e Lach. C: Dann huelt Iech emol Plaz. Ech kucke mir dat dann emol un. Wou hutt Dir wéi? B: Uewe lénks. C : Maacht wgl. Äre Mond grouss op. O jo, Dir hutt hei eng kleng Karies an ech gesinn, dass Äert Zännfleesch och e bëssen entzünt ass. Dréckt Dir vläicht e bësse fest, wann Dir Iech Är Zänn wäscht? B: Ech weess et net. Ech muss mir all 3 Wochen eng nei kafen, well se da schonn immens ofgenotzt ass. A: O mei, jo. Ech mengen, dass Dir da wierklech mat e bëssen ze vill Effort Är Zänn botzt. Aner Patienten hunn ech elektresch Zännbiischt recommandéiert an dës weist mat Hëllef vun enger Luucht, wéi fest Dir grad Är Zänn wäscht. Wann d’Luucht wäiss blénkt, dréckt Dir net fest genuch, wa se rout blénkt, dréckt Dir ze fest a wa se gréng liicht, ass et genau gutt! B: A sou? Dat hunn ech nach ni héieren. Ech huelen un, dass een déi online oder an engem Elektrobuttek kritt? A: Jo, genee. Et dierft kee Problem sinn, fir esou eng ze fannen. B: Merci. Mee Här Dokter, kënnt Dir mäin Zant nach haut flécken? C: Jo, normalerweis schonn. Ech maache just fir d’éischt eng Rëntgen, fir ze kucken, wéi déif d’Lach ass. B: Ok. C: Dir hutt Chance, d’Lach ass relativ kleng. Ech kann et elo flécken an Iech e Plomb maachen. B: Kréien ech eng Sprëtz? Ech hunn e bëssen Angscht. C: Jo, wann Dir wëllt, maachen ech Iech eng kleng Lokalanästhesie, da spiert Dir guer näischt. B: Merci. C: Voilà, d’Lach ass elo gefléckt. D’Anästhesie kann nach e puer Stonnen unhalen, mee Dir hutt normalerweis duerno keng Péng méi. Kommt wannechgelift awer a sechs Méint nach eng Kéier an d’Kontroll, da maache mir och en Détartrage. B: An der Rei, merci! A wat soll ech elo maachen, dass mäin Zännfleesch sech erhëlt? C: Wéi gesot. Kaaft Iech esou eng elektresch Zännbiischt a gitt an d’Apdikt a kaaft Iech do eng speziell Zanpasta. Sot der Apdiktesch einfach, dass Äert Zännfleesch entzünt ass. Si hëlleft Iech da weider. B: Villmools Merci, Här Dokter! C: Gär geschitt. Nach e schéinen Dag!
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun vun hirem Alldag am Altersheem erzielt.Vill Spaass beim Nolauschteren.-Transkript:Alldag am Altersheem B: Moie Bopa, wéi geet et? Ech wollt dir just eng kuerz Noriicht schécken. Ech schreiwen elo nach meng lescht Examen an da kommen ech zeréck op Lëtzebuerg an da kommen ech dech direkt e Samschdeg géint 15:00 Auer besichen. Wann d’Wieder gutt ass, kënne mir zesummen an de Gaart spadséiere goen. Wann et kal ass, drénke mir dobannen e Kaffi. Ech bréngen e Stéck Kéistaart mat an da weisen ech dir e puer Fotoe vun der Uni a wat et hei zu Innsbruck nach esou gëtt. Ech freeë mech schonn! Pass gutt op dech op, a bis e Samschdeg, décke Kuss! A: Moie Elisabeth. Héiers de mech? Ech hoffen dat geet elo. Merci fir däi Message. Ech sinn net gewinnt eng Sproochnoriicht ze maachen, mee ech probéieren dat dann och emol. Et soll ee jo mat der Zäit goen. Deng Mamm huet dir jo scho Bescheed gesot, dass ech elo zënter engem Mount an engem Altersheem an der Stad wunnen. Mäin Zëmmer ass kleng, mee gemittlech. Ech hunn e Bett, en Dësch an eng Fënster mat Vue op de Gaart. Moies erwächen ech normalerweis fréi, dacks schonn éier de Wecker rabbelt. Da bleiwen ech nach kuerz am Bett leien an héieren e puer Geräischer a Stëmmen um Gank. Dat si meeschtens Infirmièren, oder d’Personal aus der Kantin, wat de Kaffi bréngt. No enger hallwer Stonn stinn ech op an doe mech lues un. Haut geet alles e bësse méi lues wéi fréier. Mee dat ass net schlëmm, ech hu jo genuch Zäit. Fir de Kaffi drénken ech eng Taass Téi an iessen e Bréitche mat Kéis oder Ham. Ech sëtze gär bei der Fënster a kucken eraus. Am Gaart gesinn ech Beem a Blummen. Heiansdo schéngt d’Sonn. Am spéide Moie kënnt meeschtens en Infirmier oder eng Infirmière laanscht. Si froen, wéi et mir geet. Mir schwätzen e puer Minutte mateneen. Dat ass flott. Virum Mëttegiesse sinn ech oft am Openthaltsraum. Do sëtzen aner Matbewunner aus dem Altersheem. Heiansdo spille Kaarten oder kucken de Fernsee. Zwee Mol d’Woch kënnt eng Persoun fir Aktivitéite mat eis ze maachen. D’lescht Woch ass den Edouard komm an huet mat eis geboxt. Dat war wierklech flott. Déi Leit déi nach gutt zu Fouss sinn, maachen dat am Stoen an déi manner gutt zu Fouss sinn, maachen dat am Rollstull. Mir krute Boxhändchen un an hunn du mam Edouard trainéiert. Natierlech hu mir eis net richteg geschloen. Mir hunn eis richteg gutt ameséiert a gutt gelaacht. Duerno war ech awer och nawell midd. Nom Moiesprogramm gi mir mëttes zesummen iessen. Mir sëtzen op groussen Dëscher. Heiansdo schwätze mir vill, heiansdo si mir méi roueg. D’Iessen ass net onbedéngt mäi Liblingsiessen, mee ech iesse genuch. Wann emol en extra Dag ass, kréie mir och e spezielle Menü. Am Ufank vum Mount hu mir e Stéck Dräikinnekkuchs kritt. Dee war richteg gutt. Nomëttes raschten ech. Ech liesen e Buch oder schlofen e bëssen. Dat deet gutt. Owes denken ech oft u fréier, u mäin aalt Doheem a meng Famill. Si feele mir. Mee ech freeë mech op de Weekend, wann s du mech besiche kënns.
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir fir d'éischt, wéi zwou Persoune Kleeder an d'Material vergläichen. Duerno héiere mir, wéi e Léierbouf nei an engem Kleederbuttek ufängt an d'Tâche vun der Cheffin erkläert kritt.-Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ,,access as guest''.
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi eng Persoun e Rendez-vous an enger Klinick huet an den Dokter sicht.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:An der Receptioun vun enger Klinick A: Moien! B: Moien! Sidd Dir d’Nummer 147? A: Jo. B: Dir kënnt den Ziedel mat der Nummer an de Kierfche leeën. Wéi kann ech Iech hëllefen? A: Ech hunn um 09.45 e Rendez-vous bei der Dr. Jentgen. B: Kann ech Är Identitéitskaart an Är Krankekeesskäertche kréien, wannechgelift? A: (gëtt d’Käertercher) B: Merci. (kleng Paus) B: Ass Är Telefonsnummer nach ëmmer korrekt? A: Ech mengen, jo. B: Kënnt Dir se widderhuelen, wannechgelift? A: 021 89 14 53. B: Merci! An Är Adress? A: 327, am Duerf ; 8363 Houschent, also “Hoscheid”. B: Tipptopp, ‘t ass alles korrekt. Är Doktesch ass viru siwe Méint op en anere Stack geplënnert. Ech erklären Iech de Wee. Dir gitt elo fir d’éischt no lénks bis bei de Lift oder bei d’Trapenhaus. Hir Praxis ass elo um drëtte Stack. Beim Lift oder bei den Trape gitt Dir no riets an dann direkt no lénks. Da gitt Dir ongeféier zéng Meter riichtaus. Do ass nach eng kleng Receptioun. Sot dem Receptionnist Bescheed, datt Dir do sidd. Vis-à-vis ass d’Salle d’attente. D’Dr. Jentgen kënnt Iech da sichen. Si huet leider e bësse Verspéidung. Vläicht musst Dir 15 bis 20 Minutte méi laang waarden. A: Ok. Hutt Dir eng Kantin oder eng Cafeteria? B: Jo, eis Cafeteria ass hei um Rez-de-chaussée, no riets an dann um Enn vum Gank. Et ass awer gutt, wann Dir Iech fir d’éischt erop umelle gitt, fir dass si wëssen, datt Dir do sidd. Am Waardezëmmer gëtt et och e Kaffisautomat an e Gedrénksautomat. De Kaffi an der Cafeteria ass, menger Meenung no, besser wéi deen aus dem Automat. A: Dat gleewen ech. Villmools Merci fir all déi detailléiert Informatiounen! B: Ganz gär geschitt! Schéinen Dag nach! A: Merci gläichfalls. Äddi!
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir fir d'éischt, wéi zwou Persoune beim Kaffi matenee schwätzen. Duerno héiere mir eng Deenungsübung, bei där dir och gär matmaache kënnt!Vill Spaass beim Nolauschteren.-Transkript:E Gespréich beim KaffiPersoun A: Gudde Moien! Bass du och scho wakereg? Persoun B: Hallo, jo, esou hallef. Ech brauch als éischt emol e Kaffi. Persoun A: Ech och. Ech maachen eis direkt zwou Taasen. Wëlls du léiwer e staarke Kaffi, oder häss du gär léiwer een deen net esou staark ass ? Persoun B: Definitiv e staarke Kaffi wgl. Hues du och Mëllech? Persoun A: Natierlech hunn ech Mëllech. Soll ech dir e Cappuccino maachen? Persoun B: O! Hei ass et jo bal wéi an engem Hotel. Wann s du scho frees, dann huelen ech e Cappuccino wgl. Persoun A: Nëmmen dat bescht fir meng Gäscht. Da kriss du e Cappuccino an ech maache mir e schwaarze Kaffi. A wat wëlls de iessen? Persoun B: Wat proposéiers du mir dann? Persoun A: Also, ech hu frëscht Brout, Botter, Gebeess a Schockelasbotter. Ech hunn awer och Jughurt an Uebst, wann s du dat wëlls. Ech kéint och nach Croissante bei de Bäcker siche goen, deen ass direkt hei ëm den Eck oder eventuell eng Omlette maachen. Persoun B: Nee, ‘t ass gutt, du muss elo net extra Croissante kafe goen. Et reent jo och grad. Ech iessen eng Schmier mat Botter a Gebeess an huelen och nach en Apel. Persoun A: Ok. Ech iesse moies net immens vill, ech iesse just eng Schmier mat Kakuettebotter an enger hallwer Banann. Persoun B: O, dat kléngt jo gesond. Ech gi mir mol d’Gesiicht wäschen. Persoun A: An der Rei. Ech decken alt den Dësch. Persoun A: Sou, hei ass däi Cappuccino. Persoun B: Merci. Mmm, dee richt gutt. Persoun A: Hei sinn och nach d’Saache fir op d’Schmier an hei ass d’Brout. Ass dat ok, wann ech d’Zeitung liesen? Persoun B: Wie liest hautdesdaags nach d’Zeitung? Persoun A: Firwat dann net? Ech fannen dat iergendwéi relax. Ech liese gär d’Noriichte beim Kaffi. Persoun B: Ech si léiwer um Handy. Ech liesen d’Noriichten online an ech sinn e bëssen op de Soziale Medien. Persoun A: Ech weess net.. Um Handy kommen dann ëmmer rëm Messagen oder et ass een ofgelenkt. Esou kann ech mech just op dat konzentréieren, wat ech grad liesen. Persoun B: Hmm..jidderee huet seng Gewunnechte moies. Persoun A: Genee. Wa mäi Moien net gutt ufänkt, da weess ech, dass mäin Dag och net gutt wäert sinn. Persoun B: Bei mir ass dat och esou. Hues de dann eng Iddi, wat mir nom Kaffi maache kënnen? Persoun A: Ech hu mir iwwerluecht, datt mir an de MUDAM kéinte goen, do hu si eng nei Ausstellung a wann s du nach net am Musée Dräi Eechele waars, da kënne mir och dohinner. Persoun B: Jo, firwat net! Wier dat ok, wann ech nom Kaffi just e puer Deenungsübunge géing maachen. Däi Canapé-lit war e bëssen ze haart fir mäi Réck. Persoun A: O, dat deet mer leed. Deen ass schonn zimmlech al. Ech ginn der dono eng Matt, da kanns du deng Übunge maachen an ech ginn an der Tëschenzäit an d’Dusch. Persoun B: Top! Da kann ech och dono séier duschen an da si mer prett fir an d’Muséeën. Persoun A: Tipptopp.
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun eis erzielt, datt si eng nei Sprooch léiert.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Eng nei Sprooch léieren (A1) A: Wat méchs du do? B: Ech maachen Exercicen. Ech léieren zënter e puer Méint Koreanesch am INLL. Ech hunn d’nächst Woch en Test an ech wëll nach e bëssen üben. A: Wow! Koreanesch! Ass et schwéier? B: Am Ufank war et e bësse schwéier, mee ech sinn immens motivéiert! Ech léieren immens vill! A: Firwat léiers du Koreanesch? B: Mäi Virsaz fir d’Joer 2025 war: eng nei Sprooch léieren. Zënter September kann een am INLL Koreanesch, Japanesch an Arabesch léieren. Ech kucken immens gär koreanesch Serien an ech wëll vläicht d’nächst oder d’iwwernächst Joer a Südkorea an d’Vakanz fléien. Da verstinn ech d’Sprooch an ech ka mat den Awunner schwätzen. A: Cool! Si vill Leit an dengem Cours? B: Mir sinn zu 17 an der Klass. A: A wien ass dat? B: Ech kenne just meng Bänknoperen a Bänknopeschen. D’Emma an d’Marta si Frëndinnen. Si si Lëtzebuergerinnen. D’Marta huet och nach déi portugisesch Nationalitéit. Seng Eltere kommen aus Portugal. D’Emma wunnt an der Stad, an der Millebaach an d’Marta wunnt um Belair. Si léiere Koreanesch, well si Fans vu K-Pop sinn. Si wëllen och a Südkorea reesen. A: Wat fir Sprooche schwätze si nach? B: Si schwätzen allen zwee Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, an Englesch. D’Marta schwätzt och nach Portugisesch an e bësse Spuenesch. A: Wat schaffe si? B: Si schaffen nach net, si studéieren op der Uni Lëtzebuerg. A: Ok. B: Lénks vu mir sëtzt meeschtens den Arnaud. Hien ass Fransous a kënnt vun Dijon. Hie wunnt säit dräi Joer zu Lëtzebuerg a schafft als Iwwersetzer op der EU-Kommissioun. Seng Fra ass Koreanerin. Si sinn zënter zwee Joer bestuet. Seng Fra ass schwanger an den Arnaud wëll seng Fra verstoen, wa si mam Bëbee Koreanesch schwätzt. Hie wëll awer Franséisch mat sengem Kand schwätzen. A: Mega! B: Heiansdo sëtzt d’Stéphanie nieft mir. Hatt ass och Lëtzebuergerin. Hatt wëll vläicht a Südkorea auswanderen. Hatt war schonn oft do an huet d’Land, d’Iessen an d’Kultur immens gär. A: Wat ass hatt vu Beruff? B: Hatt ass Architektin vu Beruff. A: Flott! Do huet hatt bestëmmt flott Méiglechkeete fir ze schaffen. Da kanns du hatt besichen! B: Genee! Da kennen ech nach d’Eva, de Lionel, de Maurice, d’Emilia, an d’Olivia e bëssen. Ech maachen heiansdo mat hinnen eng Gruppenaarbecht. Déi meescht an der Klass wëllen eng nei Sprooch léieren an interesséiere sech fir d’Land an d’Kultur. Et ass wierklech praktesch, dass een elo Koreanesch am INLL léiere kann. Vill Aarbechtskolleege léiere Lëtzebuergesch do. Heiansdo gesinn ech si um Gank oder mir fueren zesumme mam Tram vum Büro op de Glacis. A: Da kanns du jo mat hinnen en Tandem maachen! B: Jo an nee. Si kënne Lëtzebuergesch mat mir trainéieren, mee si schwätze leider kee Koreanesch. Et ass och nach ze fréi. Mäin Niveau ass nach net gutt genuch, fir eng richteg Konversatioun ze hunn. A: Ok. Du trainéiers dann am Cours. Ass de Cours flott? B: Jo! D’Stëmmung ass immens a jiddereen ass motivéiert! A: Dat freet mech! Elo hues du mech och motivéiert eng nei Sprooch ze léieren! B: Majo perfekt! Dat neit Semester fänkt am Februar un! Op der Internetsäit fënns du déi genee Datumer vun den Aschreiwungen! A: Merci!
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut trainéiere mir den Imperativ. Fir d'éischt héiere mir, wéi zwee Aarbechtskolleegen zesummen eng Presentatioun virbereeden. Duerno héiere mir, wéi eng nei Botzhëllef erkläert kritt, wat se am Stot soll maachen.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ''access as guest''.
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persoune Sylvester zu London feieren. Vill Spaass beim Nolauschteren!-Silvester zu London A: An? Hues de gutt geschlof? B: Jo, eigentlech schonn. Ech war gëschter Owend esou midd vun der Rees. Mee elo sinn ech voll do an ech kann et bal net gleewen, datt mir hei zu London sinn! A: Ech och net! Ech si ganz opgereegt fir haut. Mir mussen eisen Dag awer e bësse plangen. Wat wëlls du fir d’éischt maachen? B: Hmm, et wier flott, enzwousch gemittlech Kaffi drénken ze goen. Wat mengs du? Hei an der Géigend ginn et bestëmmt e puer flott Caféen wou een e gudde Kaffi an eng Mëtsch iesse kann. A: Jo, bestëmmt, mir si jo bal ganz am Zentrum. Duerno kënne mir bei d’Tower Bridge oder d’London Eye trëppelen. Ech géif gär e puer Fotoe maachen, éier et ze schwaarz vu Leit ass B: Gutt Iddi. Ech hu gekuckt, d’Sonn soll haut esouguer e bësse schéngen. Bal e Wonner, hei zu London! A: Haha, wierklech. An duerno… vläicht kënne mir laanscht d’Themse spadséiere goen. Ech hu gelies, datt do och e puer flott Pubs a Restaurante sinn. Vläicht kënne mir do eppes drénke goen oder zu Mëtteg iessen. B: Kléngt gutt. Mir sollten och esou lues iwwerleeën, wuer mir den Owend stoe wëlle, wa mir d’Freedefeier vun der Themse aus gesi wëllen. Et ass jo riesg, an ech hunn héieren, datt d’Leit scho fréi kommen. A: Du hues recht. Vläicht kënne mir am Nomëtteg kucke goen, wou et am beschte ass. B: Mir kënnen och Tickete kafen. Ech hunn iergendwou gelies, datt verschidde Beräicher ofgespaart sinn, an datt een do Tickete brauch. A: Ech mengen, et ass besser mir informéieren eis e bëssen am Internet oder mir froen an der Rezeptioun vum Hotel no. Mee komm, mir maachen eis geschwë prett a gi fort. Et ass schon néng Auer a gëschter hu mir just de Wee vum Flughafe bis bei den Hotel gesinn. B : Haha, jo. Mee, ech si wierklech frou, datt mir net doheem bliwwe sinn. Dat gëtt e flotten Dag. A: Op alle Fall. Also, nach eng Kéier: fir d’éischt gi mir Kaffi drénken, da bei d’London Eye, an duerno laanscht d’Themse trëppelen? B: Dat kéngt gutt. Vläicht ass jo och nach e bëssen Zäit, fir am Nomëtteg an e puer Butteker op der Oxford Street ze goen. A: Dat wier flott! Mee ech wëll och net de ganzen Dag ënnerwee sinn, an dann den Owend futti sinn. B: Mir kënne jo eng kleng Sieste maachen, wa mir erëm am Hotel sinn. Mir musse jo net fréi eraus den Owend. A: Dat stëmmt. Mir kënnen och den Owend méi spéit eppes iesse goen. Weess du, ob et hei typesch Tradioune fir Silvester gëtt? B: Gutt Fro… ech weess just, datt vill Leit an e Pub ginn an do zesumme prosten. Vläicht kënne mir och dat am Internet nokucken oder ee froen. A: Kléngt gutt. Da komm mir maachen eis elo endlech fäerdeg.





Amazing conversation exercise. Thanks for Luxembourg Reddit sub. for the tip.