Discover
Poterkëscht vum INLL
229 Episodes
Reverse
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi de Papp mat senge Kanner mam Draach fléiere geet, mee leider flitt den Draach fort.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer d'Aktivitéiten am Stot als Famill schwätzen.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut hu mir e méi avancéierten Episod fir iech. Eng Persoun erzielt engem Frënd vun engem Hond, dee si adoptéiert huet. De Frënd ass awer skeptesch, ob dat déi richteg Entscheedung war.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer hir kreativ Hobbye schwätzen.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Hobbyen: Bastelen, Strécken an Heekelen Nora: Moien, Lisa! Wat méchs du do? Lisa: Moien, Nora! Ech strécken. Ech maachen e klenge Pullover fir meng Duechter. Nora: A, wéi flott! Du strécks gär, oder? Lisa: Jo, ganz gär. Ech strécken, an ech häkelen och. Ech maachen dacks Kleeder oder kleng Saache fir meng Famill. Nora: Dat ass interessant. Wéi hues du dat geléiert? Lisa: Ech hunn et vu menger Bomi geléiert. Si huet ganz vill gestréckt. Wéi ech kleng war, hunn ech ëmmer bei hir gesi wéi si schafft. Enges Daags huet si mir et gewisen. Nora: A wéi laang strécks du schonn? Lisa: Zënter ongeféier zéng Joer. Am Ufank war et net einfach. Mä mat der Zäit ass et besser gaangen. An du? Hues du och e kreativen Hobby? Nora: Ech bastelen! Virun allem maachen ech gär Saachen zesumme mat menge Kanner. Mir bastelen zum Beispill Déieren aus Pabeier, kleng Poppenhaiser oder Dekoratioun fir an d'Kannerzëmmer. Lisa: Dat kléngt flott! Nora: Jo. D'Kanner hunn ëmmer vill Iddien. Heiansdo gesi mir eppes um Internet a probéieren et da selwer ze maachen. Lisa: An zënter wéini méchs du dat? Nora: Wéi meng Kanner kleng waren, hunn ech ugefaang mat hinnen ze bastelen. Ech hunn e puer Videoen um Internet gekuckt an einfach ausprobéiert. Ech hu vill Saache selwer geléiert. Lisa: Hues du e Projet, un deem s du elo schaffs? Nora: Jo. Ech maachen elo eng kleng Stad aus Kartong fir mäi Jong. Et ginn Haiser, Beem an och eng Gare. Ech sinn awer nach net fäerdeg. Lisa: Dat kléngt no vill Aarbecht! Wat fir e Material brauchs du dofir? Nora: Ech benotze virun allem Kartong a faarwege Pabeier. An natierlech brauch een eng Schéier, Pech a Faarwen. Fir d'Beem benotzen ech kleng Holzstécker. Lisa: A wou keefs du all dat Material? Nora: Vill Saachen hu mir schonn doheem. De Rescht kafen ech an engem Bastelbuttek. Lisa: A, dat ass praktesch. Ech ginn och heiansdo an de Bastelbuttek, fir Woll ze kafen. Nora: Strécks du dann am Moment nach eppes? Lisa: Nee, mee ech hunn ugefaang, eng kleng Posch ze heekelen. Nora: Eng Posch? Dat géif ech och gär kënne maachen! Lisa: Dat ass guer net esou schwéier. Wann s du wëlls, kann ech dir et eng Kéier weisen. Nora: Gär! Mee ech weess net, ob ech genuch Gedold dofir hunn. Lisa: Dat hunn ech am Ufank och geduecht. Et muss een einfach e bëssen üben. Nora: Strécks du ëmmer eleng doheem? Lisa: Meeschtens, jo. Ech maachen dat owes virun der Tëlee. Mee ech ginn och heiansdo an e Stréck-Café. Nora: E Stréck-Café? Wat ass dat? Lisa: Dat ass en Nomëtteg an engem Café. Eng Grupp vu Leit trefft sech do fir ze strécken an ze schwätzen. Jidderee bréngt säi Projet mat. Nora: Ah, dat kléngt gemittlech! Lisa: Jo, et ass ganz flott. E puer Leit strécken, anerer heekelen. Mir hëllefen eis och, wa mir eng Fro oder e Problem mat engem Projet hunn. Nora: An dir kennt iech all? Lisa: Nee, net onbedéngt. Et kommen ëmmer nees nei Leit. Ech hunn do schonn e puer Frëndinnen aus verschiddene Länner kennegeléiert. Nora: Dat fannen ech eng gutt Iddi. Wéini ass dee Stréck-Café? A kann et do och als Ufänger kommen? Lisa: Normalerweis all zweete Samschdeg am Nomëtteg. A jo, jiddereen ass wëllkomm. Wann s du wëlls, kanns du eng Kéier matkommen. Nora: Dat ass eng gutt Iddi. Da kucken ech emol, ob ech eng Inspiratioun kréien, fir eppes ze strécken oder ze heekelen.
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut hu mir eng Enseignante aus dem INLL bei eis am Studio, déi eis e bëssen iwwer hir Aarbecht als Schrëftstellerin erzielt.D'Jackie liest eis zum Schluss och e klengen Extrait aus sengem Buch ,,Pappendag'' vir.Umellung fir de Schreifatelier am INLL: https://www.inll.lu/fr/event/ateliers-ecriture-creative-2/Vill Spaass beim Nolauschteren!




