DiscoverEuropa Aktuell
Europa Aktuell
Claim Ownership

Europa Aktuell

Author: radio 100,7

Subscribed: 13Played: 264
Share

Description

Hannergrënn iwwer déi europäesch Aktualitéit, vun eise Journalisten a Bréissel-Korrespondenten. An Zesummenaarbecht mam Reseau Euranet Plus
358 Episodes
Reverse
Woufir steet de Politiker? Eis Europakorrespondentin Danièle Weber huet zu Budapest mat Experte geschwat.
D’Europaparlament stëmmt iwwert den EU-US-Handelsaccord of, nodeems d’Diskussiounen doriwwer widderhuelt op Äis geluecht gi waren. D'Parlament hat dee Vott ausgesat, no de Menacë vum Donald Trump, fir d’Taxen nees an d’Luucht ze setzen an d’USA domat gedreet hate Grönland ze annektéieren oder awer nodeems dat iewescht Geriicht an den USA déi amerikanesch Douanestaxen als net gülteg deklaréiert hat. Et gëtt elo awer erwaart, datt d’Parlament säi Blockage opgëtt - dee “Jo” allerdéngs u Konditioune knäppt. Explikatioune vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.
An der europäescher Debatt iwwer den Irankrich huet bis elo virun allem de spuenesche Premier Pedro Sanchez erausgestach. Hien hat déi amerikanesch-israeelesch Attacke besonnesch däitlech kritiséiert. D’Presidentin vun der Europäescher Kommissioun, d’Ursula von der Leyen, huet dat wéi vill anerer net gemaach an hat e Méindeg duerch eng Ausso fir Diskussioune gesuergt. Europa kéint net weider iwwer déi al Weltuerdnung waachen. Déi wier fort a kéim net erëm, esou d’Cheffin vun der Kommissioun. Dës Ausso gouf hir als eng Zort Support fir dem Donald Trump seng Politik op der internationaler Tribün ausgeluecht. Zum Beispill e Mëttwoch am Europaparlament - wou d’Debatt iwwer de Krich am Iran och däitlech gemaach huet, wéi ënnerschiddlech dorop an der EU reagéiert gëtt.
Zanter 1973 verkeeft den Ali Akbar Dageszeitungen an de Stroossen, Caféen a Restauranten am Paräisser Staddeel Saint-Germain-des-Prés. Hien ass dee leschte sougenannte “vendeur de journaux à la criée” a Frankräich, vläicht esouguer an Europa. Fir säin Engagement krut hien am Januar eng Éierung vum President Macron - een ale Bekannte vum Zeitungsverkeefer. De Max Tholl huet den Ali Akbar op senger deeglecher Tournée zu Paräis begleet.
Bréissel verweist en Vue vun der Fuerderung vun der Biergerinitiativ My voice my choice op den Europäesche Sozialfonds, dee kéint fir den Accès op Avortemente geholl ginn.
D'Deputéiert vun der Assemblée nationale hu sech fir déi entspriechend Gesetzespropos ausgeschwat. Eise Korrespondent Max Tholl analyséiert den Debat.
Les PFAS, ces substances chimiques plus connues sous le nom de “polluants éternels”, vont faire parler d’eux, cette semaine, au Parlement européen. Des discussions auront lieu cet après-midi, entre eurodéputés et experts, sur l’accumulation dans nos cours d’eau et nos aliments de PFAS hautement persistants utilisés dans les pesticides. Demain, d’autres députés débattront, eux, de l’importance des PFAS pour la compétitivité de l’industrie européenne. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.
An der EU kënnt eng al Iddi nees op: Een Europa mat zwou Vitessen - gemengt ass, datt sech verschidde Länner zesummendinn an a bestëmmte Beräicher ouni de Rescht zesummeschaffen. An den Traitéen ass dës sougenannte “coopération renforcée” virgesinn - et gouf awer meeschtens probéiert, dee Fall ze evitéieren. Mee, en vue vum ekonomeschen Drock, deen an der Lescht staark gewuess ass, schéngen elo verschidden EU-Länner prett ze sinn, op dee Wee ze goen. Lëtzebuerg kéint do de Kierzeren zéien.
Mir hu mat der Chefredaktesch vu Contacto a Radio Latina, Manuela Pereira, iwwer d'Prioritéite vum zoukënftege President vu Portugal geschwat. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.
Engem Handels-Ofkommes mat Indien steet d’Lëtzebuerger Regierung positiv géintiwwer, sou de Xavier Bettel am 100,7-Interview. Virun allem am Beräich vun de Finanze gesäit hie “grouss Opportunitéiten” fir de Grand Duché. D'Danièle Weber huet mam Aussen- an Handelsminister geschwat.
D’EU ass sech net eens, wéi op déi neisten Annonce vum amerikanesche President Donald Trump soll reagéiert ginn. Wéi wäit d’Positiounen auseernee ginn, weist ee Stëmmungsbild queesch duerch d’Parteien Europaparlament. Déi zwou Parteien, déi zu Lëtzebuerg an der Regierung an enger Koalitioun sinn, si komplett anerer Meenung.
D'Souveränitéit vu Grönland wier net negociabel, seet de President vun der aussepolitescher Kommissioun am Europaparlament David McAllister.
Zil ass et, Secteuren, déi besonnesch vill Energie verbrauchen, méi kompetitiv ze maachen an ze verhënneren, datt sech méi Entreprisen aus Europa zeréckzéien. Detailer vum Danièle Weber
Am Europaparlament rumouert et - virun allem nodeems déi lescht Woch d’Europäesch Vollekspartei eng Majoritéit zesumme mam riets-extreeme Bord gesicht (a fonnt) huet - d’Brandmauer no riets wier gebrach, esou de Reproche vun de Sozialisten, de Liberalen an deene Gréngen. Elo freet ee sech, wéi et virugeet. Zum Beispill beim Vott haut iwwer dat an der Tëschenzäit ëmstriddent Reglement iwwer d’Deforestatioun, wat dem Ofholze vu Bësch bei eis, mee och an de Länner vum Süden, entgéintwierke soll. Wéi déi Lëtzebuerger EU-Deputéiert haut ofstëmme wäerten, dat weess eis Korrespondentin d'Danièle Weber.
Et gëtt een Accord fir een neie Budget an der Belsch. Mee dat ass net nëmmen eng gutt Nouvelle. E Streik riskéiert d'Land ze paralyséieren. Mir maachen de Point mat eiser Korrespondentin Agathe Cherki.
Zwou grujeleg Dote schockéiere Frankräich. Zu Marseille gouf d’lescht Woch de Brudder vum Aktivist Amine Kessaci erschoss, dee sech géint d’Drogegewalt an der Stad engagéiert. De Weekend gouf zu Grenoble een 12 Joer jonke Bouf ugeschoss - och dës Dot ass wuel op den Drogemilieu zeréckzeféieren. En Dënschdeg hat de President Emmanuel Macron eng Krisesëtzung aberuff, d’Regierung wëllt elo méi strikt géint d’Drogebande virgoen.
Och an Däitschland suergt eng ugekënnegt Pensiounsreform fir vill Diskussiounen, esouguer bannent der Koalitioun. Explikatioune vun eisem Korrespondent Matthias Kirsch
Zwou grujeleg Dote schockéiere Frankräich. Zu Marseille gouf d’lescht Woch de Brudder vum Aktivist Amine Kessaci erschoss, dee sech géint d’Drogegewalt an der Stad engagéiert. De Weekend gouf zu Grenoble een 12 Joer jonke Bouf ugeschoss - och dës Dot ass wuel op den Drogemilieu zeréckzeféieren. En Dënschdeg hat de President Emmanuel Macron eng Krisesëtzung aberuff, d’Regierung wëllt elo méi strikt géint d’Drogebande virgoen.
Déi aktuell Europäesch Kommissioun ënner hirer Presidentin Ursula von der Leyen huet bekanntlech d’Simplificatioun administrative ganz uewen op hir Agenda gesat. Elo soll do eng weider Etapp agelaut ginn an een neie Pak vu vereinfachte Reegele presentéiert ginn: Dës Kéier geet et ëm Gesetzer, déi déi digital Welt reegele sollen. D’Zil vun de proposéierten Ännerunge wier et, Entreprisen ze entlaaschten an d’Entwéckele vun neien Technologië wéi der Kënschtlecher Intelligenz méi einfach ze maachen, esou d’Kommissioun. Mee schonn am Virfeld suergt dee Projet fir Opreegung: Am Europaparlament schloen déi Gréng, déi Liberal an d’Sozialisten Alarm - a schwätzen dovun, datt Grondpiliere vum europäeschen Dateschutz elo nees a Fro gestallt ginn.
Ass d’Brandmauer no riets elo definitiv gebrach? Déi Fro gëtt sech am Europaparlament gestallt - no engem Vott de Donneschdeg iwwer dat europäescht Liwwerkettegesetz. Fir een ofgeschwächten Text vun där Direktiv huet nämlech eng Majoritéit gestëmmt, déi sech haaptsächlech aus Vertrieder:inne vun der Europäescher Vollekspartei a vu rietsen- respektiv rietsextreeme Fraktiounen zesummegesat huet. Dat gouf et esou virdrun nach net - d’Sozialisten, déi Liberal a Gréng hunn duerno net mat Kritik gespuert - si werfen der EVP Erpressung vir. D’Partei hätt amplaz e Kompromëss an der politescher Mëtt ze sichen, bewosst mam rietse Bord zesummegeschafft. D’Danièle Weber iwwer dee Vott an doriwwer, wat dat fir d’Zukunft bedeit.
loading
Comments