DiscoverEuropa Aktuell
Europa Aktuell
Claim Ownership

Europa Aktuell

Author: radio 100,7

Subscribed: 13Played: 256
Share

Description

Hannergrënn iwwer déi europäesch Aktualitéit, vun eise Journalisten a Bréissel-Korrespondenten. An Zesummenaarbecht mam Reseau Euranet Plus
322 Episodes
Reverse
E puer Wochen nom Attentat op den Charlie Kirk probéieren och déi europäesch Riets-Extreem den Doud vum ëmstriddenen US-Amerikaner fir hir Zwecker ze notzen. Dat mengt den Olivier Hanrion vun der belscher RTBF a senger neister Chronik.
Déi europäesch Wirtschaft géif nach ëmmer ze lues dréien - dee Constat huet dee fréieren EZB-Chef Mario Draghi dës Woch gemaach. An zwar net fir d'éischt.
Zanter 2011 kommen déi Lëtzebuerger an déi franséisch Regierung all Joer fir eng Commission intergouvernementale zesummen. Gëschter hätt et souwäit solle sinn, just a Frankräich gëtt et den Ament keng Regierung, also gouf dës Reunioun verluecht. De Problem ass, datt dat schonn d’lescht Joer de Fall war, esou datt wichteg Sujeten op Äis leien.
De fréiere brasilianesche President Bolsonaro soll e Staatsstreech geplangt hunn a steet elo viru Geriicht. De Jean-Claude Gerez aus Brasilien gëtt Detailer.
Viru 15 Méint waren an der Belsch Regionalwalen, mee Haaptstadregioun huet nach ëmmer keng Regierung zesumme kritt. Ee grousse Problem fir de Veräinssecteur erkläert d'Aghate Cherki.
Frankräich kënnt net zur Rou. Alt nees muss e Premier no enger kuerzer Amtszäit a wéinst dem Budget goen. Néng Méint war de François Bayrou am Amt, gëschter Owend krut hie bei der Vertrauensfro keng Majoritéit a wäert elo de Moie beim President Emmanuel Macron seng Demissioun areechen. Frankräich kritt deemno säi fënnefte Premier bannent zwee Joer.
D’Europäesch Kommissioun wëll eng Exklusivitéit fir verschidde Fleesch-Nimm gesetzlech festleen. Op de Päck vu planzleche Produiten sollen Hiweiser op Änlechkeeten mat Fleeschzorten verbueden ginn. De Begrëff “Burger” wier zwar nach erlaabt, de Veggie-Secteur schléit trotzdeem Alarm.
Dat wat déi Europäesch Kommissioun mat den USA ofgemaach huet, wier net genial, mee akzeptabel - esou hat de Premier Luc Frieden déi lescht Woch den Accord iwwer Douanestaxe kommentéiert. Am Europaparlament awer gëtt d'Kritik iwwer deen Deal ëmmer méi haart. D'EU hätt just dem Drock vun den USA noginn, seet de President vun der parlamentarescher Handelskommissioun, de Bernd Lange. Keen eenzegt Land ass besser dovu komm - hält d’Sabine Weyand, eng vun de Chef-Negociateure vun der EU-Kommissioun dergéint. Si stoung virgëschter den EU-Deputéierte Ried an Äntwert a krut do vill Géigewand. Ass d’Europaparlament deemno prett, den Deal ze kippen? Explikatioune vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber
Déi däitsch Politik ass zeréck aus der Summerpaus an d’Regierung zu Berlin huet vill opzeschaffen. Unioun an SPD si sech an de leschte Wochen ëmmer nees un d’Guergel gaangen, gëschter koumen d’Parteispëtzen an der Koalitiounskommissioun zesummen. Am Raum stoung d’Fro: Fannen CDU, CSU an SPD nees beieneen oder eskaléiert de Sträit an der Regierung?
De franséische Premier Bayrou wëllt am Sträit ëm de Budget d'Vertrauensfro stellen. Wéi geet et a Frankräich weider? Eise Korrespondent Max Tholl mat Aschätzungen.
Déi Europäesch Kommissioun ass drop an dru verschidde Gesetzesprojeten op den Dësch ze leeën, déi dofir suerge sollen, datt europäesch Douanestaxen op amerikanesch Industriegidder op Null gesat ginn. Dorënner géifen zum Beispill amerikanesch Autoe falen. Deem Deal no géifen op europäesch Produite 15 Prozent Taxen an den USA erhuewen. D’Detailer iwwer deen Accord suerge fir ëmmer méi Diskussiounen. Wéi ass dat, wat um Dësch läit, ze bewäerten a wat sinn déi nächst Schrëtt? Aschätzunge vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber
Iwwerall an Europa huelen Haassrieden oder awer Strofdoten aus Haass zou. Fir op europäeschem Niveau dogéint virzegoen hat déi Europäesch Kommissioun schonn 2021 eng Propos gemaach, déi Infraktiounen op d’Lëscht vun den europäesche Crimmen ze setzen. Zil war et och, datt déi 27 EU-Länner hir Approche openeen ofstëmmen. Den Ament ass déi legal Situatioun jee no Land zimmlech verschidden. Den Dossier ass awer blockéiert, d'Justizministere sinn net presséiert en unzegoen. Firwat? D’Danièle Weber ass zesumme mam Agathe Cherki der Fro nogaangen, ob d'Propos endgülteg begruewen ass.
Wéi kéint e Fridden an der Ukrain ausgesinn? A virun allem: Wéi kéint séchergestallt ginn, datt dee Fridden och unhält? Op déi Froe ginn et bis ewell nach keng kloer Äntwerten. Op engem Punkt ass den ukrainesche President awer ganz däitlech: Säi Land brauch Sécherheetsgarantien, op déi et sech ka verloossen, éier e Friddensaccord kann ënnerschriwwe ginn. An eng Méiglechkeet fir d’Ukrain op Dauer viru russeschen Ugrëff ze schützen wier europäesch Zaldoten an der Ukrain ze stationéieren. Wéi kéint esou eng Missioun funktionéieren? Explikatioune vum Klemens Fischer, Professer fir international Relatiounen op der Uni zu Köln.
Am Nordweste vu Spuenie kämpfen zanter zwou Wochen d’Pompjeeën an d’Arméi géint déi gréisste Bëschbränn, déi d’Land jee erlieft huet. Véier Leit koume bis elo dobäi ëm d’Liewn. A wéi et fir déi nächst Deeg ausgesäit, dat s eis Spuenien-Korrespondentin Aurélie Chamerois eis soen.
Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj reest mat Verstäerkung aus Europa an déi amerikanesch Haaptstad - hie gëtt begleet ënner anerem vun der Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen, vum däitsche Kanzler Friedrich Merz, vum franséische President Emmanuel Macron - och de brittesche Premier Keir Starmer an den Nato-Generalsekretär Mark Rutte sinn derbäi.  Wat ass de But vun där Reunioun a wéi wäit konnt bis elo déi Europäesch Unioun hir Ziler mat an déi lafend Verhandlunge mat Russland erabréngen? Explikatioune vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber
E Freideg setze sech den amerikaneschen an de russesche President an Alaska zesumme fir iwwer ee méiglecht Enn vum Krich ze schwätzen. Wéi eng Roll spillt dobäi déi Europäesch Unioun? Konnt si sech dës Kéier méi staark abréngen? Doriwwer schwätze mir mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.
Sollt Israel keng Mesuren treffen, fir dem Krich an der Gazasträif en Enn ze setzen, wëllt London dee Schrëtt maachen. Et ass eng 180-Grad Wendung vum brittesche Premier Keir Starmer. Eis Korrespondentin Marie Billon huet d'Detailer.
Virun engem Joer ass en éischt europäescht Gesetz a Kraaft getrueden, dat e legale Kader fir déi Kënschtlech Intelligenz schaaft. Zanterhier schafft d’EU-Kommissioun drun, datt dëse Pionéier-Text och richteg ëmgesat gëtt. An deem Kontext huet d’Kommissioun viru gutt 14 Deeg e Code de bonnes pratiques - also e Verhalenskodex - fir d’KI presentéiert. Fournisseuren an Notzer vu Kënschtlecher Intelligenz, déi an der Europäescher Unioun täteg sinn, sollen dëse Kodex ënnerschreiwen. D’Ausaarbechtung vum Text war komplizéiert an huet méintelaang gedauert.
Zäiten an deenen iwwer europäesch Migratiounspolitik gestridde gouf, schéngen eriwwer ze sinn. Déi dänesch Premierministerin huet se zur Chef-Saach gemaach a mécht keen Heel doraus, datt si gäre géing duerchgräifen, virun allem andeems nach manner Migranten an d’EU erakommen an der méi nees heemgeschéckt ginn. Um Dësch léiche konkret Proposen, déi och de Wee fräimaache kéinte fir esou genannte Return hubs, esou d’Annonce vun der Mette Frederiksen ufanks Juli. Doriwwer hunn en Dënschdeg (22.7.) d’Ministeren aus de 27 EU-Länner op enger informeller Sitzung zu Kopenhagen diskutéiert. Ëmmer manner Länner schéngen dogéint ze si fir Léisungen an der Migratiounspolitik no baussen ze verleeën.
Schwammen an der Seine

Schwammen an der Seine

2025-07-1704:03

Niewent dem Eiffeltuerm oder bei der Notre-Dame schwammen? Dat ass zanter dem 5. Juli zu Paräis méiglech. Leschte Summer war d’Seine scho fir d’olympesch Kompetitioune genotzt ginn, elo ass de Floss och fir de Grand Public op - wann och just op dräi Plazen. Nach ass awer net jiddwereen an der Stad iwwerzeegt, well d’Waasserqualitéit fir Diskussioune suergt. De Max Tholl war fir eis kucken.
loading
Comments