DiscoverWatLeeft! - De Lafpodcast fir Lëtzebuerg
WatLeeft! - De Lafpodcast fir Lëtzebuerg
Claim Ownership

WatLeeft! - De Lafpodcast fir Lëtzebuerg

Author: WatLeeft

Subscribed: 9Played: 85
Share

Description

Wëllkomm bäi WatLeeft!, dem Lafpodcast fir Lëtzebuerg.
Hei erwaarden dech wéchentlech News aus der nationaler an internationaler Laafszene, Trainingstipps, Empfehlungen fir Coursen an Deepdives an Laafspezifesch Themen.
Gelegentlech wäert och mol deen een oder anere Gaascht aus der Lëtzebuerger Laafszene op Besuch sinn a seng Siicht op eise Liblingssport zum beschte gin.
33 Episodes
Reverse
Dësst ass effektiv eis läschten Episode.. Mee keng Angscht, et wärt och an Zukunft genuch lëtzebuerger content zum Thema laafen gin. Wei et weidergeet heiert der an deser Episode.Trotzdem hate mir eis nach sou muches ze zielen, also all Grond nach eng läschte Kéier eranzelauchteren!
Duathlon a Biathlon, haaptsach net normal lafen goen war de weekend d´Devise.Mir machen e klengen Deepdive an déi 2 Disziplinen.Et goufen de Weekend dann och an 2 Disziplinen national Championen gekréint.Kontakt:Email: watleeft.pod@gmail.comIG: @watleeft.podcast
D´Jil huet de Weekend zu Innsbruck säi klenge Fail vun Hamburg erem gudd gemach. Säin eichten Alpen-Trail war e volle Succès an et klengt wéi wann d´Motivatioun do wier an Zukunft och e besse méi schwéier Trail-Projeten an ungreff ze huelen. Alles dozou an der Episode vun haut!Kontakt:Email: watleeft.pod@gmail.comIG: @watleeft.podcast
D´Jil ass de Weekend um Marathon zu Hamburg un de Start gangen leider ass et awer net duer gangen fir d’Ziellinn ze gesin. Wat genau geschitt ass etzielt et eis haut.Et ass awer net alles verluer well dëse Weekend geht et direkt weider op Innsbruck wou fir d’Jil den eichten Alpen-Trail um Programm steht.Kontakt:Email: watleeft.pod@gmail.comIG: @watleeft.podcast
Um Ousterweekend si mir Leefer traditionell zu Gréiwemacher am Asaatz.5 an 10km stoungen um Menü an wei et gangen ass erfuert der haut. Ausserdem verréit d’Jil eis wat dann elo säin Plang ass fir de Marathon nächste weekend.Kontakt:Email: watleeft.pod@gmail.comIG: @watleeft.podcast
It´s Raceday huet et de Weekend geheecht!Fir den Tom war et endlech sou wäit. Dei 14 Wochen Training sin dese Weekend zu Paräis op d´Prouf gestallt gin a bäim Jil stoung de läschten Test un bevir et och fir het eecht gëtt.Alles zu eisenCoursen an der Episode vun dëser Woch.Kontakt:Email: watleeft.pod@gmail.comIG: @watleeft.podcast
Fir den Tom steht nächste Weekend endlech de Marathon de Paris un an d´Jil geht vir seng Testcourse zu Louvain iwwer 21km un de Start. Mir hun allen zwee spezifech Strategien fir eis Course an iwwert déi schwätze mer haut.Ausserdem  huet an der Liichtathletik en neit Format dese Weekend fir d’éicht Kéier stattfonnt wat eventuell kéint alles e bessen op d´Kopp geheien. Alles dozou an der Episode vun deser Woch!Kontakt:Email: watleeft.pod@gmail.comIG: @watleeft.podcast
Mir hun alt erem vill Redebedarf well mir eis erem zwou Wochen net gesin hun. Mir sin allen zwee ganz zefridden mat eiser Leeschtung um Nordstadsemi mee dat wat d´Patrizia op der WM geleecht huet stellt alles an de Schiet.Zousätzlech hu mir nach eng Diskussioun wei wäit eigentlech nei Technoligie sportlech Leechtung beaflossen dierf.Kontakt:Email: watleeft.pod@gmail.comIG: @watleeft.podcast
De Weekend ass d´Liichtathletik Indoor WM a mir hoffen op vill spannend Coursen mee natierlech hu mir och e puer Letzeboier um start. Wat kenne mer eis erwaarden?An fir all déi déi net grad schnell genuch sin fir de Weekend op der WM ze lafen, mir gesin eis de Weekend zu Diekirch! :)Kontakt:Email: watleeft.pod@gmail.comIG: @watleeft.podcast
Et stoung fir eis béid läschte Weekend Championnat un a komescherweis gouf et bei eis béid e besse Problemer bäi der Arrivée.Virun allem geet et haut awer em de Bols, wéi ermettelt een eigentlech säi Maximalbols a wéi rechent een seng Bols-zonen? A wann een déi bis huet, wat mecht een eigentlech domat? All dat kläre mer haut?Kontakt:Email: watleeft.pod@gmail.comIG: @watleeft.podcast
#21 - Worldrecordmania

#21 - Worldrecordmania

2025-02-1933:15

De nächste Weekend steht fir eis allebéid Championnat un, awer a ganz verschiddenen Disziplinen. Mee vill méi wichteg ass eigentlech d` Fro: Wat leef? Jo, Wat leeft an der Liichtathletikswelt, 5 Weltrekorder a manner wéi enger Woch?!* Dee 5ten hu mer effektiv souguer vergiess unzeschwätzen.. Den Jacob Kiplimo brescht zu Bercelona net nemmen de Rekord um Semi-Marathon mee gläichzäiteg och säin eegene Rekord op de 15km.Kontakt:Email: watleeft.pod@gmail.comIG: @watleeft.podcast
Eent vun eise Lieblingsthemen ass jo bekanntlechdoriwwer ze schwätzen wei mir grad fir e Marathon trainéieren. Mee wat heecht et eigentlech wierklech wann een sech virhellt en Marathon ze lafen a wou ass eventuell den Ennerscheed zum Training fir aner Distanzen? Dat an awer iwwert eng ganz Rei ganz starke leeschungen op der Weltbühn schwätze mir haut!Kontakt:Email: watleeft.pod@gmail.comIG: @watleeft.podcast
Mir bleiwen bäim Thema Ernährung. Wat as eigentlech d´Theorie hannert der Ernährung fir d´Kompetitioun. Wéi funktionéiert Carbloading a wat huet et eigentlech mat denen Gels op sech. Alles dozou an der Episode vun haut! Kontakt: Email: watleeft.pod@gmail.com IG: @watleeft.podcast
#18 - Honger op méi!

#18 - Honger op méi!

2025-01-2939:44

Mir haten allen zwee e relativ ambitiéise Weekend mee et ass définitiv net alles no Plang gangen.. mee mer hun dat bäscht draus gemach!   Virun allem wëlle mer mer haut iwwert d’Ernährung schwätzen. Wat brauch de Kierper eigentlech vir effizient ze schaffen a wei regeneréiert een am bäschten? Kontakt: Email: watleeft.pod@gmail.com IG: @watleeft.podcast
Mir starten mat voller Motivatioun an dat neit Joer a stelle fest dass mir scho vill Welles hun. Dat gellt natierlech net nemme fir eis mee bäi fille Leit halen déi gudd Virsätz net ganz lang, dofir schwätze mir haut doriwwer wat et fläicht fir Tricke gin fir sech selwer e bessen ze motivéieren um Ball zu bleiwen. Kontakt: Email: watleeft.pod@gmail.com IG: @watleeft.podcast
D´ Trailchampionnat ass wuertwiertlech gelaf an domat heecht et elo mol e bessen chillen, op mannst mol fir den Tom.. D´ Jil leisst sech eng läscht corse fir dësst Joer warscheinlech net entgoen. Mee virun allem wëlle mir haut e Réckbleck op d`Joer 2024 machen a wat eis Top 5 Momenter desst Joer machen. Heimat wënsche mir och all eise Nolauchterer schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an d` neit Joer. Mir Heiren eis am Januar! Kontakt: Email: watleeft.pod@gmail.com IG: @watleeft.podcast
Chreschtdag kennt lues awer secher mei no a wee kennt et net, et brauch een nach deen een oder anere last minute Kado. Haut schwätze mir driwwer wat déi bäschten Kadoen sin déi een sengem Laafbuddy mache kann. D'Jil zielt eis awer och wei et him a senger éichter Woch mat engem neien Trainer ergangen ass an den Tom ass frou wann de Weekend d'Trail-Championnat eriwwer ass ann et zäit gett e bessen ze chillen. Kontakt: Email: watleeft.pod@gmail.com IG: @watleeft.podcast
D´Jil huet e neien Trainer an doduerch och e bessen nei Motivatioun, den Tom huet säin éichten Training an der Coque an tässelt sech den Dag duerno bäim Trail lafen gudd an de Bulli.  Kontakt: Email: watleeft.pod@gmail.com IG: @watleeft.podcast
D'Jil war um Start um Cross-Championnat. E Podium war zwar net dran mee driwwer schwätze kenne mer op allefall! D'Haaptthema vun haut sin awer d'Supershoes, mee wat ass dat eigentlech an fir ween sin déi eigentlech? Kontakt: Email: watleeft.pod@gmail.com IG: @watleeft.podcast
Et gëtt vill ze din! Mir machen de Debriefing vum DeuLux Lauf a vum Trail Uewersauer, zwou bekannt Coursen am lëtzebuerger Laafkalenner. Mir schwätzen awer och e bëssen iwwert d´Crossen déi waren a nach kommen a natierlech dierf de wëchentleche Weltrekord net fehlen! Kontakt: Email: watleeft.pod@gmail.com IG: @watleeft.podcast
loading
Comments 
loading