Discover
Wat lauschters du?
87 Episodes
Reverse
"All Kéier Anescht" ass de Podcast vum Service national de l’éducation inclusive (SNEI) fir d‘Enseignanten zu Lëtzebuerg. An der éischter Serie „Schüler am Autismus-Spektrum – Alldag an der Schoul“, realiséiert a Kooperatioun mam Centre pour enfants et jeunes présentant un trouble du spectre de l’autisme (CTSA), ginn déi vill Gesiichter vum Autismus am Bildungskontext beliicht. Et gi 6 Episode vun ongeféier enger hallwer Stonn.
De Bob Blume ass Enseignant a Bildungsinfluencer. Am däitschen SWR-Podcast „Die Schule brennt“ sicht hien zesumme mat Expert:innen no Léisunge fir déi ënnerschiddlech Erausfuerderunge vum Bildungssystem.
All zweete Méindeg kënnt e neien Episod eraus. An den éischten 3 Staffele vum Podcast hunn och prominent Perséinlechkeeten iwwert hier Schoulzäit geschwat a wat do gutt a manner gutt gelaf ass.
„Wirecard: 1,9 Milliarden Lügen“ erzielt de spektakuläre Fall vum däitsche Bezuelungsdéngscht Wirecard, dee vun engem gefeierten DAXX-Konzern zu engem vun de gréisste Finanzskandaler an Europa ginn ass. D'Investigativjournalisten vun der Süddeutschen Zeitung kombinéieren exklusiv Recherchen, Originaltéin an eng spannend Erzielweis zu engem richtege Wirtschaftskrimi. Am Mëttelpunkt stinn de fréieren CEO Markus Braun an de bis haut flüchtege Jan Marsalek, deem seng Geschicht ëmmer méi a Richtung Spionage féiert. Sou gëtt aus engem komplexe Finanzthema e spannende Podcast, deen och ouni wirtschaftlecht Virwëssen nozevollzéien ass.
D'Geschicht vun den USA un Hand vun honnert Objeten, déi op den éischte Bléck ganz alldeeglech wierken, mee eng aussergewéinlech Geschicht verstoppen. Mat vill Atmosphär, exzellenter Produktioun an engem rouege Storytelling mécht de Roman Mars aus all Géigestand eng Rees duerch déi amerikanesch Vergaangenheet. De Podcast gëtt vun der BBC produzéiert a leeft am Feed vum bekannte Podcast “99% Invisible”.
Den "Happy Hippo"-Podcast ass e Lëtzebuergeschen Ënnerhalungspodcast, an deem d'Hosts op eng humoristesch Manéier iwwer Alldag an aktuell Theemen, Popkultur an Erfarunge schwätzen. Et ass dee Laberpodcast zu Lëtzebuerg mat neien Episoden zënter 2017, deen am längste leeft. De Podcast huet mëttlerweil iwwer 200 Episoden a gehéiert zu de bekanntste Podcasten zu Lëtzebuerg.



