DiscoverMoiesstudio
Moiesstudio
Claim Ownership

Moiesstudio

Author: radio 100,7

Subscribed: 55Played: 1,164
Share

Description

Besser informéiert an den Dag
1617 Episodes
Reverse
Dikkrecher Kavalkad

Dikkrecher Kavalkad

2026-02-1305:15

Scho fir d'58. Kéier fueren e Sonndeg d'Fuesween duerch d'Ieselsstad. De Sandro Dimola aus dem Organisatiounscomité gëtt Erklärungen zu de leschte Preparatiounen.
Kënnbakesteeën

Kënnbakesteeën

2026-02-1304:35

Zanter leschtem Joer ass d'Traditioun vun der Kënnbakestee op der UNESCO Lëscht vum Patrimoine immateriel. Zu Boukels preparéiert d'Vereenegung vun de Vältesfrënn déi Stee.
Mir kucken a lauschteren eis mat eisem Programmchef Yves Stephany d'Äntwerten un, déi mir op eis Fro vun der Woch erakruten. A froen och hien, firwat Radio fir hien esou besonnesch ass.
Fir der ländlecher Bevëlkerung hei am Land den Zougank zu Finanzservicer méiglech ze maachen, war virun 100 Joer d’Bank Raiffeisen gegrënnt ginn: den 9. Februar 1926. Hiren 100. Anniversaire huet d’Bank Raiffeisen gëschter Owend a Presenz vum Grand-Duc Guillaume, dem Premier Luc Frieden (CSV) an iwwer 1.200 weidere Gäscht an der Rockhal op Esch-Belval gefeiert. An d’Moderniséierung vum Kreditgeschäft sollen an den nächsten dräi Joer 10 Milliounen Euro fléissen. Dat huet d’Bank Raiffeisen am Kontext vun hirem 100. Anniversaire ugekënnegt.
Et gëtt ëmmer méi schwiereg fir just vun der Wäiproduktioun ze liewen. En neien Aktiounsplang soll dofir suergen, datt d'Wënzer sech kënnen en zweet Standbeen opbauen. De Gilles Estgen, President vum Regionalen Tourismusbüro fir d’Muselregioun gëtt PrEzisiounen.
Gëschter Owend (12.2.) huet déi 76. Editioun vum Filmfestival zu Berlin mat der Projektioun vum Film "No Good Men" vun der iranescher Realisatrice Shahrbanoo Sadat ugefaangen. De Jeff Schinker mellt sech aus der däitscher Haaptstad.
Skeleton

Skeleton

2026-02-1302:18

Bei den Olympesche Wanterspiller an Italien ass et haut d’Finall bei de Männer vum Skeleton. Dat ass eng Disziplin, bei där een op engem Schlitt mam Kapp no vir eng Äispist eroffiert. Nëmmen d’Vitess zielt. De Simon Larosche mat méi Detailer.
Dee fir d'Siderurgie zoustännegen LCGB-Sekretär Robert Fornieri nennt d'Froen, déi d'Gewerkschafte gär beäntwert kréichen.
D'Liz Conzemius ass amtéierend Weltmeeschterin an huet Ufank Februar och un der Competitioun, déi parallel zu den Australian Open gespillt gouf, deelgeholl. Si huet eis e wéineg méi iwwer dës ongewéinlech Sportaart verroden.
D'Konzept, dat et schonn a Supermarchéë gëtt, gouf elo och a verschiddene Restaurante lancéiert.
Spéitstens zënter den Iwwerschwemmunge vum Juli 2021 léisst d'Theema Fréiwarnsystemer den Hydro-Meteorolog Jeff Da Costa net méi lass.
Dee fir d'Siderurgie zoustännegen LCGB-Sekretär Robert Fornieri nennt d'Froen, déi d'Gewerkschafte gär beäntwert kréichen.
Schonn zënter den Olympesche Wanterspiller 1964 zu Innsbruck ass Rennrodelen festen Deel vum olympesche Wanterprogramm. Beim Rodele fueren d’Athleeten an Athletinnen op engem Schlitt duerch e veräiste Kanal. Mam normale Schlittfueren, wat ee selwer vun heiheem kennt, huet d’olympesch Sportaart awer näischt méi ze dinn.
De Wiederservice Meteolux huet eng éischte Kéier d’Donnéeë vun de leschten 12 Joer iwwer d’Verdeelung, d’Heefegkeet a besonnesch Eegenaarte vu Blëtzer analyséiert. Dat gouf et bis ewell zu Lëtzebuerg nach net. Meteolux huet dat an Zesummenaarbecht mam belsche Blëtzortungsnetzwierk BELLS gemaach an dobäi interessant Faiten entdeckt.
30.000 Päck ginn all Dag eleng a Frankräich verluer respektiv net recuperéiert. Mee wat geschitt am Fong mat deene Commanden, déi ni bei hirem Destinatär ukomm sinn. King-Colis ass eng franséisch Societéit, déi verluere Päck bei grousse Logistik-Firmaen opkeeft a se als Iwwerraschungspäck nees an d’Vente gëtt, och zu Lëtzebuerg.
Wann d'Nordesch Kombinatioun am Virfeld vun den Olympesche Wanterspiller 2026 am Fokus stoung, dann net onbedéngt aus sportleche Grënn. De Grond: Et ass déi eenzeg Sportaart op den Olympesche Wanterspiller, bei där et keng Fraekompetitioun gëtt. Et ginn also just Männer un de Start.
De Kannerdokter Serge Allard erkläert, wou de Problem mat de Ceruliden hierkënnt, wat den Impakt ass A wéi hien d'Kommunikatioun vun den Autoritéite gesäit.
De Premier- a Medieminister huet gëschter an der Chamber op déi ëmstridden Ausso vum Ëmweltminister Serge Wilmes reagéiert, fir deen en Interview ëmmer win-win muss sinn.
De Mierscher DP-Buergermeeschter Michel Malherbe erkläert, firwat Miersch keng einfach Gemeng méi wëllt sinn, mee eng Stad wëllt ginn. Souguer wann et näischt bréngt.
D'Union syndicale huet dem Premier erëm geschriwwen a beklot sech iwwer "vill verlueren Zäit". Den LCGB-President Patrick Dury erkläert, firwat d'Gewerkschaften nees Drock maachen.
loading
Comments