Discover
Moiesstudio

1110 Episodes
Reverse
D’Paule Rodesch huet sech mat der Stefanie Simonelli ënnerhalen, déi sech am SIP, dem Service Info et Presse, ëm d’Medienorganisatioun këmmert, fir e wéineg méi iwwer hir Aarbecht hanner de Kulisse gewuer ze ginn.
Mir froen eis Korrespondent, wat genee seng Roll ass bei de Festivitéite fir den Trounwiessel.
Gëschter Owend war op der rouder Bréck d‘Generalprouf fir e Samschdeg Owend, wann deen neie Grand-Duc no senger feierlecher Tournée uechter d‘Land an der Haaptstad ukënnt. Et soll den Héichpunkt gi vun de Festivitéite ronderëm den Trounwiessel. D'Paule Rodesch war derbäi an hues eis e puer Andréck vun där Repetitioun matbruecht.
Bei eis am Studio ass d'Royal-Expertin Annelie Malun, déi den Trounwiessel zu Lëtzebuerg fir den däitsche Sender SWR couvréiert.
Den neie Grand-Duc Guillaume gëtt um 11 Auer de Moien an der Chamber vereedegt. De Pierre Reyland schwätzt mam Chamber-Generalsekretär Laurent Scheeck iwwer déi historesch Zeremonie an der Plenière vum Parlament.
Muer gëtt deen neie Grand-Duc vereedegt. E Samschdeg ass déi groussherzoglech Koppel dann uechter d'Land ënnerwee, fir dem "Grand-Duc seng feierlech Tournée". Fënnef Statioune si geplangt, déi éischt dovun ass zu Gréiwemaacher an do geet et ëm de Sport a virun allem och de Benevolat am Sportsecteur. D'Paule Rodesch huet sech déi lescht Preparatioune fir dësen Evenement ugekuckt.
Enn der Woch feiert Lëtzebuerg den Trounwiessel, wann de Prënz Guillaume Grand-Duc vu Lëtzebuerg gëtt. Säi Papp, de Grand-Duc Henri, gouf am Joer 2000 vereedegt. Eisen Archivist Gilles Schreurs kuckt zeréck op dee leschten Trounwiessel.
Den Trounwiessel huet dëser Deeg och verschidden onerwaart Niewewierkungen. Eng dovun ass: Wann een am Moment e Bild wëllt professionell arumme loossen, da brauch ee vill Gedold. D’Encadreuren hei am Land kommen nämlech am Moment net méi no mat der Aarbecht. Well och esou vill Portraite vum Grand-Duc mussen agerummt ginn.
Déi Fro hu mir Iech déi ganz Woch iwwer gestallt an haut de Moie kucke mir, wat den LSAP-Verfassungsexpert Alex Bodry dozou seet.
D'Dokteschassociatioun AMMD dreet domat d'Konventioun mat der CNS ze kënnegen. Fir den 8. Oktober huet se hir Memberen dofir fir eng ausseruerdentlech Generalversammlung zesummegeruff, e puer Deeg éier déi concernéiert Acteuren aus dem Gesondheetswiese sech an der Quadripartite gesinn. Wat hält d'Gesondheetsministesch Martine Deprez (CSV) dovun? Si reagéiert bei eis am Interview.
Dat froe mir de Filmhistoriker Paul Lesch, deen ënner dem Grand-Duc Henri an där Funktioun gedéngt huet.
Den Direkter vun der Santé, de Jean-Claude Schmit, erkläert, wéi eng einfach Geste kënnen hëllefen ze verhënneren, datt Antibiotiken ëmmer manner effikass ginn.
De Crassier vu Monnerech soll bis 2028 ganz ofgedicht sinn. Domat soll d'Stabilitéit vum Crassier garantéiert ginn..
Gëschter goufen op der Biergerversammlung an der Gemeng Monnerech d'Detailer gewisen.
Wien déi leschte Weekender déi iewescht Klass vum Dammebasket suivéiert huet, deem wäert opgefall sinn, datt mëttlerweil just nach 7 Ekippen am Championnat matspillen. Eng schlecht Entwécklung fir den Dammebasket zu Lëtzebuerg. Mee wéi konnt et dozou kommen?
Kilometerlaang Stauen, iwwerfëllten Zich a Busser oder Vëlosweeër, déi feelen. Fir vill Leit hei am Land ass de Wee op d’Aarbecht, dat ass bekannt, eng richteg Plo. Fir duerzestelle wéi vill Zäit de Salarié dobäi verluer geet, koum virun enger Woch en neit Buch eraus vun der Soziologin Jessica Lopes an dem Kënschtler Charles Vinz.
Fir hiert Wierk hu si 13 Persounen - Residenten a Frontalieren - bei hirem Wee op d’Aarbecht suivéiert. D'Paule Rodesch begleet eng dovunner op d'Aarbecht - an huet och d'Jessica Lopes derbäi, fir sech iwwer hiert Buch ze ënnerhalen.
D’CNS an d’Gewerkschaften halen eng Kënnegung vun der Konventioun fir onverantwortlech a warnen, datt doduerch virun allem d’Patienten ënner Drock géife geroden.
D'Lëtzebuerger Airline fillt sech benodeelegt bei der Attributioun vu Start- a Landerechter zu Mailand-Linate an huet d'EU-Kommissioun dowéinst op d'Geriicht geholl. De Gilles Feith, CEO vun der Luxair, erkläert d'Hannergrënn.
Esou munch Betriber hu sech fir den Trounwiessel eng afale gelooss. Dat geet vu Porzeläinsgeschier, iwwer Kichendicher, Puzzelen, bis zu speziellem Gedrénks, an natierlech och Pâtisserien. D’Paule Rodesch huet sech ee vun dëse Betriber erausgepickt, nämlech den Oberweis, an huet mat engem vun de Patronen, dem Jeff Oberweis, iwwer hir Kreatioun fir den Trounwiessel an och hir Roll als Fournisseur de la Cour geschwat ... an hirem Schockelasatelier op der Cloche d’Or.
Froen un den CSV-Generalsekretär no der Reunioun vum Nationalrot, ënner anerem iwwer d'Fro vum Avortement an der Verfassung
Der Ëmwelt an Europa geet et net gutt an dat wäert Konsequenzen hunn, esou de Rapport. Froen un de President vun der Ëmweltagence EEA, dem Lëtzebuerger Beamten André Weidenhaupt