DiscoverZeenewiessel
Zeenewiessel
Claim Ownership

Zeenewiessel

Author: radio 100,7

Subscribed: 244Played: 755
Share

Description

Den 100,7-Doku-Podcast. Spannend a seriell verzielt.
23 Episodes
Reverse
S03E00: Trailer

S03E00: Trailer

2025-09-2202:29

Ëmmer méi Liwwerplattformen etabléiere sech zu Lëtzebuerg. Hanner deene puer Klicken, déi et brauch, fir iwwer eng App e Burger ze bestellen, verstoppt sech eng nei Aarbechtsrealitéit fir Honnerte vu Leit hei am Land. Schafe Liwwerplattforme prekär Aarbechtskonditiounen? A wéi verännert déi digital Plattformekonomie méi generell d'Aarbechtswelt? Dëse Froe geet de Leonardo Kahn a fënnef Episoden no. “Ausgeliwwert” heescht eis drëtt Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes a Chris Zeien. Toungestaltung a -mix: Ingo Dumlich Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu
Op der Stater Gare gëtt iwwer d'Schoul gestridden. A besser situéiert Elteren huelen Afloss. Wéi geet d'Politik mat deenen Tensiounen a méi generell mat der sozialer Segregatioun an eise Schoulen ëm? An eiser Doku-Serie "Schlechte Schüler" aus dem Joer 2022 ass haut nach grad sou aktuell, dowéinst publizéiere mir déi 6 Episoden elo och hei am Zeenewiessel. D'Pia Oppel an de Pierre Reyland huelen Iech mat an d'Schoul, a si stellen d'Fro: Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. https://100komma7.lu/news/Schlechte-Schuler-Transkript-vun-der-Episod-6-1684060030 Déi franséisch Versioun vum dëser Podcast-Serie fannt Dir hei. (https://100komma7.lu/news/Mauvais-eleve-La-saison-integrale?pd=radio)
Déi sozial Ënnerscheeder sinn zu Lëtzebuerg grouss. A Kanner aus besser situéierte Famille schneiden am Schoulsystem däitlech besser of. Kann d'Schoul an deenen deiere Gemenge ronderëm d'Stad also bleiwen, wéi se ass?  An eiser Doku-Serie "Schlechte Schüler" aus dem Joer 2022 ass haut nach grad sou aktuell, dowéinst publizéiere mir déi 6 Episoden elo och hei am Zeenewiessel. D'Pia Oppel an de Pierre Reyland huelen Iech mat an d'Schoul, a si stellen d'Fro: Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. https://100komma7.lu/article/aktualiteit/schlechte-schuler-transkript-vun-der-episod-5 Déi franséisch Versioun vum dëser Podcast-Serie fannt Dir hei. (https://100komma7.lu/news/Mauvais-eleve-La-saison-integrale?pd=radio)
Zu Schëffleng léiert vun der Rentrée 2022 un, eng Schoulklass op Franséisch Liesen a Schreiwen. Wat kann ee sech vum Pilotprojet erwaarden? An eiser Doku-Serie "Schlechte Schüler" aus dem Joer 2022 ass haut nach grad sou aktuell, dowéinst publizéiere mir déi 6 Episoden elo och hei am Zeenewiessel. D'Pia Oppel an de Pierre Reyland huelen Iech mat an d'Schoul, a si stellen d'Fro: Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. https://100komma7.lu/news/Schlechte-Schuler-Transkript-vun-der-Episod-4 Déi franséisch Versioun vum dëser Podcast-Serie fannt Dir hei. (https://100komma7.lu/news/Mauvais-eleve-La-saison-integrale?pd=radio)
D'Sara sollt fir d'zweet sëtze bleiwen. Elo geet hat an eng ëffentlech Europaschoul. Kënnen dës nei Schoulen him hëllefen an d'Problemer vun eisem Schoulsystem léisen?  An eiser Doku-Serie "Schlechte Schüler" aus dem Joer 2022 ass haut nach grad sou aktuell, dowéinst publizéiere mir déi 6 Episoden elo och hei am Zeenewiessel. D'Pia Oppel an de Pierre Reyland huelen Iech mat an d'Schoul, a si stellen d'Fro: Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. https://100komma7.lu/news/Schlechte-Schuler-Transkript-vun-der-Episod-3 Déi franséisch Versioun vum dëser Podcast-Serie fannt Dir hei. (https://100komma7.lu/news/Mauvais-eleve-La-saison-integrale?pd=radio)
An eiser Doku-Serie "Schlechte Schüler" aus dem Joer 2022 ass haut nach grad sou aktuell, dowéinst publizéiere mir déi 6 Episoden elo och hei am Zeenewiessel. D'Pia Oppel an de Pierre Reyland huelen Iech mat an d'Schoul, a si stellen d'Fro: Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. https://100komma7.lu/news/Schlechte-Schuler-Transkript-vun-der-Episod-2-1625279074 Déi franséisch Versioun vum dëser Podcast-Serie fannt Dir hei. (https://100komma7.lu/news/Mauvais-eleve-La-saison-integrale?pd=radio)
Am éischten Deel vun eiser Podcast-Serie iwwer de Lëtzebuerger Schoulsystem geet et ëm d'Fro: Firwat scheitere vill Kanner schonn esou fréi an hirem Schoulparcours? An eiser Doku-Serie "Schlechte Schüler" aus dem Joer 2022 ass haut nach grad sou aktuell, dowéinst publizéiere mir déi 6 Episoden elo och hei am Zeenewiessel. D'Pia Oppel an de Pierre Reyland huelen Iech mat an d'Schoul, a si stellen d'Fro: Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. https://100komma7.lu/news/Schlechte-Schuler-Transkript-vun-der-Episod-1 Déi franséisch Versioun vum dëser Podcast-Serie fannt Dir hei. (https://100komma7.lu/news/Mauvais-eleve-La-saison-integrale?pd=radio)
Déi franséisch Alphabetisatioun soll vun der Rentrée 2026 un an alle Grondschoulen ugebuede ginn. Dee Projet geheit Froen op. Froen, op déi Dir an eiser Podcast-Serie "Schlechte Schüler" eng ganz Rei äntwerte fannt. Dës Serie aus dem Joer 2022 ass haut nach grad esou aktuell, dowéinst publizéiere mir déi 6 Episoden elo och hei am Zeenewiessel. D'Pia Oppel an de Pierre Reyland huelen Iech mat an d'Schoul, a si stellen d'Fro: Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem? A wann Dir Leit kennt, déi sech fir de Sujet interesséieren, mee kee Lëtzebuergesch verstinn, de "Mauvais Elève" gëtt op och Franséisch. (https://100komma7.lu/news/Mauvais-eleve-La-saison-integrale?pd=radio)
The Caritas Affair

The Caritas Affair

2025-07-0700:44

Hutt Dir Kollegen, mat deenen Dir bis elo net iwwer d’Hannergrënn vun der Caritas-Affär diskutéiere konnt, well se kee Lëtzebuergesch schwätzen? Ma da sot hinne gäre Bescheed, well et gëtt elo och eng Versioun mat engleschen Ënnertitelen. Deelt dëse Link also gäre mat jidderengem, dee kéint interesséiert sinn. Den Zeenewiessel-Team seet Merci!
An de Méint virum Milliounebedruch ass d’Caritas och schonn am Viséier vun Arnaqueuren. Firwat huet d’Finanzdirektesch dann tëschent Februar a Juli 2024 trotzdeem 125 Virementen a Spuenie gemaach? A wiem hunn déi spuenesch Konten eigentlech wierklech gehéiert? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. "Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen d'Pia Oppel an de Jean-Claude Franck an 8 Episoden. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn, Tessy Troes a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Anke Meiser, Chris Zeien, Jo Diseviscourt an Ana Angel. Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu
Mëtt September 2024 ass kloer: D'Caritas muss hir international Aktivitéite stoppen. Dausende Mënschen an deenen äermste Länner op der Welt spieren d'Konsequenze vum Milliounebedruch. Eng 100 Leit am Laos an am Südsudan verléieren hiren Job. Firwat gouf anescht wéi bei den nationalen Aktivitéite vun der Caritas keng Léisung fonnt?  Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. "Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen de Jean-Claude Franck an d'Pia Oppel an 8 Episoden. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn, Tessy Troes a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Anke Meiser, Chris Zeien, Jo Diseviscourt an Ana Angel. Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu
Mat hirer Decisioun der Caritas an der Suite vum Milliounebedruch bis op Weideres keng Sue méi ze iwwerweisen, huet d'Regierung am Summer 2024 de Kader gesat. An de Caritas-Krisecomité huet doropshin ënner groussem Zäitdrock no Léisunge gesicht. Sinn déi richteg Decisioune geholl ginn? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. "Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen de Jean-Claude Franck an d'Pia Oppel an 8 Episoden. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn, Tessy Troes a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Anke Meiser, Chris Zeien, Jo Diseviscourt an Ana Angel. Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu
S02E05: De Bistum

S02E05: De Bistum

2025-05-0534:55

Am Summer 2024 muss d'Kierch entscheeden, ob si d'Caritas ka retten. No éischte Versich an d'Krisegestioun anzegräifen, léisst de Kardinol Jean-Claude Hollerich déi kathoulesch Hëllefsorganisatioun falen. Firwat? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. "Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen de Jean-Claude Franck an d'Pia Oppel an 8 Episoden. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn, Tessy Troes a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Anke Meiser, Chris Zeien, Jo Diseviscourt an Ana Angel. Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu
De 16. Juli deposéiert d'Caritas eng Plainte, well 61 Milliounen Euro op spuenesch Konte verschwonne sinn. De Schock sëtzt déif, mee et musse séier Entscheedunge getraff ginn. De Verwaltungsrot iwwerhëlt d'Krisegestioun a verléiert eng Woch méi spéit d'Kontroll. Wat leeft schif un der Spëtzt vun der Caritas? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. "Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen de Jean-Claude Franck an d'Pia Oppel an 8 Episoden. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn, Tessy Troes a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Anke Meiser, Chris Zeien, Jo Diseviscourt an Ana Angel. Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu
S02E03: D'Direktioun

S02E03: D'Direktioun

2025-04-2136:19

Den 8. Juli 2024 ass de Generaldirekter Marc Crochet no bal 6 Woche Pilgerrees zeréck um Büro. 59 Milliounen Euro feele schonn, an et ginn nach weider Sue geklaut. Déi véier Direktiounsmemberen diskutéieren déi Woch e puermol iwwer déi schwiereg Finanzlag vun der Caritas. Trotzdeem dauert et néng Deeg bis d'Fraude opflitt. Wéi ass dat méiglech? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. "Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen de Jean-Claude Franck an d'Pia Oppel an 8 Episoden. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn, Tessy Troes a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Anke Meiser, Chris Zeien, Jo Diseviscourt an Ana Angel. Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu
S02E02: D'Banken

S02E02: D'Banken

2025-04-2124:48

Vum 27. Mäerz 2024 u geet d'Caritas-Finanzdirektesch Sue bei d'Banke léinen. Kreditlinne fir iwwer 30 Milliounen Euro hëlt d'Fondatioun Caritas an de Wochen duerno op. All dës Sue gi geklaut. An d'Organisatioun bleift op engem Bierg Scholde sëtzen. Wéi konnt dat geschéien? "Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen de Jean-Claude Franck an d'Pia Oppel an 8 Episoden. Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. "Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen de Jean-Claude Franck an d'Pia Oppel an 8 Episoden. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn, Tessy Troes a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Anke Meiser, Chris Zeien, Jo Diseviscourt an Ana Angel. Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu
De 7. Februar 2024 kritt d'Caritas-Finanzdirektesch e Mail vum "marc.crochet55(at)gmail.com". Si soll dem Generaldirekter Marc Crochet bei enger geheimer finanzieller Transaktioun hëllefen. An hir Äntwert kënnt direkt: "Ok bien reçu". Wéi verhält d'Finanzdirektesch sech wärend den éischte Woche vun der Fraude? A wéi kann et sinn, datt si op ee Presidententrick eragefall ass? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. "Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen de Jean-Claude Franck an d'Pia Oppel an 8 Episoden. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn, Tessy Troes a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Anke Meiser, Chris Zeien, Jo Diseviscourt an Ana Angel. Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu
Tëschent Februar a Juli 2024 kritt d'Caritas 61 Milliounen Euro geklaut. Wéi kann et sinn, datt dëse risege Bedruch gelongen ass? A war den Ënnergank vun där kathoulescher Organisatioun domadder inevitabel? Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen d'Pia Oppel an de Jean-Claude Franck an 8 Episoden. "Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Recherche leet oppen, wéi kleng a grouss Accidenter sech an dëser Affär uneneereien. D'Verhale vun der Finanzdirektesch an de Banken, d'Schwieregkeeten an der Generaldirektioun an am Verwaltungsrot, an d'Decisioune vu Bistum, Premier an Ausseminister ginn am Detail beliicht. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn, Tessy Troes a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Anke Meiser, Chris Zeien a Jo Diseviscourt. Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu
S01E04: De Rechtsstaat

S01E04: De Rechtsstaat

2025-02-0316:06

D'Khadija an d'Imen Salmi ginn am Mäerz 2024 nees expulséiert. Huet de Rechtsstaat an hirem Fall zweemol versot? "Kollateralschued" heescht déi éischt Serie am “Zeenewiessel”. Dës Geschicht iwwer déi Lëtzebuerger Participatioun um sougenannte Krich géint den Terror verziele mir a véier Episoden.  Recherche: Pia Oppel  Host: Jean-Claude Franck Froen a Feedback: doku@100komma7.lu 
S01E03: Den Enquêteur

S01E03: Den Enquêteur

2025-01-2726:00

2013 muss den André Kemmer wéinst senger Verwécklung an ee Geheimdéngschtskandal ënner Eed an der Chamber aussoen. Seng Zesummenaarbecht mam Geheimdéngscht huet mat der Enquête géint den Taoufik Salmi ugefaangen. Mir erzielen, wéi déi Enquête gefouert gouf. "Kollateralschued" heescht déi éischt Serie am “Zeenewiessel”. Dës Geschicht iwwer déi Lëtzebuerger Participatioun um sougenannte Krich géint den Terror verziele mir a véier Episoden. Recherche: Pia Oppel Host: Jean-Claude Franck Froen a Feedback: doku@100komma7.lu
loading
Comments