Discover
Invité:e vum Dag
191 Episodes
Reverse
Méi Ausgabe fir d’Defense, d’Pensiounen oder nach Stroumnetzkäschten. D’Regierung spuert net am Budget 2026. Misst een net méi virsiichteg sinn? Dach, soen ënner anerem d’Zentralbank an de Conseil National des Finances publiques. Wéi wackeleg ass d’Gerüst, op deem déi ëffentlech Finanze mat Bléck op eng dach awer onsécher Zukunft stinn? Doriwwer schwätzt d'Christiane Kleer mam CSV-Deputéierte Maurice Bauer, dem Rapporter vum Budgetsprojet.
Wat bedeit déi franséisch Alphabetiséierung fir esou eng grouss an divers Gemeng wéi Esch-Uelzecht? Dat froe mir dee gréngen Escher Schoulschäffen an Deputéierten.
Mam Generaldirekter vum CGDIS schwätze mir iwwer d'Pompjeeën, där et net genuch ginn, an Dokteren, déi sech Konkurrenz maache fir kënnen um Samu ze fueren.
Mam neie Procureur vum Stater Parquet schwätze mir ënner anerem iwwer déi nei gesetzlech Reegelen iwwer de Sursis. An Zukunft kéint erëm méi dacks feste Prisong gesprach ginn.
Enovos setzt seng Stroumpräisser den 1. Januar erof. Wou kënnt déi Baisse hier a wat hunn déi staatlech Subventiounen domat ze dinn? Dat froe mir de CEO vum Energiefournisseur.
D'Regierung wëllt bei der Liberaliséierung vum Gesondheetssystem net esou wäit goen, wéi d'Dokteschassociatioun AMMD rezent gefuerdert huet. Hei reagéiert den AMMD-President.
De Generaldirekter vun der Chambre de Commerce prophezeit d'Enn vum Lëtzebuerger Modell.
Den Zougang vu Journalisten a Journalistinnen zu Informatioune vun ëffentleche Verwaltunge gëtt (endlech) gesetzlech gereegelt. De Journalisteverband ALJP ass awer just zum Deel zefridden. Säi President erkläert firwat.
Um internationalen Dag fir d’Eliminatioun vu Gewalt géint Fraen: Froen un déi Responsabel vum neie Centre national pour victimes de violences (CNVV)
Zwee Joer schwaarz-blo Regierung: den Tëschebilan aus der Siicht vun der DP-Presidentin.
Mir froen den Educatiounsminister ënner anerem, ob hien d'Hausaufgaben an der Grondschoul wëllt reduzéieren.
Mir froen d'Justizministesch, ob si verschidde Gesetzer wëllt ännere fir Frae besser viru Gewalt ze schützen.
Ass déi aktuell Diskussioun ëm ze vill Hausaufgabe berechtegt oder iwwerdriwwen? Froen un de President vun der nationaler Elterevertriedung
Mir froen den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher wat muss geschéien, fir déi Jonk besser ze schützen.
Ëffentlech-rechtlech Medie geroden a ville Länner ëmmer méi ënner Drock. Wéi kënne si och an Zukunft bestoen? Mir froen de Professer vun der Uni Lëtzebuerg, deen ARD an ZDF beréit.
E Méindeg ginn et zwee Joer, datt CSV an DP d'Regierungsgeschäfter hei am Land iwwerholl hunn. En Tëschebilan mam Premier
De President vum LCGB erkläert, firwat d'Union syndicale sech mat zwee kritesche Bréiwer - géint den Aarbechtsminister an iwwer d'Gesondheetspolitik - un de Premier geriicht huet.
D'Presidentin vun der Associatioun Médecins Salariés Hospitaliers iwwer Divergenze mat der AMMD an déi aktuell Diskussiounen an der Gesondheetspolitik
Déi fréier Ëmweltministesch an aktuell Deputéiert vun déi gréng fënnt, datt den Ëmgang vun der Regierung mam Offallgesetz symptomatesch ass fir hir inkohärent Ëmweltpolitik.
Gutt fir de Mënsch an d'Ëmwelt, schlecht fir d'Betriber? Iwwer dat europäescht Liwwerkettegesetz ass ee sech net eens, och net zu Lëtzebuerg. Wat ass de Mëttelwee? Den Industrielleverband Fedil (René Winkin) an d'Initiative pour un de devoir de vigilance (Jean-Louis Zeien) sti sech an engem Gespréich géintiwwer.



