Discover
Den ACEL Studentecorner
Den ACEL Studentecorner
Author: Eldoradio
Subscribed: 0Played: 0Subscribe
Share
Description
Du wëlls deemnächst studéiere goen an hues dausend Froen? Oder du bass aktuell op enger Uni oder enger Héichschoul ageschriwwen, mee och hei ginn et Onkloerheeten? Dann ass den ACEL Studentecorner genee déi richteg Sendung fir dech!
13 Episodes
Reverse
De 27. Mäerz waren den Theo vum Elan an de Joe vun der ALEM am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwert d'Studentestad Nanzeg geschwat. Wéi eng Studiegäng ginn et do? Wéi lieft et sech zu Nanzeg? A wéi gesäit hei d'Cerclesliewen aus? Mee et gouf awer och mat der ALEM iwwer all méiglech Studiegäng am medezinesche Beräich geschwat. Wou kann een iwwerall medezinesch Fächer studéieren? Wéi eng Oplage ginn et, wann een an ënnerschiddleche Länner wëll Medezin studéieren?
P.S.: och mat enger manner gudder Première kann een nach Medezin studéiere goen!
De 27. Februar waren d' vum LSD an d'Sophie vun der ALSEP am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwert d'Studentestad Stroossbuerg geschwat. Wéi eng Studiegäng ginn et do? Wéi lieft et sech zu Stroossbuerg? A wéi gesäit hei d'Cerclesliewen aus? Mee et gouf awer och mat der ALSEP iwwer all méiglech Studiegäng am pädagogesche Beräich geschwat. Wou kann een iwwerall pädagogesch Fächer studéieren? Wéi gesäit d'Zukunft mat engem pädagogeschen Diplom dono zu Lëtzebuerg aus?
P.S.: weess du wat d'Stroossbuerger Studenten oft iesse ginn?
Den 30. Januar waren d'Lina vum LSD an de Michel vum SLUF am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwert d'Studentestied Düsseldorf a Freiburg geschwat. Wéi eng Studiegäng ginn et an deenen zwou Stied? Wéi lieft et sech zu Düsseldorf an zu Freiburg? A wéi gesäit hei d'Cerclesliewen aus?
P.S.: wéi ee Lëtzebuerger Museker zu Freiburg studéiert, gëss du och hei gewuer!
Den 19. Dezember waren d'Joy vum LSW an den Eric vum LSM am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwert d'Studentestied Wien a Münche geschwat. Wéi eng Studiegäng ginn et an deenen zwou Stied? Wéi lieft et sech zu Wien an zu München? A wéi gesäit hei d'Cerclesliewen aus?
P.S.: wéi ee grousse Lëtzebuerger Museker zu Wien studéiert, gëss du och hei gewuer!
Den 28. November waren d'Marion vun der Lëstlé an d'Diana vum CELB am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Jil iwwert d'Studentestied Léck a Bréissel geschwat. Wéi eng Studiegäng ginn et an deenen zwou Stied? Wéi lieft et sech zu Bréissel an zu Léck? A wéi gesäit hei d'Cerclesliewen aus?
P.S.: wéi d'Sophie vun der ACEL sech d'Nues gebrach huet, gëss du an dëser Episod gewuer!
De 24. Oktober waren d'Sam vun der ALEP an de Kevin vun der ANESEC am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwert d'Studiegäng an der Psychologie an am Wirtschaftswiesen geschwat. Wéi eng Studiegäng regroupéieren déi zwee Cerclen? Wou kann een dës Studiegäng iwwerall studéieren? A wéi gesäit hei d'Cerclesliewe aus?
P.S.: wien op der Sich no enger Stage- oder Aarbechtsplaz ass, huet deemno wéi Succès mat der ANESEC!
De 5. September waren de Ben an de Fabien am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwer d'REEL geschwat, déi de Weekend vum 18. - 21. September zu Stroossbuerg ass. Wat genee ass eng REEL? Wat mécht een op enger REEL? Firwat soll een als Student oder Studentin un enger REEL deelhuelen?
Tipp: all Student a Studentin soll op mannst ee mol eng REEL erlieft hunn!
Den 29. August waren d'Cathy vum LSH an de Sébastien vum LSWü am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwer Heidelberg a Würzburg als Studentestied geschwat an awer och op d'Studiegäng op deene verschiddenen Unien an Héichschoulen an deenen zwou Stied gekuckt. Wat kann een alles zu Heidelberg an zu Würzburg studéieren? A wat ass den LSH an den LSWü?
Tipp: virun allem zu Würzburg ginn et Studiegäng mat besonnesche Spezialisatiounen!
Den 1. August waren d'Laura vun der Alesontia an den Alexej vun der jonker BAD am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwer Bonn als Studentestad geschwat an awer och op d'Studiegäng am Bibliothéikswiesen, an der Archivistik an an der Dokumentatioun gekuckt. Wat kann een alles zu Bonn studéieren? Wou kann ee Studiegäng wéi Archivistik studéieren? A wat bedeit eigentlech Alesontia a Jonk BAD?
Tipp: d'Laura konnt vill skurril Fakten iwwer Bonn erzielen!
De 27. Juni waren de François vun der ANEIL an de Ben vun der REEL am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwer Studiegäng am Ingenieurswiesen an an de Naturwëssenschaften sou wéi awer och iwwert d'REEL geschwat. Wat kann een alles am Ingenieursberäich an am Naturwëssenschaftlecheberäich studéieren? Wou kann een dës Studiegäng iwwerall studéieren? A wat ass iwwerhaapt eng REEL?
Tipp: jidderee muss op mannst eemol wärend sengem Studium eng REEL matgemaach hunn.
Den 30. Mee waren de Max vum LSC an de Yannick vum LSMaas am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwert Köln a Maastricht geschwat. Wéi ass et do ze studéieren? Wat kann een do studéieren? A wat maachen déi zwou Stied sou interessant?
Fun Fact: Enn Mee ass um Eldo einfach mol Fuesmusek gelaf!
De 25. Abrëll gouf et déi éischt Editioun vum ACEL Studentecorner an hei waren dann direkt dräi Vertrieder vun der ACEL op Besuch am Studio. Zesumme mam Lena, dem Gianni an dem Mattis gouf iwwert de Choix vun der Uni, d'Wunnengssich an d'Bourse geschwat. Donieft gouf awer och iwwert d'Cerclen an iwwer d'Eventer, déi déi Lëtzebuerger Studentenzeen prägen, geschwat.



