DiscoverAm Bistro mat der woxx
Am Bistro mat der woxx
Claim Ownership

Am Bistro mat der woxx

Author: woxx

Subscribed: 7Played: 351
Share

Description

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
340 Episodes
Reverse
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. D’mentalt Wuelbefanne vu queere Persounen ass net nëmmen eng Fro vun Therapieplazen. Wat a Budapest oder Washington geschitt, huet och en Impakt op Lëtzebuerg – op d’Liewensqualitéit, op d’Sécherheetsgefill, op d’Gesondheet. D’Melanie Czarnik huet mat Fachleit, Aktivist*innen an der Communautéit geschwat, fir erauszefannen, wéi queerfeindlech Politik sech op d’Psyche vu Mënschen hei am Land auswierkt. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Queere psychische GesundheitThe post Psychische Gesundheit und LGBTQIA+ first appeared on Radio ARA.
2023 louch d‘Zuel vun de Policeasätz wéinst haislecher Gewalt déi éischte Kéier iwwer 1.000 pro Joer. Dat heescht, dat d‘Police ongeféier dräi mol am Dag geruff gëtt, well et Fäll vun haislecher Gewalt gëtt. D‘Affer vun an der Haaptsaach Fraen. Wéi d‘Verhältnis vun de Geschlechter genee ass, ass awer jee no Statistik ënnerschiddlech. Am Podcast erkläert d‘Melanie Czarnik net nëmmen, wisou dat esou ass, mä och, wat fir Angeboter et zu Lëtzebuerg esouwuel fir Affer wéi och fir Täter*innen gëtt. Thema ass awer och, wat d‘Regierung elo mat hirem neien Aktiounsplang wëlles huet. Den Artikel, iwwert déi mir geschwat hunn: Häusliche Gewalt: Gewalt fängt mit Worten an The post Wat maache géint haislech Gewalt? first appeared on Radio ARA.
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Gesond Biedem si fundamental fir d’Biodiversitéit, d’Liewensmëttelsécherheet an de Klimaschutz – a stinn dach laang am Schiet vun aneren Ëmweltthemen. Mat enger neier EU-Direktiv soll sech dat änneren: Zanter dem 16. Dezember ass fir d’éischt e gemeinsaame Kader fir d’Iwwerwaachung vun der Buedemqualitéit a Kraaft. Mä geet dat wäit genuch?Iwwer degradéiert Biedem, versiegelt Flächen, politesch Kompromësser an d’Grenze vun engem Gesetz, dat éischter observéiert wéi schützt, schwätze de Joël Adami an d’María Elorza Saralegui an dëser Episod. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Bodenschutz: Auf wackligem GrundThe post Bodenschutz: Op wackelegem Buedem first appeared on Radio ARA.
Vill ëffentlech Kulturhaiser kënne mat engem Rollstull besicht ginn, well si esou ëmgebaut goufen, datt dat méiglech ass. Mä iwwerall do, wou d’Kultur méi am Ënnergrond ass – zum Deel wuertwiertlech, nämlech am Keller – ass dat schwéier bis onméiglech. An dëser Episod vum Podcast erkläert d’Melanie Czarnik, wisou grad dacks déi klengste Kultur-Veranstalter*innen net barrièrefräi sinn. Ee Problem, deen sech an deenen nächste Joer léise soll, bis 2032 nämlech. Et ginn awer Leit, déi net esou laang waarde wëllen, an och iwwert deenen hir Petitioun geet riets. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Barrierefreie Kultur  The post De laange Wee zur barrièrefräier Kultur first appeared on Radio ARA.
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.D’Regierung huet de laang erwaarten nationalen Aktiounsplang géint Rassismus virgestallt – e Plang, deen no bal 50 Joer ICERD-Ratifikatioun endlech konkret Politik versprach hätt. Mä d’Reaktioune ware séier kloer: ze wéineg Verbindlechkeet, ze vill Lück, a kee kloert Verständnis dovun, wéi systemesche Rassismus a Luxemburg wierklech funktionéiert. An dëser Episod schwätzt d’Melanie Czarnik iwwer déi gréisste Schwachstellen: feelend Intersektionalitéit, e Kultursecteur, deen am Plang kaum virkënnt, an eng Strategie, déi vill sensibiliséiert, mee wéineg verpflicht. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn:Rassismus: Vom zahnlosen TigerThe post Antirassismus: E Plang ouni Bëss? first appeared on Radio ARA.
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Bei der 30. Klimakonferenz am brasilianesche Belém gouf vill erwaart – an d’Enttäuschung war um Enn entspriechend grouss. Chaotesch Verhandlungen, eng ëmmer méi dominant Fossillobby an en Ofschlusstext, deen sech op dat absolut Minimum beschränkt. Dobäi war et grad eng COP, déi Raum fir Protest, Diversitéit an eng staark Stëmm vun indigenen Communautéiten hätte bidden. Trotz e puer klengen Erfolleger bleift vill onsécher: keen kloeren Ausstieg aus de fossillen Energien, kee Fortschrëtt beim Waldschutz an eng ganz EU, déi sech selwer blockéiert. Iwwer d’Konferenz, hir symbolesch Momenter, politesch Duercherneen an déi vill verpassten Chancen schwätzen de Joël Adami an d’María Elorza Saralegui an dëser Episod. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Armut: Auf Zehenspitzen ums FeuerThe post D’COP30 ass eriwwer – eis Bilanz first appeared on Radio ARA.
Ronn ee Fënneftel vun der Bevëlkerung ass dem Risiko vun Aarmut ausgesat – an dat am räiche Lëtzebuerg. D’Melanie Czarnik huet méi genee zu dem Thema recherchéiert an erkläert am Podcast, wisou elengerzéiend Eltere besonnesch betraff sinn, a wisou de Phänomen vun den “working poor” ëmmer méi grouss gëtt. Et geet awer net just ëm eng Bestandsopnam, mä och ëm d’Scheier tëscht aarm a räich, déi zu Lëtzebuerg ëmmer méi grouss gëtt – an dat net ouni Konsequenze fir de sozialen Zesummenhalt. Natierlech steet beim Thema Aarmut och de Wunnengsmaart um Programm, an d’Fro, wéi vill Hëllefe vum Staat wierklech bewierken. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Armut: Die Kluft wächstThe post Wisou ginn et esou vill aarm Leit zu Lëtzebuerg? first appeared on Radio ARA.
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Deux ans après l’arrivée au pouvoir du gouvernement Frieden, le dialogue social semble au point mort. Ministres critiqué·es, tensions avec les syndicats, rumeurs de remaniement…Le journaliste Joël Adami revient avec Fabien Grasser sur un article qui dresse le bilan d’un exécutif accusé de gouverner sans concertation – et s’interroge sur les fractures qui traversent la coalition CSV-DP. L’article dont nous parlons : Deux ans de gouvernement CSV et DP : Pas de madeleine de Proust pour FriedenThe post Deux ans de gouvernement CSV-DP : Dialogue en panne first appeared on Radio ARA.
Am Bistro mat der Woxx Episod 358 – Vum Kyoto-Protokoll bis COP30 All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Am Dezember 2015 gouf zu Paräis e Klimaaccord beschloss, dee weltwäit Hoffnungen ausgeléist huet. Zéng Joer méi spéit ass vun där Euphorie wéineg iwwreg – d’Klimaziler ginn ëmmer nach verfeelt, an och Lëtzebuerg huet seng Emissiounen eréischt an de leschte Joren däitlech reduzéiert.D’Journalist*innen Joël Adami a Maria Elorza kucken zeréck op d’Geschicht vun de COP-Konferenzen – vum Kyoto-Protokoll bis Paräis – a erklären, wou d’Welt haut steet an op wat ee sech bei der COP30 am brasilianesche Belém virbereede muss. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Zehn Jahre Pariser Abkommen: Entspannt in den Abgrund? The post Vum Kyoto-Protokoll bis COP30 first appeared on Radio ARA.
D’Robotaxi-Illusioun

D’Robotaxi-Illusioun

2025-10-3119:28

Episod 358 – D’Robotaxi-Illusioun All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. An dëser Episod geet et ëm eng Zukunftsvisioun, déi ëmmer méi no kënnt: automatiséiert Fueren. D’Regierung huet d’Strategie „Automatiséiert Fueren 2028“ presentéiert an domat grouss Pläng ugekënnegt – bis hin zu Robotaxien op eise Stroossen. Awer wéi realistesch ass dat wierklech?De Journalist Joël Adami erkläert, wat hannert der neier Strategie stécht, wéi autonom déi sougenannt selbstfuerege Gefierer tatsächlech sinn an ob se d’Mobilitéitsproblemer am Land léise kënnen oder se éischter verschäerfen. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Automatisiertes Fahren: Die Robotaxi-Illusion ​ The post D’Robotaxi-Illusioun first appeared on Radio ARA.
Episod 357 – Iwwert Suizid schwätzen léieren All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. An dëser Episod geet et ëm e schwéiert, mä wichtegt Thema: Suizidpräventioun. D’Ligue luxembourgeoise d’hygiène mentale huet eng nei Formatioun gestart, déi dozou bäidroe soll, datt méi Mënschen léieren, wéi ee mat Persounen an enger suizidaler Kris ëmgeet. D’Melanie Czarnik war dobäi an erzielt, wéi esou eng Formatioun ofleeft an wat se bewierke kann. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Suizidprävention: Über Suizidalität sprechen lernenThe post Iwwert Suizid schwätzen léieren first appeared on Radio ARA.
D‘Quadripartite huet d‘Gesondheetskeess CNS net gerett, mä just dofir gesuergt, datt de System elo weider zwee Joer ka lafen. Am Podcast erkläert de Fabien Grasser wat decidéiert ginn ass a wisou déi Mesuren awer warscheinlech just zwee Joer laang dofir suerge wäerten, datt sech d‘finanziell Lag vun der CNS verbessert. Mir schwätzen och iwwert Revendicatioune vun der AMMD, déi zum Deel e bësse konfus sinn, an doriwwer wisou d‘Doktesch– an Zänndokteschassociatioun d‘Konventioun mat der CNS wëll kënnegen. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Deux ans de sursis pour la caisse de maladie The post D’Moossname fir d’CNS si just eng Plooschter first appeared on Radio ARA.
Kënschtlech Intelligenz: D’Folgen fir d’Ëmwelt All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Wéi vill Energie verbraucht Kënschtlech Intelligenz a firwat gëtt doriwwer esou wéineg geschwat?Et geet ëm gigantesch Rechenzentren, risege Stroumverbrauch an e Klimafoussofdrock, deen dacks verschleiert gëtt. De Joël Adami erkläert, wéi „Kënschtlech Intelligenz“ d’Klimakris befeiert. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Energieverbrauch von Rechenzentren: „Künstliche Intelligenz“ befeuert die Klimakrise   The post Kënschtlech Intelligenz: D’Folgen fir d’Ëmwelt first appeared on Radio ARA.
Bei der leschter Editioun vum Lëtzebuerger Technofestival „Luxembourg Open Air“ hat d’Arméi ee Stand fir jonk Leit ze rekrutéieren. Wéi dat bei „Peace Love Unity Respect“, de Motto vun der Technozeen, passe sollt, wollt eng Lieserin vun der woxx wëssen. De Fabien Grasser huet probéiert, dat erauszefannen – an huet fir d’woxx analyséiert, wéi d’Recrutementsstrategie vun der Lëtzebuerger Arméi amgaangen ass, sech ze veränneren. Dat ass een Ausdrock vun enger méi grousser Militariséierung, déi een och zu Lëtzebuerg spiert. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Recrutement militaire : La musique qui marche au pas…The post Marschmusek amplaz Techno-Beat? Wisou d’Arméi ee Stand um LOA hat first appeared on Radio ARA.
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Dës Woch geet et ëm d’Krankheet Lipödem, eng Fettverdeelungsstéierung, déi bal ausschliisslech Fraen a Persoune betrëfft, déi „assigned female at birth“ waren. Vill Betraffen leiden ënner schwierege Schmäerzen an enger schlechter Liewensqualitéit – dacks ouni datt d’Gesondheetssystem se eescht hëlt. An Däitschland iwwerhuelen d’Keesen ab 2026 d’Käschte fir eng chirurgesch Behandlung, zu Lëtzebuerg ass dat nach ëmmer net de Fall. Am Podcast erkläert d’woxx-Journalistin Melanie Czarnik, wat hannert der Krankheet stécht, firwat d’Politik sech esou schwéier deet a wéi eng Roll d’Betraffen selwer an der Opklärungsaarbecht spillen. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Fettverteilungsstörung: Beine wie BleiThe post Lipödem: Beine wie Blei first appeared on Radio ARA.
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.   Dës Woch geet et ëm e wichtege Schrëtt an der Energiewend zu Lëtzebuerg: Mat „Echo-Wave“ soll tëscht Kehlen a Keispelt déi éischt lokal Produktiounsanlag fir nohaltege Waasserstoff entstoen. Ab 2027 kéint do gréngen Energiecarrier hiergestallt ginn, virun allem fir d’Industrie an d’Logistik. Am Podcast erkläert d’woxx-Journalistin María Elorza Saralegui, wéi realistesch d’Pläng sinn, wat d’Bedeitung vum Projet fir d’national Strategie ass a wou nach Froenzeechen bleiwen. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Der Traum der eigenen HerstellungThe post Wasserstoff made in Luxembourg: Das Pilotprojekt Echo-Wave first appeared on Radio ARA.
Dës Woch hu Flüchtlinge mat engem oppenen Bréif an enger Pressekonferenz op déi onmënschlech Liewensbedingungen an de Strukture vum ONA, wou si ënnerkomm sinn, opmierksam gemaach. Si hu keng Privatsphär, dacks ass d‘Hygiène schlecht an d‘Sécherheet, besonnesch vu Fraen, net garantéiert. Am Podcast erkläert d‘woxx–Journalistin María Elorza Saralegui, wéi si déi Kritik anuerdent a wisou dës Zoustänn ee Symptom fir ee gréissere Problem zu Lëtzebuerg sinn. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Mut in der NotThe post Flüchtlinge maachen op onhaltbar Zoustänn an ONA-Strukturen opmierksam first appeared on Radio ARA.
Den 10. September ass et 40 Joer hir, datt op engem Treffe vun den EG-Ausseminister*innen iwwert Sanktioune géint Südafrika geschwat ginn ass. Mir hunn dat als Ulass geholl, fir zeréckzekucken op déi wirtschaftlech Verflechtungen tëscht Lëtzebuerg a Südafrika wärend der Zäit vun der Apartheid. Et gouf awer net just eng Fluchlinn a vill Relatioune mat der Finanzplaz, mä och Protest do dogéint. D’woxx-Matgrënnerin an Historikerin Renée Wagener erkläert am Podcast d’Detailer. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Geschäft mit der Apartheid: Ein schwerer AbschiedThe post Wirtschaftlech Interessen a Protester – D’Verbindungen tëscht Lëtzebuerg an Südafrika zur Zäit vun der Apartheid first appeared on Radio ARA.
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Den 14. Oktober 2025 stellt Microsoft de Support fir säi Betribssystem „Windows 10“ an. Weltwäit kéinten da Millioune funktionéierend Computeren zu Elektroschrott ginn – och hei zu Lëtzebuerg. An dëser Episod vun Am Bistro mat der woxx schwätzt Joël Adami iwwert d’Konsequenzen vum Support-Enn, d’Alternativen zu engem forcéierte Computerwiessel – a firwat sech e Bléck op Linux lount. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Müllberg by MicrosoftThe post D’Enn vu Windows 10: Wat elo? first appeared on Radio ARA.
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.   Zwou Stonnen vun der Stad ewech, an der idyllescher Eifel, steet eng imposant NS-Hinterloossenschaft: d’„Ordensburg Vogelsang“. Wat wéi e Monument ausgesäit, war tatsächlech eng Eliteschoul fir déi nationalsozialistesch Administratioun. An dëser Episod vun Am Bistro mat der woxx schwätzt Joël Adami mam Auteur vum Artikel, Thorsten Fuchshuber, iwwert seng Recherchen, d’Geschicht vum Site – an d’Fro, wéi mat esou engem Täterort haut pedagogesch a gesellschaftlech ëmgaange ka ginn.  Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Architektur der Herrenmenschen  The post Eliteschule für Massenmörder: Die ehemalige NS-„Ordensburg“ Vogelsang first appeared on Radio ARA.
loading
Comments 
loading