Automag

Autonews, Autotester, nei Modeller zu Lëtzebuerg an alles soss ronderëm den Auto

Automag: Verglach Audi A6 géing A6 e-tron, 01/09/2025

Elektro oder Verbrenner? D’Decisioun ass heiansdo net esou einfach, ëmsou méi wann, wéi bei Audi, et all Modell an deenen 2 Versioune gëtt a sech net wiesentlech ënnerscheet. De Paul Origer hat bei engem Event vun Audi Lëtzebuerg d’Geleeënheet, den neien A6 an deenen 2 Versioune géigeniwwer ze stellen.

09-01
02:49

Test: Lexus RZ 550e, 25/08/2025

Et gëtt een neie Begrëff an der Autosindustrie. Nämlech "Steer by Wire". Wat et domadder op sech huet, dat erkläert eis de Rich Simon an den nächste Minutten. Rich du hues nämlech de Lexus RZ 500e getest an deen huet de sougenannten "Steer by Wire". Wat kann ee sech dorënner virstellen?

08-25
02:37

Automag: Alpine A290 Alldagstest, 21/08/2025

Wien gemengt huet, mam Elektroauto wier et eriwwer mat spaassege Gefierer, deen dierf elo nolauschteren. Wëll Alpine huet e bruecht, den Hot Hatch mat Elektroundriw. De scho flott gerodene Renault 5 gouf vun de Spezialiste vun Dieppe nach emol nogewierzt – op der Presentatioun zu Mallorca war de Paul Origer scho begeeschtert, ass dat no engem Alldagstest nach ëmmer esou?

08-21
02:43

De VW Tayron am Alldag Test, 14/08/2025

Ze grouss, ze kleng, vläicht eppes an der Mëtt géif passen? Déi Fro gëtt sech dacks bei der Wiel vum passenden Auto gestallt. Bei VW koum jo dofir tëscht dem Modell Tiguan an Touareg am Fréijoer den Tayron. De Christian Schmit konnt dësen elo am Alldag testen. Salut Christian...

08-14
00:12

BMW 2er Gran Coupé, 07/08/2025

E BMW häte mir iech dann elo am Automag unzebidden. Een wou hannen M235 drop steet. D’M Modeller bei BMW dat sinn déi di besonnesch sportlech taréiert sinn. Wéi fiert e sech, wat leescht en, a kënne mir eis e leeschten? De Christian Schmit huet d’Äentwert heirober. Gudde Mëtteg Christian…

08-07
00:13

Mazda 6e, 31/07/2025

Haut am Automag e Bestseller vu Mazda. De Mazda 6 kenne mir alleguer, mee elo dann eng nei Generatioun am Showroom. An do huet sech de japanesche Konstrukteur dofir decidéiert dass deen a senger neister Form elo nach just reng elektresch ugebuede gëtt. De Christian Schmit war op der Presentatioun an Däitschland mat dobäi.

07-31
00:13

Automag: BMW iX, 28/07/2025

Am Automag vun haut kucke mer eis de BMW iX am Detail un. Dëse krut nämlech e Facelift spendéiert. A wat nei ass, a wou de Schong nach dréckt, weess den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp.

07-28
02:28

DS Numéro 8, 14/07/2025

Haut um franséischen National Feierdag och am Automag en Auto "Made in France".E neien DS. An zwar de „numéro huit“. Jo den DS 8 ass de Spëtzemodell an der Gamme. Kënnt reng elektresch op de Marché, an e ganz bekannte Personnage huet dësen elo als Dingscht Limousinne. Op der internationaler Presentatioun war fir eis de Christian Schmit mat dobäi. Salut Christian, da looss emol d’Kaz aus dem Saak, wien ass dann deen DS Promi? DS, de Numéro 8. Dat ass elo de Spëtze Modell an der Gamme. Kënnt reng elektresch op de Maart, an e ganz bekannte Personnage huet deen elo als Dingscht Limousinn.[image id="368678"]

07-14
00:18

Mini Experience Day, 07/07/2025

Wann ee vun der Mark Mini schwätzt, dann ass et net iwwerdriwwen, datt ee vun enger Legend schwätzt. Viru kuerzem hat Mini op ee sougenannten Experience Day invitéiert, wärend deem ee konnt mat engem kleng "Flitzer", duerch de Grand-Duché fueren. Fir eis Automag Ekipp, war de Rich Simon bei dësem Event mat dobäi....

07-07
02:32

Collection de voitures Prince Albert zu Monaco, 03/07/2025

Monaco a Monte Carlo, eng Plaz wou et vun Dram Autoen an exclusive Gefierer nëmmen esou wimmelt. Genee do ass den Automag haut op Besuch, wëll et hat e Geleeënheet sech d'Collection de son Altesse le Prince Albert de Monaco unzekucken. Mir hunn eis di nei Location vum Valérie Clausier weisen an erkläere gelooss. 

07-03
02:43

Automag: Fiat Grande Panda Hybrid, 30/06/2025

Renault huet et scho mam neie R5 erlieft an direkt duerno den R4 lancéiert - Retrodesign ass nees in! Am Fong fir Fiat näischt Neies, schliisslech hu si virun 20 Joer mat der Neioplag vum legendäre 500er grousse Succès gehat. An dat soll elo mat der nächster Ikon esou goen - an der Fiat-Heemecht Turin gouf elo de Grande Panda als Hybrid lancéiert an de Paul Origer war fir eis dobäi.

06-30
--:--

Automag: Cupra Terramar VZ TSI, 23/06/2025

Den neie Cupra Terramar hat schonn e puer Optrëtter hei op der Antenn. No der Hybrid-Versioun stoung elo een Alldagstest vum Bensinner um Programm. De Paul Origer ass den Terramar VZ TSI fir eis gefuer!

06-23
02:16

Alfa Romeo a seng Intensa Modeller, 19/06/2025

Haut heescht et "Bella Italia" am Automag. Jo et geet em Alfa Romeo déi elo di ganz Gamme als "Intensa" Modeller virgestallt hunn.De Christian Schmit war fir eis op deem Alfa Familjentreffen dobäi, a verréit eis wat sech do derhannert verstoppt. 

06-19
00:12

Automag - Renault Austral, 16/06/2025

No manner wéi 3 Joer krit de Renault Austral schonn e Facelift. An do hunn d'Fransousen hir Hausaufgaben erleedegt. Souwuel optesch wéi och technesch Nouveautéiten krit den Austral mat op d'Rees. Am haart ëmkämpfte Segment vun de Kompakt-SUV weess hien domat duerchaus z'iwwerzeegen.

06-16
00:19

Mazda 3 2.5 skyactiv, 05/06/2025

Haut am Automag « Made in Japan“. Et steet e Mazda am Mëttelpunkt, an zwar de Modell 3. Do koum elo vrun allem Neits ënnert d’Hauf. De Christian Schmit hat dësen am Test.

06-05
00:08

Automag: Skoda Elroq Alldagstest, 02/06/2025

Mam Elroq lancéiert Skoda net aleng hiren zweeten, reng elektreschen Auto, mee si starte virun allem an engem haart emkämpfte Segment, dat vum kompakten SUV. Ass den Elroq just eng MEB-Plattform mat Skoda-Logo, oder huet den tschechesche Brudder vun ID.5 a Co besonnesch Talenter? De Paul Origer huet dat fir eis an engem kuerzen Alldagstest erausfonnt.

06-02
02:48

Automag: Weltpremière Bovensiepen Zagato, 26/05/2025

Haut gëtt et am Automag ganz exklusiv, de Weekend gouf nämlech an Italien eng nei Autosmark gebuer, an do huet RTL net dierfe feelen. De Chris Schagen huet de Weekend um Comer-Séi verbruecht a war bei engem ganz besonnesche Moment mat dobäi.

05-26
01:48

De neie Renault 4, 22/05/2025

Iwwer 8 Millioune mol gouf de Renault 4 vun 1961 bis 1992 verkaf. Elo steet e Nofollger vun der R4 an de Startlächer. Di international Presentatioun war dëser Deeg a Portugal, an de Christian Schmit war fir eis dohinner. Mëtteg Christian

05-22
00:11

Automag: Kia EV6 Facelift, 19/05/2025

Knapp 4 Joer sinn et hir, dat Kia hiren éischten als rengen Elektroauto konzipéierten EV6 lancéiert hunn. Deemools war et net nëmmen deen opfällegen Design mee och déi ultramodern Technik, déi den EV6 vun der Konkurrenz ofgehuewen huet. Wéivill elo beim Facelift moderniséiert gouf, dat huet de Paul Origer a sengem Alldagstest erausfonnt.

05-19
02:43

Automag: Mercedes-Benz G 580 EQ, 15/05/2025

Fir déi eng Kult an eng Ikon, fir déi aner een absurd Relikt aus enger anerer Zäit – mee eent steet fest: bal keen anere konnt sech esou laang am Auto-Universum behaapten wéi d’Mercedes-G-Klass. Fir hir eng weider Chance ze ginn, wollt Mercedes de G-Dinosaurier op modern Zäiten virbereeden an huet em méi wéi een Elektromotor ageplanzt. Ob verschidde Fans zu Recht geschockt sinn, dat huet de Paul Origer an engem kuerzen Alldagstest erausfonnt.

05-15
02:59

Recommend Channels