DiscoverCeci, Do You Love Me?
Ceci, Do You Love Me?
Claim Ownership

Ceci, Do You Love Me?

Author: Cecilia Said Vieira

Subscribed: 24Played: 277
Share

Description

Lëtzebuerg ass eng Bubble! A genau aus där Bubble well ech iech mat dësem Podcast rausbréngen. Ech schwätzen a diskutéiere mat interessante Leit, déi net onbedéngt dat gemaach hunn, wat d'Gesellschaft vun hinne verlaangt huet. Mäin Ziel ass et, iech Themen a Persounen ze präsentéieren, déi dir normalerweis net sou um Schierm hutt - D'Gespréicher an Iddien sollen inspiréieren, motivéieren an Horizonter erweideren :)
73 Episodes
Reverse
An dëser Episode schwätzen ech mam Almin Hrkic aka “De Wollef” aka Blogger vun der Page “Mood Luxembourg” op Instagram a Tiktok.   Mir schwätzen iwwert ganz vill interessanten Themen: Wéi geet ee viral op Tiktok/Instagram? Influencer: Moral vs. Image Mood Luxembourg: Wat ass déi bescht Pizza am Land? Dubai: Ass et ok, do Vakanz ze maachen? Deep Talk: Themen déi gemilkt (am bsp. vu Feminismus) a villes méi!    Lauschtert eran a gitt mir gäre Feedback zu dëser Episode! _____________________________ Villmools Merci un de Sponsor vun dëser Episode: CULTURE FOREST FESTIVALMAY 13, 2023 — PARK CLAIR-CHÊNE - ESCH-SUR-ALZETTE Tickets fannt der ënnert: https://www.culture-forest.com
Ceci, Do You Love Me? ass rem back on track! An dëst kéier hunn ech mech mam Kënschtler Julien Hübsch am Konrad Café an der Stad getraff. Et war Sonndegmëttes, d’Bud war voll an dat héiert een och. Mais ech denken, dass dat der ganzer Episode ee Charme gëtt.  Ech schwätze mam Julien iwwert d’Bedeitung vun onkonventioneller Konscht, Behind the Scenes vun der Scene a wat den Julien gären an der ganzer Konschtwelt ännere wéilt. Ween huet Berechtegung ze soen, wat gutt Konscht ass? Wat ass normal? Wat ass onkonventionell? Wat misst een änneren fir de Jonken een realistescht Bild ze weisen, wéi et ass Konscht als Beruff ze wielen? Dat a vill méi gitt der hei gewuer. Vill Spaass beim lauschteren! Dëst Episode gëtt #gesponsert vum Culture Forest Festival. Tickets fir de Festival a méi Infoe zum Line-up fannt der ënnert https://www.culture-forest.com .  
Zu Gaascht an dëser Episode ass de jonken an erfollegräiche Cellist Benjamin Kruithof. Mir fänken dëst Episode direkt mat engem aktuellen Thema un: Luxembourg Music Awards. De Benjamin huet de Präis an der Kategorie Nowuesstalent gewonnen a mir schwätze bëssen doriwwer wéi iwwerraschend dat fir hie koum. Ausserdeem kläre mir iwwert d'Klischeeë vun der klassescher Musek op, schwätzen iwwert Tabuthemen an der Branche an och iwwert säi Cello den iwwer 300 Joer al ass. De Benjamin wënscht sech, dass Leit Musek rëm schätze sollen an sech mol dohinner sëtze sollen an d'Musek mat alle Sënner genéisse sollen. Vill Spaass beim Lauschteren!
Zu Gaascht an dëser Episode hu mir d'Grafikdesignerin Sarah Vermeulen. Hat erzielt eis iwwert d'Insights vun der Aarbecht als selbstständeg Graphikdesignerin. Folgend Themen schwätze mir ënner aanerem un: - Fiver: Blessing oder curse? Wat sinn d'Virdeeler vun der weltwäiter Freelance Platform? - Wéi a wou mecht ee richteg Werbung fir sech als Kënschtler:in z'etabléieren? - Social Media: Wéi gëtt ee mam Drock eenz? - Wéi een Afloss huet d'Politik op d'Konschtzeen? Lëtzebuerger hunn Haudesdags extrem vill Réckewand fir Projeten ëmzesetzen!  Vill Spaass beim Lauschteren! A vergiesst net fir "Ceci, do You Love me" ze voten an de Podcast Awards :)  Lidder déi an dëser Episode gefeatured gouffen: 10:09 Luk - Traureg Mee Et Geet 21:33 Sixo ft. Irem - Gold 31:58 Turnup Tun ft. Lilou - De Gudden
Zu Gaascht an dëser Episode vu KulturPur ass d'Sandra Biewers vun Inktologie. Hat ass säit 20 Joer Tattooartistin an huet déi ganz Entwécklung vun der lëtzebuergescher Tattoo-Scene matgemaach. Dat heiten ass eng mega informativ Episode, lauschtert onbedéngt era falls dir méi iwwert d'Tattoowelt gewuer wëllt ginn. Dat heiten sinn d'Themen déi mir an dëser Episode uschwätzen: ➡ Wéi huet d'Tattoowelt zu Lëtzebuerg viru 20 Joer ausgesinn an ginn et grouss Ënnerscheeder zu Haut? ➡ Burnout bei Kënschtler:innen - D'Wichtegkeet "Nee" zu Opträg kënen ze soen. ➡ Gesetzer déi Tattoofaarwen verbidden: Wat ass genau do lass? ➡ Instagram Q&A: D'Sandra beäntwert är Froen! ➡ Medizinesch Tattoos: 🎗Wéi profitéiere Broschtkriibs Patient:innen oder Persounen déi eng Geschlechtsëmwandlung kruten dovun? Lidder déi an dëser Episode gefeatured sinn: 33:22 Xavier Rudd - Follow The Sun 45:59 The Doors - People Are Strange ___________ KulturPur ass ee Podcast vu culture.lu an Zesummenaarbecht mam Radio ARA & Podcast Host Cecilia Said Vieira. Et ass eng Plattform fir Kënschtler a Kënschtlerinnen zu Lëtzebuerg z’ënnerstëtzen. An dësem Podcast gitt der gewuer, wéi vill Kreativitéit hannert eisem onscheinbare Land stécht – Heiduerch kritt dir een aaneren Abléck an eis lokal Kulturzeen. Vill Spaass beim Lauschteren! Fir méi Input, Feedback oder Ideen: schreiwt dem Ceci op Instagram.
VIDEOPREMIERE LET'S GO! An der Episode 4 vu KulturPur hu mir dëst Kéier net just eng Persoun mee souguer zwou zu Gaascht! An zwar den Damien Giudice, den als Kënschtler a Museker ënnerwee ass an ee vun senge beschte Kolleegen den Thomas Roland aka de Rapper Maale Gars.  Mir schwätzen an dëser Episode vill verschidden Themen un: Mir fänken un mat engem Insight aus hirer Frëndschaft, hier gemeinsam Band Epicure, wat no der Band geschitt ass, an wei eng Richtung si sech herno beweegt hunn. Nei bei dësem Podcast: Zwou Wourechten an eng Liggen aka 2 Truths & eng Fuutz! Nom Spill ginn mir méi déif an den Damien seng Aarbecht an - hien ass nämlech mat engem Solo Projet (Boy from Home), eng Band (Creatures on Mars) an als Linol- an Drockkënschtler zimmlech busy. Schlussendlech ginn et nach Froen un den Maale Gars, wéi alles enstaanen ass an wéi seng Schüler:innen hien gesinn. Natierlech weisen si dann nach den Objet den sie matbruecht hunn! Kuckt iech de Video op Spotify (mam neisten Update) oder op Instagram un. Lidder déi gefeatured sinn:  00:05 Maale Gars - Ëmmer fir Dech Do 00:09 Boy From Home - I Don't Wanna Go Home 00:14 Epicure - At Least You Tried 00:35 Maale Gars - Alles Nei 00:40 Creatures on Mars - Rope 00:54 Luke Sital-Singh - Nothing  Stays the Same Vill Spaass beim Lauschteren!
Zu Gaascht an der drëtter Episode vu KulturPur ass de Bruce Biren aka Brooze. Säit 2019 polariséiert hien d'Rapscene zu Lëtzebuerg, sief et mat senger Musek oder awer och mat sengem Optrëtt an de soziale Medien. Op d'Medien et agestoe wëllen, oder net - hien huet ee groussen Impakt op d'lëtzebuergesch Kultur. Vill Spaass beim Lauschteren! Theme wouriwwer mir an dëser Episode schwätzen: Wisou gëtt ee Kënschtler, de vun den Zuelen hier, ee vun deene beschte Kënschtler* am Land ass, sou wéineg vun de Medien ënnerstëtzt? Wéi een Impakt huet seng Musek op jonk Leit? Rap Musek an déi ganz Scene verstoen: Tëscht Ironie, Provokatioun a Konschtfräiheet Wat muss ee gudde Artistmanager senger Meenung no hunn? (WANTED: De Brooze sicht ee/ng Manager/in!) Lidder déi an dëser Episode gefeatured sinn: 13:24 Brooze - Ja an dann 33:21 Brooze - Mat Dear Folgt dem Brooze op Instagram! Lauschtert an seng Musék eran. *De Musek op lëtzebuergesch mécht. ___________ KulturPur ass ee Podcast vu culture.lu an Zesummenaarbecht mam Radio ARA & Podcast Host Cecilia Said Vieira. Et ass eng Plattform fir Kënschtler a Kënschtlerinnen zu Lëtzebuerg z’ënnerstëtzen. An dësem Podcast gitt der gewuer, wéi vill Kreativitéit hannert eisem onscheinbare Land stécht – Heiduerch kritt dir een aaneren Abléck an eis lokal Kulturzeen. Vill Spaass beim Lauschteren! Fir méi Input, Feedback oder Ideen: schreiwt dem Ceci op Instagram.
An der zweeter Episode vu KulturPur ass den Thomas Faber aka MAZ zu Gaascht. Wosst dir, dass de MAZ ungaresch Wuerzelen huet? Hien erzielt eis dovunner an och doriwwer op wat ee muss oppasse wann ee sou räppe well wéi hien. Eppes wouriwwer mir och schwätzen ass d’Trennung vu Frëndschaft a Business – kann ee mat gudde Kolleege produktiv schaffen? D’Äntwert dozou a vill méi gitt dir an dëser Episode gewuer. Lidder déi an dëser Episode gefeatured sinn: 37:48 MAZ – Good Shit 10:54 MAZ – Upside Down Folgt dem MAZ op Instagram. ___________ KulturPur ass ee Podcast vu culture.lu an Zesummenaarbecht mam Radio ARA & Podcast Host Cecilia Said Vieira. Et ass eng Plattform fir Kënschtler a Kënschtlerinnen zu Lëtzebuerg z’ënnerstëtzen. An dësem Podcast gitt der gewuer, wéi vill Kreativitéit hannert eisem onscheinbare Land stécht – Heiduerch kritt dir een aaneren Abléck an eis lokal Kulturzeen. Vill Spaass beim Lauschteren! Fir méi Input, Feedback oder Ideen: schreiwt dem Ceci op instagram.
Zu Gaascht an dëser Episode ass de Patrick Miranda aka @pleasingsome . Mir schwätzen zesummen iwwert d'Wichtegkeet vun engem Alter Ego bei Kënschtler:innen, ob et schwéier ass sech vun dem ze trennen an a wéi fern een, duerch den Impakt vu mentaler Gesondheet, Konscht kreéiere kann. Lidder déi an dëser Episode geafeatured sinn: 13:07 @mazuniverze - Over 18:28 Pleasing - Bplr 38:33 @tuysband - More Than An Account ___________ @kulturpur ass ee Podcast vu culture.lu an Zesummenaarbecht mam @radioara & Podcast Host @vonwegenceci . Et ass eng Plattform fir Kënschtler:innen zu Lëtzebuerg z'ënnerstëtzen. An dësem Podcast gitt der gewuer, wéi vill Kreativitéit hannert eisem onscheinbare Land stécht - Heiduerch kritt dir een aaneren Abléck an eis lokal Kulturzeen.
An der Staffelfinal vu Kulturpur, hunn ech de Sumo an de Studio agelueden. De Sumo ass ee vun de bekanntsten Urban Art Kënschtler aus Lëtzebuerg a säit Joren an der Kënschtlerzeen aktiv. An dëser Episode schwätze mir iwwert folgend Themen: - Graffiti vs. Streetart: De Sumo huet scho Streetart gemaach, wou et nach kee Streetart gouf.  - Wa grouss Marke mat engem schaffe wëllen: wéi entstinn sou Kooperatiounen? - De Sumo gesäit seng Aarbecht net wierklech als Aarbecht un: Huet ee säi Liewenszil erreecht, soubal ee vu sengem Hobby liewe kann? - Wat sinn NFT's a wisou spillen se sou eng grouss Roll an der Kënschtlerzeen? - Ai - Wéi steet de Sumo zu Konscht déi duerch kënschtlech Intelligenz generéiert gëtt? Lidder déi gefeatured gouffen: 7:23 Mos Def - Mathematics 16:03 Bobby Womack Across 110th Street 30:03 Jackie Stoudemire - Flying High __________________ Note: Dat heiten ass déi läscht Episode vu Kulturpur. An der nächster Staffel vu CDYLM dréint sech rëm alles ëm Tabu Themen, aussergewéinlech Perséinlechkeeten a Jobs a natierlech spicy Themen! Freeë mech schon op déi 4. Staffel <3
An der Episode 10 vu KulturPur hu mir den Ornello an de David vun der Heavy Metal Band Blanket Hill zu Gaascht. Themen vun der Episode: ➡ Ass et schwéier Musek ze maachen, wann ee Problemer huet mam Gehéier? ➡ Een Thema de mir am Summer all um Schierm haten: Shitstorm "Metal ass keng Musek" ➡ Wéi "aggressiv" ass een Heavy Metal Concert a wéi vill Verantwortung stécht dohannert? ➡ Wat waren hier gréissten a klengste Concerten? ➡ Anekdote vun der Tour a Bonding tëscht de Band Memberen "Och eng Famill huet Ups and Downs" ➡Upcoming Japan Tour! Lidder déi an dëser Episode gefeatured goufen: 14:59 50 Cent - Many Men 32:37 Blanket Hill - Neighbourhood Vill Spaass beim Lauschteren!
An dëser Episode schwätzen ech mat der Kënschtlerin Sarah Mandres @sarah_mandres_art iwwert de Prozess an d'Hannergrënn vu senger Konscht 🎨 ➡ Wéi schwéier ass et "wéi ee Kand" ze molen? D'Konscht vu Kanner ass fräi vun all Jugement vun der Gesellschaft a gëtt als "reng" Konscht bezeechent, déi Erwuesse Leit oft net hikréien. ➡ Du muss dech am Ufank als Kënschtlerin beweisen - wéi ass dat zu Lëtzebuerg? ➡ Kënschtlerfaktor: Wéi rechne Kënschtler:innen hier Präisser? ➡ Konscht als Selbsttherapie Lauschtert erann: Link in Bio! Lidder déi an dëser Episode gefeatured sinn: 11:48 Grossstadtgeflüster - Fickt-Euch-Allee 23:39 The Rolling Stones - Paint It Black Photo Credits: © @anoukflesch
In New Yooooork, concrete jungle where dreams are made of There's nothing you caaaan't do 🎶✨ Ech hunn d'Liz Breuer zu New York getraff, fir genau ze sinn am Central Park. D'Liz ass no der Première op New York geplënnert fir do Fashion Management ze studéieren. Mëttlerweil huet hat seng eegen Sustainable Marketingagentur gegrënnt a wunnt fest am Big Apple. Hat erzielt eis an dëser Episode wéi hat sou wäit komm ass, wéi déi verschidde Steps ausgesinn fir iwwerhaapt sou wäit ze kommen, wéi et sech zu New York lieft a wisou hat warscheinlech ni méi vun do fort wäert goen. Säi Wee als CEO ass als jonk Fra natierlech och net den einfachsten, dofir schwätzen mir och iwwert d'Struggles déi an sengem job gängeg sinn. Vill Spaass beim Lauschteren! 
Episode 36: Vu Schoulmeeschter op Award-Winning Bartender  Zu dëser Episode soen ech nëmmen: Cheers! Ech hu mech mam Rapahel Betti am Bazaar getraff - déi perfekt Plaatz fir iwwert seng Professioun ze schwätzen. Hien ass nämlech e Full-time Bartender - an zwar ee vun de bäschten aus Lëtzebuerg bzw. aus Benelux. Mir beäntferen an dëser Episode ënner aanerem folgend Froen: Wisou ass de Raphael vu Schoulmeeschter an d'Gastro gewiesselt? Wat ass d'Konzept vun der Event-Reih "Moonshine"? Wat ginn et fir aussergewéinlech Bar Konzepter op der Welt - a kéinten déi och zu Lëtzebuerg funktionéieren? Wéi gesinn d'Behind The Scenes vun der Barscene zu Lëtzebuerg aus? Wisou gi vill Leit an der Scene "ënner"? Wat ass d'World Class Bartender Competition a wéi hues du dech do fir d'Final zu Sydney nominéiert? Vill Spaass beim Lauschteren! Folgt dem Rapahel op Instagram: https://www.instagram.com/betti_rapha/ ______________________________________ INFO: Dat heiten ass déi läscht Episode vum Konzept CDYLM!
Mäi Gaascht an dëser Episode ass d'Vize-Präsidentin vun der Chamber a Partei-Präsidentin vun de Gréngen - Djuna Bernard. Ech selwer gesinn d'Djuna als grousst Virbild, net nëmme fir mech, mä och fir vill jonk Lëtzebuerger:innen (zumools fir jonk Fraen!) déi an der Politik aktiv wëlle ginn. An dëser Episode schwätze mir iwwert vill verschidden Themen. Ënner anerem iwwert dem Djuna säi Werdegang, wat fir eng wichteg Roll de Scoutismus a sengem Liewe spillt, wisou Lobbyismus net ëmmer schlecht ass a - mäi Liblingsdeel - wéi eng Hürden hat als jonk Fra an der Chamber muss bewältegen, fir genau sou eescht geholl ze gi wéi seng mat-Politiker:innen. Stéchwuert: Feminismus! Vill Spaass beim Lauschteren! Falls iech meng journalistesch Aarbescht gefällt, kënt dir mech ënnerstetzen andeems dir mäi Patreon Account abonnéiert oder meng Merchandise kaaft. Méi Informatiounen doriwwer fannt dir hei: https://neon.page/cecidoyouloveme 
Ech sinn zesumme mam Alex (mäin emotional Support Buddy) bis op Wäiswampech gefuer fir dem Lisa an dem Jemp hire Bongert an Imkerei Hugeriter kucken ze goen. Dat war eng mega schéin Erfarung - kann ech iech och nëmmen empfeelen, falls dir Imker:inne kennt! :)  Mir schwätzen iwwert folgend Saachen: - Wat brauch een alles fir Imker ze ginn? - Wéi kommunizéiere Beien a wéi funktionéeiert hier "Welt"? - Wisou si Beien sou wichteg fir eis? - Wéi kann een "Fake Hunneg" vu richtegem ënnerscheeden? - Wéi ethesch ass et Beien ze halen?  ... a villes méi! Vill Spaass beim Lauschteren!     Support Link a Merch: https://neon.page/cecidoyouloveme
Ech gouf gefrot fir an der éischter Editioun vum Mir si Miersch Festival ee Festival Podcast ze maachen. Vue dass ech zu Miersch opgewuess sinn a mir déi Staadt am Härze läit hunn ech net gezéckt a Jo gesot.  An dëser Episode zu Gaascht sinn folgend Persounen (Der Reih no) : - Tun Van Beest (Mat Organisateur) - Ledé Milestone (Artist https://neon.ly/vE3XK ) - Marvin Caldarella (Haapt-Organisateur) - Art in Motion - Damien Giudice vun Mediabox https://www.mediabox.services - Scoute vun den LGS Miersch - Stayfou (Luka Tonnar, John Wolter, Tun Tonnar https://neon.ly/mQPX1 ) - The Disliked ( https://neon.ly/mlbPd ) - Seed To Tree ( https://neon.ly/pyZDo ) - Le Vibe ( https://neon.ly/pP3X3 ) - Serge Tonnar ( https://neon.ly/NZBZP ) Villmoools Merci u jidderen den dobäi war! 
*VERBESSERUNG* Et ass keen während den Riots gestuewen! Asexualitéit bezeechent d'Absence vu sexueller Unzéiung géigeniwwer anere Leit an och d'feelend Interess u Sex - Dat heiten ass déi méi wëssenschaftlech Definitioun vun Asexualitéit déi och zimmlech iwwerflächlech ass. Well hannert der Orientéierung stécht vill méi wéi just dat. Ech hunn dofir dem Lindsay Caldarella ganz vill Froen iwwert Asexualitéit gestallt. Mir schwätzen ënner anerem iwwert folgend Themen:  Wéi fënnt e raus, dass een Asexuell ass? Muss een sech als Asexuell outen? Wéi verleeft eng asexuell Bezéiung? Hunn asexuell Leit Sex? Wat heescht et an enger polyamoréiser Bezéiung ze sinn? Et gëtt e Grond wisou ech dëst Episode haut verëffentlechen an net Sonndes. Haut si mir den 28. Juni an genau an dësem Dag am Joer 1969 huet d'LGTBQ+ Community fir hier Rechter gekämpft. Déi Protester ginn als Stonewall Riots bezeechent. Dank deenen huet d'Lgtbq+ Community haut vill méi Rechter. Vill Spaass beim Lauschteren! ___________________________________ Hannert dësem Podcast stécht vill Aarbecht. Ech géing mech mega freën wann dir mech finanziell ënnerstetze kéint: https://www.patreon.com/cecidoyouloveme Oder kaaft meng Merchandise: https://jado.lu/produkt/your-favourite-ginterview-limited-edition/
Veganer hu Proteinmangel, iesse just Zalot a mussen ëmmer jidderengem soen, dass sie Veganer sinn. Dat heiten si just dräi vu ville Clichéen mat deene Veganer:inne am Alldag konfrontéiert ginn. Wat viru 10 Joer eppes komplett Alternatives war, ass haut a ville Grousstied zum Normale ginn. Vill Leit - zumools Jonker - entscheeden sech ëmmer méi op eng vegetaresch a suguer vegan Ernährung emzesteigen - wat natierlech gue net mol sou einfach ass. Dofir hunn ech mat 3 Veganer:inne geschwaat déi mir vun hiere liiblingsklichéen erzielt hunn a wisou sie sech vegan ernähren. Vil Spaass beim Lauschteren! Grousse Merci un de Raphael Betti, d'Silvie Almeida an d'Nadia vu Vegains Luxembourg!
Näischt z'iessen, sech z'iwwerginn oder ongesond dënn auszegesinn - Dat sinn déi éischt Saachen déi en sech denkt, wann ee Magersucht héiert. Magersucht steet ëmgangssproochlech fir d'psychosomatesch Krankheet Anorexia Nervosa ënnert der, laut der representativer Studie vun DEGS1, 1,1% vun de Fraen an 0,3% vun de Männer leiden. An dëser Episode schwätzen ech mam Anouk Treff, wat duerch d'Krankheet gaangen ass, wéi et dozou komm ass, wéi et säin Ëmfeld betrëfft, wat d'Symptomer dovunner sinn an och wisou et him wichteg ass doriwwer ze schwätzen. D'Episode ass zimmlech "positiv" opgebaut, mee fir déi déi sou Themen net kënnen héieren, sollten dëst Episode skippen. ________________ MERCH: https://jado.lu/produkt/your-favourite-ginterview-limited-edition/
loading