Den Hallwer Néng

Bei allem, wat een esou mécht, stellt ee sech Froen. Ob um Kaffisdësch, am Auto oder op der Schaff - um hallwer 9 gi mir op d’Sich no Äntwerten. Mat Invitéen, déi aus eegener Erfarung schwätzen.

Hiweis

Hiweis: Vun elo un fannt Dir dës Interviewen ënnert "Moiesstudio".

12-31
01:11

Wéi bléift een digital fit?

Ob doheem oder am Aarbechtsëmfeld: wien net mat digitale Medie kann ëmgoe riskéiert ofgehaangen ze ginn. Wéi kann een dat verhënneren? Dat freet d'Christiane Kleer de Ben Max, Responsabel fir digital Inklusioun am Digitaliséierungsministère. (Rediffusioun vum 9. Oktober 2024)

12-31
08:31

Wéi kënnt een aus der Scholdefal eraus?

Mir froen de Christian Schumacher vum Service Surendettement vun der Ligue Médico-Sociale. (Rediffusioun vum 25. Oktober 2024)

12-30
10:33

Den Datum vum Trounwiessel ass bekannt

Den 3. Oktober 2025 wäert de Grand-Duc Henri zugonschte vu sengem Fils Guillaume ofdanken. Dozou e Gespréich mam Monarchie-Expert a fréiere Chamber-Greffier Pierre Dillenburg

12-27
10:17

Varianten am Lëtzebuergeschen

De Peter Gilles, Professer fir Linguistik am Institut fir Lëtzebuerger Sprooch- a Literaturwëssenschaft op der uni.lu, schwätzt iwwer de Variatiounsatlas, deen een online consultéiere kann. (Rediffusioun vum 1. Oktober 2024)

12-24
10:19

Miss Mona

Dem Tullio Forgiarini säi Polar aus dem Joer 2000 koum viru Kuerzem eng zweete Kéier eraus ...

12-23
09:55

D'Hotelsschoul zu Dikrech kritt een zweete Campus

Firwat ass dat néideg? Mir froen de Schouldirekter Michel Lanners.

12-20
09:59

Wat maachen d'Schoule géint Mobbing?

Mir froen d'Natalie Keipes, d'Direktesch vum schoulpsychologeschen Déngscht fir d'Lycéeën (CePAS).

12-19
11:32

Wéi mécht een Zement méi nohalteg?

Dat froe mir de Geolog Jean-Frank Wagner, deen zanter Jore probéiert Alternative fir de klasseschen Zement ze entwéckelen.

12-18
09:27

Woubäi kënnen Assistenzhënn hëllefen?

Mir froen de Luc Schwartz, President vun der Amicale vun der Schoul vun den Assistenzhënn.

12-17
09:36

Wéi Drone-frëndlech ass Lëtzebuerg?

Mir froen de President vun der Lëtzebuerger Dronefederatioun, de Gilles Rock.

12-16
11:06

Vendée Globe: d'Kinnigin vun de Seegel-Courssen

De Lëtzebuerger Skipper Jérôme Merker erkläert d'Faszinatioun vun där Competitioun.

12-13
13:46

Handicap an Aarbecht

Zweedrëttel vun den Ufroe bei Info-Handicap dréie ronderëm d'Aarbecht. Wat d'Leit bedréckt a wéi hinne ka gehollef ginn, erkläert den Andrea Di Ronco.

12-12
12:26

LUGA, déi éischt national Gaardenausstellung

D'LUGA (Luxembourg Urban Garden) leeft vum 7. Mee bis den 18. Oktober 2025. D'Generalcoordinatrice Ann Muller erkläert, wat do gebuede gëtt.

12-11
13:22

Internationalen Dag vun de Mënscherechter

Mir schwätze mam neien Direkter vun Amnesty International Lëtzebuerg David Pereira.

12-10
15:00

Blutt spenden

D'Andrée Heinricy, Doktesch am Blutttransfusiounszenter vum Roude Kräiz, erkläert, wie Blutt spende kann, wéi dacks een dat maachen däerf, wou dat méiglech a firwat et wichteg ass.

12-09
11:16

Lëtzebuergesch Lidder an engem europäesche Buch: EU-Song-Book

De Robert Köller ass Comitésmember vun der UGDA, dem Daachverband vun de Lëtzebuerger Museksveräiner. Hien huet gehollef, déi 6 lëtzebuergesch Lidder erauszesichen.

12-06
11:54

Op der Sich no Fräiwëlleger

19 Daachverbänn an Honnerte Veräiner sichen no Benevoller déi sech wëllen engagéieren- Deen associative Secteur huet sech professionaliséiert, ënnert anerem och duerch d'Agence du bénévolat.

12-05
11:54

Wéi geet een entspaant an d'Pensioun?

Doriwwer schwätzt d'Christiane Kleer mam Direkter vum Kompetenzzenter fir den Alter Alain Brever. Dobäi geet et och ëm d'Fro, wéini ee sech da soll ëm eng Plaz këmmeren, wou ee ka wunnen, wann een Hëllef brauch.

12-04
14:46

Net just eng Lëtzebuerger Traditioun

De Kleeschen ass eent vun de Spezialtheeme vun der Catherine Guyon, Historikerin op der Université de Lorraine. Si kennt de Personnage schonn zanter hirer Kandheet an der Regioun a kann erklären, wéi deen historesche Personnage sech entwéckelt huet.

12-03
13:15

Recommend Channels