Driving Dreams

Schalt e Gang erop a leet Iech zréck! Hei huelen mir Iech, zseumme mat interessante Gäscht mat an déi spannend Welt ”Faszinatioun Automobil”.

De Jacques Lanners huet eis säi Porsche 911 T Targa aus dem Joer 1972 matbruecht.

De Jacques Lanners ass passionéierte Frënd vun Oldtimer a virun allem vu Porsche. Hien huet eis fir dëse Podcast säi Porsche 911 T Targa aus dem Joer 1972 matbruecht. Säin Targa huet en 2,4 Boxer Motor mat 140 Päerd.

06-18
27:55

Den Dylan Pereira sëtzt hannert dem Steier

Den Dylan Pereira ass Rennfuerer a gouf am leschte Joer Vizechampion am Porsche Mobil1 Supercup. Fir de Podcast si mir mam Dylan sengem Porsche 718 Cayman T op der Nordschleife um Nürburgring ënnerwee.

10-14
26:45

D‘Christine Majerus sëtzt hannert dem Steier

D'Cyclistin ass eng vun de renomméiertste Lëtzebuerger Sportlerinnen a war schonn dräi Mol bei den Olympesche Spiller mat derbäi. Fir säi Gefier op véier Rieder setzt d'Christine op säi Skoda Karoq. De perfekte Won fir wäit Strecken, mat deem hat iwwerall hikënnt.

10-14
34:39

De Walter Röhrl sëtzt hannert dem Steier

De Porsche-Fuerer war fir d'Luxembourg Classic op Besuch an huet sech Zäit geholl, mat eis ze schwätzen.

10-15
24:13

D‘Sophie Mousel sëtzt hannert dem Steier vum neie Q4 E-tron

Wou d'Lëtzebuerger Actrice, aus der Netflix Serie Capitani lieft a wat se alles esou nieft der Schauspillerei an dem Theater mécht, gëtt et an dëser Episode.

11-15
32:37

De Jeff Oberweis sëtzt hannert dem Steier vum neie VW ID.4.

De Jeff Oberweis zaubert Lëtzebuerg schonn zanter ville Jore kulinareschen an eemolege Genoss op den Teller. Léiert de sympatesche Patissier hei méi no kennen.

12-14
26:44

De Charel Grethen sëtzt hannert dem Steier vum Golf GTI

De Lëtzebuerger Sportler vum Joer 2021, huet et zu Tokyo op den Olympesche Spiller bis an déi grouss Finall gepackt.

03-23
20:58

De Roberto Gomez sëtzt hannert dem Steier vum VW ID3.

De Spuenier deen zanter Joren zu Lëtzebuerg lieft, reest mat senger ganzer Famill am E-Auto duerch Europa, fir seng Experienz mam Grand-Duché ze presentéieren.

04-18
31:35

De Carlos Rivas sëtzt hannert dem Steier vun engem Porsche

De Pro-Am Champion vum Däitsche Carrera Cup huet eis zu Spa Francorchamps mat op en Tour geholl.

05-15
37:13

De Paul Philipp sëtzt hannert dem Steier vun engem Volkswagen ID5

De Präsident vun der FLF zielt eis Anekdoten iwwert seng aktiv Zäit als professionelle Futtballist a senge Missiounen déi en haut bewältegt.

07-05
32:59

Sarah De Nutte an d‘Ni Xia Lian am E-tron GT vun Audi

Eng Medail no der anerer bréngt den Duo mat an de Grand-Duché. Léiert déi zwou sympathesch Dëschtennisspillerinnen an hire Manager an hei méi no kennen.

09-26
29:48

De Richy Müller sëtzt hannert dem Steier vu sengem Targa

Mir schwätze mam Däitsche Schauspiller iwwert seng Roll am Tatort a senger Léift zu Porsche an dem Rennsport

11-07
35:11

De Raphael Fiegen sëtzt hannert dem Steier vum VW Multivan

De Lëtzebuerger Musher huet mat senge Kolleegen op 4 Patte scho sëlleg Aventuren hannert sech. Geschwë kënnt och säin Documentaire "The Law of three" eraus.

12-05
29:45

De Michel Welter vum Atelier sëtzt hannert dem Steier vum Cupra Born

Zanter den 90er entstinn am Atelier vill onvergiesslech Geschichten Haut schwätze mir mam Michel Welter, Gerant An Associé vum Atelier, iwwert seng ganz eege Storyen déi en hei erlieft huet!

12-27
30:47

Mir waren zu Los Angeles beim Magnus Walker a senger Porsche Sammlung

Bei villen Experten zielt de Magnus Walker als "de" wichtegste Porsche Sammler aus den USA. Mir hunn de passionéierte Porsche Kënschtler zu L.A. kenne geléiert.

04-03
16:44

De Claude Lamberty sëtzt hannert dem Steier vum Cupra Formentor VZ5

De President vun der Lëtzebuerger Tennisfederatioun huet mat eis iwwert d’Innovatioune vun der Tenniswelt geschwat.

05-02
28:56

De Samy Picard sëtzt hannert dem Steier vum Audi Q8 e-tron

De Samy Picard President vun der Lëtzebuerg Baskettsfederatioun huet mat eis iwwert seng Karriär geschwat a wéi eng Challengen haut op hie waarden.

07-02
24:51

Losch Night – Mir souzen hannert dem Steier vum VW T1

Losch huet 75 Joer gefeiert an an deem Kader hu mir mat enger Rëtsch vu gudde Frënn geschwat déi d’Institutioun an de leschte Joer geschloss huet.

09-18
25:30

De Julien Henx sëtzt hannert dem Steier vum VW T-Roc R

Den 28 Joer jonke Schwëmmer huet Lëtzebuerg schonn dacks op den internationale Büne konnte representéieren! Eng sëlleg National Rekorder, en immenst Talent a säin eemolege Punk Look maachen de Julien zu engem eemolegen Ambassadeur fir de Grand-Duché!

10-22
23:35

Happy Birthday 10 Joer Losch Truck Van & Bus

An dëser Episode feiere mir 10 Joer Losch Truck, Van & Bus an hunn ënnert anerem mam Harald Borrelbach vu Voyages Emile Weber, dem Laurent Schandeler vun Demy Schandeler an dem Steve Stephany von Autobus Stephany geschwat.  

11-19
18:27

Recommend Channels