Discover
Déckkäpp
180 Episodes
Reverse
Antëscht huet een sech dru gewinnt, un de Punkteführerschäin. Virun 20 Joer war deen nach an der Diskussioun an nawell net onëmstridden. E Réckbléck mam Jean-Marc Sturm
Och virun 20 Joer goung an der Lëtzebuerger Aktualitéit iwwert d'Impfen Rieds - mee net vu Mënschen, mee bei Déieren. D'Maul- und Klauenseuche huet d'Baueren beonrouegt - an dat en enormen Impakt op d'Recetten vun de Baueren. De Roy Grotz kuckt op de Mäerz 2001 zeréck.
Virun 20 Joer goung an der Aktualitéit net iwwer Pandemie a Confinement Rieds mee villméi gouf sech op d'Aféieren vun den Euro Schäiner a Mënzen preparéiert...en Ament deen net bei Jidderengem fir frou Gesiichter gesuergt huet...Roy Grotz
Wéi d'Zäit vergeet. E gëtt gemenkerhand Alima genannt. de Lycée Aline Mayrisch. um Geesseknäpchen. Dee gouf virun 20 Joer ageweit. E Réckbléck mam Jean-Marc Sturm
Hutt Dir se nach all?Also huelt et elo net perséinlech, well et geet ëm d'Punkte um Führerschäin.Dee war virun 20 Joer schwéier an der Diskussioun. E Réckbléck mam Jean-Marc Sturm
Dëse Weekend sinn et genee 20 Joer hir, datt de Vertrag vun Nice iwwert d'EU-Erweiderung signéiert gouf - an der Lëtzebuerger Aktualitéit hunn 2001 iwwerdeem éischter sozial Sujeten an der läschter Februar-Woch dominéiert - de Roy Grotz mat engem Bléck zeréck....
Covid-bedéngt ass bal alles anescht. Besonnesch elo an der Fuesent vermëssen vill Leit d'Cavalcaden an d'Fuesbaler.Haut gëtt et ee spezielle Réckbléck vum Jean-Marc Sturm op dat wat sech virun 20 Joer esou gedoen huet.
Virun 20 Joer war et d'Nouvelle dass d'Arbed fusionéiere wäert. D'Partner koumen aus Frankräich an aus Spuenien. Ee Réckbléck mam Jean-Marc Sturm
Logement, bezuelbare Wunnraum.. Stéchwierder, déi ëmmer nees an eisen Nouvelle virkommen. Abee, virun 20 Joer hat eng Politikerin fir bëllegt Geld vill Wunnraum kritt. E Réckbléck mam Jean-Marc Sturm
Marcel Habrand. Deen Numm war an den 80er, 90er an Ugangs 2000er Joren Synonymme fir de sougenannte " grand banditisme", an der Belsch. Hien war ee vun de grousse Nummeren am lécker Bandite-Milieu. An hien hat och hei am Land säin Onwiese gedriwwen E Réckbléck mam Jean-Marc Sturm.
Diddeleng hat virun 20 Joer zwar de Rehacenter ofgeholl kritt dofir gouf et awer de Staatslaboo CNS an dono den audiovisuellen Zenter CNA. E Réckbléck mam Jean-Marc Sturm.
Wat ee politescht Koméidisstéck! Et war een Deels lächerlechen Deal beim Dossier. "Wann ech net de Rehazenter kréien dann op mannst de Staatslabo". Dat war d'Aktualitéit virun 20 Joer . E Réckbléck mam Jean-Marc Sturm.
Wann aktuell mat der Corona-Pandemie d'Aktualitéit nëmmen vun ENGEM Sujet quasi nëmmen nach dominéiert gëtt, sou war dat am Joer 2000 och esou: au contraire zum Virus goung et deemools Enn Dezember awer ëm Nouvellen vum Haff: där Gudder! Roy Grotz
Op dëser Plaz dann e Bléck zréck op d'Aktualitéit, déi op RTL Radio am Joer 2000 dominéiert huet: Rieds goung net vun Viren oder Vaccinatiounen, mee villméi iwwert d'Oploossen vun de Butteker um Reveillon, grad wéi och iwwert d'Dokteren, déi fir hire liberalen Beruff agetrueden sinn..Roy Grotz....
Iwwerdeem eis an dëse Méint a Wochen d'Corona-Pandemie begleet, war dat virun 20 Joer komplett anescht: sozial Uleies vun Chargés de Cours mee och Leit, déi bei Geldtransportfirmen schaffen, hunn d'Aktualitéit bestëmmt.An dat hat säin trageschen Hannergrond, Roy Grotz...
Ween erënnert sech nach dorunner? Enn November 2000. Lëtzebuerg huet missen eng traureg Serie vun Iwwerfäll matmaachen. Ee Réckbléck mam Jean-Marc Sturm.
Et ass wéi een Déja-Vu: Viru genee 20 Joer hunn d'Leit op d'Resultat vun de Presidentschaftswale gewaart. E Réckbléck mam Jean-Marc Sturm.
Virun 20 Joer koum déi tragesch Geiselaffaire an der Crèche Spatzennascht zu Waasserbëlleg, 5 Méint no de Fait'en, nach emol an d'Aktualitéit E Réckbléck mam Jean-Marc Sturm
Well een CSV-Deputéierten aus dem Norden de Wee bis op Diddeleng ze wäit fonnt huet gouf virun 20 Joer ferm iwwert de Standuert vun engem Rehazenter gestridden. Ee Réckbléck mam Jean-Marc Sturm.
Komplett am Zeechen vum Trounwiessel tëscht dem Grand-Duc Jean a sengem Fils Henri stoung natierlech op RTL d'Aktualitéit virun 20 Joer, op déi mer lo ze schwätze kommen.D'Zeremonien waren ganz "sobre" gehalen; d'Feierlechkeeten waren reportéiert ginn...Roy Grotz...




Ass dach Kult hei an eisem klenge Gottverloosenen Lach!!!!Kult mais emmer erem gutt noozelauschteren!!!