Whazup Kweens, är Bitch Bois sinn nees um Stizzle! No enger laanger, laanger Paus widme mir eis nees de wierklech wichtege Froen: Firwat gëtt et eis nach ëmmer? ASS SOU EEN ONDIVERSEN, SEXISTESCHEN, RASSISTESCHEN, GLUTENINTOLERANTEN, ONWITZEGEN AN NET STRUKTURÉIERTE PODCAST NET KOMPLETT ONNÉIDEG??1? Dir musst eis d'Äntwert ginn... Bis mir gecancelt ginn, kommen hei awer wéi gewinnt schlecht Witzer, flaach Pointen an onsécher Erkläerungsversich. It's good to be back.
Enthält: Sträitgespréicher, domm Wuertwitzer, Falschinformatiounen. Grad wanns de mengs, dass de et gepackt hues fir wärend 6 Méint politescher Dauer-Kommunikatioun net verréckt ze ginn, komme mir 3 fréipensionnéiert Radiosgesiichter em den Eck a ginn dir de Gnodestouss. Spéitstens an dëser Folg beweise mir endgülteg, dass eis Mammen an der Schwangerschaft Crack gefëmmt hunn a kommentéiere mat enger Mëschung aus Autismus a geeschteger Absence non-excusée d'Resultater vun den Nationalwalen.
Wéi all gudde Porno kënnt och dëse Summer iergendwann op en Enn. An dat bedeit, dass mir dräi aus eisen Ecker gekroch kommen (De Joe aus der VIP-Vakanz a Griechenland, de Philippe aus engem geheime Mönch-Meeting an de Kasematten an Baschti vun ënnert engem grousse Steen). A fir iech nees ënnerduerchschnëttleche Content liwweren, mat Léift op der Hand gemaach, wéi bei der italienescher Nonna. Haut am Mix: Eise Familiestammbam ass anscheinend e Krees, de Joe huet komesch Begéignungen am Bus a mir probéieren eis un der Welt vu muer - Kënschtlech Intelligenz huet et an d'Erklär&Laach gepackt.
Mir haten et leider, leider versprach: Nodeems eis belsch Noperen an der leschter Folg kritt hunn, wat hinnen historesch an ethesch zousteet (Frechheeten a Mobbing) wëlle mir an dëser Folg dann eis journalistesch Grondausbildung éieren, an de Sujet och vun der anerer Säit beliichten. Der Belsch also...Komplimenter maachen. Mir sinn sou anescht ginn.
Wéi gewinnt leien an eisem klenge Kuschelpodcast Normalitéit a komplette Chaos ganz no beieneen. Sou hu mer och um Europadag eng Folg opgeholl déi tëscht Léift an Haass balancéiert - bëssi wéi de Fred Keup um Drotseel vun der Existenz als Neonazi. Niewebäi diskutéiere mir natierlech och iwwer d'Kréinung vum Charles III., d'al Praxis vum Duelléieren an de Baschti schwätzt iwwert säin däischtert Geheimnis...
Et war esou laang an der Maach: Eist Management-Team huet sech an onzielege Sëtzunge mat der Maison du Grand-Duc iwwer Klengegkeeten am Vertrag gestridden, d'Land huet wéinst multipele Krisen ëmmer nees misse vu sengem Staatschef getréischt ginn an awer ass et elo endlech sou wäit...S.A.R. de Grand Duc Henri, Porteur vum slowakesche wäissen Duebel-Kräiz-Uerden, léisst sech erof fir eise Podcast ze besichen. A mir sinn immens geéiert! Et ass just suboptimal, dass mir nach eng ganz Rei Saachen ënnert eis ze beschwätzen hunn... N.B.: Eis Affekoten hunn eis geroden, fir op dëser Plaz nach emol ze betounen, dass mir e satireschen (an de Wieder vun den Affekoten: iwwerflëssegen) Podcast sinn, dee mat der Realitéit näischt ze dinn huet. Dat Gespréich ass vun enger AI geschriwwe ginn.
De Pippo ass nees zréck vu sengem spirituelle Retreat! An dofir si mir och nees do.An et gëtt vill Spannendes ze beschwätzen: déi neisten Hiobsbotschaften aus der AI-Welt, déi wuel legendäersten Hochzäit vun de leschten zwou Wochen, eng Competitioun fir déi dommste Wuertspiller a villes méi.Mir verspriechen: mat eis vergeet d'Zäit *net* wéi am Fluch.
Frësch gepresst a just fir iech: Eng nei Folg mat originelle Fake News zum Ursprong vun der Cactus-Dynastie, Amphibien an Social Eating.Net ze vergiessen natierlech de Merci vun der Woch, an e Sponsor-Message (nee, net vun der Pizzeria Le Special). Siiiiiuuu.
Wat den Dan Kersch an dem Myriam Cecchetti säi Mëttelfanger fir d'Demokratie sinn, dat si mir fir d'Podcastwelt zu Lëtzebuerg. An deem Sënn luede mir nees an op eng Table Ronde zum Thema 'Pippo's Powerpoint Persiflage'. Raum fir Participatioun ass leider net ageplangt.
Dësen Episode vum zertifiéiert beschte Podcast aus der Kategorie 'Gëlle Fro an Erklär&Laach' ass d'Kinneksdisziplin fir all Fësch: Wien sech duerch déi éischt 20 Minutte wuertwiertleche Schäiss wullt, gëtt belount duerch dat, woufir mir mat eisem Numm stinn. Erklären a laachen. Laang ass et hier.
2023 huet scho laang ugefaangen, mee mir erweche lo réischt aus eisem onverdéngt Wanterschlof: de Pippo an de Joe hunn alt wéinstens vun neie Rubricke gedreemt, se erziele vum Spa an der Eifel an de Baschti kritt esou lues seng Perséinlechkeet vum Radio an déi vum Podcast net méi getrennt - eng klassesch Féckmillchen. Mee ëmmerhin: eis huet et gutt gedoen, fir nees beieneen ze setzen. Lo hoffe mer just, dass dir hei net ze vill IQ-Verloscht kritt.
2. TAUMEL Awards Zeremonie LIVE aus dem kléngen Turnsall vu Peppeng melle mir eis mat der wuel gréisster Präisgala östlech vun der Wäisser Iernz: haut decidéiert sech, wien am leider och nees miese Joer 2022 déi beléiften Taumel Awards mat heem huelen dierf. A Kategorien vu 'Vull vum Joer' bis zum 'Richtege Peoples Choice Podcast Award' ass alles dobäi fir de grousse Joresréckbleck. Avec amour, är dräi Profiditoen.
Wat ass bei de Podcast Awards schief gaang? Paus net dobäi, Happy Hippos net dobäi, a yours truly och net... Mir ginn op Spueresich a kommen zu (k)enger Konklusioun. Fir et mat den onstierfleche Wierder vun engem vun de gréissten a breedsten Dichter vun eisem Land ze soen: FCK RTL
An der Hoffnung dass een eis sënnlos a liicht iwwerflësseg Beschreiwungen hei liest, ass hei eng wichteg Warnung: D'gëlle Fro probéiert e Podcast-Monopol opzebauen an zesumme mat den Illuminati vum Gruppetto aus ganz Lëtzebuerg ze kontrolléieren! Du kanns dat nëmme verhënneren andeems du des Folg lauschters an op Follow klicks! D'Schicksal vum Land, jee vun der ganzer Groussregioun läit an denge Wurschthänn.
Wéi an engem episodesche Filmmeeschterwierk vum Wes Anderson huele mir iech haut mat op eng verzaubert Rees duerch eis defekt Kläranlag, bis uewe gefëllt mat onsënnegen Themen an enger grousser Fro: Wat mécht de Joe mam Soundboard? Ausserdeem mat um Start (oder um Stizzle, wéi d'Kids net soen) sinn de Merci vun der Woch, eng philosophesch Fro an d'Thema Dout. Ça promet seet de Belsch.
Eng Folg sou gefëllt mat Inhalt, dass se bal platzt: Vun engem onnéideg laangen Ausfluch an d'Sportwelt begi mir eis natierlech kuerz op d'Insel fir iwwert déi eenzeg Premierministesch ze schwätzen, déi jeemools engem Kinnek AN enger Kinnigin gedéngt huet. Mir hunn en extrem praktesche Lifehack fir iech, de Merci vun der Woch an NATIERLECH: de grousse Quiz mat Euphemisme fir Masturbatioun.
Wéi kann een den Erfolleg vum Jeff Bezos kopéieren - nee - verbesseren? Dat a weider #Lifehacks presentéiere mir iech an enger neier Folg live aus dem Geckenhaus. Ausserdeem beschäftege mer eis mat der Fro: Wat mécht méi korrupt: Muecht oder Geld? Mir mussen et jo wëssen. Inzest dierf als Thema natierlech och net feelen, mee dat kennt dir jo souwisou vun eis.
Häerzlech Wëllkomm zréck bei der Russland-Krim-Bréck vun de lëtzebuergesche Podcasts! Mir sinn zréck aus der Summerpaus a bidden Iech endlech nees gratis Intelligenz-Immodium. Dat ënnert anerem mat engem Bléck op eise verstëpsten Insta-Kanal, dem Baschti senge kulinareschen Aventuren, an engem Joe, deen lo alles anescht maache wëll wéi fréier... C'est n'importe quoi géif de Belsch soen, mee je kiffe.
Et gëtt esou lues elle waarm, a mir verofschidden eis an eng absolut onverdéngte Summerpaus. Éier mir fort sinn fir an iergendenger Toilette ze tauchen, bidde mir awer natierlech nach eng Kéier eng uerdentlech Portioun Blödsinn, vum Joe senger Mamm, déi duerch hiren Hënner otemt, bis hin zu den neisten Dommheete vum lëtzebuergeschen Twitter. Fir Antiinformatioun ass wéi ëmmer gesuergt. Also léif Fësch, bis am Hierscht, passt gutt op iech op. Kussi, är dräi Liblings-Evolutiounsbremsen
Wat läit op der Plage a braddelt ganz ondäitlech? Richteg, eng Nuschel. A wéini ginn U-Booter ënner? Kloer, um Dag vun der oppener Dier. Dat si just zwee kleng Amuse-Bouchen, déi dech op den Niveau vun eisem Podcast astëmme sollen. Also behaapt duerno net, et hätt keen dech gewarnt. De Joe huet iwwregens de Host. Un dir ze entscheeden, ob dat elo eng gutt oder eng schlecht Noriicht ass.
David Biever
De Pit Witzëg as menger Meenung no daat beschte waat Duck Féiss erausbruecht huet 🤩