DiscoverEuropa Aktuell
Europa Aktuell
Claim Ownership

Europa Aktuell

Author: radio 100,7

Subscribed: 11Played: 0
Share

Description

Hannergrënn iwwer déi europäesch Aktualitéit, vun eise Journalisten a Bréissel-Korrespondenten. An Zesummenaarbecht mam Reseau Euranet Plus
60 Episodes
Reverse
Depuis l’invasion de la guerre en Ukraine, la Pologne et les pays baltes sont considérés comme les prochaines cibles de Poutine. Dans ce contexte de menace croissante pour le pays, les dirigeants polonais ont affiché depuis deux ans leur volonté de créer “l’armée la plus puissante d’Europe”. Depuis, les centres de recrutement ne désemplissent pas. Adrien Sarlat a visité celui du quartier de Praga, à Varsovie.
2024 sinn a Groussbritannie Walen an de Keir Starmer vu der Labour Partei dominéiert an den aktuellen Ëmfroen. Wie gemengt huet, datt no Brexit, Boris Johnson a Liz Truss als Regierungscheffen déi populistesch Ära a Groussbritannien eriwwer wier, huet sech getäuscht.
D'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet kee Problem domat, fir zesumme mat der ëmstriddener italieenescher Ministerpresidentin Giorgia Meloni an d'Kameraen ze laachen. An och d'Walen a Portugal, wou d'Partei Chega vill Stëmme bäikritt huet, weisen, datt Rietspopulismus - an Extremismus - ëmmer méi salonsfäeg ginn, esou d'Analys vum Olivier Hanrion vun der belscher RTBF.
Den däitsche Bundestag huet sech gëschter (14.3.) dogéint ausgeschwat, der Ukrain Rakéite vum Typ Taurus ze liwweren. D’Uniounsparteien CDU an CSU haten eng deementspriechend Motioun agereecht, déi awer keng Erfollegschancen hat. Dës gouf och vu vereenzelte Membere vun de Regierungsparteien FDP a Bündnis90/Die Grünen ënnerstëtzt. Der Stëmmung an der Bundesregierung, déi a Saachen Ukrain-Hëllef souwisou gereizt ass, dierft den Taurus-Vote net hëllefen.
An der franséischer Assemblée Nationale gëtt haut (14.3.) e Gesetzesprojet presentéiert, deen der sougenannter Ultra Fast Fashion, also Moud, déi ganz bëlleg an an immens héijer Quantitéit produzéiert gëtt, de Kampf useet. Dës Moudemarken, déi mat hirer Offer d’Klima an d’Ëmwelt schiedegen, sollen an Zukunft e spezielle Malus bezuelen. Och dierfe si keng Reklamm méi maachen an hir Clienten iwwer den ekologeschen Impakt vun de Kleeder informéieren. D’Regierung an och d’Oppositioun wëllen den Text ënnerstëtzen. Vu Paräis, eise Korrespondent Max Tholl
Dës Woch gouf en Deel vun der Costa Brava (Küst tëschent Barcelona a Frankräich) an d'Phas 2 vum Noutfallplang gesat. D'Aschränkunge ginn ëmmer méi streng an d'Bewunner rechnen elo scho mam Schlëmmste fir de Summer. Eng Korrespondenz aus Spuenien vum Aurélie Chamerois
Après les législatives de dimanche 10 mars au Portugal, et sur fond de montée en puissance de l’extrême droite, on s’interroge sur la gouvernabilité du pays. L’alliance démocratique de Luis Montenegro disposant d’une majorité relative à l’Assemblée doit trouver des alliés. Une position difficile, alors que Montenegro sera probablement invité à former le gouvernement. Dans un Portugal politiquement fragmenté les principaux partis ont rappelé leur position.
Wann ee géif schwätze wéi déi italieenesch Ministerpresidentin Giorgia Meloni, an denke wéi déi franséisch Deputéiert Marine le Pen, da géif een de Risiko lafen, datt méi lénk Kräften engem net méi hëllefe fir un d'Spëtzt vun der Kommissioun ze kommen, mengt den RTBF-Journalist Olivier Hanrion.
Europawalen

Europawalen

2024-03-0804:00

Kritt déi éischter liberal Ursula Von der Leyen een neien Image duerch de konservativen EVP-Manifest? Doriwwer huet d’Sophie Schroeder mam CSV-Generalsekretär an EU-Kandidat Christophe Hansen geschwat.
Der brittescher Regierung no ass d'Zäit vun der Austeritéit vläicht eriwwer, mee déi lokal Autoritéiten an England gesinn dat net esou. Dës Woch hunn der zwou vun hinne fir drastesch Budgetreduktioune gestëmmt, notamment zu Birmingham, där zweetgréisster Stad an England.
Vun der sougenannter Tenue unique versprécht d‘Regierung sech och ee positiven Effekt op d’Disziplin vun de Schüler, well se de Schoule méi Autoritéit géinge ginn. Dofir sollen d’Uniforme vun der nächster Rentrée am September un an honnert Schoulen uechtert d’Land getest ginn. Mee am Enseignement ginn et aktuell vill Bedenken iwwer déi geplangte Mesure.
D‘Sozialiste wëllen um Pouvoir bleiwen, mee d‘Konkurrenz vu riets ass grouss. De mëtt-rietse Grupp Demokratesch Allianz riskéiert am Fall vun enger Victoire um Enn mat enger rietsextreemer oder enger ultra-liberaler rietser Partei mussen eng Koalitioun ze forméieren. Eis Korrespondentin zu Lissabon, d'Marie-line Darcy, iwwer déi lescht Sondagen an d‘Inhalter vun der Walcampagne.
Virun zwee Deeg, also e Samschdeg, huet d’Partei vun den europäesche Sozialdemokraten op hirem Kongress zu Roum den aktuelle Lëtzebuerger EU-Kommissär Nicolas Schmit offiziell als hire Spëtzekandidat fir d’Europawalen am Juni nominéiert. De 70 Joer ale Sozialist ass domat deen eenzege Spëtzekandidat fir d‘PES fir d’Europawalen am Juni. Am Walkampf wëllt sech de fréiere Lëtzebuerger Aarbechtsminister virun allem och dem Kampf géint e Rietsruck an der politescher Landschaft verschreiwen.
De Boss am Schoulhaff?

De Boss am Schoulhaff?

2024-03-0204:09

Déi lescht Wochen hunn et op en Neits gewisen: wann et drëm geet seng Muecht duerchzesetzen, schéngt de russesche President Wladimir Putin net ze zécken, drastesch Mesuren ëmzesetzen. Den Olivier Hanrion vun der belscher RTBF fillt sech dobäi u seng Zäit an der Primärschoul erënnert ... an huet seng Iwwerleeungen an der Europachronik verschafft.
Hausse vum Téipräis

Hausse vum Téipräis

2024-03-0103:26

Ob moies um Wee fir op d‘Aarbecht oder fir sech am Nomëtteg e bëssen ze stäerken: Téi drénke gehéiert am Vereenegte Kinnekräich zu der Iess- an Drénkkultur dozou. Mee a leschter Zäit klëmmt d‘Rechnung. De Grond: d‘Attacke vun den Huthi-Rebellen am Roude Mier hunn een negativen Impakt op den internationale Commerce. A grad wéi zum Beispill Tesla seng Produktioun huet missten erofschrauwen - wéinst Liwwerketten déi méi lues lafen - esou ginn et och gréisser Schwieregkeete beim Téi, dee jo vu wäit hierkënnt. Vu London, eis Korrespondentin Marie Billon matz Detailer
De Salon de l’agriculture zu Paräis ass eng grouss Landwirtschaftsfoire, déi dës Kéier wéinst de Bauereprotester an engem méi ugespaante Kontext stattfënnt. Beim Optakt war de President Emmanuel Macron sur place an huet néi Mesurë virgestallt. Vill Bauere bleiwen awer skeptesch.
A véier Länner vun der Europäescher Unioun dierfe bei den nächsten Europawalen Jonker vu 16 Joer u mat wiele goen. Fir den Alter vun 18 op 16 erofzesetzen, dofir ass och d’Presidentin vum Europäesche Parlament, d’Roberta Metsola. D’Walcampagne misst deene Jonke speziell Rechnung droen, esou d'Chrëschtdemokratin an engem Interview mat Journalisten aus dem Radio-Reseau Euranet Plus, deem och den 100,7 ugehéiert.
Et ass keen Enn a Siicht vum Krich an der Ukrain. Déi europäesch Unioun huet zwar an de leschten 24 Méint am Kontext vum Krich grouss Efforten gemaach a Saachen Défense. Trotzdem: déi 27 sollte wakreg bleiwen, fënnt den Olivier Hanrion elo a senger Europachronik.
A Polen sinn méi ewéi d‘Hallschent vun de Kanner, déi aus der Ukrain koumen, net an de nationale Schoulsystem integréiert. Vill Elteren schécken hir Kanner an Paralell-Systemer, déi dacks vun ukrainescher Säit organiséiert ginn – och an der Hoffnung, datt si geschwënn nees heem kënne goen.
Duerch den europäeschen Industrieplang solle gréng Technologien gefërdert ginn. D‘Atomkraaft gehéiert och dozou. Dat stéisst nëmme bei enger Minoritéit op Kritik – am Europaparlament genee ewéi bei den EU-Memberlänner.
loading
Comments 
Download from Google Play
Download from App Store