Fiasko Fest

Wat ass alles net esou gutt gaangen? Wéini huet et wéigedoen? Wéi war däi lescht Scheiteren?

S02E09 Mir scheiteren ëmmer nach: Mia Kinsch an Tom Hecker

Mam Tom Hecker (Tatta Tom, Séraphine Mirage) an dem Mia Kinsch geet et dës Kéier ëm d'Konscht, Feminismus, kleng a grouss Echecken, plakeg sinn, ëm Haass aus dem Internet an eng Morddrohung. A wéi kënnt een aus deene klengen an och méi grousse Problemer hallef gesond erëm eraus? Villäicht matt enger Kichen, déi engem Disney-Film änelt. Villäicht och einfach nëmme matt engem gudden emotionale Support System. An um Enn gëtt alles gutt, oder?

11-17
50:00

S02E08 Mir scheiteren ëmmer nach: Karolina Markiewicz an Anne-Marie Reuter

D'Anne-Marie Reuter an d'Karolina Markiewicz schaffe mat Wierder a sinn och Proff. Allenzwee sinn dankbar, datt si am Alldag kënnen am Kontakt mat jonke Leit sinn, sichen awer och de kënschtlereschen In- an Output. Zesumme mam Luc Spada féieren déi zwee Invitéeën en déift, och net ëmmer einfacht Gespréich iwwer d'Gesellschaft, d'Konscht an och d'Frustratioun vum Moment, wat een oder wat een och net dogéint maache kann.

11-10
49:32

S02E07 Mir scheiteren ëmmer nach: Jo Kox a Betty Fontaine

D'Betty Fontaine ass CEO vun der Brasserie Simon an hat laang Zäit Angscht, datt et net gutt ausgoe kéint mat der Firma. An och nach haut ass si konstant vun der Angscht begleet, datt et all Moment schifgéing. Deen zweeten Invité beim Luc Spada ass de Jo Kox. Vill verschidde Beruffer, ambitionéierten Hobbyleefer an och gesondheetlech Erausfuerderunge sinn alles Deel vum Jo Kox sengem ofwiesslungsräiche Liewe mat ville Situatiounen, déi mat vill Risiko verbonne waren.

11-03
49:12

S02E06 Mir scheiteren ëmmer nach: Eric Mangen an Jil Scheuer

An dëser Episod Fiasko Fest lafe mir géintd'Zäit an um Enn stellt sech d'Fro: Ass dat heiten datbeschtméiglechst Liewen? D'Aide-soignante Jil Scheuer an deKënschtler Eric Mangen schwätze mam Luc Spada iwwert verpasste Geleeënheeten,hier Ängscht an och déi Rastlosegkeet, déi een a sech dréit a wou ee matt derZäit léiere muss, dass alles ëmmer konstant am Wandel ass. An wéi eendomat ëmgeet? Dat musst dir selwer lauschteren.

10-27
49:38

S02E05 Mir scheiteren ëmmer nach: Larisa Faber a Pit Romersa

D'Larisa Faber ass Schauspillerin a Schrëftstellerin a wat hir Konscht ugeet, huet si sech dacks fir de Wee vun der Konfrontatioun entscheet. Dat wäert sech an Zukunft änneren. Dat erzielt si dem Luc Spada bei Fiasko Fest, wou den zweeten Invité de Social Entrepreneur a Museker Pit Romersa ass. Déi fënneft Episod vun der 2. Staffel ënnert dem Motto "Mir scheiteren ëmmer nach" beweist kloer, dass e Liewen ni no Plang verleeft an dat muss net schlecht sinn.

10-20
49:42

S02E04 Mir scheiteren ëmmer nach: Bernard Michaux an Nina Tomàs

De Filmproduzent Bernard Michaux huet scho mat 23 Joer seng éischt Produktiounsfirma gegrënnt, bis hien dovunner liewe konnt, huet et awer eng Zäit gedauert. Bis haut bereit hien näischt, genee esou wéineg wéi d'Nina Tomàs, déi sech der Konscht an dem Yoga verschriwwen huet. Niewebäi muss si awer och hir Krankheet Multiple Sklerose managen.

10-13
52:12

S02E03 Mir scheiteren ëmmer nach: Djuna Bernard a Melody Hansen

Djuna Bernard ass Politikerin bei déi gréng a weess mëttlerweil, wat et heescht ze verléieren a virun Erausfuerderung ze stoen, déi een total iwwerfuerdere kënnen. Et kann een awer och soen: Et ass e Léierprozess. Och fir d'Melody Hansen, Chefredaktesch beim Lëtzebuerger Journal, déi mat der Zäit léieren huet missen, datt Grenze wichteg si fir sech selwer ze schützen.

10-06
48:53

S02E02 Mir scheiteren ëmmer nach: Paulette Lenert an Nora Schleich

D’Paulette Lenert ass Politikerin a war eng vun de prominentste Stëmme wärend der Corona-Pandemie an d’Nora Schleich ass Philosophin. An dësem Gespréich läit de Fokus op der Anonymitéit, wéi et ass se ze verléieren, an datt et och mol wichteg ass net ze wëssen, wéi et weidergeet.

09-29
49:49

S02E01 Mir scheiteren ëmmer nach: Ana Pinto an Nabila Özen

D'Ana Pinto war Affer vun haislecher Gewalt an d’Nabila Özen schafft als Assistante familiale. An der 2. Staffel vu "Fiasko Fest - Mir scheiteren ëmmer nach" schwätzt de Luc Spada mat sengen Invitéeën iwwer haislech Gewalt, Famillen an Nout, Affer sinn, a wéi schwéier et ass, fir säi Recht ze kämpfen. An um Enn stellt sech d’Fro, ob alles besser gëtt? D’Äntwert kritt dir vläicht an der éischter Episod vun der neier Staffel. An dëser Emissioun schwätze mir och iwwer psychesch a physesch Gewalt. Passt op Iech op a lauschtert dës Sendung net oder net eleng, wann Dir Angscht hutt, et kéint ze vill sinn.

09-22
48:39

S01E20 Mir sinn all Loser: Jérôme Beck a Cest Karma

Et ass de leschten Episod vun der 1. Staffel "Mir sinn all Loser" vu Fiasko Fest mam Luc Spada. An et fänkt direkt mat engem Debat iwwer Dir an Du un. An iwwer de Kierper, den Alter, all déi Saachen eben, wann een op déi 50 duergeet, seet de Journalist a Comedian Jérôme Beck. Gutt zwou Generatioune méi jonk ass d’Sängerin C’est Karma, prett fir hiren éischte groussen Album erauszebréngen. An dat ass net näischt: Vill Drock, vill Erwaardungen u sech selwer, an duerno? Dat ass eng gutt Fro!

07-14
50:36

S01E19 Mir sinn all Loser: Gilles Pegel a Sarah Schleich

De Gilles Pegel ass Kënschtler a flitt gären ënner dem Radar. Ass et Angscht virun ze vill Kritik? Viru Jugement? Angscht virdrun Erwaardunge mussen ze erfëllen? Et weess een et net esou genee. An d’Sarah Schleich ass och Kënschtlerin a Konschtproff. Natierlech stellt sech d’Fro: Ass dat méiglech? Kënschtlerin a Proff sinn? Et ass net esou einfach eng konkret Äntwert ze fannen. Sécher ass alles e Prozess an natierlech eng Fro vun der Zäit.

07-07
47:58

S01E18 Mir sinn all Loser: Richard Döhmer an Anouk Wagener

Spoiler Alert: De Richard Döhmer, Managing Director vu Klauner, ass gescheitert. Genee véier Mol. E Mann, dee sech preparéiert huet, esou gutt wéi nach kee Gaascht an der jonker Geschicht vu Fiasko Fest. An d’Anouk Wagener, Schauspillerin a Schrëftstellerin, weess wéi wichteg et ass ze scheiteren. Si huet awer geléiert. mat der Zäit, e bëssi besser opzepassen, datt d’Scheiteren net grad esou wéi deet.

06-30
49:33

S01E17 Mir sinn all Loser: Patrick Michaely a Roland Meyer

De Patrick Michaely ass Direkter vum natur musée am Gronn. Säi ganzt Liewe scho schafft hien an deem Musée, ugefaangen als Student an elo, ganz uewen? Wat soll do nach kommen? De Luc Spada mécht sech op d’Sich no Äntwerten. Och bei sengem zweete Gaascht, de Roland Meyer, Schrëftsteller, Museker a pensionéierte Schoulmeeschter, deen et jo wësse muss: War fréier alles besser? An der Schoul? Am Liewen? Eppes ass sécher: Déi fett Jore sinn eriwwer.

06-23
47:01

S01E16 Mir sinn all Loser: Jean-Louis Zeien a Roxanne Peguet

De Jean-Louis Zeien ass President vum Conseil d'Administration vu Fairtrade Lëtzebuerg an dat, jo, zanter enger gefillter Éiwegkeet. An hien ass iwwerall do aktiv, wou een Ongerechtegkeete fënnt a wëllt en Deel vun enger besserer Welt sinn. D’Roxanne Peguet ass Regisseurin a Filmschaffend an erzielt mat sengen zwee Kuerzfilmer Nucléaire & Phoenix och ëmmer Geschichte vu Mënschen, déi et à la base net onbedéngt einfach hunn. Wou dëst Gespréich hiféiert a wat eigentlech no de leschte Wierder passéiert, wëllt de Luc Spada an dësem Gespréich erausfannen.

06-16
51:15

S01E15: Carole Chaine a Ben Olinger

An dat zesumme mat der Directrice vum Lycée Aline Mayrisch, der Carole Chaine. An och dobäi ass de Ben Olinger. Bekannt ginn ass hien als Radiosmoderator a mat senger Sendung “Ben’s Club“ op Eldoradio. Hien huet an hat ëmmer ganz vill ze soe mee weess och mëttlerweil, wéini et besser ass näischt ze soen. Ass dat elo gutt oder net? A wéini ass et genuch. De Luc Spada wëllt alles wëssen.

06-11
48:53

S01E15 Mir sinn all Loser: Carole Chaine a Ben Olinger

Mir schwätzen iwwer Gefiller, iwwer Angscht, iwwer Schüler:innen a Proffen. An dat zesumme mat der Directrice vum Lycée Aline Mayrisch, der Carole Chaine. An och dobäi ass de Ben Olinger. Bekannt ginn ass hien als Radiosmoderator a mat senger Sendung “Ben’s Club“ op Eldoradio. Hien huet an hat ëmmer ganz vill ze soe mee weess och mëttlerweil, wéini et besser ass näischt ze soen. Ass dat elo gutt oder net? A wéini ass et genuch. De Luc Spada wëllt alles wëssen.

06-07
48:53

S01E14 Mir sinn all Loser: Antonia Ganeto a Franziska Peschel

Et war einfach ze vill fir d’Matgrënnerin vu Finkapé,Antonia Ganeto. Ze vill vun allem an dat déi ganzen Zäiten. Dat heescht awer elo net, datt d’Antonia Ganeto näischt méi ze soen huet. Si brauch just heiansdo eng Paus, oder de richtege Moment. An dovu ginn et der genuch, zanterdeem d'Franziska Peschel zu Lëtzebuerg wunnt an dat war net emol geplangt. Mee elo ass alles okay, et ass gemittlech. Ass et ze gemittlech? Dat a vill aner Saache wëllt de Luc Spada vu sengen zwou Invitéeë wëssen.

06-02
50:49

S01E13 Mir sinn all Loser: Chaild a Lea Linster

D’Lea Linster huet et gepackt. Dat stëmmt an dat weess déi international renomméiert Kächin selwer. Mee einfach war et net ëmmer. Scheiteren a Risiken agoe waren ëmmer Deel vum Wee. E Wee, op dee si stolz ass. An e Wee, deen de Popsänger Chaild nach ze goen huet. E Wee, deen ëmmer méi zu engem authenteschen "Ech" féiert.

05-26
47:13

S01E12 Mir sinn all Loser: Dr. Carole Bauer an Tullio Forgiarini

Kriibs ass dat Theema am Alldag vun der Dr. Carole Bauer. Do stellt sech natierlech och ëmmer d'Fro, wéi hir Relatioun zum Liewen an zum Doud ass. A wat huet dat alles mat Paräis ze dinn? Dozou weess och de Schrëftsteller Tullio Forgiarini genuch ze soen. Hie schwätzt gären an och gäre vill. Wou dat hiféiert? Zesumme mam Luc Spada siche mir no Äntwerten.

05-19
49:09

S01E11 Mir sinn all Loser: David Angel an Enrico Lunghi

Den David Angel ass Zentralsekretär fir den OGBL an ass zënter senger Jugend aktivistesch ënnerwee. An anere Wierder: Hie pfleegt eng gewësse Sträitkultur. Weider ass den Enrico Lunghi zu Gaascht, deen a senger Vergaangenheet och e Sträit erlieft huet, dee Konsequenzen no sech gezunn huet. An eigentlech wollt de Luc Spada guer net sou vill iwwert "dat" Theema schwätzen, et ass awer trotzdeem geschitt. An zu gudder Lescht, déi lescht Wierder, wou den David Angel den éischte Gaascht ass, den "dat" wierklech verstanen huet.

05-12
51:52

Recommend Channels