Viru véierzéng Deeg ass zu Barcelona Mondiacult op en Enn gaangen, ee vun der UNESCO organiséierte Weltsommet iwwer d’Erausfuerderungen, déi sech an der haiteger Welt dem Kultursecteur stellen. D’Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun erkläert, firwat esou eng Konferenz haut esou wichteg ass.
Bildschiermsucht, Beweegungsmangel, Panikattacken ... eis Jonk hu ganz vill Problemer. D’Schoulen hëllefen, dat versprécht de Minister. An ëmmer manner Elteren hëllefe mat, seet d’Judith Reicherzer, Responsabel fir mediepedagogesch Projeten am Lycée Aline Mayrisch an hirem Fräie Mikro.
Haaptbetraff sinn Auslänner, Mënsche mat nidderegem Ausbildungsniveau, Chômeuren, Elengerzéiend an déi Jonk. Zousätzlech verschäerft de Manktem un abordabele Wunnengen d'Situatioun an dreift ëmmer méi Leit op d'Strooss. Dozou de Fräie Mikro vun der Biergerrechtlerin ronderëm Froe vum Zesummeliewen, der Laura Zuccoli.
Mir schwätzen dacks vun decisive Momenter oder vu Kräizungen, wou sech eist perséinlecht oder eist gesellschaftlecht Schicksal entscheede géif: wa mir no lénks ginn, da komme mir an d’Paradäis, gi mir no riets, dann ass et d’Katastroph, déi op eis waart. Oder mir soen, mir missten d’Kéier kréien, fir datt alles gutt gëtt oder soss géif et ganz schlëmm kommen. Am Fräie Mikro proposéiert de Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, dës Denkweis ze iwwerwannen.
Am August 2015, also virun 10 Joer, sot déi deemoleg Bundeskanzlerin Angela Merkel den historesche Saz "Wir schaffen das!". Wéi hu mir zu Lëtzebuerg dës Zäit genotzt, fir Flüchtlinge bei eis ze integréieren? Wou sti mir haut mam Opbau vun enger strukturéierter Integratiounspolitik? Dat freet d'Laura Zucoli, Biergerrechtlerin ronderëm Froe vum Zesummeliewen.
An de Lëtzebuerger Kulturkreesser tauchen episodesch ëmmer erëm Diskussiounen op, wann Auteuren an Artiste mat Kulturkritiker unenee geroden. Meeschtens ass et e Stuerm am Waasserglas, well et dacks méi ëm den Ego vun de verschiddenen Protagoniste geet wéi ëm d‘Wierk selwer. Dozou e Fräie Mikro vum Journalist an Auteur Laurent Moyse
Nimools säi Gedrénks aus den Ae loossen op engem Festival, Concert oder an enger Bar - deen Tipp kenne wuel déi meeschte Meedercher a Fraen. Awer sech duerch laang Kleeder virun Attacke mat Sprëtze schützen an doheem de Kierper no Astéchplazen ofsichen - dat dierft deene meeschten nei sinn. Dës an aner Tippe liest een a Presseartikelen no de Meldunge vun Needle spiking op der Fête de la Musique Enn Juni a Frankräich. D’Isabelle Schmoetten vum CID | Fraen an Gender l befaasst sech mat dësem éischter neie Phenomeen an hirem Fräie Mikro.
Kaum ee Budgetsposte klëmmt am Moment esou séier wéi dee vun der Verteidegung. Déi onstabil Weltlag, bewaffnet Konflikter a politesch radikal Changementer forcéieren déi europäesch Länner hir Sécherheetspolitik ëmzedenken. Och Lëtzebuerg ass betraff a muss den Tempo beschleunegen. Dozou e Fräie Mikro vum Journalist an Auteur Laurent Moyse.
Examen, Tester, Punkten - ass dat nach Bildung oder schonn Theater? An der Lëtzebuerger Schoul gëtt vill evaluéiert, mee wéineg hannerfrot. Wéi vill vun deem, wat geléiert a gepréift gëtt, huet iwwerhaapt nach e Wäitbléck? Firwat feelt de politesche Courage, fir de System unzepassen? Dozou eng kritesch Reflexioun iwwer d’Grenze vun eiser Evaluatiounskultur am Fräie Mikro vum Philosoph Jean-Luc Thill.
Den Denkmalschutz entwéckelt sech zu Lëtzebuerg zum Dauertheema. De Michel Pauly, Member vun der Commission pour la protection du Patrimoine culturel - kuerz COPAC - a Mataarbechter vun der Zäitschrëft forum kënnt op dräi rezent Beispiller ze schwätzen.
De Ministère wëllt déi Jonk besser protegéieren an decidéiert nei Reegele fir d’i Pads an der Schoul. Ville Lycéeën ass dat ze komplizéiert, si schafen den iPad léiwer of. Mee dat ass fatal, seet am Fräie Mikro d’Judith Reicherzer, Responsabel fir mediepedagogesch Projeten am Lycée Aline Mayrisch.
Den Ex-Fussballer an Ex-Nationalspiller Denis Scuto geet a sengem Fräie Mikro an op d’Affär Gerson Rodrigues an d’Plaz vun der Gewalt géint d’Fraen am Fussball.
Um 1. Januar 2025 hat Lëtzebuerg 682.000 Awunner. 1,5 Prozent méi wéi dat Joer virdrun. E Bevëlkerungswuesstem, deen haaptsächlech op Migratioun zeréckzeféieren ass. 2024 sinn 9.300 Mënsche méi a Lëtzebuerg agewandert wéi der fortgaange sinn. Mir sinn a bleiwen en Immigratiounsland an d’Auslänner - Awanderer a Frontalieren - sinn d'Fundament vun eiser ekonomescher Entwécklung. Mee leider ass de legalen Zougang zu eisem Aarbechtsmaart nach laang net dee selwechte fir jiddereen, mengt Laura Zuccoli, Biergerrechtlerin ronderëm Froe vum Zesummeliewen.
An engem oppene Bréif hunn néng europäesch Regierungscheffen op Initiativ vun Italien den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter kritiséiert a gefuerdert, an der Immigratioun dierften dësem seng Entscheedungen net ze wäit goen. Eng kaum verstoppten Attack op d’Onofhängegkeet vun der Justiz an d’Universalitéit vun de Grondrechter fënnt de Frank Wies, Affekot a Mënscherechtsaktivist.
“Woke sinn“ steet fir eng erhéichten Opmierksamkeet vis-à-vis vu sozialer Ongerechtegkeet. Déi Sensibilitéit géintiwwer Diskriminatioun kann awer selwer zu Ausgrenzunge féieren. Wann Identitéiten absolut gesi ginn, da kann dat Gemeinsaamt verluer goen. Am Fräie Mikro plädéiert de Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, dofir Diversitéit an Universalitéit ze verbannen.
An de leschten Deeg gouf sech vill doriwwer opgereegt, wéi d’Lëtzebuerger Wort engem Pedophillen et erméiglecht huet, sech als Affer duerzestellen, dat ze bedauere wier. A sengem Fräie Mikro fënnt de forum-Mataarbechter an Historiker Michel Pauly, datt d’Wort schonn ufanks Mee en deontologesche Feeler gemaach huet, andeems et enger rietspopulistescher Partei d’Dier grouss opgemaach huet.
Am Zesummenhang mam Virgoe vun Israel géint d’Palästinenser gëtt ëmmer erëm vu Genozid, also Vëlkermord geschwat. Rezent hat och den US-President Donald Trump de Begrëff benotzt a behaapt, wäiss Südafrikaner wieren Affer vun engem Genozid, mee a Südafrika gëtt et guer kee Vëlkermord. D’UNO-Vëlkermordkonventioun vun 1948 gëtt eng prezis Definitioun vu Genozid. D’Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun, fënnt, datt de Begrëff am Moment fir alles Méigleches gebraucht gëtt. Si ass der Meenung, datt dësen inflationäre Gebrauch d’Notioun vu Vëlkermord verwässert. Dozou hire Fräie Mikro
An den Ukënnegungen zur Rentereform an senger Ried zur Lag vun der Natioun huet de Premier Luc Frieden säi richtegt Gesiicht gewisen. An dat ass alles anescht wéi nei, mengt den Historiker Denis Scuto an sengem Fräie Mikro
Zanter Ufank Mee gëtt et en neie Poopst. D’Octave ass voll am gaang an d’Sprangpressessioun steet och scho rëm virun der Dier. Relioun präägt eis Traditiounen, eis Fester, eis Feierdeeg, och wa ronn 80% vun de Leit zu Lëtzebuerg uginn, dass Relioun keng grouss Bedeitung an hirem Liewe spillt. Wisou eng feministesch Perspektiv op d’Kierch an op d’Weltreliounen sech lount, domat befaasst d’Isabelle Schmoetten sech an hirem Fräie Mikro.
Wéi de Poopst Franziskus 2013 ugekënnegt huet, datt hien "eng aarm Kierch fir déi Aarm" wollt, do wor säin Markenzeechen kloer: eng radikal Bescheidenheet. Wéi sympathesch wier et gewiescht, wann hien a sengem Testament festgehal hätt, datt keng Staatscheffen, Monarchen oder Promi-Delegatioune bei sengem eegenen Begriefnes dierfen deelhuelen - aus Klima- a Gerechtegkeetsgrënn. E leschte prophetesche Kontrapunkt zu engem giganteschen Akt vun Staatstrauer, fir dee Roum zur Weltbühn gëtt. Dozou e Gedankenexperiment vum Filosof Jean-Luc Thil a sengem als fräie Mikro.