DiscoverGëlle Fro
Claim Ownership
Gëlle Fro
Author: Gëlle Fro
Subscribed: 59Played: 333Subscribe
Share
© Gëlle Fro
Description
Lëtzebuerg huet an der Kulturszen, wei och am Sozialen, Sport a Business vill ze bidden – dat fannen den Tom an de Philippe och. Wisou also net mat deenen Leit schwätzen fir se besser kennenzeléieren?
All zweet Woch invitéiert de Podcast ‚Gëlle Fro‘ eng Lëtzebuerger Perséinlechkeet an den Café Gruppetto, mat der se sech iwwert hier Passiounen ënnerhalen, zesummen gecksen an och mol e kale Béier mateneen drénken. An wien weess, villäicht setzt och geschwënn eng Kéier de Grand Duc um Podcast-Mikro.
D’Folgen ginn all Samschden op Youtube Spotify an Apple Podcasts gesat.
All zweet Woch invitéiert de Podcast ‚Gëlle Fro‘ eng Lëtzebuerger Perséinlechkeet an den Café Gruppetto, mat der se sech iwwert hier Passiounen ënnerhalen, zesummen gecksen an och mol e kale Béier mateneen drénken. An wien weess, villäicht setzt och geschwënn eng Kéier de Grand Duc um Podcast-Mikro.
D’Folgen ginn all Samschden op Youtube Spotify an Apple Podcasts gesat.
88 Episodes
Reverse
SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess
AXA Assurance Chien & Chat: https://axa.lu/fr/assurance-chien-chat
SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess
AXA Assurance Chien & Chat: https://axa.lu/fr/assurance-chien-chat
SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess
AXA Assurance Moto: https://axa.lu/fr/assurance-moto
SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess
AXA Assurance Joker Taxi: https://axa.lu/fr/joker-taxi
SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess
AXA Assurance Chien & Chat: https://axa.lu/fr/assurance-chien-chat
Haut um Podcaststull setzt keen gerengeren wéi den stäerksten Mann aus dem Land: den Georges Christen. Dësen zielt de Jongen iwwert säin onkonventionellen Wee, wéi en aus engem skurrillen Hobby eng Karriäre opgebaut huet an wéi eng Tipps en huet fir Jonker, déi net wëllen an enger normaler Struktur 8h den Dag schaffen. Dass et awer net ëmmer sou entertaining ass Entertainer ze sinn, an dass een sech muss vill Kommentaren ulauschteren, grad vun Leit, déi selwer ni hiren Dram gelieft hunn, dovun kann hien e Lidd sangen...mais aus der Rou léisst hien sech net bréngen.
D'Jessie Thill ass déi jéngst Member an der Chamber, an eng ganz engagéiert gréng Politikerin. Mat him hunn den Tom an Philippe ënner anerem diskutéiert iwwert de Klimawandel an den Zesummenhang mat der Wirtschaft (Stéchwuert China), awer och iwwert Fraen- an Männerrollen an eiser Gesellschaft.
An dëser Episode vun der Gëlle Fro hunn d'Jongen den Jeffrey Drui bei sech op de Podcast invitéiert. Als Privat Banker, deen d'Eco-News um RTL an Uni-Coursen hält, ass hien genau déi richteg Persoun, fir den Philippe an den Tom iwwert d'Finanzwelt opzeklären. Enner anerem stellen si him Froen wéi "Wouran soll ech investéieren?", "Wéi wäert sech eis ekonomesch Situatioun weiderentwéckelen?", "Wéi ginn ech räich?", an natierlech "Wat ass deng Meenung zu Crypto?".
Wanns du dech fir d'Thema Suen interesséiers, dann ass des déi richteg Episode fir dech!
Des Woch zu Gaascht bei der Gëlle Fro ass den Sixo. Hien ass een jonken, motivéierten Rapper, deen mat sengen déifgrënnegen Texter an melodeschen Lidder säin eegenen Sound zu Lëtzebuerg etabléiert. Hien huet grouss Pläng, an ass iwwerzeegt dovun, dass en an Zukunft wäert vun senger Musek liewen. Donieft mécht en allerdéngs seng Schoul fäerdeg, an eng Ausbildung zum ... Fierschter! Domat haten den Tom an Philippe net gerechent.
Säin Talent stellt den Sixo mat enger Live-Performance ënner Beweis, an genausou säin Kolleeg Blacki MS40.
Niewent der Musek mécht den Sixo awer och extrem vill an gären Kampfsport, an fuerdert all lëtzebuerger Rapper zu engem organiséierten Boxkampf eraus...Géifs du sou een Boxmatch kucken goen?
Den Amir huet schonn als klengen Jong missen mat senger Famill aus dem Iran flüchten, well säin Papp als Spioun beschëllegt gouf. Mat 20 Cent an der Täsch hunn si sech dunn missen hei zu Lëtzebuerg alles opbauen. An dëser Episode diskutéieren d'Jongen iwwert Privatsecteur vs Staat, Immobiliëpräisser, Integratioun, Lëtzebuerg vs Iran, an villes méi.
Obwuel d'Jana Degrott eng immens aktiv an engagéiert Fra ass, huet hatt sech d'Zäit geholl, fir bei d'Gëlle Fro laanscht ze kommen. Am Gruppetto erzielt hatt dem Philippe an Tom, wéi hatt den Obama kennen geleiert huet, wat dat eicht war wat hatt him sot an wat hien him fir Rotschléi mat op de Wee ginn huet. Doriwwer eraus hellt hatt eis awer och mat hannert d'Kulissen vum Aktivismus an der Politik an beschreift wéi ustrengend et ass, awer och wéi Rassismus, Sexismus an den Xavier Bettel hatt gepräägt hunn. Lauschtert eran, mir appreciéieren all Eenzelen vun iech :)
An dëser Episode hunn den Philippe an den Tom d'Mandy Graff um Podcast. Enner anerem verzielt hatt, wéi et deemools bei GNTM war, wéi d'Heidi Klum privat ass, wisou se hatt erausgeheit hunn, an villes méi. Niewent senger Erfarung als Model, diskutéieren déi 3 awer och zesummen iwwer verschidden Themen, wéi iwwer sozial Medien, d'Kanner vun haut, Disziplin, oder Empathie. Lauschtert eran :)
D'Anne huet seng Kichen mat op den Podcast bruecht. Niewent Iessen an Wäin huet hatt dem Tom an Philippe awer och vill Tipps ginn, wéi een en Self-made Business mécht. Et huet vun sengen eegenen Erfarungen, vum Journalismus, Grand-Ducs, an villem méi geschwat.
Ween kennt en net, dem Dylan Pereira säin rosa Auto? Den Dylan selwer huet am Rennsport areecht, wat nach keen zu Lëtzebuerg areecht huet. Hien zielt dem Philippe an Tom um Podcast iwwert déi schéin awer och manner schéin Momenter am Sport, wéi eleng een ass, awer och wéi seng Relatioun zum Max Verstappen ass.
Den sympatheschsten Proffen-Sänger zu Lëtzebuerg ass haut net op der Stage an och net am Klassesall, mais bei der Gelle Fro um Podcast. An wat haten se Spaass d'Jongen! Mais niewent Laachen an Béier, hunn se awer och serieux Themen beschwat, z.B. wéi et ass ADHS ze hunn, oder wéi een Rapper an Proff sinn ënnert een Hutt bréngt. Lauschtert eran :)
Veganismus, Bodybuilding, Body Positivity, Sport als Therapie, Fraen mat Muskelen, an nach vill méi beschwätzen den Philippe an Tom mam Claire Asselborn, enger veganer Bodybuilderin.
Mam Serge hunn den Tom an de Philippe en vun deenen gréissten (wann net souguer DEN gréissten) lëtzebuerger Museker bei sech am Gruppetto. Zesummen schwätzen si iwwert dem Serge säin Werdegang zum selbststännegen Museker, quasi vum Egotrip zu Legotrip. Dass dobäi dei lëtzebuerger Sprooch hien an senger Entwécklung ni gestoppt huet, leit op der Hand - dat wëssen se an der Chamber sou gutt wei op der Belscher Plage. Wat hien vum Tun a vum Bruce hält gi der an dëser Episode gewuer, awer och wat hien vun 2G an der Kultur hält an firwat mir eis all net brauchen ze bretzen.
Entrepreneurin, Philanthropin, Influencerin, Podcasterin, Mamma, an nach vill méi verkierpert Tessy Antony de Nassau an enger Persoun. An dëser Episode leieren den Tom an de Philippe déi eemoleg Prinzessin kennen, seng Héichten an seng Déiften, seng zuelräich Projeten, seng Astellung zum Liewen an och säin super léiwen Bebe. Ganz oppen schwätzt hat iwwer seng Vergaangenheet beim Militär, de Grand-Duc, dei schwéiersten Zäit a sengem Liewen an doriwwer an firwat en sech als Fra ëmmer extra gutt muss beweisen an enger Gesellschaft, an der 3 Universitéitsdiplomer manner wichteg sinn, wei däin Privatliewen.
An dëser Episode hunn de Philippe an den Tom d‘Konkurrenz um Podcaststull setzen. Konkurrenz? Dei dréi eenegen sech drop, dass et éischter e mateneen ass, fir lëtzebuergesch Kultur ze pushen. Zesumme schwätzen si iwwer Rassismus, de Xavier Bettel an wat hien mam Cëss sengen Nëss ze dinn huet, de Berghain an doriwwer, wat fir si Lëtzebuerg ass. Si probéieren och ze klären, als wat si sech als Podcaster gesinn, Journalisten oder Entertainer - oder awer Idealisten? Schalt an, wann dei dräi d’Korken knalle loossen!
Et ass häerzzerbriechend... Den Zuercher Bal 2021 däerf net stattfannen. Mir hunn eis mat den Organisateuren am Grupetto getraff, fir sie ze froen, wéi et hinnen dowéinst geet, an wat dat fir den Studenteveräin an d'Zukunft vum Bal bedeit...
Comments
Top Podcasts
The Best New Comedy Podcast Right Now – June 2024The Best News Podcast Right Now – June 2024The Best New Business Podcast Right Now – June 2024The Best New Sports Podcast Right Now – June 2024The Best New True Crime Podcast Right Now – June 2024The Best New Joe Rogan Experience Podcast Right Now – June 20The Best New Dan Bongino Show Podcast Right Now – June 20The Best New Mark Levin Podcast – June 2024
United States