Invité:e vum Dag

Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien.

Alexandra Oxaceley

E Gespréich mat der Direktesch vun der Stëmm vun der Strooss iwwer Problemer a Suergen, déi d’Leit um Rand vun der Gesellschaft net just ronderëm Chrëschtdag bedrécken.

12-24
14:07

Thomas Kauffmann

Den Direkter vu CARE Lëtzebuerg iwwer d'Geschicht, d'Philosophie an d'Aarbecht vu senger ONG.

12-23
09:09

Marc Schreiner

No 36 Joer un der Spëtzt vum Paralympesche Comité gëtt de Marc Schreiner d'Presidence elo of. Am Interview zitt hien e mitigéierte Bilan.

12-22
11:50

Claude Meisch

Et ginn erëm méi Wunnenge verkaf. Mee hëlleft dat och fir de Logementsproblem ze léisen? Dat froe mir de Logementsminister.

12-19
14:14

Andy Schammo

Mir froen deen neie President vum Centre pour l'Egalité de Traitement, wéi hien d'Ulafstell fir Diskriminéierungsaffer wëllt weiderentwéckelen.

12-18
11:20

Taina Bofferding

D'Oppositiounsparteie wäerten der Regierung hire Budget fir d'nächst Joer haut an der Chamber kritiséieren. Mir froen d'LSAP-Fraktiounscheffin, wat hir Partei anescht gemaach hätt.

12-17
11:50

Romain Wolff

D'Staatsbeamtegewerkschaft spuert net mat Kritik un der Regierung. Mee firwat ass d'CGFP esou onzefridde mat der aktueller Koalitioun? Mir froen hire President.

12-16
09:27

Marc Baum

Mir froen den Deputéierte vun déi Lénk op seng Partei dovu profitéiert, datt d'Regierung an de leschte Méint vill wéinst hirer Sozialpolitik kritiséiert gouf.

12-15
11:11

Michèle Sinner a Christoph Bumb

D'Journalistin vun RTL an de Chefredakter vu reporter.lu analyséieren a komentéieren déi mouvementéiert politesch lescht Woch.

12-12
17:03

Marc Spautz

Froen un den designéierten neien Aarbechtsminister: wéini hie gefrot gouf, wéi hien de Sozialdialog erëm beliewe wëllt a wat hien de Sozialpartner versprieche kann.

12-11
11:12

Dr. David Heck

De Generalsekretär vum Collège médical iwwer d'Positioun vum Ordre vun den Dokteren, Zänndokteren, Apdikteren a Psychotherapeuten an der aktueller Diskussioun iwwer d'Santé

12-10
12:20

Raoul Schaaf

De President vum Comité National de Défense Sociale (CNDS) äntwert op d'Fro, ob d'Regierung mat hirem Aktiounsplang déi richteg Akzenter géint d'Aarmut setzt.

12-09
13:13

Franz Fayot

De Projet vum nationale Sportsmusée um Site Rout Lëns ass zréckgezunn. Kritt en nawell Konsequenzen? Froen un de President vun der parlamentarescher Budgetskontrollkommissioun

12-08
13:50

Maurice Bauer

Méi Ausgabe fir d’Defense, d’Pensiounen oder nach Stroumnetzkäschten. D’Regierung spuert net am Budget 2026. Misst een net méi virsiichteg sinn? Dach, soen ënner anerem d’Zentralbank an de Conseil National des Finances publiques. Wéi wackeleg ass d’Gerüst, op deem déi ëffentlech Finanze mat Bléck op eng dach awer onsécher Zukunft stinn? Doriwwer schwätzt d'Christiane Kleer mam CSV-Deputéierte Maurice Bauer, dem Rapporter vum Budgetsprojet.

12-05
16:00

Meris Sehovic

Wat bedeit déi franséisch Alphabetiséierung fir esou eng grouss an divers Gemeng wéi Esch-Uelzecht? Dat froe mir dee gréngen Escher Schoulschäffen an Deputéierten.

12-04
14:01

Paul Schroeder

Mam Generaldirekter vum CGDIS schwätze mir iwwer d'Pompjeeën, där et net genuch ginn, an Dokteren, déi sech Konkurrenz maache fir kënnen um Samu ze fueren.

12-03
13:48

David Lentz

Mam neie Procureur vum Stater Parquet schwätze mir ënner anerem iwwer déi nei gesetzlech Reegelen iwwer de Sursis. An Zukunft kéint erëm méi dacks feste Prisong gesprach ginn.

12-02
13:44

Erik von Scholz

Enovos setzt seng Stroumpräisser den 1. Januar erof. Wou kënnt déi Baisse hier a wat hunn déi staatlech Subventiounen domat ze dinn? Dat froe mir de CEO vum Energiefournisseur.

12-01
12:32

Chris Roller

D'Regierung wëllt bei der Liberaliséierung vum Gesondheetssystem net esou wäit goen, wéi d'Dokteschassociatioun AMMD rezent gefuerdert huet. Hei reagéiert den AMMD-President.

11-28
14:46

Carlo Thelen

De Generaldirekter vun der Chambre de Commerce prophezeit d'Enn vum Lëtzebuerger Modell.

11-27
14:35

Recommend Channels