Discover
Invité:e vum Dag
169 Episodes
Reverse
Den CSV-Ëmweltminister ass aktuell zu Bréissel fir mat deenen aneren EU-Ëmweltministeren en EU-Klimazil bis 2040 festzeleeën. Wéi no ass een antëschent engem Accord?
De President vun der Spidolsfederatioun an Direkter vun den Hôpitaux Robert Schuman reagéiert op d'Ukënnegung vun enger geplangter Findel Clinic. Wier esou eng Struktur eng Chance oder Konkurrenz fir d'Spideeler?
Nodeems an der Gemeng Conter d’Zesummenaarbecht tëschent der CSV an der LSAP auserneegebrach ass, huet d’lescht Woch e Mëttwoch déi nei Dräierkoalitioun aus DP, LSAP an déi gréng en Accord ënnerschriwwen. D’DP stellt mam 37 Joer alen Dali Zhu deen neie Buergermeeschter. Wat si seng Ambitiounen a Prioritéite fir säin zukünftegt Mandat?
100 Deeg no der Cyberattack op den Telekommunikatiounsreseau vun der Post verréit de Post-Generaldirekter, wat zënterhier erausfonnt an ënnerholl gouf.
D'ASTI ass alarméiert iwwer den Niddergang vun der franséischer Sprooch hei am Land. Den Directeur politique vun der Auslännerorganisatioun erkläert firwat.
De Generaldirekter vum Grupp Cactus, engem vun den Haapt-Employeuren hei am Land, iwwer d'Ouverture vum neie Geschäft zu Esch a säi Réckzuch aus dem Alldags-Geschäft.
"Kënne mir bleiwe wat mir sinn?" freet sech den neie President vun der Fédération des Jeunes Dirigeants d'Entreprise a Patron vun engem Betrib an der Baubranche.
Ëmmer méi Online-Banking, ëmmer manner Agencen: wou steiert d'Bankgeschäft mat de Privatclienten hin? Froen un de President vum Retail Banking Cluster vun der ABBL.
Froen un den ADR-Politiker, deen am November d'Mandat vum aktuellen Nord-Deputéierte Jeff Engelen an der Chamber iwwerhëlt.
Déi jonk CSV-Deputéiert ass Rapportrice fir d'Pensiounsreform. Mir froen si wéi wäit d'Meenungen zu der Reform an der Chamber nach ausernee ginn.
Doriwwer diskutéieren de Friddensfuerscher Dr. Herbert Wulf an de fréieren Colonel vun de Lëtzebuerger Arméi, de Patrick Fautsch.
Vill geopolitesch Tensiounen, ëmmer méi Staatsscholden, an héich Douanestaxen - wéi grouss ass do d'Gefor virun enger Wirtschaftskris? Mir froen den Investment-Direkter vu BLI.
De President vun der Lëtzebuerger Kriminologen-Associatioun erkläert firwat besser Statistike kënnen hëllefen, fir Strofdoten ze bekämpfen.
E Sonndeg geet d'Luxembourg Urban Garden (LUGA) op en Enn. Virun deem leschte Weekend zéie mer alt schonn e Bilan mat der Generalcoordinatrice vun deem Event.
De President vun der (neier) ASBL LuxDefence iwwer d'Beméiungen, de Secteur vun der Verteidegung auszebauen.
D'Biologin aus dem LIH erkläert, wéi et dozou koum, dass Lëtzebuerg eng grouss Roll an der Parkinson-Fuerschung spillt, déi international zur Kenntnis geholl an unerkannt gëtt.
No der Hierscht-Quadripartite vu gëscht: Froen un d'Sozialministesch Martine Deprez iwwer déi schlecht finanziell Situatioun vun der CNS a Weeër do eraus.
Den AMMD-Vizepresident an Zänndokter schwätzt iwwer seng Erwaardungen un d'Quadripartite vun haut an, méi allgemeng, un d'Gesondheetspolitik vun der Regierung.
De Service vun der Schoulmediatioun hat bannent engem Joer ronn 350 Dossieren, dat bei iwwer 100.000 Schüler:innen. D’Marguerite Krier ass zënter engem gudde Mount déi nei Schoulmediatrice ass, als Nofollgerin vun der Lis De Pina.
Den CSV-Finanzminister huet gëschter säi Budget fir 2026 virgestallt. D'Joer géif schwiereg ginn, seet hien. Mee vill Depensë ginn erop. Wéi passt dat zesummen?



