Discover
Invité:e vum Dag

130 Episodes
Reverse
Mam DP-Politiker, dee viru senger 12. Rentrée als Educatiounsminister steet, geet ënner anerem rieds iwwer den Ëmgang mat KI an Handy an der Schoul.
Dee fir déi international Handelsrelatiounen zoustännege Mann bei der FEDIL schwätzt iwwer den Impakt vun den US-Taxen an iwwer d'Stëmmung an der Industrie.
Wéi eng Conclusiounen zitt den LSAP-Deputéierten aus den zwou Reunioune vun der Chamber-Finanzkommissioun mam Management vun der Spuerkeess?
D'Union des Indépendants ass net frou, datt d'Cotisatiounen an d'Pensiounskeess sollen eropgesat ginn. Hir Presidentin erkläert firwat.
D'CSV-Sozialministesch erkläert a kommentéiert dat, wat d'Regierung no de Sozialronnen a Saache Pensiounsreform zeréckbehalen huet.
De President vum Patronatsverband UEL (Union des Entreprises Luxembourgeoises) iwwer d'Conclusioune vun de Sozialronnen an d'Zukunft vum Sozialdialog
Déi gréng Deputéiert an de Fraktiounschef vun der CSV diskutéieren iwwer d'Resultater vun der Sozialronn.
D'RTL-Journalistin an de Matgrënner vu reporter.lu diskutéieren iwwer d'Enjeuen an d'Erfollegsaussiichte vun der drëtter Sozialronn haut, 3.9. am Staatsministère.
Dee fréiere grénge Vizepremier a Verteidegungsminister kommentéiert déi sozialpolitesch Aktualitéit an déi aktuell Diskussiounen iwwer d'Defense.
Froen un déi nei Country Head Luxembourg vun ArcelorMittal, déi d'Direktioun vun de Lëtzebuerger Aktivtéite vum Stolgrupp de leschte Mount vum Henri Reding iwwerholl huet.
Den LSAP-Buergermeeschter vu Réiser ass déi dreiwend Kraaft hanner der Initiativ fir d'Plattform vu Gemenge géint Atomenergie nei ze beliewen.
An der Wirtschaft hu Fraen a Spëtzepositiounen et méi schwéier wéi hir männlech Kolleegen, beklot d'Presidentin vun der Fédération des Femmes Cheffes d'Entreprise du Luxembourg.
D'Directrice vun der Fondation Partage (Ex-Bridderlech Deelen) iwwer d'Reprise duerch hir ONG vun e puer Caritas-Projeten am Beräich vun der humanitärer Hëllef.
D'Revue feiert den 1. September hiren 80. Gebuertsdag. Mir schwätze mat der laangjäreger Chefredaktesch iwwer d'Geschicht an d'Zukunft vum Magasinn.
Wéi mussen Apparater an och Servicer ausgesinn, fir datt all Bierger:innen domat eens gëtt? Dat froe mir den Direkter vun der neier Verwaltung OSAPS (Office de la Surveillance de l'Accessibilité des Produits et Services), déi dat kontrolléiert.
Kënnen d'Tréierer Geschäftsleit haut nach grad esou staark op d'Lëtzebuerger Clientèle ziele wéi viru Joren? Dat froe mir de Buergermeeschter vun Tréier.
Wéi gutt sinn d'Lëtzebuerger Rettungsdéngschter op Bëschbränn preparéiert? A wéi ka garantéiert ginn, datt den 112 ëmmer erreechbar bleift? Dat froe mir den Direkter vum CGDIS.
Den Direkter vun der Fondation pour l'Accès au Logment koordinéiert zënter Kuerzem och eng Plattform, déi all d'Acteuren aus dem Beräich vum soziale Wunnengsbau zesummebréngt.
Mir froen de Vizepresident vun der Chambre immobilière, ob d'Wunnengen hei am Land fir d'éischt musse méi bëlleg ginn, fir datt der nees méi verkaf ginn.
Wéi ginn d'Domaines Vinsmoselle domat ëm, datt ëmmer manner Wäi gedronck gëtt? Mir froen de President vun der Lëtzebuerger Wënzer-Kooperativ.
Comments