Discover
Kloertext fir ze lauschteren
116 Episodes
Reverse
Gëllt just nach d’Recht vum méi Staarken? Wat brauch et u Personal a Material? Sinn Dronen déi nei Wonnerwaff?
Jo, nee, dach an awer net – déi lescht Deeg war et e grousst Hin an Hier, ob et zu enger Entrevue Trump-Putin kënnt. Lo huet den US-President erkläert, dass d’Gespréicher mam Kreml-Chef zwar ëmmer gutt wieren, awer néirens hiféieren, an d’USA hu Sanktioune géint russesch Pëtrolsfirmaen decidéiert.
D'Erausfuerderunge vu muer an den Ëmgang vun deene Jonke mat dëse sinn Thema an dëser Editioun vum Kloertext.
Déi aktuell Diskussioun ass net pro oder kontra Ofdreiwung, well dat an engem Gesetz verankert ass, mä ob dëst och an d'Verfassung opgeholl soll ginn.
Soll den Avortement an d'Verfassung stoe kommen? A wa jo wéi? Als Recht oder als Fräiheet vun der Fra? Ëm déi Froen goung et am Kloertext op der Tëlee. Aktuell läit jo eng Gesetzpropos vun déi Lénk um Dësch, fir op dee Wee ze goen, ma net jiddereen hält dat fir néideg.
De Punkt geet un d’Gewerkschaften, mee de Match ass net gelaf an et ass net kloer, ob Hallefzäit ass an nächste Méindeg ofgeschloss oder verlängert gëtt.
Den Internet, e weltwäit Netz fir jiddereen! Mee Algorithme maachen eisen Horizont méi kleng, dofir gëtt den Toun méi rau. Haass an Angscht gi verstäerkt.
Sondagë gi rof a dann nees rop, soten CSV-Politiker no onsem neiste Politmonitor. Kee Problem also?
Mécht dat Sënn? Wouhier d'Suen huelen? Geet et net awer op Käschte vu Sozialem? Wouranner ka Lëtzebuerg iwwerhaapt investéieren?
Et diskutéieren d’Fraktiounspresidenten a Spriecher vun alle Parteien aus der Chamber iwwert déi grouss Themen vun der Ried zu Lag vun der Natioun.
Et gëtt awer geschwat iwwer déi Saachen, iwwer déi de Premier wéineg oder guer näischt sot. Et geet och ëm de Stil an d’Approche vum Luc Frieden.
Kriibs ass d’Doudesursaach Nummer 1 zu Lëtzebuerg, nach virun Häerz-Kreeslafkränkten.
Nodeem Enn Mäerz d'Politik d'Pensiounsdebatt am Kloertext gefouert huet, waren dës Kéier d'Sozialpartner a Vertrieder aus der Gesellschaft invitéiert.
Mir mussen eise Pensiounssystem méi nohalteg ofsécheren: doriwwer si sech all Parteien eens, just iwwert de Wee dohinner net.
Mir mussen ons Verdeedegung selwer an d’Hand huelen. D’EU ass sech eens, de Schock, dass Trump-Amerika sech op d'Säite vum Putin stellt, sëtzt déif.
Sinn d’USA och um Wee zréck an den Imperialismus? Wei staark ass d’EU? A wéi fragil sinn eis Demokatrien, och mam Bléck op de Rietsruck an Europa?
Den Observatoire National de la Santé huet eng éischt wëssenschaftlech Analys no europäesche Standarde gemaach. An do dat Resultat dobäi eraus.
Ass d'Gastronomie zu Lëtzebuerg an der Kris? A gëtt Iesse goen ëmmer méi e Luxus?
Wéi vill Muecht dierfen nëmmen e Grappvoll Mënschen hunn?
A senger Abschidsried huet den Joe Biden virum "tech-industrielle Komplex" gewarnt, virun enger Oligarchie mat extrem vill Räichtum, Muecht an Afloss, déi d’US-Demokratie an hir Grondrechter menacéiert - ouni den Numm Elon Musk ze nennen - geet et virop ëm de räichste Mann vun der Welt, dee quasi am Duo mam Donald Trump an d’Wäisst Haus wäert plënneren.
Vertrieder vun alle Parteien aus der Chamber diskutéieren dat Thema am Kloertext
Läit dat just drun, dass sech méi Fraen trauen Doten ze denoncéieren, oder hëlt den Haass zou?
D’Majoritéit vun US-Bierger wëll den Donald Trump zeréck, an deen huet dës Walen haushéich an all Hisiicht gewonnen, huet fräi Hand duerch ze regéieren.
E Paradigmewiessel an der Migratiounspolitik fuerderen 18 EU-Staaten, och Lëtzebuerg.



