DiscoverKultur
Kultur
Claim Ownership

Kultur

Author: Radio 100,7

Subscribed: 11Played: 869
Share

Description

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
997 Episodes
Reverse
An eise Muséeë gëtt schonn dat ganzt Joer mat spezielle Programmatioune gefeiert: de Casino an der Ënneschtgaass ass 30 Joer al ginn, de Mudam 20; den Naturmusée ass zanter 30 Joer am Gronn. Dëse Weekend erwaart iech elo eng speziell Nuit des Musées: di 25. “Birthday-Edition”. D’Kerstin Thalau huet also fir haut d’Laura Zaccaria vun der ICOM Lëtzebuerg, Coordinatrice générale fir d’Nuit an eise Studio invitéiert.
„E Roman géint Gläichgëltegkeet“ nennt d‘Jury vum Däitsche Buchpräis de Roman „Lücken“ (Kiepenheuer und Witsch) vun der Shida Bazyar an zeechent d‘Schrëftstellerin mam renomméierte Literaturpräis aus. Valerija Berdi mat Detailer. Lauschtert d'Rezensioun vum Buch hei.
Nei am Kino

Nei am Kino

2026-10-06--:--

Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.
2022 ass de "Centre de primo-accueil" um Kierchbierg en neit Doheem fir vill Refugiéeën aus der Ukrain ginn. D‘Anne Frausing, déi zu deem Moment beim Roude Kräiz engagéiert war, huet si mat de Flüchtlingen an dësem Hebergement geschafft. Am Buch „le village des tentes“, dat kierzlech bei Capybarabooks eraus komm ass, schreift si unhand vun eenzele Personnagen, awer och vun der globaler Situatioun, iwwer hir Erfarungen. D‘Valerija Berdi huet „Le village des tentes“ gelies.
Der Dana Rufolo hiert Stéck JOYN, A Mariage Made in Megaheaven ass eng Hybridform tëscht Theater, Gedicht a Prosa – a wierkt eleng duerch säin optimisteschen Titel an Zäite vu politescher Onrou wéi eng Zort literareschen UFO. D’Schrëftstellerin, déi selwer och am Stéck matspillt, an de Luc Lamesch, ee vun den Acteuren, sinn haut am Interview mam Jeff Schinker beim Marc Clement am Studio.
loading
Comments