DiscoverLompekréimer
Lompekréimer
Claim Ownership

Lompekréimer

Author: Daniel a Mike

Subscribed: 2Played: 13
Share

Description

De Podcast vir d'Fra an den Mann, déi sech an d'Liewen net all ze eescht huelen an iwwert alles kenne laachen. Kommt eran, lauschtert no an loosst iech näischt anescht zielen.
18 Episodes
Reverse
Influencer aus Lëtzebuerg? Kléngt fir d'Éischt emol verréckt, gëtt et awer. Den Beweis dofir ass eisen Gaascht vun dëser Folge, den Patrick Marques, deen eis ënnert anerem och nach all eenzelen Knachen am Kierper problemlos zum Baschten bréngen kéint. Hien ass nämlech Karateka an der Nationalekipp an huet virun der Pandemie fir Olympia trainéiert.
Wann een vum "T the Boss" schwätzt, verbënnt een domadder oft eng Lëtzebuerger Rap-Legend, déi schonn säit Joerzéngten net méi aus der nationaler Hip-Hop Zeen ewech ze denken ass. Mir hunn mat him an engem labberen Gespréich iwwert Gaming, seng Passioun fir den Fussballclub aus Barcelona, awer natierlech och iwwert Musek geschwat. Ech hoffen iech gefält dat sympathescht Gespréich genau esou gutt ewéi eis.
Octopussy

Octopussy

2021-05-0232:32

Wat ass déi beschte Schlofpositioun? Déi erfollegräichsten Mënschen schlofen um Réck, den Daniel net. Ausserdeem sinn Tëntefësch an Tentakelen an der Diskussiounsronn vertrueden (nee keen Fetisch-Talk) an ongewéinlech Fakten iwwert Déieren. Mir kéinten engem T-Rex warscheinlech labber fort lafen, wat den Film Jurassic Park vill manner spektakulär wierken léisst. An zum Schluss ginn et erëm Film-Tipps, stay tuned.
Läichewon

Läichewon

2021-04-1226:52

Den Daniel setzt ouni säin Mikro am iwwerraschend vereenten Portugal, an huet sech 1Slip méi agepaakt, am Fall wou eppes an d'Box geet, wien kennt dat net? Alt wéinstens reesen mir net mat enger Läich am Gepäck... Dout sinn ënnert anerem och definitiv d'Fraerechter an der Tierkei, spéitstens nom rezenten Tëschefall mam Ursula von der Leyen.
Den CR7 war zu Lëtzebuerg op Besuch an huet just Verwüüstung hannerlooss, dat zumindest am Stade Josy Barthel. Wéi den Folgentitel et vläicht vermudden léisst, gëtt och an dëser Episod erëm mächteg op eisen Bildungssystem geknëppelt. Mir stellen eis och Legitimitéit vum Genderen a Fro, an baséieren eis op en Interview vum Prof. Dr. Richard David Precht géigeniwwer der "Welt".
loading
Comments