Méi wéi Sex

De Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper.

#034 Bisexualitéit

Vun alle sexuellen Orientéirungen ass Bisexualitéit wahrscheinlech déi, déi am heefegste vergiess oder mëssverstane gëtt. D'Tessie huet mat sengem Gaascht, dem Joël, iwwer Virurdeeler an de Mangel u bisxueller Personnagen geschwat. An der Rubrik dréit sech alles ëm sexuell iwwerdrobar Krankheeten a wéi een et vermeide kann, sech oder anerer unzestiechen.

05-13
28:27

#027 Sexgespréicher

Mat wiem an wéi schwätze mir iwwer Sex (oder och net)? A firwat? Mat wiem hu mer ugefaangen iwwer Sex ze schwätzen? Wéi ass et mat Famill, Frënn oder Persoune, mat deene mer Sex hunn? Doriwwer schwätzen den Momo an d’Kelly.

03-22
31:17

#018 Frëndschaft oder Bezéiung?

Wat ass den Ënnerscheed tëscht enger Frëndschaft an enger romantescher Bezéiung? Gemeinsam Aktivitéiten, Gefiller, Dauer, Intimitéit!? D'Kelly an Tessie schwätzen driwwer. An der Rubrik geet et ëm Oralsex an doriwwer, wann ee sech weder als Jong nach als Meedchen définéiert.

01-18
28:44

#016 Menstruatioun II

Binden, Tampon'en, Menstruationsënnerwäsch an -tasen... Wann et drëm geet, d'Reegelblutt ofzefënke stinn engem eng ganz Rei Produkter zur Verfügung. Mir hun der e puer getest a schwätzen driwwer. Duerno erwaard ich eng praktesch Uleedung zu Analsex.

01-04
27:25

#015 Ech wëll dech këssen

Ëmmer wann et drëms geet, eng aner Persoun fir d'éischt ze këssen, stellen sech déi selwecht Froen: Wourun erkennen ech, ob déi aner Persoun dat och wëll? Wéi ginn ech hier ze verstoen, dass ech si kësse wëll? Wéi soll de Kuss selwer idealerweis sinn? Nodeems d'Anne an d'Tessie iwwer hier Erfahrunge geschwat hunn, erkläert d'Kelly an der Rubrik, wat Sex-Shaming ass.

12-28
25:57

#014 Net-Monogamie

Wat ass den Ënnerscheed tëscht Net-Monogamie an Polyamorie? Wei kënnen net-monogam Bezéiungen ausgesinn? D'Kelly schwätz mam Lucie driwwer, wéi se dozou komm sinn, net-monogam ze liewen an wat dat alles sou mat sech bréngt. An der Rubrik schwätzt d'Tessie- passend zur Saison - iwwert Chrëschtdagsiessen!

12-21
32:32

#013 Raséieren

Vun alle Methode fir sech Kierperhoe wechzemaachen ass raséiere wahrscheinlech déi heefegst. Mee firwat eigentlech? A wat huet dat Thema an engem Sexpodcast verluer?

12-14
23:33

#012 Selbstbefriddegung

Wee masturbéiert a firwat a wéi? D’Anne an d’Tessie hu sech dozou hier Gedanke gemaach. D’Kelly huet sech iwwerdeems fir d’Rubrik “Eng gutt Fro” mat der Klitoris befaasst.

12-10
24:29

#011 Wat bass de sou schéin!

Wat vermëttelen eis d’Medien an eist Ëmfeld doriwwer, wat Schéinheet ass? A wéieen Afloss huet dat op eist Selbstwäertgefill? Doriwwer huet sech d’Tessie mat eisem Gaascht dem Lara ënnerhalen. An der uschléissender Rubrik geet et em de Coming-out.

12-05
29:10

#010 Hey Bebe, gäilen Aarsch!

Vun engem Friemen op der Strooss oder am ëffentlechen Transport ugepakt oder op opdrägelech Aart a Weis ugeschwat ze ginn, hannendrugeruff oder –gepaff ze kréien – eng Erfahrung, déi vill Leit ëmmer nees an hierem Alldag maachen. D’Anne an d’Tessie schwätzen doriwwer wéi si an hiert Emfeld domat ëmgin. Passend dozou erkläert d’Kelly duerno an der Rubrik wéi ee ka Sex hunn, deen op Einvernehmlechkeet a Respekt baséiert.

11-23
30:17

#008 Flirten

Wat ass den Ënnerscheed tëscht flirten a frëndlech sinn? An ab wéini ass d’Grenz zu sexueller Belästegung iwwerschratt? D’Anne an d’Tessie hu sech dozou e puer Gedanke gemaach. Duerno an der Rubrik hëlt d’Kelly de Sex a Porno’en ënnert d’Lupp.

11-12
21:00

#007 Gudde Sex

Wéieng Virstellungen ginn dovunner vermëttelt, wat gudden oder schlechte Sex ass? A wéivill ass un deene Saachen drun? D’Kelly an d’Tessie schwätzen iwwer hier Erfahrungen.

11-02
30:43

#144: Oneenegkeeten aushalen – Konstruktiv Streiden

Fir déi meescht vun eis ass Sträit direkt mat onangeneeme Gefiller a Situatioune verbonnen: sech ublären, Beleidegungen, geklaakten Dieren a gebrachent Porzeläin. Mä dat muss net sinn, et kann een*t nämlech och konstruktiv streiden. Also esou, datt herno weder Teller nach Häerze gebrach sinn an een an enger Bezéiung weider kënnt. An dëser Episod erklären den Elie a Kelly, wéi si dobäi virginn, wourobber een*t wärend engem Sträit oppasse sollt a wat een*t duerno maache kann, fir erëm zou sengem Géigeniwwer an sech selwer ze fannen. An der Rubrik geet et ëm een Thema, datt dir méi entspaant ugoe sollt: Den Elie erkläert eis, wéi een een Analplug benotzt.

05-31
49:52

#143: Ech wëll eppes vun dir an ech weess genee wat – queer netmonogam Frënd*innenschaften

Frënd*inneschaften si fir déi allermeeschte Mënschen e wichtegen Deel vun hirem (soziale) Liewen. Leider leede verschidde Faktoren an enger hetero- a mononormativer Welt dorun, fir eis Frënd*inneschaften heinsdo ze vernoléissegen. De Joël an d*e Robin schwätzen an eiser Episod doriwwer, wéi si hir Frënd*inneschafte gesinn - a firwat si queer net-monogam Frënd*inneschaften pfleegen, a wéi hir Queerness a Net-Monogamie déi Frënd*inneschaften stäerkt. An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer Spectatoring. Shownotes: Episod 57 iwwer Attraktioun

05-17
50:56

#142 Keng Persoun déi wëll, kee Bock, an elo? – Kee Sex hunn

Et gi Momenter am Liewen, do huet een*t kee Sex. An dat net ëmmer ganz fräiwëlleg an och net ëmmer ganz glécklech. Kelly an de Joël schwätzen an dëser Episod doriwwer wat dat mat eis mécht a wat fir Grënn et ginn, kee Sex ze hunn.  Si erzielen, wéi eng wichteg Erkenntnis dobäi hëllefe kann, eng Zäit ouni Sex ze akzeptéieren a wat fir Méiglechkeeten et gëtt, vir erëm méi Sex ze hunn – oder awer, wéi een*t Alternative fanne kann. An an der Rubrik erkläert den Elie eis, wat Intimpiercingen sinn a wat fir verschiddenen Zorten et ginn. Interessant Links: MwS Episod #75 iwwert Dauer vu Sex MwS Episod #69 iwwert Asexualitéit MwS Episod #126 iwwert Demisexualitéit Come As You Are vum Emily Nagoski

05-03
54:13

#141: Cu oder Byebye? – Verhütung mat der Kofferspiral

D*e Robin huet Angscht viru Kofferdéiwer - wéi dat?! Ganz einfach: d*e Robin benotzt e Koffer IUD zur Empfängnisverhütung, an dat säit 5 Joer. Während d'Thema Kofferspiral vun Zäit zu Zäit opkënnt, wësse vill Mënschen zimmlech wéineg iwwer dat awer scho relativ aalt Verhütungsmëttel - an oft nach manner iwwer seng néi Re-erfindungen! An dëser Episod freet de Joël d*e Robin aus: iwwer déi verschidde Formen vun der Verhütung mat Koffer, wéi sou e klenge Metalldrot amfong eng Schwangerschaft verhënnere soll an iwwer dem Robin seng Erfarungen mat dëser Verhütungsmethod. Dës Episod ass dann och Deel vun enger neier Serie iwwer Erfarungsberichter mat verschiddene Verhütungsmëttelen. Wann s du deng Erfarungen mat eis op der Antenn deele wëlls, da schréif eis op sex@ara.lu oder kontaktéier eis iwwer social media. :) An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer Selbstkritik a kulturelle Kontext. Shownotes: Infos iwwer d'Kofferspiral Kofferspiral fir jonk Mënschen Infos iwwer d'Kofferketten Infos iwwer de Kofferball Dem Kelly seng Rubrik iwwer thermesch Verhütung

04-19
53:18

#140: Turnschlappen, Brëscht a Menopause – (kee) Sex am mëttleren Alter?

De mëttleren Alter ass berühmt-berüchtegt - a vill Leit kucken deem Ofschnëtt vum Liewen mat enger gewësser Angscht entgéint. Angscht, dass "déi gutt Zäiten" dann eriwwer sinn, Angscht virun kierperleche Verännerungen, virun engem Verloscht u Sexualitéit. An dëser Episod schwätzt Kelly mat engem ganz besonnesche Gaascht iwwer dëse Liewensofschnëtt: d'Sandra erzielt vu Bestietnisser, Kanner, Brëscht a Sex moies fréih. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer MDMA Koppel Therapie. Shownotes: Podcast „I Weigh“ with Jameela Jamil TED Talk: „The secret to mastering life's biggest transitions“ with Bruce Feiler Emily Nagoski „Come as you are“

04-05
57:14

#139: FOMO, Konsum an d’Britney – Toxic Sex Positivity

Influencer*innen, Partien, esouguer Produiten: Et schéngt, wéi wa jiddereen*t a säi Cousin hautdesdaags sexpositiv wéilte sinn. A wärend déi eng vun de wonnerbaren Orgien erzielen, op deenen si waren, kréien déi aner FOMO, d'Fear of Missing Out. Mä wien decidéiert eigentlech, wat mir net „verpassen“ dierfen? An dëser Episod schwätzen de Joël an d*e Robin iwwert déi toxesch Säit vu Sex Positivity, iwwert déi esoteeresch an essentialistesch Weltbiller, déi sech dacks hannert engem sexpositiven Image verstoppen – an doriwwer, wéi mir selwer entscheede kënnen, wat mir net verpasse wëllen a wat schonn. A wann dir duerno nach net genuch entspaant sidd, schwätzt Kelly an der Rubrik iwwer Stress.

03-22
39:34

#138: Vu Walrecht, Hausbesetzungen an neie Beweegungen – Feminismus zu Lëtzebuerg

Et ass den 8. Mäerz, de feministesche Kampfdag! Passend zu dëser Occasioun schwätze mäer an dëser Episod iwwer d Geschicht a Géigewaart vum feministesche Kampf zu Lëtzebuerg. An d*e Robin ass dobäi net alleng, mee huet Ada vum Kënschtler*inne Kollektiv Richtung22 am Studio. Ada gëtt dann och e klengen Abléck an d Zukunft vun der lutte féministe am Land. Shownotes: Megaphone.lu (Website an op Instagram) Fraendag.lu Buch: Mit den Haien Streiten

03-08
48:51

#137: It’s fucking political – Sex a Politik

Haut gëtt et politesch! De Joël an d*e Robin diskutéieren, firwat a wéi Sex a Sexualitéit politesch si kënnen, an och ob Sex ëmmer politesch ass. Wann s du heiere wëlls, wat Politik mat HIV, Kondomer an Hoer ze dinn huet a firwat dass eist Méi Wéi Sex Team kee Sex mat Nazis huet, da lauschter an dës Episod eran. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer ADHS a Bezéiungen. Shownotes: Kontroversen ëm Fuck For Forest: Congress a Public Sex Controversy Kriminaiséierung vu queere Mënschen Beispiller vun ACT UP Gran Fury Interview Iwwer Gran Fury Grujeleg Reklammen iwwer AIDS aus UK: hei an hei

02-23
46:37

Recommend Channels