Discover
Moiesstudio
1554 Episodes
Reverse
Déi spuenesch Regierung huet wëlles tëscht 500.000 an 800.000 Immigranten ouni Pabeieren ze regulariséieren. Explikatioune vun der 100,7-Korrespondentin Aurélie Chamerois.
Den 31. Januar 1976 gouf déi 1. Editioun vun der Zäitschrëft Forum publizéiert. E Réck- an Ausbléck mam Viviane Thill, Member vu Verwaltungsrot a Redaktiounséquipe.
Ausbléck op déi 26. Editioun vum Euromeet am Gespréich mam Direkter vum Meeting Serge Hollerich.
De Claude Paquet aus dem Mobilitéitsministère réagéiert op Commentairen a Suggestiounen, déi als Reaktioun op d'100,7-Fro vun der Woch erakoumen.
Frankräich huet een neie Militärdéngscht. Elo am Januar huet de Rekrutement ugefaang. Den neie Service national ass reng militäresch, fräiwëlleg a riicht sech virun allem u Jonker tëschent 18 an 19 Joer, déi nëmmen op franséischem Territoire an net a Kampfhandlungen agesat ginn. Wat versprécht ee sech vun der Mesure? Eise Korrespondent Max Tholl huet nogefrot.
Nach bis de Méinden, 2. Februar organiséiert de CAPE, de Centre des Arts Pluriels Ettelbréck, e Festival deen den A-cappella-Gesang an de Mëttelpunkt setzt.
Lescht Joer sinn zu Lëtzebuerg ronn 16% vun de Beievëlker verluer gaangen - bal duebel sou vill wéi an de Jore virdrun. Dat geet aus enger Äntwert vun den CSV Ministeren Wilmes an Hansen op eng parlamentaresch Fro ervir. Wéivill vun de Verloschter wierklech op d’asiatesch Runn zréckzeféieren ass, ass onkloer. Kloer ass dogéint: d’Imker rechnen an Zukunft mat méi Problemer wéinst der invasiver Aart.
De Buergermeeschter vun Useldeng ass am Oktober 1975 an de Gemengerot gewielt ginn an zanter 26 Joer ass hien un der Spëtzt vun der Gemeng. Mir froen hien no sengem Rezept fir sou laang duerchzehalen - a Succès ze hunn.
3 Parteie si sech an Holland op eng Mëtt-Lénks Koalitioun eens ginn, mat dem viraussiichtlech jéngste Premier un der Spëtzt. Eng Aschätzung vun der Journalistin Ulrike Nagel.
Ee Klasseur a liichter Sprooch soll touristesch a kulturell Attraktiounen hei am Land fir jiddereen accessibel maachen. D'Nicole Fisch vun der 'ASBL "Op der Schock" erkläert.
Grönland dominéiert zanter Wochen d’Aktualitéit, wéinst dem amerikanesche President Donald Trump senge Pläng Kontroll iwwer den Territoire ze kréien. Och wann den Donald Trump lescht Woch seng Droungen deelweis revidéiert huet, bléift een an Europa besuergt. Gëschter koumen déi dänesch Premierministesch, de grönlännesche Premier an de franséische President zu Paräis zesummen an hunn sech fir eng méi staark NATO Präsenz an der Arktis ausgeschwat. Vu Paräis, de Max Tholl.
Ween ëmmer scho mei gesond oder déi Veganesch Kiche wollt kache kann den Owend bei engem Kach Atelier matmaachen. Nämlech dem Atelier de cuisine végan – Spécial légumineuses.
Den Yves Germeaux vun der Industrielle-Federatioun gesäit e grousst Potential an deem Accord, och fir Lëtzebuerger Entreprisen.
D'Regierung wëll queer Theemen de Schoule méi oppe sollen thematiséieren. Iwwer d'Zilsetzung an déi konkret Detailer schwätze mir mat der Deputéierter Barbara Agostino.
Bis e Méindeg dauert nach den Autosfestival – eng Zäit, an där besonnesch vill nei Autoen zu Lëtzebuerg verkaf ginn. Och hei am Land sinn an de leschte Jore méi elektresch Autoe verkaf ginn. Am populäerste sinn awer den Ament Hybrid-Autoen. An dat obwuel d‘Hybriden net méi subventionéiert ginn, a net immens ëmweltfrëndlech sinn.
Mir hunn et bis elo d’Affär Wilmes genannt, den Affekot vum Dokter Philippe Wilmes nennt et d’Affär Deprez: Zanter enger décker Woch stinn d'Virwërf, déi géint den Orthoped aus den Hôpitaux Robert Schuman erhuewe ginn am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit. Wat seet d’Defense zu de Virwërf? En Interview mam Affekot François Prum.
Am Lycée Michel Rodange an der Stad sollen d’Septièmesschüler vun elo u matbestëmme kënnen. D’lescht Woch huet déi éischt Reunioun vum neien Delegéierterot stattfonnt. D’Klassendelegéiert hu Problemer a Léisunge fir hiren Alldag um Schoulcampus diskutéiert. D’Sophie Schroeder war sech ee Bild vun dësem neie Konzept maachen an huet mat den Delegéierten an dem Léierpersonal geschwat.
Wéi schwätzt ee mat Jonken iwwer den Holocaust an Zäite wou et kaum nach Zeie ginn? Dat froe mir den Direkter vum ZPB, Marc Schoentgen, um Holocaust Remembrance Day.
D'Assemblée nationale huet gëschter iwwer d'Gesetzespropos diskutéiert, déi sozial Medie fir déi ënner 15-järeg soll verbidden Eise Korrespondent Max Tholl kennt d'Detailer.
De Grand-Duché war och um drëtten Nordséi-Sommet present. Mir schwätze mam Energieminister Lex Delles iwwer dat wat hie gëschter fir d'Stroumversuergung hei am Land erreecht huet.



