Moiesstudio

Besser informéiert an den Dag

Den Zürecher Bal: Wéi gëtt dee gréisste Studentebal am Land organiséiert?

Wéi all Joer ass um Chrëschtdagowend den Zürecher Bal. Mat ronn 4.000 Leit gëtt gerechent, déi an d’Luxexpo wäerte kommen, fir ze feieren. De Bal ass eng richteg Traditioun. Fir déi 63. Kéier gëtt en dëst Joer schonn organiséiert. Mee wat fir eng Organisatioun, a wat fir een Opwand stécht dohannert?

12-24
05:15

Kongresstourismus: Wéi attraktiv ass Lëtzebuerg als Destinatioun?

Eng Fro un d'Bettina Bunge, déi nei Direktesch vum Luxembourg Convention Bureau, deen hëlleft Kongresser hei am Land ze organiséieren.

12-24
09:13

Wéi iwwersteet een d'Chrëschtdagsiessen ouni schlecht Gewëssen?

Mir hunn den Ernärungsexpert Torsten Bohn vum Luxembourg Institute of Health gefrot.

12-24
03:14

Vun Inten, déi quaken, a Schof, déi lamen

Den Zentrum fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) huet a senger Serie iwwer de Lëtzebuerger Wuertschatz en neie Band erausbruecht. Déi Kéier geet et ëm d'Déierewelt.

12-24
06:08

D'Stëmm vun der Strooss brauch méi Plaz fir hir Chrëschtfeier

Dëst Joer ware 650 Leit op déi traditionell Chrëschtfeier vun der Stëmm invitéiert. Fir genuch Plaz ze hu war d'Fest dofir dëst Joer um Lampertsbierg. D'Sté Bisenius war dobäi.

12-24
03:42

Wat steet am Nicolas Sarkozy senge Prisongschroniken?

Eise Kulturchef Jeff Schinker huet d'Buch "Le journal d'un prisonnier" gelies.

12-23
04:09

D'Jenny Gloden leeft 10 Méint no der Gebuert vun hirem 1. Kand Beschtzäiten

De Maurice Molitor freet d'Laangstreckeleeferin, wéi dat hir gelongen ass.

12-23
11:04

Mercosur-Accord: Hunn d'Lëtzebuerger Bauere sech domat offonnt?

Mir froen de President vun der Bauerenzentral, de Christian Wester, ob hien drop hofft, datt den Accord awer nach gekippt gëtt.

12-23
07:14

Pann bei LuxTrust: En "Defekt beim Equipement" war d'Ursaach

Déi Prezisioun gëtt de Serge Allegrezza, de President vum LuxTrust-Verwaltungsrot, am 100,7-Interview.

12-23
05:19

2025: E mouvementéiert Joer am Lëtzebuerger Fussball

2025 war e Joer, an deem bei der FLF vill lass war, bei de Männer éischter negativ, sief dat duerch dat schlecht Ofschneiden an der WM-Qualifikatioun oder der Affär Gerson Rodrigues. Bei den Damme war et éischter positiv, eleng wann een den Opstig an der Nations League kuckt.

12-23
04:42

Schutzstatus vum Wollef héichhalen

Méi wéi 200 europäesch Ëmwelt- an Naturschutz-Organisatiounen appelléieren un d'EU-Ëmweltministeren de Schutzstatus vum Wollef net erofzesetzen. D'Claudine Felten, Direktesch vun der Associatioun natur&ëmwelt, déi den Opruff mat ënnerschriwwen huet, erkläert.

12-22
08:17

30 Joer MEGA - Ministère de l'Égalité des genres et de la Diversité

Zënter 1995 gëtt et zu Lëtzebuerg e Fraen-, duerno Gläichstellungs- an elo Diversitéits-Ministère . D'Joëlle Letsch vum Fraerot seet, wat dee Ministère bruecht huet a wat en nach fäerdeg brénge muss.

12-22
09:32

Mannerjäreger am Prisong

De Procureur d'Etat David Lentz erkläert, firwat am Moment esou vill Mineuren zu Schraasseg sëtzen.

12-22
09:22

Neie Lëtzebuerger FIFA-Arbitter

De Loïc Thomas ass elo ee vun den dräi Lëtzebuerger FIFA-Schidsriichteren am Fussball. Am Interview erkläert dee 26 Joer jonken Arbitter, wat elo op hien duerkënnt.

12-22
05:19

Boykott géint atHome.lu: eng Rei Agencë maachen net méi mat

Mir hunn elo den Immobilienagent Michael Eires zougeschalt, mat deem mir iwwer d’Hannergrënn schwätzen.

12-19
06:04

Ukrain-Suen: EU gëtt sech eens, mee Merz a von der Leyen stiechen Néierlag an

D’EU fënnt ee Kompromëss fir d’Ukrain an den nächsten zwee Joer 90 Milliarden Euro zoukommen ze loossen, ouni dobäi déi russesch Staatssuen, déi zënter dem Krich an der Ukrain an der EU blockéiert sinn, ze benotzen. De Plang gesäit vir, datt d’EU selwer Scholde mécht. Dobäi géifen awer net all déi 27, mee just 24 Memberlänner matmaachen. Eng wichteg Zouso fir d’Ukrain, mee eng politesch Néierlag fir den däitsche Kanzler Merz an d’Kommissiounscheffin von der Leyen, déi sech mat vill Ongeschéck dofir agesat hunn, datt dat russescht Staats-Verméigen déi eenzeg Léisung fir ee Finanzement vun der Ukrain wier. Eng Analys nom EU-Sommet vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.

12-19
06:37

ABBL reagéiert op Pann bei LuxTrust

De Bankeverband iwwerrascht wéi laang d'Pann gedauert huet, stellt de Monopol vu LuxTrust awer net a Fro. Explikatioune vun der Ananda Kautz aus der ABBL-Direktioun.

12-19
03:41

Muechtwiessel am Wëlzer Gemengerot

Zu Wolz steet d’CSV-DP-Majoritéit virum Aus. Mir schwätzen doriwwer mam President vun der LSAP-Sektioun Wolz, dem Michael Schenk.

12-19
08:01

Debat SAMU-Besetzung: Wou Donnéeë feelen, gi falsch Prioritéite gesat

D'Diskussioune ronderëm d'SAMU-Besetzung sinn zënter Enn Oktober e grousse Sujet an de Medien. Wien ass dee besseren Dokter: Den Urgentist oder den Anästhesist? Geet et ëm d'Suen oder ass et e Muechtkampf? D‘Diskussioun riskéiert bei de Bieger:innen Onsécherheet auszeléisen. Den Debat gouf falsch ugepaakt an de CGDIS steet dofir elo an der Verantwortung, mengt d’Michelle Barthel an engem Commentaire.

12-19
03:53

Lumpy-Skin-Disease

Zënter Enn Juni grasséiert a Frankräich, Spuenien an Italien déi sougenannte Lumpy-Skin-Disease, d’Dermatose Nodulaire. Déi héich ustiechend a meldeflichteg Viruserkrankung betrëfft virun allem Ranner. Dausende Béischte goufen dout gemaach, zanter den éischte Fall bei eise franséischen Noperen detektéiert gouf. Mir hu bei der Veterinärinspektioun ALVA nogefrot, wéi sech d’Kränkt genee äussert a wéi héich de Risiko ass, datt se och hire Wee op Lëtzebuerg fënnt.

12-19
03:21

Recommend Channels