DiscoverOn the Record - Reporter.lu
On the Record - Reporter.lu
Claim Ownership

On the Record - Reporter.lu

Author: Reporter.lu

Subscribed: 843Played: 9,235
Share

Description

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg. Am Gespréich mat Journaliste gi mir den Themen op de Gronn a werfen e Bléck hannert d’Kulisse vun eise grousse Recherchen. Nei Episode gëtt et all Freideg.
189 Episodes
Reverse
Den Defizit am Staatsbudget gëtt ëmmer méi grouss an d’Schold klëmmt. Ass dat einfach déi nei Realitéit? Wäert de Wuesstem dat scho reegelen? Oder muss d’Regierung hir Finanzpolitik iwwerdenken? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Eng defizitär CNS an Dokteren op Krichsfouss: An der Gesondheetspolitik steet d'Regierung viru schwieregen Aufgaben. Kann si déi bewältegen? Oder hunn CSV an DP am Walkampf ze vill versprach? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Net all Deputéiert si gläich vill an de Kommissiounssëtzunge präsent. Wat sinn d'Grënn dofir? Firwat ass dat problematesch? A ka virun deem Hannergrond weider un Duebelmandater festgehale ginn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Aus Grand-Duc Henri gëtt Grand-Duc Guillaume. Wat bedeit den Trounwiessel fir d’Land? Wéi huet d’Monarchie Politik a Gesellschaft gepräägt? A wéi eng Roll spillt de Grand-Duc zu Lëtzebuerg iwwerhaapt nach? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Nieft villen anere Länner erkennt och elo Lëtzebuerg Palästina als Staat un. Wat bedeit dat fir de Gaza-Konflikt? Wat fir déi allgemeng geopolitesch Lag? A wat fir d’Relatiounen tëscht den USA an Europa? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
An der Chamber gëtt aktuell diskutéiert, op d’Recht op Ofdreiwung soll an d’Verfassung kommen. Wéi positionéieren sech d’Parteien? A firwat war dëse Sujet net Deel vun der leschter Verfassungsrevisioun? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
D’Regierung huet nach e puer Reformen op der Agenda. Dat politescht a soziaalt Klima ass awer ugespaant. Wéi beaflosst dat déi eenzel Projeten? A wéi vill Reformwëllen huet dës Koalitioun iwwerhaapt nach? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
No enger Sozialronn ouni Accord wëll d'Regierung elo hir Verantwortung iwwerhuelen. Wat bedeit dat fir de Sozialdialog? Wat fir d'Pensiounsreform? An hunn CSV an DP sech hei politesch clever ugeluecht? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Wéi hir Virgänger huet och déi aktuell Regierung eng Rei politesch Beamten ernannt. Wien sinn déi nei Leit? Wat geschitt mat den ale Conseilleren? A firwat ass dës Lëtzebuerger Traditioun problematesch? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Give peace a chance?

Give peace a chance?

2025-08-2228:08

Den US-Präsident Donald Trump dreift d’Verhandlungen ëm ee Fridden an der Ukrain virun. Mee huet déi Initiativ wierklech Aussiicht op Erfolleg? An wéi eng Hindernisser gëtt et an de Gespréicher? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Hongersnout, Gewalt an Zerstéierung: D’Situatioun an der Gaza-Sträif ass an allen Hisiichten extrem. Wéi soll d’Lëtzebuerger Regierung mam Virgoe vun Israel ëmgoen? A wéi konkret eppes beweegen?
Et ass een Deal nom Donald Trump sengem Goût: D’EU akzeptéiert eesäiteg Douanestaxen a wëll an den USA Milliarden investéieren. Wat bedeit dat fir d’Wirtschaft? A geet et net och ëm de Westen?
D’Cyberattack géingt d’Post hat wäitreechend Konsequenzen. Wat seet dëse Virfall iwwer d’Resilienz vu Lëtzebuerg aus? Wat ass vum Krisemanagement ze halen? A wéi eng Conclusioune mussen elo gezu ginn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
D’Sozialronn mécht Summerpaus bis September. Wéi sinn déi Verhandlunge mat de Sozialpartner bis elo verlaf? Wéi eng Säit huet sech duerchgesat? A wéi eng Roll spillt d’Chamber an deem Ganzen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
D’Spezialkommissioun „Caritas“ wollt d’Affär opschaffen. Gouf si deem Usproch gerecht? Wat ass haut iwwer de Krisemanagement vun der Regierung gewosst? An hätt d’Caritas net awer kënne gerett ginn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
An der Sozialronn gouf haart a bis an d’Nuecht ra verhandelt. Wat ass bis lo dobäi erauskomm a wéi steet et ëm de Sozialdialog? A wéi eng Roll spillt de feelende Konsens an der CSV-DP-Koalitioun? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
De Gilles Roth huet seng Pläng fir eng Individualiséierung vum Steiersystem virgeluecht. Kann hien déi Reform esou ëmsetzen? Wéi soll se finanzéiert ginn? A gëtt se hirem gesellschaftspoliteschen Usproch gerecht? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Zu Den Haag goufen dës Woch nei NATO-Ziler fir d'Memberlänner decidéiert. Mee wat heescht dat elo konkret? Wat bedeit dat fir Lëtzebuerg? A kéint Europa sech domat wierklech aleng verdeedegen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Och zu Lëtzebuerg sinn ëmmer méi Journaliste mat Plainte konfrontéiert. Wat stécht hannert dësem Phänomen? Firwat ass et esou problematesch? A wisou ass hei nieft der Justiz och d’Politik gefuerdert? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
D’Oppositioun kritiséiert de Xavier Bettel fir säin „Zickzackkurs“ bei der Palästina-Fro. Zu Recht? Wéi ass seng Aussepolitik generell ze beurteelen? Och mat Bléck op d’Konstellatioun mam Premier Luc Frieden? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
loading
Comments