On the Record - Reporter.lu

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg. Am Gespréich mat Journaliste gi mir den Themen op de Gronn a werfen e Bléck hannert d’Kulisse vun eise grousse Recherchen. Nei Episode gëtt et all Freideg.

Tubaksparadäis Lëtzebuerg

D’Steieren um Tubak sinn zu enger Milliarderecette vum Staat ginn – viru Banken an Tanktourismus. Wëll d’Regierung déi Ofhängegkeet reduzéieren? A wéi passt eng seriö Gesondheetspolitik dozou? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

11-28
34:41

Projet Alpha - eng Reform mat Konfliktpotential

De „Projet Alpha“ steet an de Startlächer. Mee nach vill Froe sinn oppen. Wéi ass d’Virgoe vun der Politik hei ze beurteelen? An wéi stéchhalteg ass d'Kritik un der Reform vun der Alphabetiséierung? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

11-21
24:37

Eng Regierung ënner Dauerdrock

Vu Gewerkschafte bis Dokteren, d'Regierung gëtt aktuell op méi Fronten attackéiert. Wéi berechtegt ass d'Kritik? Wéi ass d'Stëmmung an der Koalitioun? A wéi vill Schold huet dorun de Premier? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

11-14
28:09

Eng Klimapolitik ouni Kohärenz

Dëser Deeg steet d’Klimapolitik nees méi am Fokus. Grond ass d’COP30 a Brasilien. Ëm wat geet et bei där Konferenz? Wéi eng Roll spillt dobäi Europa? A wéi steet et eigentlech ëm déi national Klimapolitik? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

11-07
32:57

D’WhatsApp-Diplomatie vum Xavier Bettel

De Xavier Bettel ass elo säit ronn zwee Joer Ausseminister. Wéi huet sech d’Aussepolitik ënnert him verännert? A wéi positionéiert hien sech do, awer och national vis-à-vis vum Premier Luc Frieden? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

10-31
17:42

Kann déi Rechnung nach opgoen?

Den Defizit am Staatsbudget gëtt ëmmer méi grouss an d’Schold klëmmt. Ass dat einfach déi nei Realitéit? Wäert de Wuesstem dat scho reegelen? Oder muss d’Regierung hir Finanzpolitik iwwerdenken? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

10-24
35:56

Eng Gesondheetspolitik ouni Visioun

Eng defizitär CNS an Dokteren op Krichsfouss: An der Gesondheetspolitik steet d'Regierung viru schwieregen Aufgaben. Kann si déi bewältegen? Oder hunn CSV an DP am Walkampf ze vill versprach? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

10-17
23:33

Parlamentarismus ouni Präsenz?

Net all Deputéiert si gläich vill an de Kommissiounssëtzunge präsent. Wat sinn d'Grënn dofir? Firwat ass dat problematesch? A ka virun deem Hannergrond weider un Duebelmandater festgehale ginn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

10-10
30:11

Vive de Grand-Duc, mee firwat eigentlech?

Aus Grand-Duc Henri gëtt Grand-Duc Guillaume. Wat bedeit den Trounwiessel fir d’Land? Wéi huet d’Monarchie Politik a Gesellschaft gepräägt? A wéi eng Roll spillt de Grand-Duc zu Lëtzebuerg iwwerhaapt nach? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

10-03
35:19

Reng Symbolik oder e Schrëtt Richtung Fridden?

Nieft villen anere Länner erkennt och elo Lëtzebuerg Palästina als Staat un. Wat bedeit dat fir de Gaza-Konflikt? Wat fir déi allgemeng geopolitesch Lag? A wat fir d’Relatiounen tëscht den USA an Europa? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

09-26
22:07

Kënnt d’Recht op Ofdreiwung an d’Verfassung?

An der Chamber gëtt aktuell diskutéiert, op d’Recht op Ofdreiwung soll an d’Verfassung kommen. Wéi positionéieren sech d’Parteien? A firwat war dëse Sujet net Deel vun der leschter Verfassungsrevisioun? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

09-19
27:15

Wat ass vun dëser Regierung nach ze erwaarden?

D’Regierung huet nach e puer Reformen op der Agenda. Dat politescht a soziaalt Klima ass awer ugespaant. Wéi beaflosst dat déi eenzel Projeten? A wéi vill Reformwëllen huet dës Koalitioun iwwerhaapt nach? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

09-12
26:32

Vum Sozialdialog zum politeschen Echec

No enger Sozialronn ouni Accord wëll d'Regierung elo hir Verantwortung iwwerhuelen. Wat bedeit dat fir de Sozialdialog? Wat fir d'Pensiounsreform? An hunn CSV an DP sech hei politesch clever ugeluecht? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

09-05
32:39

Wéi vill politesch Beamte braucht d'Land?

Wéi hir Virgänger huet och déi aktuell Regierung eng Rei politesch Beamten ernannt. Wien sinn déi nei Leit? Wat geschitt mat den ale Conseilleren? A firwat ass dës Lëtzebuerger Traditioun problematesch? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

08-29
23:55

Give peace a chance?

Den US-Präsident Donald Trump dreift d’Verhandlungen ëm ee Fridden an der Ukrain virun. Mee huet déi Initiativ wierklech Aussiicht op Erfolleg? An wéi eng Hindernisser gëtt et an de Gespréicher? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

08-22
28:08

Wéi steet Lëtzebuerg zum Gaza-Konflikt?

Hongersnout, Gewalt an Zerstéierung: D’Situatioun an der Gaza-Sträif ass an allen Hisiichten extrem. Wéi soll d’Lëtzebuerger Regierung mam Virgoe vun Israel ëmgoen? A wéi konkret eppes beweegen?

08-15
21:20

D’Konscht vum Handelsdeal

Et ass een Deal nom Donald Trump sengem Goût: D’EU akzeptéiert eesäiteg Douanestaxen a wëll an den USA Milliarden investéieren. Wat bedeit dat fir d’Wirtschaft? A geet et net och ëm de Westen?

08-08
24:28

Eng Cyberattack, déi alarméiert

D’Cyberattack géingt d’Post hat wäitreechend Konsequenzen. Wat seet dëse Virfall iwwer d’Resilienz vu Lëtzebuerg aus? Wat ass vum Krisemanagement ze halen? A wéi eng Conclusioune mussen elo gezu ginn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

08-01
25:54

E Gesiichtsverloscht fir de Premier?

D’Sozialronn mécht Summerpaus bis September. Wéi sinn déi Verhandlunge mat de Sozialpartner bis elo verlaf? Wéi eng Säit huet sech duerchgesat? A wéi eng Roll spillt d’Chamber an deem Ganzen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

07-25
23:21

Ass d’Caritas-Kommissioun gescheitert?

D’Spezialkommissioun „Caritas“ wollt d’Affär opschaffen. Gouf si deem Usproch gerecht? Wat ass haut iwwer de Krisemanagement vun der Regierung gewosst? An hätt d’Caritas net awer kënne gerett ginn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

07-18
28:43

Recommend Channels