Discover
Paus.
Paus.
Author: Jill & Yannick
Subscribed: 13Played: 341Subscribe
Share
© All rights reserved
Description
Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :)
Nach méi Paus. fannt dir op:
- Instagram: https://bit.ly/3RVs4np
- Facebook: https://bit.ly/3RVshab
Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner [email protected] erreechbar.
Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... https://spoti.fi/3vyjrpt
(Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)
Nach méi Paus. fannt dir op:
- Instagram: https://bit.ly/3RVs4np
- Facebook: https://bit.ly/3RVshab
Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner [email protected] erreechbar.
Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... https://spoti.fi/3vyjrpt
(Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)
246 Episodes
Reverse
Äre Liblingspodcast ass a senger Egg Nog Ära – an dat mat engem Aarsch am Grapp an enger Mask am Aen!
Tëscht frugal rich people an diverse Millennials a Power-Positioune gi Lëtzebuerger Geschicht, d'Logementskris an dem Stephen King seng Wierker beschwat.
Paus. ass e Spektrum: Et geet vum Slavoj Žižek bis zu Vampir-Fachwëssen a vun däitschen Auteuren bis zu Club Kids. Mat dobäi sinn och Hot Takes mat WhatsApp, Maternitéen an dem Luc.
Mir froen eis net just, wéi Lëtzebuerg dee Mount hei iwwerliewt, mee och: Wee sinn den Jordan Freeman an de Jascha? Muss ee Männer ewéi kleng Kanner behandelen? A wéi vill Leit hu mir eigentlech wierklech geblockt?
An eisen Headquarters gëtt haut realiséiert, dass d'Zäit e fuerchtbaart Konzept ass. Dofir schwiewen ärt Lindsay Lohan an Dorit Kemsley tëscht LuxExpo a Belval a liwweren e Posche-Krimi, Groe Star an den Hoer, an eng Analys vum "Indie Sleaze" a vum grousse Club-Stierwen.
Ee vun eis ass a senger cleaner politics old money 60 Euro Aanpatches-Ära, deen aneren hëlt d'Gamer of a verteidegt problematesch Männer. Mir sinn a gudder Gesellschaft, well mat dobäi si "Glee" a "Girls", den Jason Delulo, Pisspoppen am Kino a gutt Jongen aus Krichsfilmer.
Observativ ewéi ëmmer gëtt och Folgendes thematiséiert: Ass et geschwenn aus am "Kitkat"? Si mir manner wichteg ewéi heterosexuell uncs? A wär den Hermann Hesse eigentlech op "Bumble"?
Toc toc, qui frappe à votre porte? Et sinn d'Jennifer Aniston an d'Reese Witherspoon aus der Podcastwelt! Nodeems déi läscht Episod verschlof gouf, gëtt et haut en "Dopamine Cocktail" mat allem vu Festivitéite bis Flirterkennungsprobleemer a vu Postleitzuele bis Pansexuals.
Mir ware mam Carrie um Nëssmaart, d'Vicky war mam Margot beim Céline, ee vun eis gouf vum Beyoncé vu Butschebuerg erkannt an een huet Hammbier getest.
Mat dobäi sinn an dëser Episod de Berto, d'Julia vun Juilliard, äre Liblingsrapper hiere Liblingsrapper an de Podcast vum Merle a Farid.
Verschidde Froe gi gekläert, anerer net: Wéi kléngt d'Mrs. Doubtfire als Geescht? Packe mir de "Bravo"-Freundschaftstest? A gëtt et "haunten" op Lëtzebuergesch?
An der leschter Summerpaus. gëtt et – passend zu der Rentrée – education.lu-core mam Batman vum Lëtzebuerger Léierpersonal: dem Teachermemes.
Mir maachen d'Klammer an der Klammer a widmen eis verhalenskreative Kanner, Traumata aus der Schoulzäit, engem ausgeléistenen Alarm an der eegener Vakanze-Bucketlist. Et gëtt zeréckgeruddert, iwwer d'Paie vun den Enseignanten diskutéiert a Liblings-memes beschwat.
Mat dobäi sinn d'Carla an de Marco, "Wir sind Helden" a natierlech de Jeremy-Pascal.
Mir froen eis ënner anerem: Huet den Teachermemes säi Beruff gär? Wéini ginn eigentlech Fräizäitparken op? A wéi schlëmm gëtt d'Rentrée 6-7?
Nues zou an Oueren op – an enger olfaktoresch erausfuerderender Kuliss ass d'Catherine Nothum haut an der Summerpaus! Äre Liblingspodcast brennt drop, mat him iwwer seng Erfarung an der ESC-Jury, real life "TikTok"-Kommentarer a Bichertipps aus dem Bookclub ze schwätzen.
Et gëtt seriöen Hochzäitsgossip, déi Lénksradikal vun Neustadt, Wuessen mat iwwer 30, Fouer-Iessen an e bësse "Meh".
Mat dobäi sinn de Jang1985_Lëtzebuerg, de Feierstengstoni an och nees d' Fra vum Séi.
Mir fuerschen ewéi ëmmer no, ënner anerem zu follgenden Themen: Ass d'Cat schwiereg? Gëtt et deemnächst e neien Throuple? A wéi leeft et mat der abstrakter Molerei?





