Discover
Plottwist
57 Episodes
Reverse
An dëser Episod vu Plottwist schwätze mir iwwer Practical Magic: Huet de Film säi Charme behalen, oder mierkt een him säin Alter un? Mir diskutéieren d'Geschicht, d'Figuren an d'Nostalgie, déi drun hänkt.
Duerno geet et ëm den neie Resident Evil Film. Wéi gutt bréngt en d'Gefill vun de Spiller op d'Leinwand, a funktionéiert en och als Horrorfilm? Donieft schwätze mir iwwer weider Filmer, Horror-Klischeeën an dat, wat mir als Nächst am Kino gesi wëllen.
Dës Kéier gëtt et bei Plottwist eng skurril Mëschung aus Dinoen, Romantik an Horror: Am The End of Oak Street reest eng ganz Strooss zeréck an d'Zäit – mat Spielberg-Vibes, Logiklächer an enger iwwerraschend emotionaler Familljegeschicht. One Night Only vermëscht klassesch Rom-Com mat enger Prise Black Mirror, wärend The Ice Cream Man eis weist, datt Glace net ëmmer eng gutt Iddi ass.
An dëser Episod schwätze mir iwwer Spider-Man: Brand New Day. De Peter Parker ass esou eleng an däischter wéi nach ni, mee leider sti sech Marvel mat onpassende Witzer an ze vill CGI nees selwer am Wee. Ass et trotzdeem ee vun de beschten MCU-Filmer zanter Endgame?
Duerno gëtt et eng grouss Léifterklärung un The Odyssey. Fir eis ass dem Christopher Nolan säin neie Film net nëmme besser wéi Oppenheimer, mee méiglecherweis souguer säi beschte Film. Mir schwätzen iwwer déi gewalteg IMAX-Erfarung, de Sirene-Monolog, den Travis Scott an eis geckeg Pläng, de Film nach eng Kéier a 70 mm zu Bréissel ze kucken.
Ausserdeem geet et ëm den emotionalen a wichtege Queer-Film Maspalomas, déi drëtt Staffel vu Kaulitz & Kaulitz, den Johnny Depp als Ebenezer Scrooge, en iwwerraschend villverspriechende Werewolf-Trailer an déi nei Staffel vun The Rings of Power.
Zum Schluss stelle mir eis nach d'Fro, firwat ëmmer méi grouss Hollywood-Regisseuren den Asaz vun AI am Film begréissen – a firwat mir dat éischter problematesch fannen.
Opgepasst: D'Episod enthält Spoilere fir Spider-Man: Brand New Day an The Odyssey.
Ass The Odyssey wierklech dem Christopher Nolan säi Meeschterwierk? De Mike kënnt aus dem IMAX a schwätzt vun engem moderne Klassiker, wärend de Yannick bei der Live-Action-Versioun vu Vaiana virun allem eng Fro huet: Firwat gouf dëse Film iwwerhaapt gemaach?
Donieft kucke mir op Evil Dead Burn, dee mat staarkem Gore a gudden Iddien ufänkt, mee um Enn als bis elo schwaachsten Deel vun der Rei enttäuscht. Ausserdeem schwätze mir iwwer dem Robert Eggers säin neie Werwolf-Film, Regisseuren, déi ëmmer nees op déi selwecht Schauspiller zeréckgräifen, an d'Fro, ob een d'Konscht wierklech vum Kënschtler trenne kann.
Eng Episod tëscht IMAX-Euphorie, Disney-Frust, Horror-Gore an enger Diskussioun, déi méi déif geet wéi geplangt.
An dëser Episod vu Plottwist geet et nees quer duerch de Kino- a Streaming-Dschungel: Toy Story 5 iwwerrascht eis mat vill Nostalgie, Emotiounen an aktuelle Sujeten ewéi Social Media, FOMO a Cybermobbing. Donieft froe mir eis, ob Minions and Monsters nach wierklech méi ass wéi just Slapstick a Cashgrab.
Mir schwätzen och iwwer Supergirl, déi nei Etapp am DCU vum James Gunn, mat enger staarker Haaptroll, mee enger Story, déi leider net vill Iwwerraschunge bitt. Donieft geet et ëm Sophie Passmann hir Pick Me Girls, Theater am Kino, feministesch Selbstreflexioun an d'Fro, firwat esou Formater net méi dacks zu Lëtzebuerg lafen.
Zum Schluss gëtt et nach eng kloer Recommandatioun fir Widow's Bay op Apple TV, e bëssen Apple-TV-Luef am Allgemengen, e queere Bléck op Jim Queen an eng kleng Virfreed op Evil Dead Burn.



