REPORTER On the Record

REPORTER On the Record ass de Podcast iwwert d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg. Am Gespréich mat Journaliste gi mir den Themen op de Gronn a werfen e Bléck hannert d’Kulisse vun eise grousse Recherchen. Nei Episode gëtt et all Freideg.

Frankräich tëscht Blocage a Chaos

Déi nächst Woche wielen d’Fransousen en neit Parlament. Kann de Plang mat de Neiwale fir de President Emmanuel Macron opgoen? Wéi en Impakt kann dat Walresultat op Europa hunn? An wéi een op Lëtzebuerg?

06-28
22:01

Eng Friddenskonferenz ouni Fridden

An der Schwäiz gouf iwwert e méigleche Fridden an der Ukrain diskutéiert. Wat ass vun där Konferenz zréckzebehalen? Wéi ass d'Situatioun am Krichsgebitt? A wéi sinn déi nei Defense-Ziler vu Lëtzebuerg anzeuerdnen?

06-21
23:00

Eng Ried mat ville Froenzeechen

De Luc Frieden huet seng éischt Ried zur Lag vun der Natioun gehalen. Wéi sinn seng Annoncen anzeuerdnen? Wéi gesäit et mat der Géigefinanzéierung aus? A wéi huet de Premier sech rhetoresch geschloen? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

06-14
23:10

Wat bleift vum Europawalkampf?

D’Europawalen sti virun der Dir. Wat ass aus deem Walkampf hänkebliwwen? Wéi eng Parteie konnten Akzenter setzen? A wéi hunn sech d‘Kandidate fir e Posten an der EU-Kommissioun geschloen? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

06-07
23:44

Ass d’Lëtzebuerger Klimapolitik nach ambitiéis?

Déi nei Regierung hat ugekënnegt, eng aner Klimapolitik ze maache wéi hir Virgänger. Wat huet Schwaarz-Blo bis elo geännert? Wou gëtt et eng Kontinuitéit? A wat bedeit dat fir d’Klimaziler?

05-31
18:24

Wat huet Schwaarz-Blo bis elo opweises?

Déi nei Regierung aus CSV an DP ass mëttlerweil säit engem hallwe Joer am Amt. Wou konnt si politesch Akzenter setzen? Wou gouf et Kontroversen? A wat ass vun hirer Kommunikatioun ze halen? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

05-24
23:12

Lëtzebuerg an aner Dubai-Connections

Bei der Recherche „Dubai Unlocked” ass Reporter.lu op Spuere vum Frank Schneider a vu senger Roll an der „OneCoin”-Affär gestouss. Wat ass soss nach bei der Recherche erauskomm? A wat fir Suite kéint si hunn? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.

05-17
20:54

Festung Finanzplaz

D‘Interesse vun der Lëtzebuerger Finanzplaz sinn eng Prioritéit fir d’Regierung. Mat wéi engen Argumenter gi si verdeedegt? A wéi passt dat an d’Bild vun enger soss pro-europäescher Aussepolitik? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.

05-10
25:54

De Mythos vum abordabele Wunnraum

Déi ëffentlech Bauträger bréngen nëmme wéineg Wunnengen un de Client. Firwat sinn hir Präisser oft bal sou héich wéi um private Marché? A wéi kéint d’Politik wierklech abordabele Wunnraum schafen? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.

05-03
20:08

D’Lëtzebuerger Roll bei den Europawalen

A knapp sechs Woche sinn Europawalen. Wéi ee Walkampf kënnt op Lëtzebuerg duer? Wat sinn déi grouss politesch Challengën? A wéi stinn d’Chancë vun de Lëtzebuerger Politiker op Top-Posten an der EU?

04-26
21:53

Eng nei Regierung, an och eng nei DP?

Vun der Premierpartei zum Juniorpartner: Wéi geet d’DP mat deem Rollewiessel ëm? Wat fir Persoune bestëmme mëttlerweil d’Politik vun der Partei? A wéi kéint d’Zukunft vun de Liberalen ausgesinn? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.

04-19
22:07

Wéi radikal ass d’ADR?

D'ADR huet sech iwwer d'Joren ëmmer méi radikaliséiert. Wéi ass hir Ideologie haut anzeschätzen? Wéi eng Roll spille Rietsextremisten am Europa-Walkampf? A wéi solle Medie mat hirem Populismus ëmgoen? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.

04-12
23:55

Ee Mobilitéitsplang ouni Plang

Dräi Joer huet de Stater Schäfferot gebraucht fir ee Mobilitéitsplang virzeleeën. Wéi kann d’Stad dem Verkéiersinfarkt entgoen? Wat fir eng Roll soll den Tram dobäi spillen a firwat gëtt et Sträit iwwert den Tracé?

04-05
23:23

Mécht Lëtzebuerg genuch fir d’Ukrain?

Méi wéi zwee Joer Krich an der Ukrain a keen Enn en Vue. Wéi gesäit déi Lëtzebuerger Ënnerstëtzung aus? Wéi huet sech déi national Defense-Politik verännert? A wéi kéint de Krich sech weider entwéckelen? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.

03-29
22:43

Nom Walkampf ass virum Walkampf

D'Parteie positionéiere sech fir d'Europawalen. Wéi een Afloss huet de Regierungswiessel op intern parteipolitesch Dynamiken? Wéi hunn d'Parteien sech personell an inhaltlech nei opgestallt? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.

03-22
22:35

Science Center – eng Affär ouni Enn?

De Fall vum Science Center hat Interessekonflikter a Problemer am Ëmgang mat ëffentleche Gelder gewisen. Wéi wäit ass d’Affär mëttlerweil opgeschafft? A firwat ass si keen Eenzelfall? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.

03-15
21:29

E Budget tëscht Rhetorik a Realitéit

Wat ass vum éischte Budget vun der neier Regierung ze halen? Wéi eng politesch Akzenter setzt Schwaarz-Blo domat? A wat geschitt, wann d’Rechnung um Enn net opgeet?

03-08
18:02

Wéi transparent muss d’Parlament sinn?

D’Deputéiert hunn nieft hirem Chamber-Mandat vill aner Fonctiounen. Wat verdéngen si dobäi? Wéi eng méiglech Interessekonflikter hunn si doduerch? A firwat soll d’Ëffentlechkeet dat alles wëssen?

03-01
23:00

Een éischte Regierungsbilan

Déi nei Regierung ass mëttlerweil net méi esou nei. Wéi ass de Start vu Schwaarz-Blo anzeschätzen? Kënne si hir Pläng a Verspriechen ëmsetzen? A wéi eng Roll spillt dobäi déi finanziell Entwécklung?

02-23
22:54

Ze vill gréng oder net gréng genuch?

Déi Gréng schaffen aktuell hiert Waldebakel op. Dozou hunn si och hir Membere befrot. Wéi erklären si sech d’Kris? Wat wëll a muss d’Partei änneren? A wéi kann Oppositiounsaarbecht eng Chance sinn?

02-16
22:05

Recommend Channels