RTL - Afterwork

Den entspaanten Interview mat Bistrosambiance

RTL-Afterwork: mam Felix Eischen, 22/11/2025

Hien huet vill Talenter: Animateur vu Radio an Televisioun, Acteur, Bauer, Brenner, Buergermeeschter, Elvisfan, Deputéierten, Méidrescherfuerer a Model

11-22
01:02:16

RTL-Afterwork: mam Alain Rix, 15/11/2025

De President vun der Horesca iwwer den Hotel Rix, seng Zäit am Internat, eng plakeg Fra am Stage, Zoossiss, e verluere Führerschäin an eng futtis Barrière

11-15
47:26

RTL-Afterwork: mam Robert 'Gollo' Steffen, 01/11/2025

Säin Spëtznumm an dass hien ni an Amerika war. Seng Fussballkarriär, déi als Schrëftsteller, als Stroossemuseker, Lokalpolitiker an d'Roll am Superjhemp

11-01
50:14

RTL-Afterwork: mam Christine Majerus, 25/10/2025

Déi 7fach Sportlerin vum Joer iwwer hiren éischte Vëlo, e Bus wou et eran drëpst, eng witzeg Doppingkontroll, schéi Kleeder an d'Party am Katar

10-25
49:02

RTL-Afterwork: mam Guy Aach, 18/10/2025

De fréieren Patron vum 'Tapis Hertz' an der Groussgaass a Generalkommissär vun der FNEL iwwer Teppecher a Clienten, de Grand-Duc Jean an deier Ënnerwäsch

10-18
54:24

RTL-Afterwork: mam Ann Muller, 11/10/2025

D'Coordinatrice générale vun der LUGA iwwer eng Béierfläsch, de Spëtznumm, hire Styl, Nina Hagen, 30 Joer Berlin, d'Männer an hier Scheedungsparty

10-11
42:19

RTL-Afterwork: mam Paulette Lenert, 04/10/2025

Déi fréier Gesondheetsministesch iwwer hir Zäit als Äisprinzessin, 3 Uleef beim Führerschäin, Lasagne mat Fëschfudder an d'Uniszäit bei enger Swingerkoppel

10-04
55:06

RTL-Afterwork: mam René Kollwelter, 27/09/2025

De fréieren Fussballspiller, Proff, Ex-Deputéierten, Auteur an Auswanderer iwwer seng rout Kaart, d'Ielebéi an der Chamber, den OM an d'Kockelarena

09-27
45:12

RTL-Afterwork: mam Charles Goerens, 20/09/2025

De laangjäregen Europadeputéierten iwwer den Zölibat fir Politiker, seng Passioun fir de Radio, Radaren am Ausland a seng Laachkris an der Chamber

09-20
49:09

RTL-Afterwork: mam Johny Goudenbour, 13/09/2025

Den éischten Lëtzebuerger Tennis-Profi iwwer säin éischten Auto dee 4 Deeg gehalen huet, seng Rackett mat där hien 35 Joer gespillt huet a Bayern München

09-13
46:47

RTL-Afterwork: mam Daniel Tesch, 19/07/2025

De fréieren Direkter vum ACL iwwer dat abrupt Enn op deem Posten, seng Revolutioun um Taxismarché, d'Zäit a Brasilien, säin Style a seng berüümt Fra

07-19
45:51

RTL-Afterwork: mam Fernand M. Guelf, 12/07/2025

Den Auteur, Philosoph a Gastronom och bekannt als Alain Delon aus der Eifel iwwer d'Bullett zu Iechternach, RTL a firwat hien no 25 Joer keng méi umécht

07-12
43:08

RTL-Afterwork: mam Jean-Paul Maes, 05/07/2025

Den Acteur a Regisseur ass op d'Rollen vun de Béisen an Ellenen abonéiert an zielt iwwer eng ausgerenkte Schëller säin gielen Kalzong an eng russesch Mutz

07-05
52:49

RTL-Afterwork: mam Jean-Marie Halsdorf, 28/06/2025

De geléierten Apdikter, fréiere Minister an aktuelle Buergermeeschter vu Péiteng iwwer säin schwéiert Skiaccident a firwat hien 'klenge Potto' genannt gouf

06-28
54:45

RTL-Afterwork: mam Claudia Monti, 21/06/2025

D'Affekotin war déi lescht 8 Joer Ombudsman. Et geet ëm hiren éischten Mäerder, deen si enttäuscht huet, e Stalker, d'Marseillaise, Tréinen a Kippercher

06-21
50:35

RTL-Afterwork: mam Nicki Feierstein, 14/06/2025

Den Ex-Proff a President vun den 'AAL' iwwer de grousse Bier dee weiblech ass, firwat hien net un d'Astrologie gleeft an de 'Feierstein-Versuch'

06-14
58:15

RTL-Afterwork: mam Marc Angel, 07/06/2025

Den Europadeputéierten iwwer säin Coming-Out, seng Schoulzäit mam Luc Frieden, säin Austauschjoer a wéi hien plakeg um Gank vun engem Hotel stoung

06-07
54:59

RTL-Afterwork: mam Jean Bour, 24/05/2025

De fréiere Procureur vun Dikrech iwwer eng Autopsie just virum Begriefnis, eng witzeg Renconter mam Grand-Duc a seng Relatioun mam Maître Vogel

05-24
51:02

RTL-Afterwork: mam Jos Zervas, 17/05/2025

De fréiere Chef vum Melusina iwwer de Warm-up fir den David Guetta, eng Camionnette Blummen fir d'Monica, d'Gëlle Fra um Stadion an e Bett am Melu

05-17
45:26

RTL-Afterwork: mam Magaly Teixeira, 10/05/2025

d'Actrice, Sängerin an Dänzerin iwwer penibel Momenter am Danzsport, eng Grande-Duchesse déi zur Kinnigin gëtt, Kazefudder a Kichelcher zu Amsterdam

05-10
54:57

Recommend Channels